Gott, die Welt, mein Kater und ich.


Home GoBack Print Kontakt

Mir liewen haut an enger Welt, déi wesentlech méi opmierksam ass géint iwwer vun den Déieren. Vill nei Erkenntnisser aus der Wëssenschaft hunn eis d’Déier als „Matgeschëpfer“ méi no bruecht a mir gesinn si net méi nëmmen als Nahrung oder nëtzlech Hëllef bäi der Aarbecht un. Den Ottmar Fuchs geet a sengem neiste Buch dësem Thema no. Ausgeléist goufen seng Iwwerleeungen duerch säi Kueder.

All déi ënner eis, déi an enger Liewensgemeinschaft mat enger Kaz liewen, wëssen, wéi no esou een Déier eis als Mënsche ka sinn. Freed an Trauer iwwer an ëm esou ee Wiesen erfëllt net seelen eist Häerz. Dem Ottmar Fuchs ass dat och esou gaangen. Hien huet déif Erfarungen mat senger Kaz gemaach, déi hien an dësem Buch beschreift an déi, sou mengen ech, jidderengem kënnen ze denke ginn.

Dëst Wiesen, dat d’Liewen mat him gedeelt huet, léist hien elo iwwer d’Déieren méi allgemeng no denken. Am alen Ägypten goufen d’Kazen quasi als Gëtter veréiert, wärend si an der Bibel éischter negativ erwäänt ginn. An awer muss een eis Bibel e bëssi méi genee liesen. Da stellt een duerchaus fest, dass d’Déieren schonn och ee grousse Stellewäert am Liewe vum Mënsch kréien. D’Déieren gi zesumme mam Mënsch an d’„Gnodegemeinschaft“ mat Gott opgeholl. (S. 50) Déieren dierfen net gequäält a mësshandelt ginn. Déieren gi sécher net „vermënschlecht“, awer d’Bibel huet ee ganz déiwe Bléck op d’Liewenssituatioun vun hinnen. Schliisslech kann een, wéi den Ottmar Fuchs et mécht, och driwwer nodenken, op net och d’Déieren mat eis Mënschen zesummen erléist ginn. (S. 52-57) An Islam ginn d’Kazen héich veréiert. Dëst geet op de Mohamed selwer zeréck.

Am Chrëschtentum ass d’Bezéiung zu de Kazen allerdéngs och eng grouss „Leidensgeschicht“ fir dëst schéin Déieren. Villfach am Laf vun der Geschicht sinn si Mat den Hexen an den Däiwelen a Verbindung bruecht ginn an deementspriechend och verfollegt ginn. A munche Priedegten sinn si dämoniséiert ginn. Mat der Hexeverfolgung goufen eben och d’Kazen dacks op qualvoll Manéier dout gemaach. Wéi schrecklech de Mënsch an sengem Handelen sech selwer an aneren Kreaturen géint iwwer ka sinn weist sech grad och hei an der Geschicht vu sengem Verhalen zu de Kazen. (S. 61-65)

An der Literatur ginn et dann eng Rei ganz wonnerbar Beispiller, wéi mir als Mënschen de Bléck grad op Kaze kënne riichten. Interessant ass beim Fuchs de Resumé, deen hie bréngt iwwer de Michel de Montaigne oder de Charles Baudelaire, de Rainer Maria Rilke an eng Rei aner Schrëftsteller. Vill Zitater vun dësen Auteuren fënnt een hei am Buch. Dat léist een Goût kréien, fir och dës Auteuren mol erëm selwer ze liesen. Allefalls gëtt hei eng kleng Anthologie gebueden, iwwer d’Kazen an der Literatur.

Am leschten Deel vu sengem Buch geet den Ottmar Fuchs dann op d’Asiichten an, déi eist Bild vun de Kazen fir eist Gottesbild an eis pastoral Aarbecht kënnen hunn. „So erfahren wir, dass die Katze keine Bedingung erfüllen muss, um von uns geliebt zu werden“, schreif den Auteur. (S. 116) A genee sou ass et och an der Bezéiung vun eis mat Gott. Gott huet eis ouni Virbedéngung gär. Wa mir schonn nëmmen des Gedanken eescht huelen, da musse mir och eis Pastoralaarbecht nei gesinn an nei opstellen. Eng Kaz ass een absolut fräit Wiesen. Dat gesti mir hier zou. Mä och Gott gesteet eis dëst Fräi-sinn absolut zou. Dat awer huet Konsequenzen. Et lount sech, fir sech mat de Gedanken vum Ottmar Fuchs auserneen ze setzen. Si maachen d’Aen op fir nei Perspektiven.

Carlo Morbach


Ottmar Fuchs, Gott, die Welt, mein Kater und ich.
Echter Verlag, Würzburg 2021, 144 Seiten, 14,90 €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement