E Wuert fir de Päischtméindeg , 1.6.2020

Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes (Joh 19, 25-27)


Home Back Print Kontakt

25 Bei dem Kreuz Jesu standen seine Mutter und die Schwester seiner Mutter, Maria, die Frau des Klopas, und Maria von Magdala. 26 Als Jesus die Mutter sah und bei ihr den Jünger, den er liebte, sagte er zur Mutter: Frau, siehe, dein Sohn! 27 Dann sagte er zu dem Jünger: Siehe, deine Mutter! Und von jener Stunde an nahm sie der Jünger zu sich.

Am Kalenner vun der Kierch ass Péngschtméindeg eng Zäsur, déi ville Leit net opfällt. Grad an onser Por feiere mir bis Dënsdegs duerch. Péngschtsonndeg hu mir de 50. Dag vun der Ouschterfeier a méindes geet déi gewéinlech Zäit am Kierchejoer, d’Zäit am Joreskrees, nees un. Zenter kuerzem huet de Popst François fir deen Dag e Mariegedankdag agefouert: Maria, d’Mamm vun der Kierch. Wéi kënnt hien op esou eng Idi? Den Evangelientext vun desem Dag weist ons eng Pist. Wéi de Johannes solle jo och mir Frënn vum Jesus sinn. An dofir kréie mir wéi de Johannes vum Jesus d’Maria als Mamm. D’Maria als Mamm vun der Kierch, well dat solle jo d’Frenn vum Jesus sinn.

Och d’Zweet Vatikanescht Konzil nennt d’Maria Mamm vun der Kierch. Do passt et dach, datt ee no Péngschten, dem Gebuertsdag vun der Kierch, déi Mamm besonnesch éiert. Et passt och nom Fest vum Hellege Geescht op déi Fra ze kucken, déi scho virdrun vum Hellege Geescht erfellt, de Jesus gebuer huet. Ma och fir ons Weeer kënne mir op d’Maria kucken. Si kann ons Beispill a Virbild sinn fir als Kierch an als Chreschten, vum Hellege Geescht geleet, an an duerch déi gewéinlech Zäit am Kierchejoer ze goen. Och elo am Déconfinement ka si ons e gudde Guide sinn.

Luc Schreiner

La première en chemin, Marie tu nous entraînes
À risquer notre „oui“ aux imprévus de Dieu
Et voici qu’est semée en l’argile incertaine
De notre humanité, Jésus-Christ, Fils de Dieu

Marche avec nous, Marie
Sur nos chemins de foi
Ils sont chemin vers Dieu
Ils sont chemin vers Dieu

La première en chemin, pour suivre au Golgotha
Le fils de ton amour que tous ont condamné
Tu te tiens là, debout, au plus près de la Croix
Pour recueillir la vie de son cœur transpercé

Marche avec nous, Marie
Sur nos chemins de croix
Ils sont chemin vers Dieu
Ils sont chemin vers Dieu

La première en chemin avec l’Eglise en marche
Dès les commencements, tu appelles l’Esprit
En ce monde aujourd’hui, assure notre marche
Que grandisse le corps de ton fils Jésus-Christ

Marche avec nous, Marie
Aux chemins de ce monde
Ils sont chemin vers Dieu
Ils sont chemin vers Dieu

Marche avec nous, Marie
Sur nos chemins de foi
Ils sont chemin vers Dieu
Ils sont chemin vers Dieu
(Raymond Fau)

Text vu gëscht
Klick op d’Kalennerblat fir de ganzen Text als PDF!

Links:

Top

Gedanken

Daily Gospel

Évangile du jour

Evangelho do dia

Evangelium des Tages

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement