Ouschteren 12.4.2020 A

„Christus ass operstanen! Jo, hien ass wierklech operstanen.“
Gedanken vum Paschtouer Carlo Morbach


Home Back Print Kontakt Link

Léif Matchrëschten! Frou Ouschteren fir iech all!
„Mir ass ee Liicht opgaangen.“ Dat ass esou een Aussproch, dee mir alt emol maachen, wa mir eppes an eisem Geescht oder Häerz erkannt a verstanen hunn. An der Ouschternuechtfeier geet eis als chrëschtlech Gemeinschaft och esou ee Liicht op. Dat kleng a schwaacht Liicht vun der Ouschterkäerz, dat um Ufank vun der Liturgie ganz eleng an der Kierch liicht, weist eis de Wee. Et ass vun iwwerall ze gesinn, obwuel et kleng ass. Genee esou ass et mat dem Jesus. Hien ass esou ee Licht op eisem Liewenswee a wëll eis iwwerall begleeden a féieren. Och ee klengt Liicht huet Bedeitung, well et eng Richtung weist. Genee dat wëll de Jesus mat senger Botschaft. Hie wëll Freed a Léift an eis Welt bréngen. Un eis ass et, dëst Liicht an eis opzehuelen an da selwer als Liicht de Wee weisen fir eis Matmënschen. Loosse mir eis Freed zum Ausdrock bréngen a versichen dës Botschaft an eisem Liewen ze spieren.

Tagesgebet
Gott des Lebens, dein Sohn hat den Tod besiegt
und uns das Tor zum ewigen Leben geöffnet.
Wir feiern voll Freude das Fest seiner Auferstehung und bitten dich:
Erneuere die Kirche auf dem Erdenrund durch deinen Geist,
damit alle, die an dich glauben, auferstehen zu neuem Leben durch ihn,
Jesus Christus, unseren Bruder und Herrn,
der in der Einheit des Heiligen Geistes mit dir lebt und regiert in Ewigkeit.

1. Lesung: Apg 10,34a.37–43 / 2. Lesung: Kol 3,1–4 oder 1 Kor 5,6b–8 / Evangelium Joh 20,1–18 oder Mt 28,1–10

Priedegt (2020)
Léif Matchrëschten! Mir feieren Ouschteren, d’Fest vun der Opersteeung vum Jesus an een neit Liewen. Fir mech perséinlech ass grad dëst héchste Fest vun eiser Gemeinschaft och gläich dat Schwieregst, iwwert dat ee ka schwätzen oder priedegen. Wat heescht Opersteeung vun den Doudegen? Ass dat eng physesch Realitéit? Ass et ee Bild? Ass et een Zeechen?

Wa mir d’Evangelium vum Ouschtersonndeg kucken (Joh 20, 1-18) da gëtt eis jo kengesfalls den Akt vun der Opersteeung usech erzielt. Dat huet kee gesinn. Do war keen derbäi. D’Jünger komme bäi d’Graf a fannen et eidel vir. Deen um Kräiz gemarterten a gestuerwene Jesus, deen si an dëst Höhlegraf geluecht haten, ass net do. D’Graf ass einfach eidel. Allerdéngs net ganz! Do leien d’Läindicher an déi de Jesus agewéckelt gi war fir d’Begriefnis. Wann een an de Kommentaren iwwert dës Läindicher liest, dann heescht et dass grad dëst Zeréckbleiwen vun de Läindicher een Zeechen fir d’Opersteeung ass, well wann iergendeen deen doudege Jesus fortgeschleeft hätt, dann hätt hien dee wuel kaum lassgewéckelt. [1] An da gëtt et och nach de Verglach mat der Operweckung vum Lazarus. Do heescht et, wéi de Jesus de Lazarus geruff huet: „Da kam der Verstorbene heraus; seine Füße und Hände waren mit Binden umwickelt und sein Gesicht war mit einem Schweißtuch verhüllt. Jesus sagte zu ihnen: Löst ihm die Binden und lasst ihn weggehen!“ (Joh 11, 44) D’Ewechhuelen vun den Doudendicher ass also en Zeechen fir dësen Antrëtt an dat neit geschenkte Liewen fir de Lazarus. Deen operstanene Jesus ass selwer aktiv mécht sech fräi vun dësen Zeechen vum Doud. Hien trëtt vun sech aus an an een neit Liewen.[2]

De Jesus leet also dat Aalt of. Hie befreit sech vun deem, wat zum Doud féiert. Hie léist d’Schlechtegkeet vun der Welt hannert sech an trëtt an eng nei Dimensioun. Dat ass elo meng Interpretatioun. De Jesus léist dat, wat seng eigentlech Existenz verschleiert huet, zeréck. Hie befreit sech ganz aktiv aus dëser Struktur vun der begrenzter mënschlecher Existenz. Dat zesummegefaalte Schweessduch, wat um Gesiicht louch, ass zesummegefaalt a läit ganz däitlech a propper op enger Platz. Et ass a mengen Aen en Zeechen fir dat bewosst Zeréckloossen vun der mënschlecher Schwaachheet, vun der mënschlecher Nout, vun der mënschlecher Mask.

Mir alleguer sinn ëmmer nees an der Versuchung, fir net alles vun eis ze weisen. Grad eis manner gutt Säite wëlle mir net weisen an zur Schau stellen. Villes an eisem Liewen ass verdeckt a verstoppt. Net jiddereen soll alles kennen a gesinn. Sinn dës Läindicher net och en Zeechen dofir, en Zeechen fir eis Begrenztheet, fir eis Schwaachheet als Mënsch? Grad dës Begenztheet leet de Jesus of. Hie léist si zeréck am Graf an trëtt an an eng Onverbuergenheet, an een net Verstopptsinn, an ee befreite Liewen a voller Kloerheet. Säi Liewen ass elo opgedeckt, entbuergen vun dem Schleier vun deem Allzemënschlechen. Säi Liewe steet elo an der Wourecht. Wourecht am griicheschen „alitheia“, heescht dat, wat net verbuergen ass, wat opgedeckt ass.

Grad dëst Joer sinn ech gedriwwen vun der Iddie, dass mir an der leschter Zäit staark an enger gewësser Verschleierung gelieft hunn. Mir haten sécherlech deelweis ee schéint Liewen, ee Liewen an aller Fräiheet. Awer munches hu mir awer och iwwersinn. Eise Schleier um Gesiicht, eis „Leinenbinden“ ronderëm de Kierper, dat waren eis Ofschottungen virun der Nout an dem Leed vun eiser Welt. Mir hu Villes net un eis erugelooss. An elo, wou dee klengen Virus eis och ugräift, mierke mir, wéi verletzlech, jo och wéi dout mir dach waren. Misse mir eis net grad dëst Joer erwäche loossen aus esou munche Strukturen, déi eiser Welt den Doud bruecht hunn an nach ëmmer bréngen. Ech weess, ech sinn mat dëse verwurrelte Gedanken zimmlech wäit vun Ouschteren ewech. An awer, misse mir net emol wakereg ginn an eiser Welt, eis net nëmmen innerhalb vun eise „Leinenbinden“ ophalen? Sollte mir net emol eis Aen nei opmaachen fir déi vill Mënschen an eiser Welt, déi wéi dout sinn, fir eis quasi dout sinn, well mir si net beuechten?

An deene leschten Deeg a Wochen, wou ech vill Zäit hat fir nozedenken, ass et mir dach opgefall, wéi gutt mir et u sech bis elo ëmmer hei bäi eis haten. Näischt konnt eis scheinbar eppes undinn. An elo mierke mir, wéi kleng mir sinn. Ech géif mir wënschen, dass mir all zesummen mat dësem Ouschterfest an eng nei Dimensioun vum Liewen matenaner kéinten antrieden an eis Welt wierklech an echt kéinten veränneren. Loosse mir de Schleier vun eisem Gesiicht, vun eisen Aen erofhuelen an eis Matmënschen iwwerall an der Welt gesinn a fir si dosinn. D’Liewen ass do fir jiddereen. Jiddereen huet Recht op Gesondheet, Fräiheet, Léift a Gerechtegkeet, Fridden an esou Villes méi.

Loosse mir eis vum Jesus a senger Botschaft erausruffen aus eise Griewer. Loosse mir eis opmaachen an alle Mënschen zum Matmënsch, zum Nächsten ginn, andeems mir eis géigesäiteg gesinn an ënnerstëtzen. Ouschteren ass fir mech dann, wa jidder Mënsch an dëser dach schéiner Welt a Fräiheet ka säi Liewen genéissen, esou wéi mir et bis elo och konnten. Ouschteren ass Begéinung an dëser Fräiheet. Ouschteren ass Begéinung am Liewen. Ouschteren ass net einfach ee Bekenntnis an eisem „Credo“. Ouschteren muss fir eis ee Fest vun der Befreiung vun doudbrengende Strukturen an doudverschleiernde Machenschaften sinn. Mir hunn et an der Hand, fir all deen Doud, dee mir provozéieren aus der Welt ze schafen. Mir hunn et an der Hand, dass eis Welt besser a méi gerecht a méi friddlech gëtt fir jiddereen. Awer mir mussen eis Aen opmaachen, eise Schleier ofleeën an antrieden an eng Wourecht, déi alles opdeckt a lieweg mécht. De Jesus huet eis schonn an dës Wourecht geruff. Un eis ass et eben grad elo, fir eist „Schweisstuch“ ofgeleeën, zesummenzefalen an et op d’Säit ze leeën. Amen.

[1] Vgl. Klaus Wengst, Das Johannesevangelium, 2. TB Kapitel 11-21, 2. Aufl. 2007, S 296 mat Verweis op Calvin: „Es war nämlich unwahrscheinlich, dass man den Leichnam entkleidet hätte, um ihn anderswohin zu bringen. Weder Freund noch Feind hätte das getan.“ (Referenz bei Wengst)
[2] Vgl. Rudolf Schnackenburg, Das Johannesevangelium, HthKNT 3. Teil, Freiburg 1975, S. 367.

Fürbitten
Mir feieren haut d’Opersteeung vun eisem Här mat grousser Freed. Voll Vertrauen droe mir him, deem Operstanenen, eis Gebieder vir:

* Op dësem héichfestlechen Dag biede mir ëm nei Kraaft aus dem éischterlechen Glawen fir eise Popst Franziskus an all Mënschen, déi sech asetzen, fir d’Ouschterbotschaft ze verkënnegen an ze liewen, a fir déi, déi mat hirer konkreter Aarbecht eis Gemeinschaft ënnerstëtzen a lieweg erhalen. Christus, héier eis.

* Op dësem héichfestlechen Dag biede mir ëm nei Hoffnung fir all, deenen hiert Liewen aneschters leeft wéi erwaart; fir all, deenen hier Zukunft bedreet an a Gefor ass; fir all, déi aus hirer Heemecht hu missen fortgoen an op der Flucht sinn. Christus, héier eis.

* Op dësem héichfestlechen Dag biede mir ëm d’Kraaft vun der Léift fir all, déi an der Gebuergenheet vun enger Famill liewen an opwuessen; fir all Partner, deenen hier Léift kal ginn ass oder deenen hier Bezéiung zerbrach ass; fir all, déi keng Léift an Zouwendung kréien. Christus, héier eis.

* Op dësem héichfestlechen Dag biede mir ëm de Fridden fir all déi vill Länner a Géigenden an eiser Welt, wou d’Liewen bedreet ass duerch Krich, Gewalt an Terror. Christus, héier eis.

* Op dësem héichfestlechen Dag biede mir fir eis kierchlech Gemeinschaft, fir eis Kanner, eis Kommuniounskanner, fir eis Jugendlech, déi sech op d’Firmung virbereeden. Mir bieden dofir, dass mir an der Zukunft weider kënnen eise Glawe liewen a bekennen an dat och am ëffentlechen Raum. Christus, héier eis.

* Op dësem héichfestlechen Dag biede mir fir all déi vill Mënschen an eiser Welt déi grad elo duerch déi grouss Well vun Krankheet an Nout sinn, fir déi vill déi hëllefen dës Nout ze iwwerwannen, dass si all Kraaft hunn an Hoffnung fannen. Christus, héier eis.

* Op dësem héichfestlechen Dag biede mir fir all Affer vu Katastrophen, Onglécker a Krankheeten. Mir bieden och fir all déi Verstuerwen aus eiser Gemeinschaft, dass si dat éiwegt Liewen bäi dir Här Jesus hunn. Haut denke mir och besonnesch un … . Christus, héier eis.

Gudde Gott, op dësem héichfestlechen Dag biede mir ëm een neien Himmel an eng nei Äerd. Schaaf eis nei duerch däi Geescht, fir dass mir no Misär an Doud och een neie Moien an denger Éiwegkeet erliewen. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen operstanenen Här. Amen.

Mass vum 10 Abrëll

Click op d’Bild w.e.g fir de PDF ze liesen!

Mass vum 13 Abrëll


Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement