Sonndesmass vu Steenem 21. November 2021

Kiermessonndeg


Home Back Print Kontakt

Klick op d’Bild w.e.g fir de Video zu starten

D’Sonndesmass vum 21. November (Kiermessonndeg) gouf vu Steenem iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile vu Steinheim séngt ënnert der Direktioun vum Nadja Burdot-Koob. Op der Uergel spillt d’Ursula Kattinger-Stephany.

 

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Andante Festivo (Sequenz 1) Jean Sibelius
Agangslidd Freuet euch allezeit Klaus Heizmann
Kyrie Kleng lëtzebuerger Mass Camille Rodenbour
Gloria Kleng lëtzebuerger Mass Camille Rodenbour
Zwëschegesang Lob sei dir Herr Mg. 173,1
Alleluja Alleluja Jacques Berchier
Credo gebiet
Gowelidd Les mains ouvertes Odette Vercroysse
Sanctus Kleng lëtzebuerger Mass Camille Rodenbour
Anamnes Geheimnës vum Glawen Mg. 1092
Agnus Dei Kleng lëtzebuerger Mass Camille Rodenbour
Kommiounslidd Gelobt seist Du Herr J. Venatius v. Wöß
Schlusslidd Ne rentrez pas chez vous P. Buchet
Sortie Andante Festivo (Sequenz 2) Jean Sibelius
 

Et séngt d’Chorale Ste Cécile vu Steinheim
Direktioun: Nadja Burdot-Koob
Uergel: Ursula Kattinger-Stephany

D’Chorale Sainte-Cécile vu Steenem

D’Chorale Ste Cécile vu Steenem, déi am Joer 1895 gegrënnt gouf, besteet aktuell aus 16 aktiven Sänger a Sängerinnen, déi vill Interessi a Freed um Sangen hunn. Wien sech eemol d’Woch vum Alldagsstress befreien an entspane wëllt, ka gäre bei eis sangen kommen. Eng gutt Ambiance am Veräin ass garantéiert. Eis Prouwe sinn Mëttwochs um 20.00 Auer am Fräihof zu Steenem.


Links:

Sonndesmassen

Online Pastoral

Dëse Video op Youtube

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement