Jean Brachmond: Méischdrëffer Paschtouer a KZ-Märtyrer.

Eng Erënnerung u säin Doud Haut virun 80 Joer


Home Back Print Kontakt

Haut sinn et 80 Joer hier, datt den Abbé Jean Brachmond, e Geeschtlechen aus eiser Por, de 15. Juli 1942 am Konzentratiounslager zu Dachau ëmkomm ass. Den 8. Mäerz 1892 zu Rueder bei Maarnech gebuer an den 14. Juli 1918 zum Priister geweiht wor hien als jonke Geeschtlechen Koadjutor - mir géifen haut Erzéier soen - an der Iechternacher Bulett, ier hien no verschiddenen aanere Statiounen fir den Hierscht 1935 Paschtouer zu Méischdrëf bei Waasserbëlleg genannt gi wor.

Déi kriminell Energie vun de Nazien, hieren Haass op d’Judden an d’Progromen, wéi och d’Eroberungsgloscht vum Adolf Hitler woren dem Paschtouer op der lëtzebuergesch-däitscher Grenz schons ier de Krich fir Lëtzebuerg ugefaangen hat, en Dar am Aan. Hien hat bestëmmt matkritt, datt 1938 ee vu sengen däitsche Nopeschpaschtéier, de Jakob Anton Ziegler vu Laser (Langsur) vun der Gestapo aus senger Por ewechgeholl gi wor. Spéider sollt och dëse Geeschtlechen op Dachau kommen an do den 12. Mee 1944 stierwen. [1] Op Naziprovocatioune wosst den Abbé Brachmond mat Humor an Intelligenz ze konteren. An der Virkrichszäit hat en däitschen Zaldot him vun aaneren Uwänner vun der Sauer „Heil Hitler, Herr Pfarrer!“ zougeruff. D’Reaktioun vum Méischdrëffer Här nodeems de Preis sech net ginn hat: „Heil du ihn! Ich kann ihn nicht heilen.“ [2] Och herno am KZ zu Dachau konnt hie Paroli bidden. De spéidere Weihbëschof Neuhäusler vu München erënnert sech, wéi do en SS-Sturmscharführer virun de Geeschtlech aus dem sougenannte Pfarrerblock géint den Härgott, Christus an d’Kierch geduddert hat, een op eng Kéier kloer an däitlech dem Lëtzebuerger Brachmond seng Stëmm héiere konnt: „Und die Pforten der Hölle werden sie doch nicht überwältigen.“ Während déi gefaange Matbridder vu Schock erstarrt woren, wosst de Nazi op dem Méischdrëffer säin Zwëscheruff näischt méi ze soen an goung stëll senger Wee. [3]

Et wore seng chrëschtkathoulesch a patriotesch Iwwerzeegungen, déi de Geeschtlechen an de KZ bruecht haten. Wor nom Ufank vun der däitscher Okkupatioun d’Laude vun de Klacke verbuede ginn, esou koum wéi d’Nazitruppen zu Paräis amarschéiert sinn den Uerder fir d’Klacken ze lauden. Fir sech deem ze widdersetzen hat de Paschtouer kuerzerhand d’Klackeseeler ewechgeholl. Esou konnt zu Méischdrëf dësen Befehl net ausgefouert ginn. Wéi deen éischte Méischdrëffer an d’VdB „Volksdeutsche Bewegung“ vun de Nazien agetruede wor - déi den Här Brachmond als „Verein der Banditen“ bezeechent huet [4] - gouf vum Priedegtstull zu Gebieder fir ee verluerene Jong opgeruff, a wéi dës Persoun spéider d’Nazibewegung neess verlooss hat, aus Dankbarkeet de Rousekranz gemeinsam an der Kierch gebied. Och an de Priedegten huet hien seng patriotesch Gesënnung net verstoppt. Seng Conclusioun an enger Usproch iwwert dat Lescht Geriicht „Die Guten treten ein in die engelischen Heerscharen. Die Bösen kehren heim ins Reich des Satans“ [5] wor nëmmen ee vu ville markante Sätz, wou de Paschtouer den Okkupant mat Humor a Wuertspillerei viséiert hat.

Déi gréisste Provokatioun fir d’Nazien wor wuel d’Visite vum Chargé d’affaires vun der US-Ambassde George Platt Waller de 24. November 1940 beim am Ennersauerduerf. Den amerikaneschen Diplomat hat Angscht, hie géif den Här an d’Labbrente bréngen, wann hien op Besuch kéim. Dofir hat hien eng éischt Invitatioun op d’Sauer ausgeschloen. Allerdings wosst säi geeschtleche Gastgeber hien ëmzestëmmen. Esou koum hien du fir um Sonndeg vun Cäciliendag an der leschter Woch vum Kierchejoer, wou och dat amerikanescht Thanksgiving-Fest gefeiert gett, op Méischdrëf. A senge Notizen iwwert seng Zäit zu Lëtzebuerg, déi seng Nokommen als Buch erausginn hunn, fanne mir e Kapitel mam Titel „The Curé of Moersdorf.“ Do erënnert hie sech: „The music was excellent and I realized with what loving care the curé had trained his choir. A sermon of medium length avoided controversial subjects but paid tribute to the United States and President Roosevelt.“ [6] An däer Mass, esou den amerikanesche Gesandten, woren him d’Tréine komm, wéi déi vun de Nazie verbuede Gebieder d’Grand-Duchesse Charlotte an zum Schluss d’Heemecht gesonge goufen. Dat hat him d’Gefor nach méi bewosst gemaach, däer de Geeschtlechen sech ausgesat hat. Doriwwer wollt hien du mat sengem Gastgeber schwätzen. Dem Paschtouer seng Schwëster an Härekächen hat och gemengt, den Diplomat kéint hiere Brudder mat senge provokanten Attituden ëmstëmmen. Ma d’Äntwert vum Här Brachmond wor kloer an däitlech: „No, Mr. Minister. I cannot stultify myself before my congregation. There are too many in the Church and out of it, who yield and yield in ‚non-essentials‘ until they have gone the whole way down the path of dishonor. We need martyrs. I, for one, will welcome death for my God and for my Sovereign. I like legitimate comfort and good things, but if death is not to be my portion, then I welcome imprisonment and scourgings for Christ’s sake. I have done nothing wrong in the sight of God from the standpoint of honor or from the standpoint of my church. If these brown wolves want to take me, they know where I am to be found, and I am unafraid. They can kill the body, but they cannot cause me to lose my own soul. I must do, what seems right to me.“ [7] Dës Attitude hat den amerikanesche Gaascht déif beandrockt: „I realized then, that I was in the presence of a man, whose strength of character gave him the right to choose his own way, and I could not but bow in spiritual homage to this courageous soul.“ [8]

Jo, den Här Brachmond wor „e richtegen Eislécker Knuet (…) matt staarke Fäischt an haardem Kapp, tockeg wéi e Mauldéier, wann et huet misse sinn, ma trei wéi Gold, a säi Wuert, wann en et ginn huet, wor deemols schons haart wéi Stol an Eisen, a sécher wi Quadersteen.“ [9] Esou hat hie sech kaum vu sengen Idien ofbrénge gelooss, ob dat als Schüler am Dikkrecher Kolléisch wor, wou den zukünftege Seminarist mat de Klassekomeroden an enger Reliounsprüfung gestreikt hat, oder spéider als Parhär. Obschons et vun der bëscheeflecher Autoritéit deemols net erlabt wor, hat hien zu Méischdrëf e Kierchechouer, wou och Meedercher a Frae matsange konnten, op d’Been gestallt, deen hie selwer dirigéiert hat. Op Feierdeeg koum dann de pensionnéierten Abbé Schiltz vu Bur d’Mass halen, während um Duxall ënnert der Leedung vum Duerfpaschtouer de gregorianesche Choral a Wierker vun Händel, Mozart, Palestrina virgedroe goufen. Haut liewt nach eng Sängerin aus däer Zäit. Niewt sengem virtuose Geiespill wor hie gäer mam Paddelboot op der Sauer oder am Wantersport an de Schwäizer Bierger ënnerwee. Jo, et kann ee soen: Den Abbé Jean Brachmond wor kee conventionelle Geeschtlechen. Ma schons ier de Krich lassgaang ass, hat e Gemengebeamten aus dem Duerf, deen du scho mat de Nationalsozialiste gehalen hat, den Duerfpaschtouer am Viséier a wollt hien zum Schweige bréngen. [10]

De Besuch vum US-Diplomat sollt seng Konsequenze kréien. Den Dag duerno, op Kathreinendag koum d’Gestapo fir den Abbé Jean Brachmond ze verhaften. Fir d’éischt wor hien am Gronn am Prisong, ier de Wee hien duerch d’Prisonge vun Tréier a Berlin-Alexanderplatz an de KZ Sachsenhausen-Oranienburg. „Brachmonds schier unbesiegbare Dynamik, wurzelnd in einer ungewöhnlichen Körperkraft und einem an Übermut grenzendem Temperament, ließ ihn im Lager wohltuend unter den Häftlingen auffallen. (…) Übersprudelnder Optimismus hatte Trost und Freude in die allgemeine Trostlosigkeit gebracht. Dann führte sein Weg weiter nach Dachau.“ [11] Wéi schons uewen ernimmt, krut och do laang näischt hie kleng. „Brachmonds schalkhaftes Temperament, das ihn nie verliess, sicherte ihm viele Freunde in den verschiedenen Arbeitskommandos, denen er zugeteilt wurde.“ [12] Allerdings de forcéierten an onmënschlechen Asaz an engem Aarbechtskommando fir ronderëm Dachau eng Supp an eng Plantage ze transforméieren, ziert däermoossen u senge Kräften, datt hie kierperlech an zum Schluss och psychesch krank gett. A sengen Erzielungen, déi spéider zum Buch „Pfarrerblock 25487“ goufen, beschreiwt de Jean Bernard [13], deen Dachau iwwerliewt huet, dat schwéiert Leiden vun eisem Geeschtlechen. An den Äerm vu sengem Eislécker Landsmann a Matbrudder Batty Esch [14] stierwt den Här Paschtouer Jean Brachmond de 15. Juli 1942, also haut virun 80 Joer. [15]

Hie konnt just fënnef Joer als Paschtouer zu Méischdrëf wierken, quitte datt hien den Titel bis zu sengem Doud behalen hat. Ewell sinn déi meescht Leit, déi den Här Brachmond erliewt haten, net méi an onser Mëtt. Dofir erënnert eng Strooss an der Cité un dëse „Priester mit allen Fasern seines Herzens! Pfarrer ohne Furcht und Tadel!“ An dësen Deeg, wou vill Leit sech un déi schrecklech Héichwaasserkatastroph vu virun engem Joer zréckdenken, sollte mir trotzdem dësem Paschtouer aus onsen Dierfer en dankbare Gedanke vergonnen. [16] Hautzudags, wou neess ëmmer méi verworren a mënscheveruechtend Ideologie sech breet maachen, wou et och nët ëmmer evident ass fir dat, wat wouer a richteg ass, z’erkenne, kann d’Liewen an d’Beispill vun dësem couragéierte Geeschtlechen, deen op zwou Plazen an onser Por St. Willibrord gewierkt huet, ons de Bléck schäerfen, datt och mir d’Wourecht vun der (politescher) Ligen, d’Recht vum (deelsweis och legal erlabten) Onrecht z’ënnerscheeden an trei zu de Wäerter vu Jesus Christus ze stoen. Dat ass sëcher niewt der Matfeier an dem Engagement fir e schéine Gottesdingscht an der Kierch eng Manéier fir d’Undenken vum Méischdrëffer Gottesmann a KZ-Märtyrer och haut ze éieren.

Abbé Luc Schreiner
15.7.2022

[1Vgl. https://de.wikipedia.org/wiki/Jakob_Anton_Ziegler, opgeruff 14.7.2022, 17:00

[2Vgl. Camille P. Kohn, Hommage an Jean Brachmond, LW, 16.12.2009, S. 11f.

[3Vgl. René Fisch, Die Luxemburger Kirche im 2. Weltkrieg, Luxemburg, 1991, S. 371.

[4J-P Erpelding, De Paschto’er Jean Brachmond gestuerwen zu Dachau de 15.7.1942, D’Unio’n (118-120), zitéiert an: Gemeng Rouspert-Mompech (éd.), Mir musse fort, Rouspert, 2019, S. 298.

[5R. Krantz, Die politische Satire gegen das Naziregime (39), zitéiert an: Gemeng Rouspert-Mompech (éd.), Mir musse fort, Rouspert, 2019, S. 304.

[6William Allan Feltcher & Jean Tucker Fletcher (editors), Defiant Diplomate George Platt Waller, American Consul in Nazi occupied Luxembourg 1939-1941, Newark (USA) 2014, S.113.

[7Zitéiert an: George Platt Waller, S. 114 : „Neen, Här Minister. Ech ka mech viru menger Gemeinschaft net verdommen/dommstellen. Et gett der zevill an a baussent der Kierch, déi dem „Unwesentlichen“ noginn a noginn bis si de ganze Wee vun der Schaan gaang sinn. Mir brauche Märtyrer. Ech wäert op alle Fall den Doud fir mäi Gott a meng Souverän wëllkomm heeschen. Ech hunn de legitimen Trouscht an déi gutt Saache gäer, a wann den Doud da net soll mäi Schicksal sinn, dann acceptéieren ech Gefaangenschaft a Geisselung wéint Christus senger. ll, dann begrüße ich Gefangenschaft und Geißelung um Christi willen. An den Aa vum Härgott hunn ech weder vum Standpunkt vun der Eier nach vum Standpunkt vu menger Kierch eppes Falsches gemaach. Wann dës brong Wëllef mech mathuele wëllen, wësse si wou ech ze fanne sinn, an ech fäerte net. Si kënnen de Kierper doudmaachen, ma si kënne net dozou féieren, datt ech meng Séil verléieren. Ech muss maache, wat mir richteg schéngt.“

[8George Platt Waller, S. 114: „Ech hat du realiséiert, datt ech bei engem Mënsch wor, deem seng Charakterstäerkt him d’Recht gouf fir säin eegene Wee ze wielen, an ech konnt soss näischt wéi mech a geeschtegem Respekt virun dëser couragéierter Séil ze verneigen.“

[9-P Erpelding, De Paschto’er Jean Brachmond gestuerwen zu Dachau de 15.7.1942, D’Unio’n (118-120), zitéiert an: Gemeng Rouspert-Mompech (éd.), Mir musse fort, Rouspert, 2019, S. 298.

[10Vgl. Zeienausso vun der Katharina Brachmond, Schwëster an Härekächen, publizéiert als Foto an: Gemeng Rouspert-Mompech (éd.), Mir musse fort, Rouspert, 2019, S. 298.

[11Edy Molitor, zitiert in: René Fisch, Die Luxemburger Kirche im 2. Weltkrieg, Luxemburg, 1991, S. 371.

[12René Fisch, Die Luxemburger Kirche im 2. Weltkrieg, Luxemburg, 1991, S. 372.

[13Abbé Jean Bernard, 13.8.1907-1.9.1994, Dr. phil., Medienexpert a Redakter am ‚Luxemburger Wort‘, iwwerliewt Dachau, publizéiert seng Souveniren un de KZ spéider a senger Zeitung, déi duerno och als Buch „Pfarrerblock 25487“ erauskommen, dat de Film „Der neunte Tag“ vum Volker Schlöndorff inspiréiert.

[14Abbé Jean-Baptiste Esch,*4.1.1094, Dr. theol., Redakter am ‚Luxemburger Wort‘, als ‚geistiger Volksschädling‘ den 10. August 1942 an der Euthanasieantstalt Schloss Hartheim ermuerd.

[15Déi Passsagen, déi den Abbé Brachmond betreffe sinn och publizéiert ginn an: Gemeng Rouspert-Mompech (éd.), Mir musse fort, Rouspert, 2019, S. 293-297.

[16Camille P. Kohn, Hommage an Jean Brachmond, Luxemburger Wort, 16.12.2009, S. 12.


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement