Advent

Editorial aus dem Parbréif 8/2018


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

Ech hunn aus den Texter vun den Adventssonndeger all Kéier ee Saz oder een Thema erausgestrach, wat mir wichteg schéngt. Sou probéieren ech iech all Kéier e puer Denkustéiss mat an déi jeeweileg Woch ze ginn.

1. Adventssonndeg : „Richtet euch auf !"

Mir alleguer liewen an enger Zäit, déi munch Ännerung mat sech bréngt. E puer Stéchwierder wéi Klimawandel, Iwwerschwemmungen, Krankheet, Alter, asw. Fir jiddereen vun eis villäicht en anert Uleies. Ännerung ass ëmmer mat Angscht verbonnen oder mat Onsécherheet. Am Evangelium steet: „Die Menschen werden vor Angst vergehen[...]“. Ass dat e Gefill, wat mir kennen? Eng Belaaschtung déi net nei ass?
Grad an där Situatioun kréien mir am Evangelium gesot: „Richtet euch auf und erhebt eure Häupter; denn eure Erlösung ist nahe.“ D’Liewen ass méi staark, wéi all Bedroung. Et ass villäicht nach net z’erkennen, well meng Suergen ze grouss sinn. Awer grad elo a menger Angscht an Onsécherheet sees du zu mir: Stéi op, riicht dech op, well ech si bäi dir!

2. Adventssonndeg : „Uns ist das Heil verheissen!"
Wéini kënnt eng Zäit, wou et eis alleguer gutt geet? Wéini däerf ech meng Suergen, mäin Alter, meng Krankheet vergiessen? Och deemols waren vill Leit op der Flucht, hate keen Doheem, net genuch ze iessen. Déi meescht hunn no enger besserer Welt verlaangert. Dat waren och déi Gedanken deemools, wéi de Johannes an der Wüst gepriedegt huet. Eppes ass sécher: Eng heel Welt kann nëmmen do entstoen, wou Angscht, Leiden an Nout ass. Et fänkt schonn do un, wou ech selwer net nëmmen dat Däischtert gesinn, mee och Liicht. Wou ech mech selwer net nëmmen op dat Schlecht fixéieren, mee un dat Gutt gleewen. Ech muss bereet sinn, Gott ze vertrauen a mech vun him beschenken ze loossen. “Alle Menschen werden sehen das Heil, das von Gott kommt!“ Dozou gehéieren ech och.

3. Adventssonndeg : „ Warten auf den Erlöser!“
Am Evangeliumstext vun dësem Sonndeg gëtt ganz kloer, datt et eng Zäit vum Waarden gëtt. Waarden wourop? Dat hänkt vun der Liewenssituatioun vun deem Eenzelen of. Hoffnung op een, die méi staark ass ewéi Leiden, Nout oder Honger op der Welt. Hoffnung op een, die mäin eegent Liewen verbessert. Mir meng Angscht, mäin Zweiwel oder meng Krankheet, ewech hëlt. Eppes ass kloer, den Advent ass déi Zäit am Joer, wou dat Waarden ervir gestrach gëtt.

4. Adventssonndeg „ Selig, die geglaubt hat! "
Fir de leschten Advent wëll ech iech mol erëm de Luefgesang vu Maria méi bewosst maachen. Dat al Lueflidd ass och an eiser Zäit ganz aktuell. Et ass bei zwou Fraen gebiet ginn, Maria an Elisabeth, déi schonn deemools drop vertraut hunn, datt Liewe méi staark ass ewéi den Doud. Firwat net mol erëm all Dag ganz bewosst an aller Rou des Wieder bieden:


Da sagte Maria:
"Meine Seele preist die Größe des Herrn,
und mein Geist jubelt über Gott, meinen Retter.
Denn auf die Niedrigkeit seiner Magd hat er geschaut.
Siehe, von nun an preisen mich selig alle Geschlechter.
Denn der Mächtige hat Großes an mir getan,
und sein Name ist heilig.
Er erbarmt sich von Geschlecht zu Geschlecht
über alle, die ihn fürchten.
Er vollbringt mit seinem Arm machtvolle Taten:
Er zerstreut, die im Herzen voll Hochmut sind;
er stürzt die Mächtigen vom Thron und erhöht die Niedrigen.
Die Hungernden beschenkt er mit seinen Gaben
und lässt die Reichen leer ausgehen.
Er nimmt sich seines Knechtes Israel
an und denkt an sein Erbarmen,
das er unsern Vätern verheißen hat,
Abraham und seinen Nachkommen auf ewig."
(Lk 1,46-56)


Sylvie Kinnen

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement