|
11. Sonndeg am Joereskrees A - 17./18.6.2023
Léif Matchrëschten! Ech menge mir kennen all dat Lidd “Lobe den Herren” (Mag 258). An der zweeter Strof heescht et do: „Der dich auf Adelers Fittichen sicher geführet“. Dee Saz erënnert un déi éischt Liesung vun dësem Sonndeg aus dem Buch Exodus. Gott féiert säi Vollek Israel aus der Sklaverei eraus a suergt fir et. Gott dréit och eis wéi op Flilleken. Awer kënne mir hei nach eppes mat esou Biller ufänken? Gleewe mir nach drun, dass Gott och eis féiert a begleet am Liewen? Vill Mënschen am Laf vun der Welt geschicht hunn sech Gott esou virgestallt, dass hie fir si do wier. Wéi ass dat mat eis? Loosse mir eis des Fro haut mol eng Kéier duerch de Kapp goen a ruffe mir hien eisen Här un ëm säin Erbaarmen a seng Léift. Kyrie
Här Jesus Christus, du weis eis dee Gott, deen eis gär huet. Dagesgebiet
Gott, du unsere Hoffnung und unsere Kraft, ohne dich vermögen wir nichts. Steh uns mit deiner Gnade bei, damit wir denken, reden und tun was dir gefällt. Darum bitten wir durch Jesus Christus. Dieu tout-puissant, force de ceux qui espèrent en toi, sois favorable à nos appels : puisque l’homme est fragile et que sans toi il ne peut rien, donne-nous toujours le secours de ta grâce ; ainsi nous pourrons, en observant tes commandements, vouloir et agir de manière à répondre à ton amour. Härgott, du bass eis Hoffnung an eis Kraaft. Ouni dech kenne mir deng Botschaft vun der Léift net an eisem Liewen verwierklechen. Gëff eis all deng Gnod, esou datt mir ëmmer an iwwerall schwätzen a maachen, wat dir gefält, an eiser Beruffung als Chrëschten entsprécht. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, déi Jong, eisen Här, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft an all Éiwegkeet. Amen. Liesungen: Ex 19, 2-6a / Röm 5, 6-11 / Mt 9, 36 - 10, 8 Lesung aus dem Buch Exodus. Kv Wir sind das Volk des Herrn die Herde seiner Weide. Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom. Halleluja. Halleluja. Das Reich Gottes ist nahe. Kehrt um und glaubt an das Evangelium. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. Lecture du livre de l’Exode. R/ Il nous a faits, et nous sommes à lui, nous, son peuple, son troupeau. Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Romains. Alléluia. Alléluia. Le règne de Dieu est tout proche. Convertissez-vous et croyez à l’Évangile. Alléluia. Évangile de Jésus-Christ selon saint Matthieu. Priedegt
Léif Matchrëschten! Dee leschte Sonndeg ware Gemengewalen. Dat ass ëmmer nees ee spannende Moment besonnesch fir d’Kandidaten. Wie gëtt beruff a wien eben net? Déi eng freeën sech iwwer eng nei Aufgab an déi aner sinn elo zu déifst enttäuscht, dass si dat, wat si wollten erreechen, net kritt hunn. Esou eng Wal ass ee Beoptragen fir een Déngscht un enger Gemeinschaft vu Mënschen. Ech hoffen, dass all Kandidaten dat esou gesinn hunn, wéi si sech opgestallt hunn. Mä d’Iwwerdroe vun esou engem Amt an enger Gemeng, op als Buergermeeschter, Schäffen oder Conseiller ass duerchaus net eng Saach vun enger perséinlecher Éierung. Et ass een Optrag dee mat Engagement verbonnen ass. Elo muss eppes gemaach ginn. Lo muss sech agesat ginn. Am Evangelium vun haut ass eigentlech och vun enger Wal riets. De Jesus wielt Mënschen aus, déi hien dann beoptraagt fir eraus ze goen an eng Aufgab ze erfëllen. Et ass eng ganz änlech Situatioun, wéi bäi eis am Fong an der Gesellschaft. Do si vill Leit. “Sie waren müde und erschöpft wie Schafe, die keinen Hirten haben.” (Mt 9, 36b) Eis Gesellschaft ass op ville Platzen zimmlech midd, wann ech dat esou ka soen. Et ginn eigentlech eng riseg grouss Mass u Problemer, déi ze léise sinn. Do brauch et gutt Hierten, déi de Mënschen hëllefen, déi si uleeden a féieren, déi no Léisungen sichen, déi sech ganz intensiv mat all deem beschäftegen, wat de Leit um Häerz läit. Sou eng Aufgab ass net einfach. Et brauch Mutt an Engagement, fir sech dat op ze erleeën. De Jesus hei am Evangelium kuckt seng “Gesellschaft” vun deemools. Villes war komplizéiert an huet no Léisunge verlaangt. Deemools wéi haut hate Mënschen hier Suergen, hier Angscht virun der Zukunft, hier Krankheeten an esou Villes méi. Et ass net esou wesentlech anescht wéi haut. De Jesus berifft allerdéngs elo keng Gemengeconseilleren, keng politesch Verantwortlech. Hie berifft seng Apostelen, dass si bäi all déi Mënschen ginn, déi ee brauchen. Den Optrag, deen hie gëtt, klengt vläicht an eisen Oueren vun haut ee wéineg al an och ze fromm. An dach stécht eng ganz grouss Geschicht derhannert, déi a mengen Aen och nach haut gëllt. “Er gab ihnen die Vollmacht, die unreinen Geister auszutreiben und alle Krankheiten und Leiden zu heilen.” (Mt 10,1) “Heilt Kranke, weckt Tote auf, macht Aussätzige rein, treibt Dämonen aus!” (Mt 10, 8a) Den Optrag huet eng interessant Tendenz zum Heelen vu Krankheeten. Dir wësst, dass ech net einfach esou u Wonner gleewen. Ech denken hei och net drun, dass solle Krankheeten am medezinesche Sënn solle geheelt ginn. Awer mir kënnen eis jo mol jiddereen fir sech Gedanken doriwwer maachen, wat fir eis hei Krankheeten kéinte sinn. Sinn dat net dacks eis Suergen, eis Problemer? Eis Gesellschaft ass an enger Krise, si ass krank, kéint ee soen. Mir hunn engersäits super räich Leit an anerersäits esou eng extreem Aarmut vu Mënschen, déi einfach aus der Nout net eraus kommen. De Mënschen d’Aen op ze maachen fir d’Ongerechtegkeet an eiser Welt vun haut, dat wier scho mol een éischte Schrëtt, deen de Jesus eis hei op gëtt. Déi sozial Ongerechtegkeeten waren deemools scho grouss. Mä et huet sech bis haut net vill doru geännert. An dat ass einfach och ee Skandal fir eis Gesellschaft, déi sech esou gär selwer lueft. De Jesus gëtt den Optrag “die unreinen Geister auszutreiben”. Ass dat net grad den Optrag, fir den Egoismus, d’Gurmangsegkeet, d’Liewen am Iwwerfloss asw. haut aus ze dreiwen? Déi onreng Geeschter sinn a mengen Aen ebe just déi Tendenzen am Mënsch, déi ëmmer nëmmen no sech wëlle kucken. Wann an deem Punkt des béis Geeschter an eiser Gesellschaft kéinten ausgedriwwe ginn, da wiere munch Krankheeten a Situatiounen vu Leed scho mol geléist. “Heilt Kranke, weckt Tote auf, macht Aussätzige rein, treibt Dämonen aus!” Véier ganz konkret Uweisungen an dësem klenge Saz! Den Optrag ass méi wéi däitlech. Wéi vill Doudeger kennt eis Gesellschaft? Et sinn déi, déi sech zeréck gezunn hunn. Et sinn déi, déi an den Eck gedriwwe goufen. Et sinn déi, déi mir eleng loossen. An déi Aussätzeg si wuel zum Deel déi, déi mir net wëllen hunn an eiser Gemeinschaft. Nach ëmmer liewe mir am Modus, dass mir Mënschen wéinst hirem Hierkommen, hiren Nationalitéit, hirer Hautfaarf, hirem Geschlecht, hirer Relioun, hirer politescher Iwwerzeegung ausschléissen an si als “Aussätzeger” behandelen. Mir wëllen näischt mat hinnen ze dinn hunn. Dem Jesus säin Optrag heescht kloer an däitlech, dass mir jiddereen sollen unhuelen an ophuelen an eiser Gemeinschaft. Mir kënnen d’Evangelium vun haut mat dem Optrag zum Heelen natierlech ganz wuertwiertlech liesen als een Optrag ee “Wonner” ze wierken. Mä da geet et wuel fir eis schif. Well huet jeemools ee Mënsch esou ee “Wonner” gewierkt? Dat war schonn an der fréier Zäit vun der Kierch ee grousse Problem mat dem Text vun eisem haitegen Evangelium. Mir musse wuel dësen Text dann op eng Manéier esou verstoen, dass mir een Optrag hunn zu echter Séilsuerg an Diakonie un deene Mënschen, déi krank oder an Nout sinn.1] Op eis sekular Gesellschaft iwwerdroen ergëtt sech hei den Optrag, fir alle Mënschen an Nout ze hëllefen. Mir brauche weder an eiser Kierch a Relioun, nach an eiser sekularer Gesellschaft Mënschen, déi Wonner wierken. Mir brauche just Mënschen, déi sech éierlech engagéieren a sech fir Gerechtegkeet a Fridden asetzen. Mir brauche Mënschen, déi eescht maachen mat dem Optrag, deen si kritt hunn. Um Schluss vum Evangelium heescht haut: “Umsonst habt ihr empfangen, umsonst sollt ihr geben.” (Mt 10, 8b) Mir all hunn eist Liewe geschenkt kritt. Mir hu Villes, dat eis liewe léist. Deele mir einfach all dat mat deenen, déi eis brauchen. 1] Vgl. Ulrich Luz, Das Evangelium nach Matthäus (Mt8-17), EKK I/2, 4. verännderte Auflage 2007, S. 94. Fürbitten
Loosse mir bieden zu Gott, deen säi Vollek aus der Gefaangenschaft an d’Fräiheet gefouert huet:
Dir, Härgott, Papp am Himmel, gëllt eise Merci an eise Luef, elo an ëmmer. Amen. II.
Comme Moïse au sommet de la montagne, ouvrons-nous à la présence du Seigneur et présentons-lui les besoins et aspirations de nos frères et sœurs d’ici et d’ailleurs. * Pour l’Église, appelée à œuvrer à la moisson du royaume des Cieux; prions afin qu’elle accomplisse cette mission toujours plus de ferveur. Dieu tout-puissant, toi dont l’amour est éternel, écoute la prière de ton peuple rassemblé en ce jour et conduis-le sur les chemins de réconciliation et de justice. Nous te le demandons par Jésus, ton Fils, notre Seigneur. Amen. Gowegebiet
Härgott, duerch des Gowen niers du dee ganze Mënsch. Du léiss eis als deng Kanner an dëser Welt liewen, an du gëss eis dofir alles, wat mir brauchen. Looss eis doraus nei Kraaft schäffen, esou datt mir och mat eisem Liewen a Wierken deng Botschaft bezeien. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eisen Här a Brudder. Amen. Tu as voulu que nous trouvions, Seigneur, dans les biens que nous te présentons les nourritures de cette vie et le sacrement d’une vie nouvelle; fais que nos corps et nos âmes puissent toujours en bénéficier. Par Jésus Hochgebet – „Nachfolge“
In ihm, Jesus Christus, sind wir mehr als Frauen und Männer, wir alle sind Schwestern und Brüder, Wir danken dir, denn deine frohe Botschaft ruft uns Menschen So danken wir dir, Gott, für die Berufung und das Leben, Ja, guter Gott, du bist heilig und du schenkst Heil, Als Christen sind wir oft sprachlos, wenn wir dann das eine Wort sagen sollen, Um dennoch nicht aufzugeben im Einsatz für Gerechtigkeit und Frieden, Deshalb, guter Gott, feiern wir jetzt Eucharistie Wir tun zeichenhaft, was er wirklich getan hat, denn ihn hat sein Tun das Leben gekostet. So bitten wir dich, allmächtiger Gott: Segne diese Gaben von Brot und Wein durch deinen Geist Damals brach Jesus das Brot. Er dankte dir und gab es seinen Jüngern mit den Worten: NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, dankte wiederum, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens: Darum bitten wir dich, Vater, für deine Kirche: Gedenke in deiner Güte auch der Menschen, die in unserem Herzen einen besonderen Platz haben. Bleib all jenen treu, die der Tod uns in diesem Leben genommen hat. Mit deinem ganzen Volk, mit Maria, der Mutter des Herrn, dem heiligen Josef, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Wat an eisem Liewen wierklech dréit, wat all Angscht iwwerwënnt, dat ass dat grousst Vertrauen, dass Gott bäi eis ass an eis wéi ee gudde Papp beschützt. Zu him wëlle mir bieden, wéi de Jesus eis et geléiert huet: Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
Festgefuere Meenungen, Vertrauen dat net do ass a Virurteeler bréngen de Fridden ënnert de Mënschen a Gefor. Loosse mir bieden ëm de Fridden an d’Versönung an enger zerrappter Welt. Schlussgebiet
Härgott, des helleg Moolzecht ass en Zeechen, datt mir ënnert enee a mat dir Gemeinschaft hunn. Looss des helleg Feier elo wierksam ginn an eisem alldeegleche Liewen, a looss eis selwer zu iwwerzeegten Zeien vun denger grousser Léift ginn. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Cette communion à tes mystères, Seigneur, préfigure l’union des fidèles en toi; fais qu’elle serve à l’unité dans ton Église. Par Jésus. Wir danken dir, guter Gott, für die Begegnung mit dir und miteinander in dieser Feier. Wir bitten dich: Gib uns Hoffnung und Zuversicht, wenn wir nun hinausgehen, um deinen Samen zu säen, damit wir nicht müde werden oder enttäuscht aufgeben. Lass deine Saat der Liebe, des Friedens und der Gerechtigkeit wachsen und reifen. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.
|