
|
12. Sonndeg am Joereskrees B - 22./23.6.2024
12. Sonndeg am Joereskrees B - 22./23.6.2024
Léif Matchrëschten! Grad an eiser Zäit kucke mir mat groussem Staunen op d’Schëpfung. Mä och an der Bibel héiere mir ëmmer nees dovun, wéi grouss a schéin d’Schëpfung ass. An grad doran erkenne mir och Gott, seng Gréisst, seng Guttheet, mä och eis Froe vis-à-vis vun all deem, wat mir net verstinn. Ëmmer nees erliewe mir grouss Naturkatastrophen. Mir gesinn, dass mir als kleng Mënschen net Här iwwer des Welt sinn. An dach sti mir do mat eisem Staunen iwwer déi iwwergrouss Villfalt vun deem, wat et gëtt. Komme mir elo mat all eis Froen a Suergen, awer och mat eisem Merci a mat eiser Unerkennung virun deen, deen eis hält an dréit.
Här, Jesus Christus, du bass mat eis ënnerwee an de Stierm vun der Zäit. Här, Jesus Christus, du bass ëmmer ganz no bäi eis. Här, Jesus Christus, du hëllefs eis a gëss eis Kraaft.
Ufanksgebiet
Hellege Gott, hëllef eis, datt mir ëmmer däin Numm an Éieren halen an dech gär hunn. Du stéiss keen zeréck, dee fest op dech vertraut an an denger Léift verwuerzelt ass. Dorëms biede mir dech duerch Jesus Christus, däi Jong, eisen Här a Brudder, hien, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft an all Éiwegkeet.
Fais-nous vivre à tout moment, Seigneur, dans l'amour et le respect de ton saint nom, toi qui ne cesses jamais de guider ceux que tu enracines solidement dans ton amour.
Guter Gott, je tiefer wir in die Geheimnisse der Schöpfung und der Natur eindringen, desto mehr staunen wir über deine Größe und Weisheit. Öffne unsere Augen und Ohren, damit wir in allem Geschaffenen dich erkennen, und schenke uns ein hörendes Herz, damit wir dich immer mehr lieben lernen. Darum bitten wir durch Jesus Christus, unseren Bruder und Herrn.
Liesungen: Ijob 38, 1.8-11 / 2 Kor 5,14-17 / Mk 4,35-41
Lesung aus dem Buch Ijob. Der HERR antwortete dem Ijob aus dem Wettersturm und sprach: Wer verschloss das Meer mit Toren, als schäumend es dem Mutterschoß entquoll, als Wolken ich zum Kleid ihm machte, ihm zur Windel dunklen Dunst, als ich ihm ausbrach meine Grenze, ihm Tor und Riegel setzte und sprach: Bis hierher darfst du und nicht weiter, hier muss sich legen deiner Wogen Stolz?
Kv Danken sollen alle dem Herrn; denn seine Huld währt ewig.
Sie,
die mit Schiffen das Meer befuhren, *
Lesung aus dem zweiten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde ein Korinth. Brüder und Schwestern! Die Liebe Christi drängt uns, da wir erkannt haben: Einer ist für alle gestorben, also sind alle gestorben. Er ist aber für alle gestorben, damit die Lebenden nicht mehr für sich leben, sondern für den, der für sie starb und auferweckt wurde. Also kennen wir von jetzt an niemanden mehr dem Fleische nach; auch wenn wir früher Christus dem Fleische nach gekannt haben, jetzt kennen wir ihn nicht mehr so. Wenn also jemand in Christus ist, dann ist er eine neue Schöpfung: Das Alte ist vergangen, siehe, Neues ist geworden.
Halleluja. Halleluja. Ein großer Prophet wurde unter uns erweckt: Gott hat sein Volk heimgesucht. Halleluja
Aus dem heiligen Evangelium nach Markus. An jenem Tag, als es Abend geworden war, sagte sagte Jesus zu seinen Jüngern: Wir wollen ans andere Ufer hinüberfahren. Sie schickten die Leute fort und fuhren mit ihm in dem Boot, in dem er saß, weg; und andere Boote begleiteten ihn. Plötzlich erhob sich ein heftiger Wirbelsturm und die Wellen schlugen in das Boot, sodass es sich mit Wasser zu füllen begann. Er aber lag hinten im Boot auf einem Kissen und schlief. Sie weckten ihn und riefen: Meister, kümmert es dich nicht, dass wir zugrunde gehen? Da stand er auf, drohte dem Wind und sagte zu dem See: Schweig, sei still! Und der Wind legte sich und es trat völlige Stille ein. Er sagte zu ihnen: Warum habt ihr solche Angst? Habt ihr noch keinen Glauben? Da ergriff sie große Furcht und sie sagten zueinander: Wer ist denn dieser, dass ihm sogar der Wind und das Meer gehorchen?
Lecture du livre de Job. Le Seigneur s’adressa à Job du milieu de la tempête et dit: «Qui donc a retenu la mer avec des portes, quand elle jaillit du sein primordial; quand je lui mis pour vêtement la nuée, en guise de langes le nuage sombre; quand je lui imposai ma limite, et que je disposai verrou et portes? Et je dis: “Tu viendras jusqu’ici! tu n’iras pas plus loin, ici s’arrêtera l’orgueil de tes flots!»
R/ Rendez grâce au Seigneur : Il est bon ! Éternel est son amour !
Qu’ils
rendent grâce au Seigneur de son amour,
Il
parle, et provoque la tempête,
Dans
leur angoisse, ils ont crié vers le Seigneur,
Ils
se réjouissent de les voir s’apaiser,
Lecture de la deuxième lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens. Frères, l’amour du Christ nous saisit quand nous pensons qu’un seul est mort pour tous, et qu’ainsi tous ont passé par la mort. Car le Christ est mort pour tous, afin que les vivants n’aient plus leur vie centrée sur eux-mêmes, mais sur lui, qui est mort et ressuscité pour eux. Désormais nous ne regardons plus personne d’une manière simplement humaine : si nous avons connu le Christ de cette manière, maintenant nous ne le connaissons plus ainsi. Si donc quelqu’un est dans le Christ, il est une créature nouvelle. Le monde ancien s’en est allé, un monde nouveau est déjà né.
Alléluia. Alléluia. Un grand prophète s’est levé parmi nous, et Dieu a visité son peuple. Alléluia.
Évangile de Jésus Christ selon saint Marc. Toute la journée, Jésus avait parlé à la foule. Le soir venu, Jésus dit à ses disciples : « Passons sur l’autre rive. » Quittant la foule, ils emmenèrent Jésus, comme il était, dans la barque, et d’autres barques l’accompagnaient. Survient une violente tempête. Les vagues se jetaient sur la barque, si bien que déjà elle se remplissait. Lui dormait sur le coussin à l’arrière. Les disciples le réveillent et lui disent : « Maître, nous sommes perdus ; cela ne te fait rien ? » Réveillé, il menaça le vent et dit à la mer : « Silence, tais-toi ! » Le vent tomba, et il se fit un grand calme. Jésus leur dit : « Pourquoi êtes-vous si craintifs ? N’avez-vous pas encore la foi ? » Saisis d’une grande crainte, ils se disaient entre eux : « Qui est-il donc, celui-ci, pour que même le vent et la mer lui obéissent ? »
Priedegt
„Warum habt ihr solche Angst? Habt ihr noch keinen Glauben?“ (Mk 4, 40) Zënter 39 Joer begleet mech dëse Saz. Wat mécht eis Angscht? Deemools wéi ech mech op d’Wei zum Priister virbereet hunn an et drëm goung ee Primiz-Sproch ze wielen, war et genee dëse Saz, dee mech beandrockt huet. De Wee vum Engagement an der Kierch als Priister oder och als Pastoralassistent/in kann engem Angscht maachen. Deemools 1985 war et scho ganz däitlech ofzegesinn, wou et géif hiféieren. Mir hate wuel nach zimmlech vill Priister an der Diözes, mä den Duerchschnëttsalter war schonn extreem héich a jiddereen, deen nëmmen ee wéineg nogeduecht huet, konnt gesinn, dass a wéinege Joerzéngte kaum nach Leit do wieren, déi des Aufgab kéinte maachen. An der aktueller Zäit tendéiert d’Zuel vun deenen, déi sech nei an der Kierch engagéiere, géint Null. Wat mécht Mënschen Angscht, fir sech an eiser Gemeinschaft ze engagéieren?
D’Evangelium vun dësem Sonndeg ass eigentlech eng gutt Beschreiwung vun eiser aktueller Situatioun an der Kierch. Ee Grupp vun engagéierte Mënschen, am Evangelium eben dem Jesus seng Frënn, hunn sech begeeschtere gelooss vun der Botschaft. Si klengt gutt a bitt Perspektive fir d’Liewen, déi gewalteg sinn a Freed bréngen. D’Apostele sinn an dat Boot erageklommen a versiche mam Jesus un dat anert Ufer vum Séi ze kommen. Si ware voller Begeeschterung. Awer de Séi an d’Naturgewalte sinn onberechenbar. Stuerm kënnt op. Welle schloen an d’Boot. Dat riskéiert ëm ze kippen an ënner ze goen. Der Kierch geet et haut ganz änlech. Deemools virun 39 Joer wéi ech geweit gouf bzw. deemools 1979, wéi ech mech entscheet hunn dee Wee an der Kierch ze goen, war ech voll op begeeschtert a sinn an dat Boot Kierch geklommen. De Jesus war derbäi. Allerdéngs, an dat ass dann ee wonnerbaart Bild, och bäi eis läit de Jesus hannen am Boot a schléift. D’Aarbecht iwwerléisst hie senge Frënn, deemools wéi nach haut. Mir sinn et, déi musse rudderen. De Jesus ass wuel do, awer onscheinbar a roueg. Heiansdo, dat ass lo meng Interpretatioun, hu mir hien och vergiess. Vläicht huet eis Kierch de Jesus och selwer Mond-dout gemaach, andeems mir hien ze vill an eise Kierchegebaier an Tabernakelen agespaart hunn. Mir hu geschafft, wéi wann hien net derbäi wier.
D’Stierm, déi eis Kierch an deene leschte Joerzéngten erlieft huet, weisen eis, dass mir iwwer laang Zäit kaum mat der Präsenz vum Jesus an eiser Mëtt geschafft hunn. Mir hunn hie fei brav hannen am Boot leie gelooss. Eise Glawen huet sech a Formelen an a Riten opgeléist, sou dass e kaum nach ze erkennen ass. Wann ech déi entlooss Diskussioune lauschteren a liesen, wéi mir eis Kierch solle fit maache fir d’Zukunft, da gëtt et mir bal schlecht. Op wat kënnt et eis un? Dorop, dass mir als Kierch eis Privileegie behalen? Dorop, dass mir dichteg stolzéieren a barocke Kleeder wéi aus enger friemer aler Zäit? Geet et ëm ee Gespills oder geet et ëm eng déif Iwwerzeegung, déi d’Botschaft vum Jesus an eiser Zäit vun haut däitlech mécht a lieft?
All ze laang hu mir gemitterlech um Séi geruddert. Hunn eis gesonnt am Glanz vun all deem, wat d’Geschicht u komesche Saachen ervir bruecht huet. Mir hunn eis als Priister als d’Hären opgefouert a kaum no der Botschaft vum Jesus echt gelieft. Mir waren op enger Luxus-Croisière. D’Stierm hunn eis iwwerfall. Mä si kommen net aus dem Näischt. Genee wéi deemools um Séi d’Apostelen hätte kënne wëssen, dass zu all Moment Stuerm opkomme kann, hätten och mir kënne wëssen a gesinn, wat sech um Himmel zesumme braut an eis kal géif erwëschen. Awer mir ware verblennt vum Glanz, mat deem mir eis selwer ëmginn hunn an nach ëmm ëmginn.
An elo? Mir jéimeren a kloen. Dem Jesus seng Fro aus dem Evangelium ass dofir och un eis a grad un eis all geriicht: „Warum habt ihr solche Angst? Habt ihr noch keinen Glauben?“ (Mk 4, 40) Wou ass eise Glawen haut? Wat ass dee Glawen? Genee dat misste mir haut emol klären. De Glawe besteet sécher net am Opsoe vum Glawensbekenntnis oder am rezitéiere vum Katchëssem. De Glawe besteet am éierlech Asaz am Sënn vum Jesus. Glawen un de Jesus ass Glawen dorun, dass eist Handele wéi de Jesus och haut Mënsche ka fräi maache vun Nout a Krankheet, vun Ausgestouss-sinn an Ongerechtegkeet. Et geet net duer, fir deene gudden alen Zäiten nozetraueren oder ze versichen, si duerch al Riten a Kleeder an eis Zäit ze versetzen. Mir mussen d’Botschaft vum Jesus haut liewen an zwar mat deene Mëttelen a Methoden, déi haut ubruecht sinn, net mat deem, wat fréier vläicht gutt a schéi war. Nostalgie huet keng Plaz an eiser Kierch. Mir mussen haut iwwer de Séi fueren an d’Stierm vun haut iwwerstoen. De Jesus läit och haut hannen an eisem Boot. Awer et ass eben en neit Boot aus eiser Zäit.
De Paulus seet haut an der Liesung: „Wenn also jemand in Christus ist, dann ist er eine neue Schöpfung: Das Alte ist vergangen, siehe, Neues ist geworden.“ Genee dat musse mir och haut zu eis selwer soen. Wa mir wierklech an a mat Christus ënnerwee wëlle sinn, da musse mir och Ales als vergaangen ugesinn an haut dat Neit, wat geschitt a kënnt, unhuelen an domat liewen a schaffen. Dem Paulus säi Saz gëllt eendeiteg fir eis als Gemeinschaft a fir eis als Kierch. Loosse mir also der aktueller Zäit an d’Ae kucken an eis am echte Glawen opriichten an eise Wee goen.
Fürbitten
U Gott, virun deem mir nëmme kënne ganz roueg sinn, deem seng Gréisst esouguer d’Universum net faasse kann, wende mir eis mat eise Gebieder:
* „Der Herr antwortete dem Ijob aus dem Wettersturm“: Vill Mënsche sinn op der Sich no dir an nom Sënn vum Liewen. Beroueg d’Stierm vun hirem Liewen a looss dech vun hinnen erkennen. Härgott héier eis.
* „Wer verschloss das Meer mit Toren“: Eis Welt erschéngt eis, wéi wa mir si total technesch kéinte kontrolléieren. Mä mir erfueren ëmmer nees, wéi kleng mir sinn. Stäerk eis, fir dass mir am Aklang mat der Natur an der Schëpfung liewe kënnen. Härgott héier eis.
* „Die Liebe Christi drängt uns“: An all der Ongerechtegkeet an eiser Gesellschaft notze vill Mënschen d’Recht vum deem, dee méi staark ass. Looss d’Beispill vum Jesus senger Léift d’Häerzer vun de Mënschen ëmmer nees wakereg maachen an aus Léift eraus handelen. Härgott héier eis.
* De Jesus freet: „Warum habt ihr solche Angst?“: Vill Mënschen hunn Angscht. Stäerk an denger Gemeinschaft d’Suerg ee fir deen aneren. Härgott héier eis.
* De Jesus bréngt eis a senger Botschaft dat éiwegt Liewen. Looss all eis Verstuerwe bäi dir sinn. Härgott héier eis.
Gott, du bass baarmhäerzeg. Mir soen dir Merci. Gëff eis Mutt a Kraaft fir eis Welt selwer zum Gudden ze féieren. Dech luewe mir elo an ëmmer. Amen.
II.
Par solidarité avec nos sœurs et frères humains, demandons à Dieu d’accorder son salut à notre monde. Dieu notre Père, entends nos voix qui montent vers toi. – Le Seigneur regarde avec bonté les pasteurs de son Église; qu’à son exemple, ils sachent tenir le cap malgré les vents contraires. – Le Seigneur se souvient des personnes qui souffrent; qu’elles puissent compter sur sa présence vivifiante et trouver une paix profonde dans leur épreuve. – Le Seigneur pose son regard sur les femmes et les hommes en position d’autorité; que l’exemple de sa vie offerte stimule leur générosité et fasse jaillir en eux un grand désir de justice. – Le Seigneur voit notre communauté avec ses richesses et ses limites; qu’il soit pour elle un guide et un soutien afin que chacun de ses membres puisse s’y épanouir dans la paix. Seigneur tout-puissant, toi qui fais des merveilles dans les plus petites choses de la vie, ouvre nos cœurs à ta présence et garde-nous dans la foi et l’espérance. Nous te le demandons par Jésus, ton Fils, notre Seigneur. Amen. (https://fr.novalis.ca)
Gowegebiet
Baarmhäerzege Gott, huel dëst Affer vun eisem Luef an eiser Versönung un. Léis eis duerch des Feier aus aller Verstréckung an dat Béist, fir datt mir a ganzer Fräiheet dir ugehéieren. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här an eise Brudder. Amen.
Accepte, Seigneur, le sacrifice de louange et de pardon, afin que nos coeurs, purifiés par sa puissance, t’offrent un amour qui réponde à ton amour. Par Jésus.
An deinem Tisch, barmherziger Gott, haben wir uns versammelt. Du hast uns eingeladen. Du redest mit uns, du feierst mit uns. Brot und Wein haben wir mitgebracht. Deine Gaben und unseren Hunger nach Leben. Du schenkst uns Jesus, unsere Hoffnung. Auf sein Reich warten wir. Dankbar nehmen wir aus deiner Hand Brot und Wein. Lass uns daraus immer neue Kraft schöpfen für Seele und Leib. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.
Hochgebet – „Jesus richtet auf“
Nach
dem Sanctus fährt der Priester fort:
Immer wieder besinnen wir uns auf
das, was er gesagt und getan hat.
Zunächst gar nichts Besonderes.
Dreißig Jahre ohne Aufsehen arbeiten
Messerscharfe Worte werfen, wie
ein Chirurg, der aus dem eigenen Leib Und dann: Die Ärmel aufkrempeln:
Menschen heilen, woran nur immer
ein Mensch leiden kann.
Eine gute Nachricht wurde er,
eine frohe Botschaft bis hin nach Syrien,
Überall
kamen Menschen zu Kräften, lernten den aufrechten Gang, trauten
sich, wieder zu leben.
Darin war er ein Meister. Man
sagte ihm nach, dass er trösten konnte.
Viele
gingen mit ihm. Unverbindlich, verbindlich:
Doch seine Liebe zu den
Außenseitern, sein heilender Umgang mit den Kranken,
Deshalb planten sie, ihn
umzubringen.
Gott,
allmächtiger Vater, wir denken jetzt an Jesu letztes Abendmahl bevor
er für uns starb.
Und so war es bei seinem letzten
Abendmahl:
NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
Ebenso nahm er nach dem Mahl den
Kelch,
NEHMET UND TRINKET ALLE
DARAUS:
Das
ist und bleibt ein Geheimnis des Glaubens!
Vater
Jesu und unser Gott. Wir danken dir für diesen einmaligen
Menschen,
Uns gab er den Auftrag, seine
Liebe weiterzuschenken
Darum bitten auch wir um seinen
Geist: für uns, die wir jetzt hier sind,
Halte du deine Hand über uns
alle und tu an uns, wie du an Jesus getan hast.
In der Gemeinschaft mit Maria und
Josef, den Aposteln und Blutzeugen,
Durch ihn und mit ihm und in ihm
ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Quelle unbekannt
Schlussgebiet
Gudde Gott, du hues eis duerch de Léif an d'Blutt vu Christus gestäerkt. Gëff, datt mir a kenger Situatioun dat verléieren, wat mir a jidder Feier vun der Eucharistie empfänken. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här an eise Brudder. Amen.
Renouvelés par le corps et le sang de ton Fils, nous implorons ta bonté, Seigneur: fais qu’à jamais rachetés nous possédions dans ton Royaume ce que nous célébrons en chaque eucharistie. Par Jésus.
Ewiger Gott, wir haben noch einen weiten Weg vor uns. Auf manche Wegstrecke freuen wir uns, vor anderen haben wir Angst. Wir bitten dich um deinen Segen. Für uns und für alle Menschen. Besonders für die, die mit Sorgen an die nächsten Schritte denken. Hilf uns, füreinander einzutreten, Freude und Leid miteinander zu teilen und in der Hoffnung zu wachsen bis wir dann sehen, was wir glauben durch unseren Herrn und Bruder Jesus Christus.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement