
|
16. Sonndeg am Joereskrees B - 17./18.7.2021
Léif Matchrëschten! Praktesch all Mënsche seenen sech no Fridden a Gerechtegkeet. An trotzdeem gëtt et an esou ville Länner ëmmer nach ongerecht Strukturen. An och a Länner, déi am Fridde liewen, kënne mir ganz däitlech gesinn, wéi Aarm a Räich ëmmer méi ausenaner ginn. Eis Gesellschaften si krank. Et ass trotz allem ee Grondbedierfnis vum Mënsch, fir mat sech an de Matmënschen am Fridden an och an enger gerechter Staats- a Gesellschaftsuerdnung ze liewen. Ruffe mir d’Erbaarmen vun eisem Här Jesus un, deen eis soll hëllefen Gerechtegkeet a Fridden ze schafen. Kyrie
Här Jesus Christus, du bréngs eis de Fridde vu Gott. Kyrie eleison. Dagesgebiet
Härgott, eise Gott, du hues Glawen, Hoffnung a Léift an eis entfacht. Verdéif dëse Glawen an eis, a looss eis bereetwëlleg dat maachen, wat’s du eis opdréis. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, déi Jong, eisen Här a Gott, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft an all Éiwegkeet. Amen. Sois favorable à tes fidèles, Seigneur, et multiplie les dons de ta grâce: entretient en eux la foi, l’espérance et la charité, pour qu’ils soient attentifs à garder tes commandements. Par Jésus Christ. Herr, unser Gott, sieh gnädig auf alle, die du in deinen Dienst gerufen hast. Mach uns stark im Glauben, in der Hoffnung und in der Liebe, damit wir immer wachsam sind und auf dem Weg deiner Gebote bleiben. Darum bitten wir durch Jesus Christus. Liesungen: Jer 23, 1-6 / Eph 2, 13-18 / Mk 6, 30-34 Lesung aus dem Buch Jeremia. Kv Der Herr ist mein Hirt, nichts wird mir fehlen. Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Ephesus. Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:) Meine Schafe hören auf meine Stimme; ich kenne sie und sie folgen mir. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Markus. Lecture du livre du Prophète Jérémie. R/ Le Seigneur est mon berger : rien ne saurait me manquer. Lecture de la lettre de saint Paul apôtre aux Éphésiens. Alléluia. Alléluia. Mes brebis écoutent ma voix, dit le Seigneur ; moi, je les connais, et elles me suivent. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Marc. Priedegt
Léif Matchrëschten! “Weh den Hirten, die die Schafe meiner Weide zugrunde richten und zerstreuen.” De Prophet Jeremia übt Kritik. Hie geet mat de Kinneken an d’Geriicht. Propheten waren deemools keng bequeem Leit. Si hunn de Fanger an déi offe Wonne vun der Zäit geluecht an si hunn sech net gescheit, fir ganz fräi an eben och kloer an däitlech ze soen, wou d’Mëssstänn an der Gesellschaft deemools louchen. D’Propheten waren net einfach fromm Priedeger, déi nëmmen vum léiwen Härgott geschwat hunn. Neen, si hu mat klore Wierder d’Mëssstänn an de Bléck geholl. Natierlech waren si net ëmmer gäre gesinn. Déi, déi un der Regierung waren, waren net erfreet iwwer dat, wat ee Jeremia ugemahnt huet. Am Kapitel 22 just virun eiser Liesung schwätzt Gott mam Jeremia a gëtt den Optrag: “2 Du sollst sagen: König von Juda, der du auf dem Thron Davids sitzt, höre das Wort des HERRN, du selbst, deine Diener und dein Volk, die durch diese Tore kommen! 3 So spricht der HERR: Übt Recht und Gerechtigkeit und rettet den Ausgeplünderten aus der Hand des Gewalttäters! Fremde, Waisen und Witwen bedrängt und misshandelt nicht; vergießt kein unschuldiges Blut an diesem Ort!” (Jer 22, 2-3) Deen Optrag ass kloer a méi wéi däitlech. De Kinnek soll opgeruff ginn, fir Gerechtegkeet ze suergen. An haut an der Liesung héiere mir eben, wat geschitt mam Kinnek, wann en net fir Recht a Gerechtegkeet suergt. Kinneken sinn Hierten. Si sollen d’Vollek zum Gudden féieren. Awer wéi dacks geschitt et, dass genee de Géigendeel geschitt? Haut heescht et ëmmer, dass d’Relioun sech aus dem politesche Geschäft misst eraus halen. Do hätt Relioun näischt ze sichen. Natierlech sinn reliéis Iwwerzeegungen op eng gewësse Manéier privat. Si beréieren déi intiimst Dimensioune vum mënschleche Liewen. Dass an der Politik net eng bestëmmte Relioun d’Soen soll hunn, schéngt och kloer ze sinn. An awer ass Relioun, sinn déi intiimst Dimensiounen vun eisem Liewen dach awer enorm wichteg fir eist Liewen a sollen och eis Entscheedungen beaflossen. Relioun gëtt esou ëmmer och eng Richtlinn fir eist Denken an Handelen an der Gesellschaft. An op alle Fall muss jiddereen och dierfen soen, wat him um Häerz läit, wat him wichteg ass, wat fir hien vu Bedeitung ass. Kollisiounen mat Meenungen a Gefiller vun anere Mënschen gëtt et do sécherlech. Awer am Respekt kann een dach matenaner liewen. Mä jiddereen huet säi Recht a seng Berechtegung fir sech ze manifestéieren. Relioun a reliéis Iwwerzeegungen hunn dofir och en Afloss op eis Gesellschaft. A virun allem dierf keen de Mond halen, wann Onrecht geschitt. D’Propheten hunn sech genee esou verstanen, Hiert Uleies war et net just fromm Gedanken ze verbreeden, mä eben just gesellschaftlech, jo och politesch Entscheedungen an ee richtegt Liicht ze setzen. Wa politesch oder gesellschaftlech Entscheedungen zu Onrecht féieren, muss dat dierfe gesot ginn, egal vu wiem och ëmmer an och aus egal wat fir enger Motivatioun an Ureegung eraus. D’Propheten, haut an der Liesung de Jeremia, scheien sech net d’Saach op de Punkt ze bréngen an och d’Fakten ze benennen. Wann hei am Text vun den Hierten geschwat gëtt, dann ass net nëmmen de Kinnek eleng gemengt, neen, do ass och de ganzen Apparat vu Beamten asw. mat gemengt. Hier Aufgab ass a war et, fir d’Vollek ze suergen. Der Aufgab sinn si net nokomm. Genee dat prangert de Jeremia un. Heiansdo wënschen ech mir esou Zäiten zeréck, wou Propheten nach konnten fräi schwätzen. Mir liewen haut an enger fräier Gesellschaft, jiddefalls um Pabeier. Awer mir dierfen nach laang net ëmmer an iwwerall soen, wat eis um Häerz läit. Hei zu Lëtzebuerg ass offiziell dekretéiert, dass Relioun absolut Privatsaach ass. Doriwwer misst een elo seriéis diskutéieren, wat dat iwwerhaapt kann heeschen. Mä jiddereen dierf awer seng Meenung soen an och Kritik un deenen un der Spëtzt vun engem Staat muss méiglech sinn. Mëssstänn mussen als dat benannt ginn. Wann ech eis Gesellschaft kucken, dann trëfft dem Jeremia seng Kritik wuel och haut zou: “Ihr habt meine Schafe zerstreut und sie versprengt und habt euch nicht um sie gekümmert.” Mir hunn esou vill Leit, déi um Rand stinn, déi net wëssen, wéi si kënnen iwwerliewen. D’Käschten fir Wunnechten explodéieren, d’Schéier tëschent Aarmen a Räichen geet ëmmer méi ausenaner. D’Pandemie am Moment weist eis, dass dësen Effekt elo nach vill méi däitlech no vir kënnt. Mir lavéieren an de politeschen Rieden ëmmer nach, wéi wa mir d’Welt géife kënne beherrschen. An awer gesi mir, wéi kleng an aarmséileg mir sinn. Villfach sinn d’Schof verspreet ginn, ausenaner gedriwwen, vun Angscht entsat, an d’Aarmut gedriwwen. Mech perséinlech degoûtéiert et, wat ech heiansdo sou héieren a gesinn. Heiansdo kann ech verstoen, dass déi Herrschend näischt mat Relioun wëllen ze dinn hunn. Texter, wéi deen haut vum Jeremia, sinn aktuell wéi ni an halen munchen de Spigel vir. Natierlech halen si och de Kierchefürsten dëse Spigel vir. Och do gëtt et Mëssstänn. Déi mussen absolut ausgeläscht ginn. An ech weess ganz gutt, dass een am Glashaus muss oppassen, wann ee mat Steng werft. Just nëmmen op eis Kierch ze kucken an do Mëssstänn unzeprangeren geet awer net duer. Eis ganz Gesellschaft mat all hire Facetten steet virun dem Geriicht vum Härgott, wéi de Jeremia sech ausdréckt. Op Gott och an eiser Zäit dat mécht oder maache kann, wat de Jeremia hei profezeit: “Ich werde für sie Hirten erwecken, die sie weiden, und sie werden sich nicht mehr fürchten und ängstigen und nicht mehr verloren gehen.”? Mir als Chrëschten allefalls missten eis ganz staark zesummen huelen a versichen eis Welt zum Gudden hin ze gestalten. Mir missten de Mënschen haut Perspektive bidden. Mir missten et maachen, wéi de Jesus selwer haut am Evangelium: “Als er ausstieg, sah er die vielen Menschen und hatte Mitleid mit ihnen; denn sie waren wie Schafe, die keinen Hirten haben.” Et ass eis Aufgab Hierten ze sinn, gutt Hierten ze sinn. Fürbitten
Den Här, Jesus Christus ass dee gudden Hiert, deen seng Schof kennt an och weess, wat si brauchen. Zu him wëlle mir bieden:
Här, Jesus Christus, mir soen dir Merci, dass mir mat eisen Suergen bäi dech dierfe kommen. Mir luewen an éieren dech elo an an all Éiwegkeet. Amen. II.
Le Seigneur est notre berger. Il prend soin des hommes et des femmes qu’il a créés dans son amour. En toute confiance, nous rappelons-lui nos sœurs et frères dispersés, apeurés, accablés. Gowegebiet
Här, du hues déi vill Affer, déi dir jeemools vu Mënschen duerbruecht ginn, an deem engen Affer vum Neie Bond ofgeschloss. Huel dës Gowen vun denge Gleewegen un a maach si helleg, esou wéi’s du deemools d’Affer vum Abel ugeholl hues; a wat jidder eenzelen zu denger Éier duerbréngt, dat soll allen zum Heel dengen. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Dans l’unique et parfait sacrifice de la croix, tu as porté à leur achèvement, Seigneur, les sacrifices de l’ancienne loi; reçois cette offrande des mains de tes fidèles et daigne la sanctifier comme tu as béni les présents d’Abel: que les dons offerts par chacun pour te glorifier servent au salut de tous. Par Jésus. Gott und Vater, was die Erde hervorbringt und unsere Arbeit erzeugt, bringen wir vor dich. Sei bei uns in der Kraft deines Geistes, wenn wir das Mahl deines Sohnes feiern, Christus, unseres Herrn. Hochgebet - „Reich Gottes“
Sanctus Gott, Vater der Menschen Denn er nahm am Abend vor seinem Leiden Dann nahm er auch den Kelch mit Wein, pries deinen heiligen Namen, NEHMT UND TRINKT ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens. Dein Sohn ist wieder zu dir heimgegangen, Wir bitten dich, Vater: Nimm den guten Willen all derer an, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Meditation
ich will Schlussgebiet
Här Jesus Christus, eemol méi hues du ons erëm opgeriicht an duerch däi Wuert Courage gemaach. Bleif duerfir bäi ons mat dengem Geescht, datt mir am Leed an an de Suergen vum Alldag nimools vergiessen ons un dir ze orientéieren, deens du liefs an Här bass an all Éiwegkeet. Amen. Dieu trés bon, reste auprès de ton peuple, car sans toi notre vie tombe en ruine; fais passer à une vie nouvelle ceux que tu as initiés aux sacrements de ton Royaume. Par Jésus. Guter Gott, du sendest uns, wie du deine Jünger ausgesandt hast, deine Botschaft zu verkünden und zu leben. Begleite uns auf unserem Weg und lass uns immer wieder zu dir zurückkehren bis wir bei dir bleiben dürfen im Reich deines Vaters in alle Ewigkeit. Amen.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement