
|
17. Sonndeg am Joereskrees A – 29./30.7.2023
Léif Matchrëschten! Wat siche mir net alles mol an eisem Liewen? Verschidden Dokumenter, ee Schlëssel, eise Portmonni, ee Buch ... Dacks bleift eist Sichen och ouni Erfolleg. Mir fannen dat net, wat mir sichen. Munchmol awer fanne mir och Saachen ganz zoufälleg, déi mir virun enger Zäit ouni Erfolleg gesicht hunn. Vläicht siche mir elo jo och nom Sënn vun eisem Liewen. Wou awer fanne mir deen? Wéi kënne mir eist Liewe gestalt, fir dass et eis ee Sënn gëtt? De Jesus mécht eis Mutt, fir ëmmer nees ze sichen. Sicht an dir wäert fannen! Siche mir elo hien a seng frou Botschaft fir eis haut a maache mir dofir eist Häerz op. Ruffe mir säin Erbaarmen un. Kyrie
Här Jesus Christus, du bass de Schatz am Buedem, deen zoufälleg am Alldag kann entdeckt ginn. Kyrie eleison. Dagesgebiet
Härgott, du beschütz all déi, déi op dech hoffen, ouni dech ass näischt gutt an näischt helleg. Leed eis an dengem räichen Erbaarmen a looss eis d’Gidder vun dëser Welt esou gebrauchen, datt mir eng Kéier béi dir déi éiweg Freed fannen. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eisen Här. Amen. Tu protèges, Seigneur, ceux qui comptent sur toi; sans toirien n’est fort et rien n’est saint; multiplie pour nous tes gestes de miséricorde afin que, sous ta conduite, en faisant un bon usage des biens qui passent, nous puissions déjà nous attacher à ceux qui demeurent. Par Jésus Christ. Gott, du Beschützer aller, die auf dich hoffen, ohne dich ist nichts gesund und nichts heilig. Führe uns in deinem Erbarmen den rechten Weg und hilf uns, die vergänglichen Güter so zu gebrauchen, dass wir die ewigen nicht verlieren. Darum bitten wir durch Jesus Christus. Gott, in deinem Sohn ist dein Reich angebrochen. Erfülle uns mit Freude darüber, daß wir in diesem Reich leben dürfen. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn. Liesungen: 1 Kön 3, 5.7-12 / Röm 8, 28-30 / Mt 13, 44-52 Lesung aus dem ersten Buch der Könige. Kv.: Wie sehr liebe ich deine Weisung, o Herr! Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom. Halleluja. Halleluja. Sei gepriesen, Vater, Herr des Himmels und der Erde; du hast die Geheimnisse des Reiches den Unmündigen offenbart. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. Lecture du premier livre des Rois. R/ De quel amour j’aime ta loi, Seigneur! Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Romains. Alléluia. Alléluia. Tu es béni, Père, Seigneur du ciel et de la terre, tu as révélé aux tout-petits les mystères du Royaume! Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu. Priedegt
Lo ass Vakanzenzäit. D’Kanner an d’Jugendlech brauchen eng Rei Wochen net an d’Schoul ze goen a vill Erwuessener hunn och hire Congé geplangt. Awer wat siche mir am Congé? Ass et eppes Besonnesches, eng nei Erfarung? Heiansdo kënnt et mir esou vir, wéi wa mir andauernd op der Sich no eppes nach méi Besonneschem wieren wéi dat, wat mir lo schonn hunn. Deen neisten Trend, deen neiste Kick, alles ass eis méi wichteg, wéi dat, wat eisen Alldag eis bitt. Ass dat falsch oder richteg? Ech wëll a kann dat net entscheeden. Mir liewen haut an enger Spaassgesellschaft. D’Aarbecht ass quasi zur Niewesaach ginn, zu enger lästeger Flicht. De WE mat sengen Angeboter ass d’Zil. An dann an eiser Kierch, ass et do anescht oder besser? Ech mengen eigentlech net. Och do siche mir ëmmer nees no deem neiste Kick. Et ass ganz sécher eng immens Erfarung, wann ee mat deene ville Jugendlechen op dem Weltjugenddag zu Lissabon ka sinn. Déi vill flott Begéinungen, d’Gemeinschaft, d’Erliefnis an deenen Deeg ass sécher immens. E wéineg konnte mir dat déi läscht Woch hei zu Iechternach spieren, wéi d’Gäscht aus Australien, Thailand, Vietnam an nach vun anere Platzen mat deene Lëtzebuerger Jugendlechen zesummen waren am Virprogramm vun de Weltjugenddeeg. An awer bleift meng Fro: Ass dat net och zum Deel Spaassgesellschaft? Wat bleift dovun? An dann, erlaabt mir des ee wéineg méi béis Fro: Ass eng Pilgerfaart net och änlech? Ass dat net och een Event, sou wéi vill Mënschen haut op grouss Concerten oder Fussballspiller pilgeren? Wat bleift? Wat ass d’Zil? Ech wëll all dat net schlecht maachen. An awer iwwerkënnt mech een ongutt Gefill. Dat ass ausgeléist duerch eist Evangelium vun haut. Wou läit de Schatz vun eisem Glawen? Wou läit dat Wesentlecht vun eiser Relatioun mat Gott? Ech war selwer dacks genuch mat bäi verschiddenen reliéisen Eventer. Ech kennen och munch profan Eventer. An ëmmer nees huet sech duerno sou eng Eidelt agestallt. No enger Zäit vum Alldag war all déi Euphorie verflunn. Et ass domat wéi mat der Vakanz. D’Erliefnis op enger schéiner Plaz kann nach esou schéin an erfreelech sinn, mä den Dag vum Alldag kënnt automatesch zeréck. Am Reliéisen ass et och esou. An dann? Wat bleift? Wat dréit? Läit de Schatz net all ze dacks genee virun eis, am Buedem, op deem mir stinn? Mir sinn am Gewéinlechen ni esou richteg zefridden. Mir mussen ëmmer méi hunn, ëmmer ee weideren Kick. Et kann ni grouss an dichteg genuch sinn. Kënnt et wierklech op d’Gréisst, op d’Zuelen un? Wou läit mäin Schatz vergruewen? Ech froe mech mëttlerweil ganz am Eescht, op mir net och an eiser Kierch op engem falschen Tripp sinn. Méiglechst spektakulär muss et sinn. Méiglechst vill Leit muss et unzéien. Grouss Eventer zielen. Dat Kléngt a Bescheident, dat Normaalt vum Alldag schéngt net méi wichteg ze sinn. Ech denke mir leien do grëndlech falsch. De Schatz vum Glawen läit am Buedem ënner eise Féiss, am Alldag, an deem klénge Raum, wou mir all Dag liewen. Net zu Lissabon, net zu Lourdes, neen e läit doheem am Duerf, wou mir eisen Alldag verbréngen. A genee och do fannen ech Gott. Wann ech Gott nëmmen an deem Bombasteschen sichen, da kann ech vläicht eng schéin Erfarung maachen. Awer d’nächst Kéier brauch ech nach méi ee grousse Kick. Iergendwann awer geet et net méi grouss. Den Event-Katholizismus1 ass a mengen Aen dee falsche Wee. Ech sinn derfir, dass mir Gott an eisem klengen Gaart vum perséinleche Liewe sichen an net an esou Eventer. Dem Härgott säi Räich, an eben dorëm geet et jo am Gläichnis haut am Evangelium, kënnt net vun uewen, net vu baussen an eist Liewen derbäi. Mir fannen dem Härgott säi Räich am Liewe selwer. Dëst Räich vu Gott entdeckt een, wann een ufänkt d’Spueren vun der Guttheet an der Suerg vu Gott an eisem Alldag ze entdecken. Dass ech Moies wakereg ginn, dass ech eng gutt Taass Kaffi kann drénken, dass ech dee bloen Himmel oder d’Stären dierf betruechten, dass ech ee kléngt Laachen vun engem léiwe Mënsch kréien, dass ech ee gutt Wuert gesot kréien. Dat sinn alles kleng a bescheide Saachen. Et si Saachen, déi ech net selwer maachen, déi ech awer geschenkt kréien an déi d’Foussspuere vu Gott a mengem Liewen erkenne loossen. Wien des Spuere vu Gott a sengem Liewen wouer hëlt, dee féieren si zum Schatz. Dem Härgott säi Räich läit dann an der Dankbarkeet, an der Zefriddenheet vun dëse klengen Zeechen a Spueren am Liewe selwer. Muss et méi sinn? Fürbitten
De Kinnek Salomo huet Gott ëm een Häerz gefrot, dat lauschter. Sou wëlle mir elo och Gott ëm een Häerz froen fir eis, dat op hie lauschtert:
Gudde Gott, erhéier eist Gebiet, sou wéi’s du dem Kinnek Salomo säi Gebiet erfëllt hues. Mir luewen an éieren dech elo an ëmmer. Amen. Le royaume de Dieu est présent autour de nous, au cœur de nos jours, mais nous avons du mal à le reconnaître. Toute notre planète est pourtant déjà porteuse d’une vie nouvelle. Soutenons par notre prière nos frères et sœurs, appelés comme nous à la joie du salut de Dieu. Sur la terre des humains, fais briller ton amour. Gowegebiet
Gudde Gott, huel dës Gowen un, déi mir vun denger Guttheet empfaangen hunn. Looss deng Kraaft an hinne wierken, fir datt mir an dësem Liewen duerch si gestäerkt ginn, an op dem Wee vum Fridden an der Gerechtegkeet weiderkommen. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här. Amen. Accepte, Seigneur, ces offrandes prélevées pour toi sur tes propres largesses; que ces mystères très saints, où ta grâce opère avec puissance, sanctifient notre vie de tous les jours et nous conduisent aux joies éternelles. Par Jésus Unsterblicher Gott, du hast uns Brot und Wein geschenkt als Nahrung für unser vergängliches Leben. Wir bringen diese Gaben vor dein Angesicht: gib sie uns wieder als Sakrament der Unsterblichkeit durch Christus, unsern Herrn. Hochgebet - „Reich Gottes“
Sanctus Gott, Vater der Menschen und Herr des Himmels und der Erde, dich bitten wir: Denn er nahm am Abend vor seinem Leiden im Kreis der Apostel das Brot, NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Dann nahm er auch den Kelch mit Wein, pries deinen heiligen Namen, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens. Dein Sohn ist wieder zu dir heimgegangen, Wir bitten dich, Vater: Nimm den guten Willen all derer an, die uns durch den Tod schon verlassen haben, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Biede mir zesummen zu eisem Papp, esou wéi de Jesus eis et geléiert huet: Vater Unser ... Friddensgebiet
Zu allen Zäiten wënschen sech d’Mënschen Fridden. Dobäi spiere mir ëmmer nees, dass mir am leschten de Fridden eigentlech net selwer kënnen wierken. Den Ufank vum Fridden läit am Fong net op der Säit vun de Mënschen, mä geschitt am Handelen vu Gott un eiser Welt. Gott wierkt de Fridden, andeems hien dat Schwaacht staark mécht. Dofir biede mir: Här Jesus Christus, kuck net op eis Feeler an op eis Schwächten. Kuck op eise gudde Wëllen a schenk eis ëmmer nees däi Fridden. Schlussgebiet
Här, eise Gott, mir hunn zesummen d’Gediechtnes vum Leiden vu Christus gefeiert an dat hellegt Sakrament empfaangen. Wat déi Jong eis an senger onendlecher Léift geschenkt huet, dat soll eis net zum Gericht ginn, mä et soll eis déi Fridden bréngen. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här. Amen. Nous avons communié, Seigneur, à ce sacrement, mémorial de la passion de ton Fils; fais servir à notre salut le don que lui-même nous a légué dans son immense amour. Lui qui règne. Gott und Vater, du hast uns das Brot des Lebens und den Kelch der Freude gereicht. Gestalte uns nach dem Bild deines Sohnes, der im Sakrament unsere Speise geworden ist und mache uns zu Boten deiner Liebe. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement