|
18. Sonndeg am Joereskrees C - 30./31.7.2022
Léif Matchrëschten! „Firwat dat alles? Déi ganz Aarbecht, d’Suergen, d’Zäit an d’Energie, mäi Wëssen a Kënnen, déi ech investéiert hunn? Alles ëmsoss!“ Dat si Gedanken, déi een sech wuel ëmmer emol am Liewen mécht. Mënschen an deenen ënnerschiddlechsten Liewenssituatiounen kënnen sech mat esou Gedanken erëm quälen a fanne kaum eng Äntwert, op dat jonk Mënsche sinn, déi no engem intensive Studium keng adequat Aarbechtsplaz fannen, oder eeler Mënschen, déi hiert ganzt Liewen sech agesat hunn an elo an engem Fleegeheem ganz eleng sinn. Alles ass „Windhauch“, „Vanité“, sou héiere mir haut an der Liesung aus der Schrëft vum Kohelet. D’Fro ass gestalt: Wat mécht Sënn? Wou ass de Sënn vun eisem Liewen, vun eisem Asaz, vun eisem Schaffen? Wat bleift vun all mengem Asaz am Liewen? Loosse mir net de Mutt verléieren. Siche mir an eisem Liewen no deem, wat eis wichteg ass. Froe mir eisem Här säin Erbaarmen un: Kyrie
Dagesgebiet
Härgott, du hues eis erschafen an du leets eist Liewen. Du bass eis ëmmer no. Dag fir Dag léis du eis deng Léift spieren. Erneier eis Gemeinschaft mat dir, erhal si duerch Jesus Christus, eisen Här, déi Jong, hien, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft a regéiert elo an an all Éiwegkeet. Amen. Assiste tes enfants, Seigneur, et montre à ceux qui t’implorent ton inépuisable bonté; c’est leur fierté de t’avoir pour Créateur et Providence: restaure pour eux ta création, et l’ayant renouvelé, protège-la. Par Jésus Christ. Gott, oft geben wir uns mit dem Augenscheinlichen zufrieden und übersehen dabei, was wirklich wichtig ist. Lass uns jetzt aufmerksam auf dein Wort hören, damit wir begreifen, was wirklich zum Leben führt, zu einem Leben, das du für uns bereitet hast. Darum bitten wir durch Jesus Christus. Liesungen: Koh 1,2; 2,21-23 / Kol 3, 1-5.9-11 / Lk 12, 13-21 Lesung aus dem Buch Kohelet. Kv Herr, du bist uns Wohnung von Geschlecht zu Geschlecht. Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde on Kolossä. Halleluja. Halleluja. Selig, die arm sind vor Gott; denn ihnen gehört das Himmelreich. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas. Lecture du livre de Qohèleth (l’Ecclésiaste). R/ D’âge en âge, Seigneur, tu as été notre refuge. Lecture de la lettre de saint Paul apôtre aux Colossiens. Alléluia. Alléluia. Heureux les pauvres de cœur, car le royaume des Cieux est à eux ! Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Luc. Priedegt
Léif Matchrëschten! An der Pressekonferenz vum leschte Méindeg (25.7.2022) sot eisen Äerzbëschof laut RTL dat hei: „Wann elo d’Erwaardungen sinn, dass d‘Strukture vun der Kierch ganz geännert ginn, da wäert een enttäuscht sinn. Mir sinn an engem risegen Zivilisatiounswandel. An eis ganz Theologie, alles wat eis léif an helleg ass, am Chrëschtentum an an der Kathoulescher Kierch, hänkt mat enger Zivilisatioun zesummen, déi um gaangen ass ze verschwannen. D’Leit verstinn net méi wat mir soen oder wat mir op theologeschen Tagunge soen. An do wäert sech ganz vill änneren mussen.“ Dëser Ausso kann ech voll a ganz zoustëmmen. Mä si erënnert mech dann awer och un eis Liesung vun haut aus dem Buch vum Kohelet. „Windhauch, Windhauch, sagte Kohelet, Windhauch, Windhauch, das ist alles Windhauch.“ - „Vanité des vanités disait Qohèleth. Vanité des vanités, tout est vanité!“ (Koh 1,2) Den hebräeschen Ausdrock, deen hei mat „Windhauch“ iwwersat ass, kann een am Däitschen och mat „Nichtigkeit“ erëmginn. Dat entsprécht jo och der neier franséischer liturgescher Iwwersetzung. Ech stelle mir ebe elo haut d’Fro, op net esou Villes an eiser Kierch eben dëser „Nichtegkeet“ entsprécht. Wat hu mir als Kierch an deene leschten Joerhonnerten opgebaut? Ech gesinn hei och d’Gläichnis vum Jesus aus dem Evangelium. (Lk 12, 13-21) Si mir dann net wéi dee Mann, deen grouss Scheiere gebaut huet an dunn säi Liewe gelooss huet? Mir hunn an der Kierch riseg theologesch Konzepter erschafft. Mir hunn riseg Strukturen opgebaut. Alles ass ëmmer méi perfekt a vu Roum gesteiert ginn. Mir hu fantastesch Liturgien mat grousse Fester a Feieren. Awer wat bleift? Wat ass aus all dem Glanz a Pomp ginn? „Eng Saach déi sécher wichteg ass, mir sinn eng Minoritéit, dat ass eis scho laang bewosst.“ , seet eisen Äerzbëschof an der Pressekonferenz weider. Wat ass aus all deem Engagement ginn, dat esou vill Leit an der Kierch bruecht hunn? Mir jéimeren haut, dass beispillsweis kee Reliounsunterrecht an de Schoule méi ass. Mä déi vill, déi bis virun e puer Joer Reliounsunterrecht haten, wou sinn si? Wat huet dat alles bruecht? A wat hunn all déi Massen an Andachten a Prozessioune bruecht? Hu mir eis net wéi de Mann am Gläichnis an enger falscher Sécherheet gesinn? Mir musse ganz séier erkennen an eis et och agestoen, dass d’Welt sech verännert an zwar ganz séier verännert. Wa mir als kierchlech Gemeinschaft nach eppes zu der neier Gesellschaft, déi entsteet, wëlle bäidroen, da musse mir vun ale Konzepter lassloossen. Mir mussen eis fräi maachen vun dësem Festhalen u Strukturen an Denkweisen, déi aus fréiere Joerhonnerte kommen. D’Kierch hat a fréiere Joerhonnerten warscheinlech wesentlech méi Elan fir sech u Verännerungen an der Gesellschaft un ze passen wéi haut. Ëmmer nees huet si nei Weeër gesicht a fonnt. Si huet sech och ëmmer nees um soziale Plang engagéiert a Villes gehollef opbauen fir Mënschen an Nout ze hëllefen. Awer dacks war et esou, dass op der Plaz, wou eppes gebraucht gouf, Entscheedungen geholl goufen. Roum awer huet an deene leschten 150 Joer ëmmer méi un sech gezunn a wëll entscheeden. Dat awer mécht eis Kierch lues an onbeweeglech. Mir gesinn an deene leschten Deeg, wéi ëmmer nees iergendwellech Leit am Vatikan bremsen, wann engagéiert Leit an der Kierch versiche Léisungen ze fannen fir d’Suergen an d’Problemer vun der aktueller Zäit. Méiglecherweis ass dat alles, wat haut um synodale Prozess esou gesot a gefrot gëtt, och nëmmen „Vanité“, „Nichtegkeet“. Awer ass dat ee Grond, fir sech zeréck ze leeën an drop ze waarden, dass besser Zäite kommen. D’Mënsche lafen der Kierch fort. Vläicht waren der och vill ni bäi der Kierch? Hu mir eis net ze vill an enger falscher Sécherheet an deem Punkt gespuert? Mat Drock an Menacen ass dach fréier vill geschafft ginn. Nach haut si munch Leit an eiser Kierch um Wierk, déi ëmmer no hanne kucken an déi dann esou argumentéieren a versichen mat theologesch ganz frowierdegen Konzepter d’Leit bäi der Staang ze halen. „Ech hätt gär, dass et eng lieweg Minoritéit ass, déi och eppes bäidréit zu der Gesellschaft.“ , seet eisen Äerzbëschof. Wou kënne mir als Kierch eppes zu der Gesellschaft bäidroen? Déi Fro musse mir an nächster Zäit ugoen. Si ass net esou einfach ze léisen, denken ech. Jiddefalls droe mir kaum eppes zur Gesellschaft bäi, wa mir weiderhin an eise Kierchen just d’Wäirauchfaass schwéngen an eis fromm virun den Tabernakel knéien. Dee leschte Méindeg war ech zu Saarburg. Mir haten eis zu véier Studiekoleegen do getraff. Den Ulass war, dass ee vun eis, de Stefan Hippler, aus Südafrika zu Besuch war fir ee Virtrag ze halen iwwer seng Aarbecht zu Kapstadt. Zënter 25 Joer schafft hien do an huet am Fong eng ganz grouss Organisatioun opgebaut fir Mënschen ze hëllefen. Zënter Joren gesinn ech säi Beméien. Meng Bewonnerung fir des Aarbecht ass extreem grouss. Kuckt iech emol um Internet un, wat do geleescht gëtt. Ech sinn iwwerzeegt, dass do méi Kierch geschitt wéi an engem Gottesdéngscht. Do dréit eng Minoritéit eppes ganz Wesentleches zur Gesellschaft bäi. A genee do fannen ech och d’Uleies vun eisem Här Jesus verwierklecht, nämlech deene Mënschen bäi ze stoen, déi um Rand stinn, déi Hëllef brauchen, déi krank an traureg sinn. Natierlech ass esou eng Aarbecht och ni eng Garantie, dass alles gutt gëtt. Well och dobäi stëmmt wuel dem Kohelet seng Aschätzung: „Alle Tage besteht sein Geschäft nur aus Sorge und Ärger und selbst in der Nacht kommt sein Geist nicht zur Ruhe.“ (Koh 2, 23) All Nout wäerte mir ni léise kënnen. Awer Nout gëtt ganz bestëmmt net geléist duerch frommt Schwätzen a Bieden. D’Kierch huet sech an deene leschten 150 Joer zënter dem éischte vatikanesche Konzil esou an eng Sakgaass manövréiert an an een omnipresenten Klerikalismus, dee just ëm sech selwer kreest. Ech woe mir net aus ze denken, wat de Kohelet haut iwwer eis Kierch an eist Behuelen an der Kierch géif soen. Well dat sinn alles eben och „Nichtegkeeten“, „des vanités“. D’Kierch muss erëm zeréck fannen zum Mënsch, zum Mënsch am Alldagsliewen mat senge Suergen, mat senger Freed, mat sengem Sichen, jo, mat sengem reale Liewen. Dofir hei och nach ee Wuert vum Stefan Hippler, dat eigentlech den Nerv vun der Saach trëfft: „In der katholischen Kirche sprechen wir von der „Option für die Armen“ – und wieder sind wir da: Wie einfach ist es, sich als NGO in einer der sicheren Gegenden zu etablieren, anstatt dorthin zu gehen, wo es wehtut, wohin es auf Dauer nicht ohne Reibung, ohne Fehler, ohne Versagen, ohne Konflikte und Misserfolge geht – und die Härten des Lebens in diesem Projekt gespiegelt und geteilt werden, so wie es die Menschen jeden Tag selbst erleben.“ Mir mussen an eiser Kierch eraus aus dem Kreesen ëm eis selwer. Et geet net duer sech ëm Uergelen, Massgewänner, Klacken a Kierchegebaier ze këmmeren. D’Prioritéit vun eisem Handelen a Schaffen an der Kierch muss de Mënsch sinn. All ze laang hu mir dat eben net gemaach. De Jesus hat deemools all déi materiell Suergen net. Si hunn hien net interesséiert. Säin Uleies, war eenzeg an eleng de Mënsch. Als Kierch musse mir erëm do uschléissen. D’Kierch als Gemeinschaft vu Mënschen kann och ouni all dat sinn, jo warscheinlech esouguer vill méi authentesch sinn. Fürbitten
Loosse mir bieden zu Gott, dee jiddereen vun eis kennt an deem seng Léift d’Mëtt vun eisem Liewen ass:
Gott, du kenns eis Suergen a Méien an du kenns eise Wonsch no echtem Liewen. Schenk eis Rou a Gebuergenheet. Dat froe mir dech duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen. II.
Unis avec le Christ, confions au Père nos prières pour tous les êtres humains en quête de sens et de salut. Gowegebiet
Baarmhäerzege Gott, helleg dës Gowen. Huel dëst Affer un, dat dir am Hellege Geescht duerbruecht gëtt, a maach eis selwer zu enger Gof, déi dir fir ëmmer gehéiert. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Dans ta bonté, Seigneur, sanctifie ces dons; accepte le sacrifice spirituel de cette eucharistie, et fais de nous-mêmes une éternelle offrande à ta gloire. Par Jésus. Guter Gott, Brot und Wein haben wir bereitet. Sie sollen uns zur Gabe werden, die uns begreifen lässt, was Jesus für uns getan hat. Sein Opfer wollen wir hier feiern. Wir bitten dich, hilf uns, seinem Beispiel zu folgen. Darum bitten wir durch ihn, Christus, unseren Herrn. Hochgebet - „Lebensfülle“
Wir danken dir, Gott, dass wir leben dürfen, Sanctus Wunder und Zeichen – wieder und wieder! Was uns nährt und was uns freut, die Mühen der Arbeit Deine Lebenskraft beseele die Dinge und Geschöpfe – wie am Anfang, wie am Ende – Darum bitten wir dich: Sende deinen Heiligen Geist über Brot und Wein, Denn am Abend vor seinem Leiden nahm er beim Mahl das Brot NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er den Kelch mit Wein, dankte wiederum, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens Jesu Wort hat die Menschen aufgeweckt, sein Leben sie aufgerichtet, Blinde haben die Schönheit der Dinge und der Menschen geschaut. Überall dort, wo Jesus Menschen begegnet ist, Wir bitten dich, hilf uns und der ganzen Kirche, Mit Maria, der Mutter Jesu, mit dem heiligen Josef, ihrem Gatten, In dieser Hoffnung sind unsere Lieben von uns gegangen Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
De Jesus huet d’Nout vu ville Mënsche gesinn. Gesi mir si och? Biede mir an deem Gebiet, wat Christus eis geléiert huet ëm dat deeglecht Brout fir all Mënsch an dëser Welt: Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
Op ville Plazen an der Welt ass d’Nout an d’Suerg ëm d’Iwwerliewen extreem grouss. Dat féiert dacks zu Sträit. Fridde kann et nëmme ginn, wa mir een echten Ausgläich tëschent Räich an Aarm fannen. Dofir biede mir: Här Jesus Christus kuck op eis a schenk eis an alle Mënschen Fridden a Gerechtegkeet. Schlussgebiet
Baarmhäerzege Gott, an deenen hellege Gowen empfänke mir nei Kraaft. Bleif béi eis an aller Gefor an entzéi eis ni deng Hëllef, fir datt mir de Wee zu dir fannen. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här. Amen. Seigneur, entoure d’une constante protection ceux que tu as renouvelés par le apin du ciel; puisque tu ne cesses de les réconforter, rends-les dignes de l’éternel salut. Par Jésus. Barmherziger Gott, weil dir etwas an uns gelegen ist, durften wir uns zu diesem Mahl des Lebens versammeln. Wir bitten dich. Bleibe mit deinem Segen bei uns und lass uns deinem Sohn, unserem Herrn Jesus Christus, auf seinem Weg zum Leben folgen. Dir sei Preis und Dank in Ewigkeit.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement