
|
|
25. Sonndeg am Joereskrees B - 21./22.9.2024
25. Sonndeg am Joereskrees B - 21./22.9.2024 Kiermes Iechternach a Consdorf
Léif Matchrëschten! Firwat streide mir? Jo och mir als Chrëschte sinn ëmmer nees am Sträit. Wann ech gesinn, wéi mir ee mat deem aneren heiansdo ëmginn, an ech huele mech do net aus, dann ass dat net besonnesch chrëschtlech an et entsprécht ganz däitlech net dem Gebot vun der Léift. Dat ass eng Saach, déi net an der Rei ass. Huele mir mat eisem Behuelen dem Härgott säi Wuert iwwerhaapt nach eescht? Weder Näid nach Jalousie soll eist Liewe bestëmmen. Loosse mir dofir all dat ewech leeën, wat eis vun enaner trennt a wat eis hënnert een deem aneren ze verzeien. Froe mir dofir eis Här Jesus Christus ëm seng Hëllef.
* Här, Jesus Christus, du méchs eis eens an dengem Numm. * Här, Jesus Christus, dech solle mir luewe fir däi gutt Wuert. * Här, Jesus Christus, du selwer bass d’Botschaft, an der mir liewe sollen.
Dagesgebiet
Gudde Gott, déi Jong Jesus huet eis gewisen, wat fir Moossstief a sengem Räich gëllen. Gëff eis all de Mutt zum Dengen, de Mutt, och emol eng Kéier dee Leschten ze sinn. Mir bieden dech: Looss eis ëmmer méi bereet sinn, no sengem Virbild ze liewen. Dofir biede mir dech em déi Geescht duerch hien, eisen Här a Brudder Jesus Christus. Amen.
Heiliger Gott, du hast uns das Gebot der Liebe zu dir und zu unserem Nächsten aufgetragen als die Erfüllung des ganzen Gesetzes. Gib uns die Kraft, dieses Gebot treu zu befolgen, damit wir das ewige Leben erlangen. Darum bitten wir durch Jesus Christus.
Seigneur, tu as voulu que toute la loi consiste à t'aimer et à aimer son prochain : donne-nous de garder tes commandements, et de parvenir ainsi à la vie éternelle. Par Jésus Christ.
Kiermes Groussen an hellege Gott, all Joer feiere mir den Dag vun der Wei vun eiser Parkierch (dësem hellegen Haus). Lauschter op d’Gebiet vun dengem Vollek. Hëllef eis, datt mir op dëser Platz an der richteger Gesënnung deen hellegen Déngscht vollzéien an de Räichtum vun denge Gnoden empfänken. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus.
Liesungen: Weish 2,1a.12.17-20 / Jak 3,16-4,3 / Mk 9, 30-37
Lesung aus dem Buch der Weisheit. Die Frevler tauschen ihre verkehrten Gedanken aus und sagen: Lasst uns dem Gerechten auflauern! Er ist uns unbequem und steht unserem Tun im Weg. Er wirft uns Vergehen gegen das Gesetz vor und beschuldigt uns des Verrats an unserer Erziehung. Wir wollen sehen, ob seine Worte wahr sind, und prüfen, wie es mit ihm ausgeht. Ist der Gerechte wirklich Sohn Gottes, dann nimmt sich Gott seiner an und entreißt ihn der Hand seiner Gegner. Durch Erniedrigung und Folter wollen wir ihn prüfen, um seinen Gleichmut kennenzulernen und seine Widerstandskraft auf die Probe zu stellen. Zu einem ehrlosen Tod wollen wir ihn verurteilen; er behauptet ja, es werde ihm Hilfe gewährt.
Kv Gott ist mir Helfer, der Herr ist unter denen, die mein Leben stützen.
Gott,
durch deinen Namen rette mich, *
Bereitwillig
will ich dir opfern, *
Lesung aus dem Jakobusbrief. Schwestern und Brüder! Wo nämlich Eifersucht und Streit herrschen, da gibt es Unordnung und böse Taten jeder Art. Doch die Weisheit von oben ist erstens heilig, sodann friedfertig, freundlich, gehorsam, reich an Erbarmen und guten Früchten, sie ist unparteiisch, sie heuchelt nicht. Die Frucht der Gerechtigkeit wird in Frieden für die gesät, die Frieden schaffen. Woher kommen Kriege bei euch, woher Streitigkeiten? Etwa nicht von den Leidenschaften, die in euren Gliedern streiten? Ihr begehrt und erhaltet doch nichts. Ihr mordet und seid eifersüchtig und könnt dennoch nichts erreichen. Ihr streitet und führt Krieg. Ihr erhaltet nichts, weil ihr nicht bittet. Ihr bittet und empfangt doch nichts, weil ihr in böser Absicht bittet, um es in euren Leidenschaften zu verschwenden.
Halleluja. Halleluja. Durch das Evangelium hat Gott uns berufen zur Herrlichkeit Jesu Christi, unseres Herrn. Halleluja.
Aus dem heiligen Evangelium nach Markus. In jener Zeit zogen Jesus und seine Jünger durch Galiläa. Er wollte aber nicht, dass jemand davon erfuhr; denn er belehrte seine Jünger und sagte zu ihnen: Der Menschensohn wird in die Hände von Menschen ausgeliefert und sie werden ihn töten; doch drei Tage nach seinem Tod wird er auferstehen. Aber sie verstanden das Wort nicht, fürchteten sich jedoch, ihn zu fragen. Sie kamen nach Kafarnaum. Als er dann im Haus war, fragte er sie: Worüber habt ihr auf dem Weg gesprochen? Sie schwiegen, denn sie hatten auf dem Weg miteinander darüber gesprochen, wer der Größte sei. Da setzte er sich, rief die Zwölf und sagte zu ihnen: Wer der Erste sein will, soll der Letzte von allen und der Diener aller sein. Und er stellte ein Kind in ihre Mitte, nahm es in seine Arme und sagte zu ihnen: Wer ein solches Kind in meinem Namen aufnimmt, der nimmt mich auf; und wer mich aufnimmt, der nimmt nicht nur mich auf, sondern den, der mich gesandt hat.
Lecture du livre de la Sagesse. Ceux qui méditent le mal se disent en eux-mêmes: Attirons le juste dans un piège, car il nous contrarie, il s’oppose à nos entreprises, il nous reproche de désobéir à la loi de Dieu, et nous accuse d’infidélités à notre éducation. Voyons si ses paroles sont vraies, regardons comment il en sortira. Si le juste est fils de Dieu, Dieu l’assistera, et l’arrachera aux mains de ses adversaires. Soumettons-le à des outrages et à des tourments ; nous saurons ce que vaut sa douceur, nous éprouverons sa patience. Condamnons-le à une mort infâme, puisque, dit-il, quelqu’un interviendra pour lui. »
R/ Le Seigneur est mon appui entre tous.
Par
ton nom, Dieu, sauve-moi,
Des
étrangers se sont levés contre moi,
Mais
voici que Dieu vient à mon aide,
Lecture de la lettre de saint Jacques. Car la jalousie et les rivalités mènent au désordre et à toutes sortes d’actions malfaisantes. Au contraire, la sagesse qui vient d’en haut est d’abord pure, puis pacifique, bienveillante, conciliante, pleine de miséricorde et féconde en bons fruits, sans parti pris, sans hypocrisie. C’est dans la paix qu’est semée la justice, qui donne son fruit aux artisans de la paix. D’où viennent les guerres, d’où viennent les conflits entre vous ? N’est-ce pas justement de tous ces désirs qui mènent leur combat en vous-mêmes ? Vous êtes pleins de convoitises et vous n’obtenez rien, alors vous tuez ; vous êtes jaloux et vous n’arrivez pas à vos fins, alors vous entrez en conflit et vous faites la guerre. Vous n’obtenez rien parce que vous ne demandez pas ; vous demandez, mais vous ne recevez rien ; en effet, vos demandes sont mauvaises, puisque c’est pour tout dépenser en plaisirs.
Alléluia. Alléluia. Par l’annonce de l’Évangile, Dieu nous appelle à partager la gloire de notre Seigneur Jésus Christ. Alléluia.
Évangile de Jésus Christ selon saint Marc. En ce temps-là, Jésus traversait la Galilée avec ces disciples, et il ne voulait pas qu’on le sache, car il enseignait ses disciples en leur disant : « Le Fils de l’homme est livré aux mains des hommes ; ils le tueront et, trois jours après sa mort, il ressuscitera. » Mais les disciples ne comprenaient pas ces paroles et ils avaient peur de l’interroger. Ils arrivèrent à Capharnaüm, et, une fois à la maison, Jésus leur demanda : « De quoi discutiez-vous en chemin ? » Ils se taisaient, car, en chemin, ils avaient discuté entre eux pour savoir qui était le plus grand. S’étant assis, Jésus appela les Douze et leur dit : « Si quelqu’un veut être le premier, qu’il soit le dernier de tous et le serviteur de tous. » Prenant alors un enfant, il le plaça au milieu d’eux, l’embrassa, et leur dit : « Quiconque accueille en mon nom un enfant comme celui-ci, c’est moi qu’il accueille. Et celui qui m’accueille, ce n’est pas moi qu’il accueille, mais Celui qui m’a envoyé. »
Priedegt
Léif Matchrëschten! „Wer der Erste sein will, soll der Letzte von allen und der Diener aller sein.“ (Mk 9, 35) Sou hu mir et haut am Evangelium héieren. Sech hannen dru stellen, net an der éischter Rei stoen, dat ass nach laang net ëmmer einfach. Dëse Saz léist mech elo awer un een alen Titel fir de Poopst denken: „Servus servorum Dei.“ (Denger vun den Denger vu Gott.) Wann en Donneschdeg, de 26. September, deen aktuellen „Servus servorum Dei“ fir e puer Stonnen een Halt hei zu Lëtzebuerg mécht, da kann een sech scho froen, op des Bezeechnung nach ee Sënn mécht an der Zäit vun haut.
De Poopst Gregor I. oder de Groussen (590-604) hat deemools dësen Titel agefouert a wollt un sech drop hiweisen, dass de Poopst als Nofollger vum Péitruss d’Suerg fir déi ganz Kierch an der Welt huet. De Gregor huet dësen Titel duerchaus eescht gemengt. Hie wollt net een Herrscher sinn. Dat weist sech och doran, dass hie beispillsweis een Titel wéi „universalis papa“ fir sech ofgeleent huet. De Bëscheef an de Priister huet hie gerode méi ze dénge wéi ze herrschen. Lo kann een sech natierlech froen, wat aus deem Titel a wat aus der Iddi am Laf vun de Joerhonnerte gouf. D’Geschicht vun de Peepst ass eng vun deene spannendsten iwwerhaapt. D’Realitéit, déi sech an deem Beräich weist, ass méi lieweg wéi all Roman. Mir wëssen, dass trotz dësem damiddegen Titel munch Peepst sech kaum doru gehalen hunn. D’Suerg vun de Mënschen ass dacks a Vergiess geroden.
Allerdéngs weist sech an deene leschten 224 Joer dann dach eng nei Entwécklung an dësem Amt vum Poopst. Wat an nächster Zäit doraus gëtt steet nach an de Stären. Et kann een sech awer virstellen, dass hei eng duerchaus wichteg Verännerung lues a lues zum Virschäi kënnt, och wa munch Traditionalisten dat net esou wëlle wouer hunn.
Ech hunn an der leschter Zäit dat neist Buch vum Jörg Ernesti gelies. Hien ass Kierchenhistoriker op der Universitéit vun Augsburg. D’Buch mat dem Titel „Geschichte der Päpste seit 1800“[1] versicht d’Héichten an d’Déifte vun deene jeeweilege Peepst e wéineg ze analyséieren an duer ze stellen. Et ass spannend a „lehrreich“ dëst Buch ze liesen a gëtt ee gudden Abléck an d’Liewe vun de Peepst. Villes gëtt jo an de Medien ëmmer nees kolportéiert, wat net onbedéngt de realen Tatsaachen entsprécht. A munchmol gëtt och vergiess, dass zu Roum a gréissere Kategorie geduecht gëtt, wéi an eise klenge Reim.
Mech hunn am Laf vu mengem Liewen a vu menger Zäit als Priister verschidde Peepst ëmmer nees eraus gefuerdert fir nozedenken. De Poopst Benedikt war sécher net onbedéngt dee richtegen op der Plaz. Säi Liewen als Theolog mat engem grousse Wëssen huet net zu deem Amt gepasst. De Poopst ass innerhalb vun der Kierch mä och ausserhalb ëmmer nees eng Persoun, déi „politesch“ a gesellschaftlech wouer geholl gëtt. Deem Usproch kann net jidderee gerecht ginn. Wann een da selwer mierkt, dass een net esou kompetent an deene Beräicher ass, dann neigt ee zu enger Strengt, déi engem als Muecht ausgeluecht gëtt. De Jean-Paul II. war a mengen Aen ee Muecht-Mënsch. Villes un him hunn ech net verstanen. An heiansdo hat ech den Androck, dass hie sécher den Denger an der Kierch wollt sinn, mä awer da mat haarder Hand duerchgegraff huet. Als Beobachter huet een awer gutt schwätzen oder schreiwen. Et muss een sech ëmmer nees och d’Fro stellen, op ee selwer dem héijen Usproch hätt kënne gerecht ginn.
Eisen aktuelle Poopst Franziskus ass sécher ee ganz aneren Typ wéi all seng Virgänger. Hie lieft eng gewësse Bescheidenheet, déi mech ëmmer nees beandrockt. Op hien awer am Vatikan nach alles an der Hand huet, weess ech net. Déi spéider Geschicht wäert doriwwer mussen urteelen. Et ass ganz sécher, dass hie scho Villes ugestouss huet. Munch institutionell Reformen huet hien an d’Wee geluecht. Dat ass et kloert Zeechen, dass sech d’Kierch a ville Punkte muss erneieren. De Franziskus huet sech selwer als ee Mann stiliséiert, deen Erneierung an d’Kierch wëll bréngen. An awer bleift hien a ville Beräicher der Traditioun verhaft. Wat déi kierchlech Léier ugeet ass hien éischter konservativ agestallt. Dofir huet hien dann eng progressiv Haltung wat déi sozial Gerechtegkeet ugeet.[2] Grad an deem Punkt wier sécher weltwäit an eiser Kierch mä och an eiser Gesellschaft ee grousse Bedarf fir ze handelen. Grad an deem Beräich trëfft eist Evangelium vun haut de Punkt: „Wer der Erste sein will, soll der Letzte von allen und der Diener aller sein. Und er stellte ein Kind in ihre Mitte, nahm es in seine Arme und sagte zu ihnen: Wer ein solches Kind in meinem Namen aufnimmt, der nimmt mich auf.“ (Mk 9, 35b-37a)
Mä d’Fuerderung, fir Dénger ze sinn a Mënschen ze hëllefen, gëllt jo net nëmmen engem Poopst, si gëllt och eis. Mir sinn ëmmer séier do, fir „déi do uewen“ ze kritiséieren. Et misst een sech eigentlech ëmmer nees froen, wéi een et da selwer géif besser maachen an op een dat dann och géif hikréien. Vläicht wier et dofir och gutt de Saz um Ufank vun der Liesung aus dem Jakobusbréif eescht ze huelen: „Wo nämlich Eifersucht und Streit herrschen, da gibt es Unordnung und böse Taten jeder Art.“ (Jak 3, 16) Vill Misär a Sträit kéint effektiv aus eiser Gesellschaft an och aus eiser Kierch eraus bleiwen, wa mir dee géife méi beuechten. Bleiwe mir dofir all einfach emol dat, wat de Poopst zënter dem Gregor dem Groussen als Titel dréit: „Servus servorum Dei.“
[1] Jörg Ernesti, Die Geschichte der Päpste seit 1800, Verlag Herder Freiburg, 2024. [2] Vgl. ebd. S. 481.
Fürbitten
Zu eisem Här Jesus Christus, deen eis als seng Kanner zu enger grousser Gemeinschaft zesumme geruff huet, wëlle mir bieden:
* Fir all déi Chrëschten, déi sech am Sträit am Laf vun de Joerhonnerte getrennt hunn, dass si erëm zu enger Eenheet zesumme fannen a sech versönen. Christus, héier eis.
* Fir eis grouss Pargemeinschaft, dass mir trotz allen Ënnerscheeder an all deene verschiddenen Traditiounen, zu enger geschwësterlecher Gemeinschaft zesumme wuessen. Christus, héier eis.
* Fir eis Familljen, dass mir doheem ëmmer nees Weeër fannen, fir zesummen ze stoen an esou och ee Virbild ze si vun der Léift vu Christus. Christus, héier eis.
* Fir all eis léif Verstuerwen, dass si elo versöönt mat dir an denger Éiwegkeet liewen. Christus, héier eis.
Baarmhäerzege Gott! Mir soen dir Merci, dass du eis ëmmer erëm nolauschters an eis Gebieder unhëls. Dech luewe mir elo an ëmmer. Amen.
II.
Jésus lui-même s’est dépouillé de ses prérogatives divines pour revêtir le manteau de l’humilité. À son exemple, tournons-nous vers lui, avec confiance, pour lui présenter nos demandes, dans une attitude digne des disciples du Seigneur. Seigneur, entends notre prière. – Prions pour les personnes qui occupe des postes de direction dans notre société; qu’elles portent continuellement le souci de servir le mieux possible le bien commun. – Prions pour l’Église partout dans le monde; qu’elle se mette au service des plus démunis en y voyant le Christ lui-même. – Prions pour les gens qui sont en service constant; qu’ils fassent l’expérience du Christ ressuscité en cherchant le bien-être de leurs sœurs et frères. – Prions pour les personnes qui suivent un parcours catéchétique et pour celles qui les accompagnent; qu’elles persévèrent dans leur engagement avec le soutien de l’Esprit. – Prions pour nos communautés; qu’elles témoignent du Christ ressuscité par leur attitude humble de service. Père de bonté, ton Fils, Jésus, est le premier serviteur entre tous. Que son exemple nous encourage à servir au-delà de nos préjugés, de nos rivalités et de nos égoïsmes. Nous te le demandons par Jésus, le Christ, notre Seigneur. Amen. (https://fr.novalis.ca)
Gowegebiet
Härgott, mir sinn deng Kanner. Du leets eis duerch eist Liewen. Als Merci lee mir eis Gowen virun dech a mir bieden dech: Huel eis selwer mat dëse Gowen un. Schenk eis eng offen Hand fir eis Matmënschen a gëff eis de Mutt iwwerall do ze hëllefen, wou mir gebraucht ginn. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eis Brudder an eisen Här. Amen.
Guter Gott, du hast uns eingeladen, deine Gegenwart zu feiern. Du teilst mit uns das Brot und den Wein des Lebens. Mache uns bereit, das weiterzuschenken, was wir verwandelt aus deiner Güte empfangen. Schenke uns deinen Geist, der uns Kraft und Mut gibt und uns selbst verwandelt zu Boten deiner Liebe. Darum bitten wir dich durch Christus, unseren Herrn. Amen.
Reçois favorablement, Seigneur, les offrandes de ton peuple, pour qu'il obtienne dans le mystère eucharistique les biens auxquels il croit de tout coeur. Par Jésus.
Kiermes Här a Gott, huel eis Gowen un, schenk eis duerch deng Sakramenter Kraaft an Zouversiicht an erhéier all, déi op denger helleger Plaz zu dir bieden. Dorëms biede mir, duerch Christus, eisen Här.
Hochgebet - „Jesus, Spiegel des Vaters“
Präfation Sanctus
Heiliger Gott, immer wieder
fließt uns aus deinem großen Herzen göttliches Leben zu.
Darum bitten wir: Heilige unsere
Augen, damit wir ihn sehen,
Leg deinen Heiligen Geist auf
Brot und Wein,
Denn als Jesus am Abend vor
seinem Tod mit seinen Aposteln zu Tische saß,
NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
Dann hat er den Kelch mit Wein
genommen und dir noch einmal gedankt.
NEHMET UND TRINKET ALLE
DARAUS:
Geheimnis
des Glaubens
Großer Gott, nun sehen wir vor
uns
Wir bitten Dich: Verbinde uns an
diesem Tisch in gegenseitiger Liebe.
Mache deine Kirche zu einem Ort,
an dem deine Liebe bezeugt,
Öffne uns für alle Menschen,
die sich sehnen nach Liebe und Freundschaft,
Nimm uns hinein in die Lebens-
und Liebesgemeinschaft
Durch ihn und mit ihm und in ihm
ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Quelle unbekannt
Vaterunser
Am Gebiet vum Jesus riichte mir eis un eise Papp. Gott ass de Papp oder d’Mamm vun eis all. Als Geschwëster sollte mir och geschwësterlech liewen, gutt sinn een zu deem aneren a virun allem matenaner deelen, wat mir hunn. Biede mir drëm, dass all Mënsch an der Welt zu sengem Recht kënnt: Vater unser im Himmel, ...
Friddensgebiet
„Wo nämlich Eifersucht und Streit herrschen, da gibt es Unordnung und böse Taten jeder Art.“ (Jak 3,16). Wéi wouer dat ass, gesi mir all Dag, wa mir d’Noriichten aus aller Welt héieren. Biede mir eisen Här ëm ee gudden Ëmgang ee mat deem aneren. Här Jesus Christus, kuck net op eis Feeler, mä op eise gudde Wëllen a schenk eis all däi Fridden.
Schlussgebiet
Gudden Härgott, an dësem Brout huet däi Jong Jesus sech eis an d'Hand ginn. Du méchs eis Mutt, no sengem Virbild ze liewen, fir datt déi Räich ënnert eis wuesse kann. Dofir soe mir dir Merci, haut an all Dag vun eisem Liewen. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eis Brudder an eisen Här. Amen.
Barmherziger Gott, wir haben von dem Brot gegessen, das Einheit und Versöhnung stiftet und den Riss zwischen den Menschen heilt. Erfülle uns mit dem Geist der Geschwisterlichkeit und der Liebe. Lass uns eine Gemeinde sein, die Gerechtigkeit sucht und lebt. Lass bei uns die Fernen zu Nächsten werden. Darum bitten wir dich durch Christus, unseren Herrn. Amen.
Seigneur, que ton aide accompagne toujours ceux que tu as nourris de tes sacrements, afin qu'ils puissent, dans ces mystères et par toute leur vie, receullir les fruits de la rédemption. Par Jésus.
Kiermes Allmächtege Gott, du hues eis an der Kierch op der Äerd ee Bild vum himmlesche Jerusalem geschenkt. Maach eis duerch dës helleg Kommunioun zum Tempel vun denger Gnod a looss eis dohi kommen, wou deng Herrlechkeet trount. Dorëms biede mir, duerch Christus, eisen Här.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement



