|
30. Sonndeg am Joereskrees C - 22./23.10.2022 - Sonndeg vun der Weltmissioun
Léif Matchrëschten! Dacks versti mir eist Liewen als ee stännegen Concours. Andauernd musse mir eis vergläichen mat aneren. Wien huet déi bescht Bezéiung? Wien ass am glécklechsten a sengem Liewen? Wien huet déi besser Pai? Wien besëtzt dat gréissten Haus asw.? Am Verglach zu aneren musse mir eis ëmmer nees als besser duerstellen a gesinn. A wéi steet et mat eisem Liewen am Glawen, mat eisem Engagement fir déi wesentlech an déif Froe vum Liewen? Wëlle mir do och ëmmer esou dichteg a gutt sinn? D’Evangelium vun dësem Sonndeg wëll eis fir déi Dimensioun opmierksam maachen. Haut feiere mir och de Weltmissiounssonndeg. A grad do stellt sech dann d’Fro, wéi mir eis mat de Mënschen an deene Géigenden vun der Welt vergläichen, déi wesentlech méi schlecht dru si wéi mir. Si mir bereet een Deel vun eisem Wuelstand of ze trieden an hinnen zou kommen ze loossen, sou dass och si ee bessert Liewen hunn? Musse mir ëmmer méi hunn an doduerch si ëmmer manner? Firwat net des ongerecht Spiral vun der ongläicher Verdeelung vum Räichtum mol duerchbriechen an deelen? Ruffe mir dofir eisen Här Jesus ëm säin Erbaarmen un: * Här, Jesus Christus, du kucks bäi de Mënschen net op hire Räichtum, hier Leeschtung oder hire Verdéngscht. Dagesgebiet
Baarmhäerzege Gott, maach an eis de Glawen, d’Hoffnung an d’Léift méi grouss. Gëff eis d’Gnod, dech an eis Matmënschen gär ze hunn sou wéis du et vun eis wëlls. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här, déi Jong, hien, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft a regéiert elo an an all Éiwegkeet. Amen. Dieu éternel et tout-puissant, augmente en nous la foi, l’espérance et la charité ; et pour que nous puissions obtenir ce que tu promets, fais-nous aimer ce que tu commandes. Par Jésus Christ. Weltmissiounssonndeg Liesungen: Sir 35, 15b-17.20-22a / 2 Tim 4, 6-8.16-18 / Lk 18, 9-14 Lesung aus dem Buch Jesus Sirach. Kv Der Herr erhört den Armen und hilft ihm aus all seiner Not. Lesung aus dem zweiten Brief des Apostels Paulus an Timotheus. Halleluja. Halleluja. Gott hat in Christus die Welt mit sich versöhnt und uns das Wort von der Versöhnung anvertraut. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas. Lecture du livre de Ben Sira le Sage. R/ Un pauvre crie ; le Seigneur entend. Lecture de la deuxième lettre de saint Paul apôtre à Timothée. Alléluia. Alléluia. Dans le Christ, Dieu réconciliait le monde avec lui: il a mis dans notre bouche la parole de la réconciliation. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Luc. Priedegt
Léif Matchrëschten! Wéi gären weise mir mam Fanger op déi aner. Wéi gutt an dichteg si mir selwer a wéi miserabel si meng Matmënschen, meng Noper an esou wieder. Des Mentalitéit bréngt eist Evangelium vun haut ganz gutt an de Gebieder vum Pharisäer a vum „Zöllner“ zum Ausdrock. Mir weisen mam Fanger ëmmer nees op anerer, an eiser Gesellschaft an och an eiser kierchlecher Gemeinschaft. Et ass scheinbar eng Haltung, déi eis allen esou gutt an déif agepräägt ass, dass mir et ëmmer an iwwerall maachen. Mam Fanger op anerer weisen, sech selwer fir gutt an dichteg a virun allem fir richteg halen, ass sécherlech an eiser Kierch ëmmer do gewiescht. Awer eben grad an eiser Zäit ass dat eng Haltung, déi sech als esou enorm allgemeng erausstellt wéi nach ni. Kuckt iech nëmmen an deene berüümten Internetforen oder Gemeinschaften ëm. Wéi vill der „gens bien pensants“ ginn et do op Facebook an esou weider, déi ëmmer an iwwert alles mengen hir Meenung missten ze soen an der Welt matzedeelen. Et kann engem bal schlecht ginn, wat Mënschen do lassloossen: „Kuckt, wat sinn ech esou dichteg a wat sinn si do esou aarmséileg?“ Wou steiert eis Welt an eis Gesellschaft hin? Mä komme mir awer emol zum Thema vun eisem Sonndeg zeréck. Haut feiere mir de Sonndeg vun der Weltmissioun. Et ass deen Dag, wou mir eis als kierchlech Gemeinschaft opruffe loossen, dass mir eis un eisen Optrag als Chrëschten erënneren. Den Optrag, deen de Jesus deemools sengen Apostelen opgedroen hat, heescht, dass si seng Botschaft vun der Léift an dem Fridden an eis ganz Welt sollten erausdroen. An den Evangelien an an der Apostelgeschicht kënne mir dësen Optrag liesen. „Darum geht und macht alle Völker zu meinen Jüngern; tauft sie ...“ (Mt 28, 19). An der Apostelgeschicht heescht et dann och ganz eindringlech: „Ihr werdet Kraft empfangen, wenn der Heilige Geist auf euch herabkommen wird; und ihr werdet meine Zeugen sein in Jerusalem und in ganz Judäa und Samarien und bis an die Grenzen der Erde..“ (Apg.1,8). Vill Chrëschten vun der éischter Zäit sinn erausgaangen an d’Welt an hunn des Botschaft vum Jesus gepriedegt. Ganz dacks hunn si dofir och den eegenen Doud akzeptéiert. Si si gaangen an hunn eppes ugebueden an si hunn virun allem esou gehandelt wéi de Jesus selwer, mat Léift an ouni Zwang an Drock. De Jesus huet bäi sengem Optrag op kee Fall zu Gewalt an Drock opgefuerdert. Den hellegen Augustinus, dee groussen a bedeitenden „Kirchenlehrer“ aus dem 4. a 5. Joerhonnert, huet awer gemengt, hien kéint aus dem Lukasevangelium een Opruff zum Gebrauch vu Gewalt erausliesen. Am Gläichnis vun der „Festmahl“ gëtt jo erzielt, wéi ee Mann op ee Fest aluet an déi Agelueden dann net kommen. Fir elo dach awer dëst Fest of ze halen, si Schlammer, Krëppel, Blanner ageluede ginn. Well de Festsall allerdéngs nach ëmmer net voll war, huet den Här sengen Denger gesot: „Geh zu den Wegen und Zäunen und nötige die Leute hereinzukommen, damit mein Haus voll wird (also zwengt d’Menschen).“ (Lk 14,23). Den Augustinus mengt elo dorausser kënnen ze schléissen, dass ee beispillsweis gewaltsam géint Heretiker kéint virgoen. (cf epistula 185,24) An da gëtt et och nach ee berüümten Saz oder Prinzip, dat bis zum Zweeten Vatikaneschen Konzil an eiser Kierch seng Gültegkeet hat: «extra ecclesiam nulla salus» ‘Ausserhalb vun der Kierch gëtt et keen Heel!’. Dëst Prinzip geet op den Origines an den Cyprian am 3. Joerhonnert zeréck. Et ass eng Iddie, déi äusserst marginaliséiert an déi eigentlech haut glat net méi ze denken an ze halen ass. Awer no deem Prinzip ass geduecht a gehandelt ginn. Och wann d’Geschicht vun der Missioun vill positiv Beispiller kennt, wou mat Uechtung an Toleranz geschafft gouf, sou war dann awer dat ganzt Missionéieren vu groussen Deeler vun eiser Welt duerch d’Chrëschten ëmmer nees gepräägt vun Intoleranz, vu Blutt an Tréinen. Déi äusserst negativ Handlungen hunn sech ganz déif bis haut agepräägt a belaaschten bis haut d’Bild vum Chrëschtentum. Leider gëtt et des extrem Haltungen bis haut an eiser Relioun. Mä awer och an aneren Reliounen ass eng änlech fundamentalistesch Haltung do, déi nëmmen sech selwer kennt. Reliounen ginn dofir am allgemengen haut mat engem Verdacht beluecht, dass si insgesamt schrecklech intolerant wieren. Mir kucken beispillsweis haut an der kathoulescher Kierch ze wéineg op dat, wat sech eigentlech duerch dat Zweet Vatikanescht Konzil prinzipiell geännert huet. Am Dokument „Nostra aetate“, iwwert d’Verhältnis vun eiser Kierch zu de netchrëschtleche Reliounen heescht et: „Die katholische Kirche lehnt nichts von alledem ab, was in diesen Religionen wahr und heilig ist. Mit aufrichtigem Ernst betrachtet sie jene Handlungs- und Lebensweisen, jene Vorschriften und Lehren, die zwar in manchen von dem abweichen, was sie selber für wahr hält und lehrt, doch nicht selten einen Strahl der Wahrheit erkennen lassen, die alle Menschen erleuchtet. (...) Deshalb mahnt sie ihre Söhne, dass sie mit Klugheit und Liebe, durch Gespräch und Zusammenarbeit mit den Bekennern anderer Religionen sowie durch ihr Zeugnis des christlichen Glaubens und Lebens jene geistlichen und sittlichen Güter und auch die sozial-kulturellen Werte, die sich bei ihnen finden, anerkennen, wahren und fördern.“ (Nostra aetate 2) 1] Wéi gesäit et elo an der Praxis aus? De groussen däitschen Theolog Hans Küng huet virun Joren de Projet "Weltethos" an d’Liewen geruff. Hien seet dozou: „Kein Friede unter den Nationen ohne Frieden unter den Religionen. Kein Friede unter den Religionen ohne Dialog zwischen den Religionen. Kein Dialog zwischen den Religionen ohne globale ethische Standards. Kein Überleben unseres Globus in Frieden und Gerechtigkeit ohne ein neues Paradigma internationaler Beziehungen auf der Grundlage globaler ethischer Standards.“ 2] Mat aneren Wierder heescht dat, datt mir all déi grouss geeschteg Schätz vun allen Reliounen vun eiser Äerd mat enaner missten deelen. Mir mussen sécherlech net ëmmer nëmmen mam Fanger op anerer weisen an hir Schlechtegkeeten ervirsträichen. Allerdéngs dierfe mir eis och net esou selwer géigesäiteg zerrappen an ëmmer nëmmen dat Negatiivt bäi eiser eegener Relioun a Gemeinschaft sichen. Och bäi eis gëtt et Guddes a Positives. Dat dierfen a musse mir net nëmmen gesinn, mä och ervirhiewen, allerdéngs dann ouni anerer fir hir aner Meenung an Astellung erof ze maachen. Ech kommen op meng Gedanken vum Ufank zeréck. An enger Gesellschaft, déi esou schaarf drop ass, fir ëmmer nëmmen Negatives ze sichen an genësserlech platt ze trëppelen, fält et schwéier fir dat esou ze gesinn an entspriechend ze handelen. De Weltmissiounssonndeg wier dofir d’Geleeënheet fir och emol doriwwer nozedenken, wat haut eis Aufgab zum Opbau vun enger gudder a friddlecher Welt ass. Amen. 1] Zitéiert no: https://www.vatican.va/archive/hist_councils/ii_vatican_council/documents/vat-ii_decl_19651028_nostra-aetate_ge.html Fürbitten
Beim Jesus Sirach heescht et haut an der Liesung: „Das Gebet eines Demütigen durchdringt die Wolken“ an „Er wird für die Gerechten entscheiden.“ Ruffe mir dofir zesummen zu Gott, eisem Papp:
Gudde Gott, virun dir musse mir net mat eisem Kënnen an eise Leeschtungen uginn. Du schenks eis och esou deng Gnod a Léift. Dofir soe mir dir Merci, elo an ëmmer. Amen. II.
Le Seigneur sait reconnaître ses fils et ses filles lorsque vient le temps de faire la part des choses. Tournons-nous vers lui qui nous compte parmi les siens afin de lui exprimer nos intentions. Gowegebiet
Allmächtege Gott, kuck a Gnod op eis Gowen, déi mir duerbréngen, a looss eis dëst Affer esou feieren, datt et dech éiert. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Regarde les présents déposés devant toi, Seigneur notre Dieu: permets que notre célébration contribue d’abord à ta gloire. Par Jésus. Weltmissiounssonndeg Hochgebet – „Sehnsucht“
Hab Dank für alle verheißungsvollen Geschichten und Bilder, Danke für die heiligen Frauen und Männer, die uns von der Aussicht erzählen, Sanctus Sende deinen Geist über Brot und Wein, damit Jesus Christus + mit Leib und Blut Denn am Abend vor seinem Leiden NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er den Kelch mit Wein, dankte wiederum, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens: Unsere Erinnerung geht zu Jesus, zu seiner Gestalt voller Menschlichkeit, Und doch steht noch etwas aus: Gott, wir glauben, dass noch etwas aussteht, wir halten Ausschau nach deiner Zeit Vaterunser
Gott suergt fir eis wéi ee Papp oder eng Mamm. Hie schenkt eis all Dag seng Gowen a wëll, dass mir Verantwortung iwwerhuelen fir eis Welt. Sou wëlle mir eis och elo ganz bewosst un hie wenden mat deem Gebiet, wat eisen Här Jesus eis geléiert huet, an net nëmmen ëm dat deeglecht Brout fir eis selwer bieden mä och fir déi Vill, déi um Rand vum Existenzminimum musse liewen: Vater unser im Himmel, … Friddengebiet
De Fridde vu Gott ass net ee vergängleche Fridden am Sënn vun eiser Welt. De Fridde vu Gott ass een, dee fir all Mënsch do ass an deen jiddereen unhëlt, wéi en ass. Loosse mir eis och hei géigesäiteg unhuelen als Bridder a Schwësteren an eis ee frëndlechen Bléck schenken. De Fridden vun eisem Här Jesus Christus sief mat iech all. Schlussgebiet
Här, eise Gott, gëff, datt deng Sakramenter an eis och dat Heel bewierken, wat si enthalen, fir datt mir eng Kéier béi dir a Wierklechkeet dat empfänken, wat mir elo an dësen hellegen Zeechen gefeiert hunn. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Que tes sacrements, Seigneur, achèvent de produire en nous ce qu’ils signifient, afin que nous entrions en jour en pleien possession du mystère que nous célébrons dans ces rites. Par Jésus. Weltmissiounssonndeg
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement