|
4. Sonndeg am Joereskrees A - 28./29.1.2023
Léif Matchrëschten! Mir stinn zesummen mat eisen Erfarungen an Erliefnesser vun der leschter Woch. Wat ass geschitt, wat fir eng Noriicht aus dëser vergaangener Woch ass eis an Erënnerung bliwwen? Wat huet iech besonnesch beweegt an ugesprach? Wat huet iech opgerëselt oder erschreckt? Huet sech eppes verännert an ärem Liewen? Mir stinn hei a feieren eise Gottesdéngscht an der Hoffnung an am Vertrauen, dass Gott elo bäi eis ass an eis begleet eran an déi nächst Woch. Här, Jesus Christus, du bass d’Wuert vu Gott un eis Mënschen. Dagesgebiet
Här, eise Gott, du hues eis all erschafen, fir datt mir dech luewen. Gëff, datt mir dech mat ganzem Häerz ubieden an och all Mënsche gär hunn, déi’s du gär hues. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här. Amen. Accorde-nous, Seigneur, de pouvoir t’adorer sans partage, et d’avoir pour tout homme une vraie charité. Par Jésus Christ. Guter Gott. durch deinen Sohn hast du uns gezeigt, was es heißt, für dich und die Menschen zu leben. Befreie uns aus unseren Zwängen, immer mehr besitzen und haben zu wollen. Verschließe unser Herz vor Macht- und Habgier. Öffne unser Ohr für dein Wort, damit sich deine Verheißungen an uns erfüllen. Das erbitten wir durch Jesus Christus, deinen Sohn Liesungen: Zef 2, 3; 3, 12-13 / 1 Kor 1, 26-31 / Mt 5, 1-12a Lesung aus dem Buch Zefanja. Kv Selig, die arm sind vor Gott;denn ihnen gehört das Himmelreich. Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Halleluja. Halleluja. Freut euch und jubelt: Denn euer Lohn wird groß sein im Himmel. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. Lecture du livre de Sophonie. R/ Heureux les pauvres de cœur, car le royaume des Cieux est à eux! Lecture de la première lettre de saint Paul Apôtre aux Corinthiens. Alléluia. Alléluia. Réjouissez-vous, soyez dans l’allégresse, car votre récompense est grande dans les cieux! Alléluia. Évangile de Jésus-Christ selon saint Matthieu. Priedegt
Léif Matchrëschten! Als Evangelium (Mt 5, 1-12a) hu mir haut wuel een Text héieren, dee wéi kaum een aneren eis allen zimmlech gutt bekannt ass: „Selig, die ...“ am Däitschen oder „Glécklech, déi ...“ an der lëtzebuergescher Iwwersetzung. Dat griichescht Wuert „makarios“, dat am Originaltext steet, mengt un sech, dass ee glécklech ass an engem vollen Sënn, deen net ze iwwerbidden ass.1] „Glécklech“ kléngt allerdéngs dogéint schonn ee wéineg banal. Mä dat däitscht Wuert „selig“ léist eis dann och erëm gläich un d’„Jenseits“ denken, un ee Vertréischten an der Welt no eisem Liewen. Dëst Bild gëtt jo och ganz staark ervir gestrach, wa mir dësen Text vun de Séilegpreisungen um Fest vun Allerhellegen héieren. D’Séilegpreisungen wëllen awer net vertréischten a net einfach nëmmen verweisen op d’„Jenseits“. Si sinn „ein vollmächtiger Sprechakt, der hier und jetzt Menschen glücklich preist.“ 2] „Selig, die arm sind vor Gott; denn ihnen gehört das Himmelreich.” „Heureux les pauvres de cœur, car le royaume des Cieux est à eux.” „Glécklech déi, déi net vun sech ageholl sinn, well fir si ass d’Himmelräich.” D’Iwwersetzunge féieren eis schonn an eng gewësse Schwieregkeet. Am Griicheschen steet un sech „déi aarm sinn am Geescht”. Lo kann ee sécherlech ganz laang iwwer d’Bedeitung hin an hier iwwerleeën an diskutéieren. Mä mir hunn haut jo och nach als éischt Liesung ee ganz markanten Text vum Prophet Zefania (Zef 2, 3; 3, 12-13) héieren. Deen ass bewosst an ee Verhältnis zum Evangelium an eiser Liesuerdnung gestalt. Vläicht kann deen eis och e wéineg leeden an eise Gedanken. Ech huelen als Ausgangspunkt eis lëtzebuergesch Iwwersetzung vum Evangelium: „Glécklech déi, déi net vun sech ageholl sinn.” Wat heescht dat? Heescht dat net, dass ech mech zum Deel einfach emol bescheiden zeréckhalen, dass ech net ëmmer mengen ech wier dee Beschten, dee Gréissten, deen Dichtegsten? Mir liewen haut an enger Welt, déi scheinbar ëmmer nëmmen genee dorop aus ass. Jiddereen wëll ëmmer nees gutt do stoen. Dat war awer och schonn zur Zäit vum Prophet Zefania esou. Muncher an der deemoleger Gesellschaft stoungen uewen an hunn déi aner ënnerdréckt. D’Gesellschaft war gespléckt. De Prophet schwätzt vun deenen „Gedemütigten im Land - les humbles du pays”. Beim Zefania ass vun deem aarmen an damiddegen Vollek geschwat ginn. Ass dat elo echt Aarmut am Sënn, dass d’Mënschen näischt besëtzen, oder ass et Aarmut am Sënn dovun, dass Mënschen an der Gesellschaft näischt gëllen, keng gutt sozial Stellung hunn? Oder ass et einfach, dass si sech als kleng viru Gott gesinn? Warscheinlech spillen all Dimensiounen am Text vum Zefania eng Roll an et ass näischt ausgeschloss. Et ass wuel esou, dass beim Zefania duerchaus déi einfach an aarm Mënschen als Rescht vum Vollek Israel bezeechent ginn. Dëse klenge Rescht steet an engem schaarfen Géigesaz zu deene politeschen a wirtschaftleche Gruppen, déi d’Gesellschaft féieren. D’„Oberschicht” vun der Gesellschaft ass giereg op Besëtz a beut déi Kleng aus. Den Zefania kritiséiert grad eben all déi Grouss, déi mat Gewalt a Bedruch hire Räichtum ëmmer méi grouss wëlle maachen. Den Zefania üübt schonn eng ganz intensiv Kritik un deenen „do Uewen“. 3] Mir hunn am Zefania senger Schrëft eng ganz däitlech Verurteelung vun deenen, déi déi Aarm a Kleng ausbeuten an ënnerdrécken. Dann hu mir och een däitlecht „Droh- und Mahnwort“4] , well d’Konsequenzen fir déi, déi ënnerdrécken, wäerten net ausbleiwen. Grad déi, déi vun sech ageholl sinn, kréien den „Zorn“ vu Gott ze spieren. Et ass eng interessant Schrëft, wann een si dann och nach aktualiséiert an op eis Zäit uwent. Ass et net esou, dass a viller Hisiicht och haut munch Leit ëmmer mengen si kéinten sech iwwer alles ewech setzen? Mir hunn weltwäit eng enorm Ausbeutung grad vun deenen Äermsten. A mir hei an eise räichen an dichtege Géigenden vun der Welt mussen eis scho froen, op dem Zefania seng Sätz net och op eis zoutreffen. Gëtt et fir eis nach eng Méiglechkeet, fir an den Aen vu Gott gutt do ze stoen? Oder si mir et, deenen haut dem Härgott säin Urteel vu Strof zoukënnt? „Sie werden kein Unrecht mehr tun und nicht mehr lügen, in ihrem Mund findet man keine trügerische Rede mehr. Ja, sie gehen friedlich auf die Weide und niemand schreckt sie auf, wenn sie ruhen.” (Zef 3, 13) Si mir bereet esou ze liewen an ze handelen? Sinn ech bereet net nëmme vu mir selwer ageholl ze sinn? Loossen ech, fir ee gutt lëtzebuergescht Wuert ze gebrauch, mäi Fuerz am Kapp mol op der Säit a versichen ech bescheiden mäi Liewen ze maachen? Am Moment gëtt esou vill diskutéiert ëm Gerechtegkeet an der Entwécklung. Et gëtt nom Klima gekuckt. Mir sollen spuersam liewen an d’Ressourcen net onnéideg verbëtzen. Dat alles misst eis duerch de Kapp goen, wa mir d’Evangelium héieren: „Selig, die arm sind vor Gott; denn ihnen gehört das Himmelreich.” „Heureux les pauvres de cœur, car le royaume des Cieux est à eux.” „Glécklech déi, déi net vun sech ageholl sinn, well fir si ass d’Himmelräich.” Wier et net un der Zäit, dass mir eis an eiser Welt insgesamt Gedanken doriwwer géife maachen, wéi mir wëllen d’Zukunft gestalten, dass eis Welt fir all Mënschen wäertvoll a gutt ass? Misste mir net eng „Theologie der Armen” 5] entwéckelen, déi d’Situatioun vun engem ganz groussen Deel vun der Weltbevëlkerung, déi an Aarmut an a Nout lieft, bedenkt? Fürbitten
Loosse mir bieden zu Jesus Christus. Hien ass komm, fir deenen Aarmen eng gutt Noriicht ze bréngen:
Dorëms biede mir dech, gudde Gott, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. II.
En union avec Jésus et avec l’éclairage des béatitudes, présentons au Père notre prière pour les petits et les pauvres de ce monde. Gowegebiet
Här, eise Gott, mir leeën eis Gowe vu Brout a Wäin als Zeeche vun eiser Veréierung op däin Altor. Huel si entgéint a maach si zum Sakrament vun eiser Erléisung. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Pour te servir, Seigneur, nous dépososn nos offrandes sur ton autel: acceuille-les avec indulgence, pour qu’elles deviennent le sacrement de notre salut. Par Jésus. Herr, wir sind versammelt in deinem Namen und erfüllen den Auftrag, den du deinen Jüngern gegeben hast. Wir feiern und danken dir gemeinsam für das Opfer deines Lebens und die Herrlichkeit deiner Auferstehung. Durch dieses unser gemeinsames Feiern und durch dein Wirken erlöst du uns. Wir bitten dich darum dieses Gedächtnis mit größtmöglicher Hingabe feiern zu können, darum bitten wir dich, der zu lebst jetzt und in Ewigkeit. Hochgebet – Jesus richtet auf
Zunächst gar nichts Besonderes. Messerscharfe Worte werfen, wie ein Chirurg, der aus dem eigenen Leib Und dann: Die Ärmel aufkrempeln: Menschen heilen, woran nur immer Eine gute Nachricht wurde er, eine frohe Botschaft bis hin nach Syrien, Überall kamen Menschen zu Kräften, lernten den aufrechten Gang, trauten sich, wieder zu leben. Darin war er ein Meister. Viele gingen mit ihm. Unverbindlich, verbindlich: Doch seine Liebe zu den Außenseitern, sein heilender Umgang mit den Kranken, Gott, allmächtiger Vater, wir denken jetzt an Jesu letztes Abendmahl bevor er für uns starb. Und so war es bei seinem letzten Abendmahl: NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, dankte wiederum, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Das ist und bleibt ein Geheimnis des Glaubens! Vater Jesu und unser Gott. Uns gab er den Auftrag, seine Liebe weiterzuschenken und seine Worte Darum bitten auch wir um seinen Geist: für uns, die wir jetzt hier sind, Halte du deine Hand über uns alle und tu an uns, wie du an Jesus getan hast. In der Gemeinschaft mit Maria und Josef, den Aposteln und Blutzeugen, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Gott huet ee Konzept, wéi hien eis als Mënschen zesummeféiert an eis Welt gutt mécht. Dacks si mir doruechter a verstinn net sou richteg, wat dem Plang vu Gott entsprécht. Dofir wende mir eis mat Vertrauen un hien a bieden: Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
Eist Liewen ass all ze dacks ouni Rou. Mir ginn eraus gefuerdert duerch munch Angeboter, déi eis awer och op ee falsche Wee féiere wëllen. Mir sinn dacks iwwerflächlech, giereg no Muecht a veruechten eis Matmënschen. Nëmme bäi Gott a mat him kënne mir Gebuergenheet a Fridde fannen. Froe mir ëm de Fridde vun eisem Här: Här Jesus Christus kuckt net op eis Feeler mä op eise gudde Wëllen a schenk eis ëmmer nees däi Fridden. De Fridden sief mat iech all. Schlussgebiet
Baarmhäerzege Gott, d’Sakrament vun der Erléisung, dat mir empfaangen hunn, soll eis de Wee zu dir weisen an eis deen echten an déiwe Glawe schenken. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Nous avons été fortifiés, Seigneur, par le sacrement de notre Rédemption; permets que cet aliment de salut éternel nous fasse progresser dans la vraie foi. Par Jésus. Guter Gott, diese heilige Versammlung mit all dem, was du uns hier geschenkt hast, richtet uns wieder auf und lässt uns getrost in unseren Alltag zurückkehren; wissen wir doch, dass wir wiederkommen dürfen, zu dir, dem Quell unseres Lebens. Dafür sei dir Dank durch Christus, unseren Herrn. Segen
Der Gott, der dich schuf, geleite dich.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement