
|
4. Sonndeg am Joereskrees B - 30./31.1.2021
Léif Matchrëschten! Deemools wéi de Jesus ugefaangen huet ze priedegen an de Mënschen ze hëllefen, huet dat esou munch Staunen bäi de Leit ervir geruff. Et war eng Sensatioun, déi duerch d’Land gaangen ass. An och an deenen éischte Joerhonnerten war d’Staunen iwwer dat, wat d’Chrëschten vum Jesus erzielt hunn grouss. Vill Schrëftsteller an der anticker Welt hunn sech mat deem ausernee gesat, wat si gegleeft hunn. An haut? Dës Geschicht vum Jesus, dat wat säi Liewenswierk war, gëtt villfach net méi zur Kenntnis geholl. Och mir als Chrëschte liewen all ze dacks zimmlech ouni de Jesus a seng Botschaft. Dobäi wier seng Ethik och haut nach de Wee, fir eis Welt fräi ze maachen vu munchem Béisen, dat eis plot. Loosse mir dofir eisen Här Jesus ëm säin Erbaarmen uruffen. Kyrie
Här, Jesus Christus, duerch däi Wuert hues du d’Muecht vum Béise gebrach. Kyrie eleison. Dagesgebiet
Här, eise Gott, du hues eis all erschafen, fir datt mir dech luewen. Gëff, datt mir dech mat ganzem Häerz ubieden an och all Mënsche gär hunn, déi’s du gär hues. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här. Amen. Accorde-nous, Seigneur, de pouvoir t’adorer sans partage, et d’avoir pour tout homme une vraie charité. Par Jésus Christ. Gott und Vater Jesu Christi, du gibst deinem Sohn die Vollmacht, Worte unzerstörbaren Lebens zu verkünden. Öffne unsere Ohren und unser Herz, dass wir seine Botschaft aufnehmen und aus ihr leben durch ihn, der mit dir und dem Heiligen Geist in unserer Mitte lebt jetzt und in Ewigkeit. Liesungen: Dtn 18, 15-20 / 1 Kor 7, 32-35 / Mk 1, 21-28 Lesung aus dem Buch Deuteronomium. Kv Hört auf die Stimme des Herrn; verhärtet nicht euer Herz! Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Halleluja. Halleluja. Das Volk, das im Dunkel saß, hat ein helles Licht gesehen; denen, die im Schattenreich des Todes wohnten, ist ein Licht erschienen. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Markus. Lecture du livre du Deutéronome. R/ Aujourd’hui, ne fermez pas votre cœur, mais écoutez la voix du Seigneur. Entrez, inclinez-vous, prosternez-vous, Aujourd’hui écouterez-vous sa parole ? Lecture de la première lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens. Alléluia. Alléluia. Le peuple qui habitait dans les ténèbres a vu une grande lumière. Sur ceux qui habitaient dans le pays et l’ombre de la mort, une lumière s’est levée. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Marc. Priedegt (2021)
Léif Matchrëschten! "Er lehrte sie wie einer, der Vollmacht hat, nicht wie die Schriftgelehrten." "Il enseignait en homme qui a autorité, et non pas comme les scribes." All Kéiers, wann d’Evangelium vun haut un der Rei ass fir gelies ze ginn, mierken ech, dass ech ëmmer erëm un dësem Saz hänke bleiwen. De Jesus schwätzt an der Synagoge mat Autoritéit, wéi et an der franséischer Iwwersetzung heescht. Awer wat huet dës Autoritéit ausgemaach? Wou kënnt si hier? Wat ass un sengem Schwätzen, wat d’Mënschen als Autoritéit gespuert hunn? Wat ass esou nei un sengem Schwätzen, dass et de Mënschen eppes seet? Wou läit den Ënnerscheed tëschent dem Jesus sengem Schwätzen, Priedegen a Léieren vis-à-vis vun de Schrëftgeléierten? Warscheinlech, (sou schreift et de Walter Schmithals a sengem Kommentar ) huet de Jesus deemools net eng besonnesch Manéier vum Léieren a Schwätzen gehat. Hien huet wuel an der Synagoge déi üblech Priedegt gehalen. Méiglecherweis war säi Schwätzen och net vun enger ausgezeechenter rhetorescher Qualitéit. Seng "Vollmacht", seng "Autoritéit" ergëtt sech also net aus senger Konscht fir ze Rieden. Am Text vum Evangelium (Vers 27) gëtt seng Autoritéit der Neiheet vun senger Léier zougesprach. Awer wat ass et da genee, wat esou nei dorun ass? D’Reaktioun vun de Leit an der Synagoge weist, dass de Jesus nei an mat Autoritéit léiert, well hien net iwwer Gott, de Messias, de Mënsch an d’Welt schwätzt, mä well säi Wuert dem Härgott säi Wuert ass, dat d’Mënschen an hirer Welt trëfft, sou dass si net méi bäi sech bleiwen an alles beim Alen beloossen, mä dass si einfach ausser sech geroden ("sie gerieten ausser sich", wat wuel eng méi korrekt Iwwersetzung ass) (on était frappé). D’Erféieren iwwer dem Jesus seng Léier ass eigentlech een Erféieren am Ubléck iwwer déi eigentlech Begéinung mat dem Gëttlechen an dësem Schwätzen vum Jesus. Am Jesus an aus dem Jesus schwätzt Gott selwer. Doran besteet seng Autoritéit. Dat ass säi Wiesen. An aus dësem gëttlechen Wiesen eraus verkënnegt de Jesus de Leit. Iwwregens hei kann een ee kléngt Wuertspill maachen. Dat griichescht Wuert fir Autoritéit, dat hei am Evangelium gebraucht gëtt ass "εξουσία" (exousia). Wann ech dat Wuert an zwee deelen, dann hunn ech de Präfix "εξ" an d’Wuert "ουσία". "ουσία" iwwersetzt een am Däitschen mat "Sein, Wesen oder Substanz". "εξ" kann een mat "aus" oder "vun" iwwersetzen. Aus sengem Wiesen also schwätzt de Jesus. Säin héchst gëttlecht Wiesen begrënnt also seng Autoritéit hei beim Ausleeën vun der Bibel, beim Schwätzen a Priedegen an der Synagoge. Och wann meng Wuertspillerei nëmmen ee Spill, ee ganz private Gedanken ass, sou kann ech dann dach eng déif Bedeitung hei gesinn. Am Jesus, a sengem Wiesen ass Gott selwer present, schwätzt Gott zu de Leit. Ass et net wierklech dat, wat d’Leit instinktiv deemools gespuert hunn? Den Dämon seet et jo och: "Ich weiß, wer du bist: der Heilige Gottes. - Je sais qui tu es: tu es le Saint de Dieu." Gott handelt a sengem Wuert, dat de Jesus selwer ass. Dat ass seng Autoritéit. Mä lo mol nach zu eis: Mir gesinn, dass haut villfach d’Botschaft vu Gott net méi ukënnt an eiser Welt. Wouru läit dat? Genee do muss ech mech selwer, dee versicht ze priedegen, a Fro stellen. Musse mir als kierchlech Mataarbechter, jo och als normal Chrëschten net vläicht hei eng nei Positioun an der Welt vun haut anhuelen? D’Verkënnegung vum Wuert vu Gott kënnen och mir nëmmen dann mat Autoritéit leeschten, wann dëst Wuert aus eiser ënnerer Haltung kënnt. Wa mir nëmmen iwwer Gott a säi Wuert schwätzen, bréngt et näischt. Mir mussen an a mat dësem Wuert liewen. Dëst Wuert muss och eist Wiesen als Chrëschten bestëmmen a leeden. Eréischt da kann ech mat Autoritéit, mat "εξουσία" der Botschaft vu Gott an den Häerzer vun de Mënschen eng Plaz bereeden. Gott a seng Botschaft mussen als éischt eist eegent "Sein", eist Wiesen bestëmmen. Si mussen zu eiser intiimster Identitéit ginn. Genee dann awer kënnen och mir als Chrëschten d’Dämonen vun eiser Zäit, déi et jo villfach an der Welt gëtt, verdreiwen. Dat Gëttlecht muss mech als Chrëscht bestëmmen. Et geet net duer, fir wéi d’Schrëftgeléiert reliéis Virschrëften a Geboter ze respektéieren an dozou ze ermanen. Geboter si vläicht fir eist Zesummeliewen wichteg, jo. Awer wann ech nëmmen ënner Drock an Zwang eppes maachen, kënnt et net aus mengem Wiesen an dann ass et och net echt. Léift, Gerechtegkeet, Fridden, all dat muss sech aus menger ënnerer Dispositioun eraus erginn. Guttheet muss vu bannen, aus mir selwer kommen, net well ee Gebot mech dozou unhält. Nëmmen da kann ech anerer maträissen, iwwerzeegen a begeeschteren. Ass et net dat, wat eis als Chrëschten an och als Kierch iwwerhaapt haut feelt? Fürbitten
Zu Jesus Christus, deen mat gëttlecher Vollmacht zu de Mënschen schwätzt, wëlle mir bieden:
Dir Här Jesus Christus gehéiert eist Luef, zesummen mat Gott dem Papp a mam Hellege Geescht, elo an ëmmer an éiweg. Amen. II.
Jésus se montre à la fois doux et fort. Doux parce qu’il est uni à la volonté du Père et fort parce qu’il agit sous la mouvance de l’Esprit. Laissons notre prière monter vers le Père, lui qui nous écoute avec bienveillance. Seigneur, entends notre prière.
Gowegebiet
Här, eise Gott, mir leeën eis Gowe vu Brout a Wäin als Zeeche vun eiser Veréierung op däin Altor. Huel si entgéint a maach si zum Sakrament vun eiser Erléisung. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Pour te servir, Seigneur, nous dépososn nos offrandes sur ton autel: acceuille-les avec indulgence, pour qu’elles deviennent le sacrement de notre salut. Par Jésus. Gütiger Gott, du hast Brot und Wein geschaffen, damit wir aus deinen Gaben Nahrung und Freude schöpfen. Lass uns an diesem Tisch die Kraft, den Frieden und das Leben finden, wie du verheißen hast durch Christus, unsern Herrn. Hochgebet – „Aufbruch“
Sanctus Du allein, Gott, bist heilig; du willst, dass auch wir heil werden. Er nahm in der Nacht vor seinem Leiden inmitten seiner Freunde Brot, NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Dann nahm er den Kelch mit Wein, sprach den Lobpreis NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens Guter Vater, du hast Jesus nicht im Tod gelassen, sondern ihn zum Herrn der Welt bestimmt. Er wollte nicht, dass alles beim Alten bleibt. Darum bitten wir dich: Wecke uns aus aller Gleichgültigkeit Rühre die Gläubigen an durch deinen Heiligen Geist: An dieses Ziel, so bitten wir dich, mögen alle, die vor uns ihren Lebensweg Und wenn sich unsere Erdentage zum Ende neigen, dann lass auch uns, zusammen mit ihnen, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Den Härgott ass esou no bäi eis, dass mir hien Papp kënnen nennen. Dofir biede mir elo voll Vertrauen, wéi de Jesus eis et geléiert huet: Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
An eiser Welt ass Fridden eppes, wat ëmmer nees vergeet, well mir Mënschen dacks net fäeg sinn Fridden ze halen. Dem Härgott säi Fridden bleift fir ëmmer. Dofir froe mir hien ëm dësen éiwege Fridden fir eis all. De Fridde sief mat iech all. Schlussgebiet
Nous avons été fortifiés, Seigneur, par le sacrement de notre Rédemption; permets que cet aliment de salut éternel nous fasse progresser dans la vraie foi. Par Jésus. Gott, unser Vater, du hast uns gesättigt mit der Speise, die allein du geben kannst. Lass uns von ihr leben und uns freuen an deiner Güte und Barmherzigkeit und lass unsere Freude fruchtbar werden in guten Taten. Darum bitten wir durch Christus, unsern Herrn.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement