|
6. Sonndeg am Joereskrees C - 12./13.2.2022
Léif Matchrëschten! Ëmmer erëm sti mir virun Entscheedungen. Am deegleche Liewen sinn et dacks kleng Saachen. Am Laf vum Liewen kommen dann awer och gréisser a wichteg Entscheedungen op eis zou. Wourop vertraue mir an deene Situatiounen? Vertraue mir op Mënschen oder dach och op Gott? D’Texter aus der Bibel ginn eis haut eng Orientéierung. Mir hunn natierlech haut och schonn eng Entscheedung geholl. Mir sinn zesumme komm, fir op d’Wuert vu Gott hei am Gottesdéngscht ze lauschteren. Vläicht fanne mir jo lo och eng Iddien fir eist Liewen dorun auszeriichten. Triede mir mat allem, wat eis beweegt viru Gott a ruffe mir eisen Här Jesus Christus ëm säin Erbaarmen un. Kyrie
Här, Jesus Christus, du riffs eis, fir dir no ze goen. Kyrie eleison. Dagesgebiet
Härgott, du hues all déi gär, déi’s du erschafen hues, an et ass deng Freed, fir bäi eis Mënschen ze sinn. Gëff eis all een neit a rengt Häerz, dat bereet ass, dech opzehuelen. Dorëms bieden mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen. Dieu qui veux habiter les cœurs droits et sincères, donne-nous de vivre selon ta grâce, alors tu pourras venir en nous pour y faire ta demeure. Großer Gott, Quelle und Halt unseres Lebens: Hilf uns, deinem Wort und deiner Verheißung zu trauen, denn du allein bist unsere Hoffnung und Zuversicht. Darum bitten wir dich durch Christus, unsern Herrn, der in der Einheit des Heiligen Geistes mit dir lebt und wirkt in Ewigkeit. Liesungen: Jer 17, 5-8 / 1 Kor 15, 12.16-20 / Lk 6, 17.20-26 Lesung aus dem Buch Jeremia. Kv Gesegnet, wer auf den Herrn vertraut. Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:) Freut euch und jubelt! Euer Lohn im Himmel wird groß sein. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas. Lecture du livre du prophète Jérémie. R/ Heureux est l’homme qui met sa foi dans le Seigneur. Lecture de la première lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens. Alléluia. Alléluia. Réjouissez-vous, tressaillez de joie, dit le Seigneur, car votre récompense est grande dans le ciel. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Luc. Priedegt
Léif Matchrëschten! Ech muss et jo éierlech soen, mir verschléit et heiansdo d’Sprooch, wann ech biblesch Texter liesen wéi déi, déi eis um Sonndeg presentéiert ginn. „Selig, ihr Armen, ... Selig, die ihr jetzt hungert ... Selig, die ihr jetzt weint ...“ Kléngt dat net all ze vill no vertréischten? Ech di mech zimmlech schwéier mat esou Aussoen. Dach ech ka si duerchaus als biblesch Gedanken eescht huelen. An awer stéieren si mech am alldeegleche Liewen. Wat ka schéin a „séileg“ sinn un Nout a Misär? An dann déi grouss „Weh-Ruffer“ aus dem Evangelium: Jo et ass eppes, dat mir aus dem Häerz schwätzt. Awer trëtt dat och an? An dann, ass dat ee chrëschtlecht Denken, esou ze denken, dass do Mënschen dach iergendwéi solle bestrooft ginn? Wann ech den Text vum Lukasevangelium eescht huelen, dann ass hien sécherlech als Warnung un déi Räich an déi Dichteg adresséiert. Si ginn zum Ëmkéieren an zum Deelen opgeruff. Et ass a mengen Aen och richteg, dass een ëmmer nees muss op de Mëssstand vun der ongerechter Verdeelung vun de Gidder vun eiser Welt opmierksam maachen. De Jesus gëtt net midd dat a senge Rieden ëmmer an ëmmer ze soen. Mä wat heescht et fir eis haut? Zënter dass ech denke kann, a sécherlech och do scho Joerhonnerten virdrun, hunn ëmmer nees Mënschen op déi dach ongeheierlech ongerecht Verdeelung vum Räichtum higewisen. Wat huet et bis elo gehollef? Den Ënnerscheed ass bliwwen an eis räich Länner ginn ëmmer méi räich op Käschte vun deenen aarme Géigenden an der Welt. D’Mënschheet huet an deem Punkt nach kaum eppes bäigeléiert. D’Undreeën vu Strofen hëlleft do och nëmme ganz wéineg. Dem Lukas seng „Weh-Ruffer“ tangéieren déi, déi d’Soen an de Besëtz hunn, glat a guer net. Am Kontext vum Evangelium ass fir haut een Abschnitt aus dem Buch vum Prophet Jeremia ausgewielt. „Verflucht der Mensch, der auf Menschen vertraut.“ (Jer 17, 5a) Domat kann een eigentlech eng kleng Deitung vum Evangelium maachen. Wat geschitt mat dem Mënsch, dee just op seng Kraaft setzt, deen also nëmmen op sech an op säi Schaffen a Wierken an der Welt vertraut? De Jeremia seet, dass dee Mënsch verschwënnt. E vergeet wéi eng aarmséileg Planz an enger Wüüst. De Mënsch ass een absolutt vergänglecht Wiesen. Mir all sinn ëmmer nëmmen fir ee kuerze Moment an dëser Welt. Eis Muecht, eis Kraaft, eise Räichtum a mir selwer si wéi Planzen, déi an der Wüüst verdréchnen. Dofir kann een ee lescht Vertrauen och net an de Mënsch setzen. Dat géif mat him verschwannen. De Jeremia seet eis dofir, och wann et prinzipiell net direkt schlecht ass een op deen aneren ze vertrauen, dass et eben net duer geet eleng op ee Mënsch ze setzen an eis domat vu Gott of ze wenden. D’Biller, déi de Jeremia gebraucht sollten eis ee wéineg oprëselen. Wa mir eenzeg an eleng op eis selwer als Mënsche setzen, da schafe mir Bedingungen, déi eis um Enn selwer all Chance fir d’Liewen huelen. Wéi däitlech a richteg dat am Fong ass gesi mir zu eiser Zäit. Wat geschitt mat eiser Welt? Mir beuten si aus. Mir zerstéieren duerch eis Gurmangsegkeet no ëmmer méi eis eege Liewensgrondlagen. Déi Zeechen vun der Ëmweltzerstéierung, déi ëmmer méi däitlech ginn, sollten eis eigentlech duer goen, fir ze gesinn, wou mir hikomm sinn. Awer neen, mir schwätzen iwwer Klimawandel, doriwwer, dass mir iwwer eis Verhältnisser liewen, awer echt eppes maachen di mir net. Ganz am Géigendeel, nach ëmmer setzt d’Politik op de Wuesstem vun eisem Räichtum. Dass doduerch soss wou an der Welt Mënschen elo schonn an erbäermlechsten Konditiounen musse liewen, wëlle mir net gesinn. Eist Vertrauen an eis eege Muecht, eist eegent Kënnen a Schaffen bewierkt eng enorm Zerstéierung. „Er ist wie ein Strauch in der Steppe, der nie Regen kommen sieht; er wohnt auf heißem Wüstenboden, im Salzland, das unbewohnbar ist.“ (Jer 17, 6) Fir vill Géigenden an der Welt ass dat Realitéit, well mir an deene räiche Géigenden et esou gewollt hunn. A lues a lues hëlt dëst Schicksal och eis Géigenden an. „Weh euch, die ihr jetzt satt seid; denn ihr werdet hungern.“ (Lk 17, 25) Mir bauen a vertrauen just op eis selwer, op eis als Mënschen. Wie si mir, dass mir esou iwwerhieflech kënne sinn? „Gesegnet der Mensch, der auf den HERRN vertraut und dessen Hoffnung der HERR ist.“ (Jer 17, 7) De Jeremia fuerdert vun eis, dass mir eis erëm Gott zouwenden, dass mir eist Vertrauen a Gott setzen. Awer wien ass Gott fir eis? Genee do fänkt elo de Problem un. Mir, jo och mir als Chrëschten, erkenne Gott dacks net méi. Hien ass zu enger „Chiffre“ ginn, op dee mir vläicht eis Wënsch projezéieren. Awer gleewe mir nach u seng Existenz? Wien ass Gott fir mech perséinlech? Wéini hu mir eis des Fro gestalt? Ech ka verstoen, ech maachen dat jo och selwer net, dass mir net méi un esou een Zauberer kënne gleewen, deen all dat erëm riicht béit, wat mir verbockt hunn. Gott ass och net een deen einfach hin strooft an deen a vergaangenen Zäiten all ze dacks als Dreeung gebraucht gouf. Villes, wat an eisem Kannerglawen esou duerch eise Kapp geeschtert iwwer Gott, ass ganz einfach net dat, wat haut ee Mënsch sech vu Gott ka virstellen. Ech denken, mir projezéieren op Gott dat, wat mir haut liewen, eisen Egoismus, eis Gurmangsegkeet no Muecht a Geld a Besëtz. Awer Gott ass Léift a Baarmhäerzegkeet, Gerechtegkeet a Fridden, wa mir dem Jesus kënne gleewen. Vläicht misste mir erëm méi Léift a Baarmhäerzegkeet, Gerechtegkeet a Fridden an eisem eegene Liewen liewen an doriwwer eraus mat alle Mënschen an der Welt, da kéint Gott eis och erëm méi no sinn. Et geet net duer, wéi am alldeegleche Liewen nëmme Fuerderungen un anerer ze stellen an déi dann och deelweis u Gott ze stellen. Nëmme wa mir dovunner ofgesinn a selwer versichen eng besser Welt ze maachen, begéine mir Gott an eise Matmënschen. Wa mir deenen Aarmen, Hongregen, Trauregen, deene Gehaassten an Ausgestoussenen, dat ginn, wat si u Léift vun eis brauchen, da begéint eis an hinnen Gott. Do ass Gott. Fürbitten
Zu Jesus Christus, deem Operstanen, op de mir eis Hoffnung setzen, wëlle mir bieden: * Mir biede fir all Mënschen, déi duerch ee schwéiere Schicksalsschlag d’Vertrauen an d’Guttheet vu Gott verluer hunn. Christus, héier eis. II.
Trouver le bonheur en Dieu et en son royaume, c’est le défi que nous lancent les béatitudes. Avec confiance, présentons au Seigneur ce qui nous tient à cœur et aussi les préoccupations et les espoirs de ce monde. Gowegebiet
Baarmhäerzege Gott, dëst hellegt Affer soll eis fréi vun all Sënd an zu neie Mënsche maachen. Et soll eis hëllefen, no dengem Wellen ze liewen, fir datt mir dee versprachene Loun empfänken. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen. Que cette eucharistie, Seigneur, notre Dieu, nous purifie et nous renouvelle; qu’elle donne à ceux qui font ta volonté le bonheur que tu leur as promis. Par Jésus. Gott unser Vater, sooft wir das Gedächtnis des Opfers Christi feiern, vollzieht sich an uns das Werk der Erlösung. Gib, dass wir den Auftrag deines Sohnes in rechter Weise erfüllen durch ihn, Christus, unsern Herrn. Präfation - Gerechtigkeit und Frieden
Du unser Gott, es ist recht, dir zu danken, dass du uns Jesus, deinen Sohn geschenkt hast. Hochgebet – „Du ergreifst Partei“
Unser Gott, wir danken dir, Ja, du unser Gott, wir danken dir, V/A: Sende deinen Geist aus und alles wird neu. Dein Geist lässt uns die Gräber unserer Ängste verlassen, Herr unser Gott, da ist das Brot. Dein Heiliger Geist komme über Brot + und Wein, Es war am Vorabend seiner Gefangennahme, am Vorabend seiner Folter, seines Todes. NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Das ist und bleibt ein Geheimnis des Glaubens! Herr unser Gott, nimm die Gabe deines Sohnes an, Glücklich werden wir sein, wenn wir uns lieben, Deshalb lasst uns um den Geist Jesu bitten für unsere Kirche, V/A: Sende deinen Geist aus und alles wird neu. Der Geist Jesu möge unsere Verstorben am Tische Zusammen mit Maria, der Mutter Jesu, dem Hl. Josef, den Aposteln Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vater Unser
“Selig ihr Armen, denn euch gehört das Reich Gottes.” (Lk 6, 20b) Dat ass och haut nach séier gesot. Awer si mir, als déi Räich an der Welt, bereet mat deenen Aarmen ze deelen an hinnen esou ee Stéck vun deem Räich vu Gott ze schenken? Biede mir ëm dat Noutwendegst fir d’Liewen fir all Mënschen an dëser Welt mat de Wierder vun eisem Här: Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
Engem aneren d’Hand ze reechen fir Fridden ze schléissen, dat fält ganz dacks zimmlech schwéier. Onfridden awer mécht eis Séil krank. Onfridden isoléiert eis vun enaner. Dofir ass et gutt, wa mir et fäerdeg bréngen eis fir de Fridden op enaner zou ze beweegen an eis ze versönen. Weise mir elo och hei, dass mir dozou bereet sinn duerch een Zeechen vun Unerkennung. De Fridde sief mat iech all. Meditation
DENEN, DIE HUNGERN Schlussgebiet
Gott, vun dir kennt all Guddes. Du hues eis d’Brout vum Himmel geschenkt. Erhal eist Verlaangeren no dësem Brout, dat fir eist eigentlecht Liewen béi dir steet. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen. Tu nous as donné, Seigneur, de goûter aux joies du ciel: fais que nous ayons toujours soif des sources de la vraie vie. Par Jésus. Guter Gott, du hast uns gestärkt mit dem Brot des Lebens und mit dem Kelch des Heiles. In der Kraft dieser Speise können wir den Alltag bestehen und ausharren in der Hoffnung auf eine erfüllte
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement