|
7. Ouschtersonndeg B - 15./16.5.2021
Léif Matchrëschten! Den Ufank vum Chrëschtentum ass schonn ee wéineg spektakulär. Mënschen, déi sech am Glawe fonnt hunn, déi deen Operstanenen mat senger ganz neier Botschaft fir sech entdeckt hunn, treffen sech, tauschen sech aus, schwätzen, feieren a liewe matenaner. Et ass ëmmer nees an de bibleschen Texter dovunner rieds, dass si als Gemeinschaft een neie Wee gaange sinn. Nëmmen zesummen konnt sech dat entwéckelen, wat mir bis haut "Kierch" nennen. D’Begeeschterung fir dëst Zesummesinn, fir des Botschaft huet et fäerdeg bruecht, dass si staark waren an sech konnte behaapten an enger Welt, déi deemools jo ganz anescht funktionéiert huet. A wéi ass dat haut. Eis Botschaft vu Jesus Christus ass eiser Zäit zum gudden Deel friem ginn. Wa mir wëllen, dass si erëm zu neier Kraaft kënnt, da mussen och mir erëm méi eist Liewen als Gemeinschaft liewen. Loosse mir dofir elo d’Gnod an d’Hëllef vun eisem Här Jesus uruffen: Kyrie-Rufe: Mag 246
Dagesgebiet
Allmächtege Gott, mir bekennen, datt eisen Erléiser béi dir an denger Herrlechkeet ass. Erhéier eist Ruffen a looss eis erfueren, datt hien all Dag bis zum Enn vun dëser Welt béi eis bleift, esou wéi hien et versprach huet. Hien, dee an der Eenheet vum Hellege Geescht mat dir lieft a regéiert an all Éiwegkeet. Amen. Entends notre prière, Seigneur: nous croyons que le Sauveur des hommes est auprès de toi dans la gloire; fais-nous croire aussi qu’il est encore avec nous jusqu’à la fin des temps, comme il nous l’a promis. Lui qui règne. Gott, wunderbar in deinem Licht, durch die Verherrlichung deines Sohnes hast du die Grenzen von Diesseits und Jenseits, von Himmel und Erde, von Zeit und Ewigkeit aufgebrochen. Lass uns mit ihm Mauern überspringen und aus seinem Geiste leben. Darum bitten wir durch ihn, der in der Einheit des Heiligen Geistes mit dir lebt und wirkt von Ewigkeit zu Ewigkeit. Liesungen: Apg 1, 15-17.20a.c-26 / 1 Joh 4, 11-16 / Joh 17, 6a.11b-19 Lesung aus der Apostelgeschichte. Kv Der Herr hat seinen Thron errichtet im Himmel. Lesung aus dem ersten Johannesbrief. Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:) Ich lasse euch nicht als Waisen zurück. Ich komme wieder zu euch. Dann wird euer Herz sich freuen. Halleluja. + Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. Lecture du livre des Actes des Apôtres. R/ Le Seigneur a son trône dans les cieux. Lecture de la première lettre de saint Jean. Alléluia. Alléluia. Je ne vous laisserai pas orphelins, dit le Seigneur; je reviens vers vous, et votre cœur se réjouira. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Jean. Priedegt
Léif Matchrëschten! Mir stinn haut an eisem Kierchejoer tëschent der Himmelfaart vu Christus an dem Schecken vum Geescht vu Gott op d’Apostelen. D’Texter aus der Bibel vun dësem Sonndeg si vun zwee ganz wichtegen Themen gepräägt, vun der Eenheet a vun der Léift. Dofir stellt sech dann och déi grouss Fro: Wéi kann den Optrag vum Jesus fir Eenheet a Léift an der Welt a fir all Zäiten erfëllt a gelieft ginn? Wéi kënne mir Chrëschten an der Eenheet an an der Léift matenaner ëmgoen a liewen? An den Texter kritt een dëse Sonndeg awer och en Androck dovunner, dass scho ganz fréi an der jonker Gemeinschaft vu Chrëschten Tendenzen vun Divisioun a Sträit do waren. D’Apostelgeschicht schwätzt vum Judas, den der Versuchung vum Geld ënnerleeë war. Hien gëtt zum Symbol vun der Gewalt. Hien ass Vertrieder vun deenen, déi géint de Fridden an d’Gewaltlosegkeet sinn, déi sech also géint de Jesus a säi Liewensprogramm gestalt hunn. D’Thema vun der Divisioun ass dann och am Evangelium ze spieren. Do heescht et: „Bewahre sie (die Mënschen) in deinem Namen ... damit sie eins sind wie wir ... Ich bitte, dass du sie vor dem Bösen bewahrst.“ Wa Mënschen aus dem Liewen ginn, hannerloossen si dacks een Testament. Muncher äusseren doranner dann och Wënsch an Opträg. De Jesus huet souzesoen och een Testament gemaach, dat mir an deem sougenannten Hohenpriisterlechen Gebiet am Johannesevangelium erëmfannen. De Jesus huet senger klenger an neier Gemeinschaft e puer ganz wichteg Richtlinnen hannerlooss, wéi si an Eenheet a Léift kéinten weiderliewen och ouni seng physesch Presenz. D’Chrëschte kréien den Optrag, fir dëst Gebot vun der Léift a vun der Eenheet fir all Mënschen a fir all Generatiounen siichtbar ze maachen. Leider weist d’Geschicht vun der Kierch eng ganz aner Saach. Ëmmer nees koum et an der Gemeinschaft vun de Chrëschten zu Streidereien, Jalousien, zu Muechtspiller, zu Gurmangsegkeeten no Geld an esou weider. All dat huet Divisiounen mat sech bruecht an d’Gebot vun der Léift ass dacks ganz wéineg ze gesi gewiescht, weder a Wuert nach an Dot. Schonn den hellegen Johannes Chrysostomos huet dat beklot. Hei ee klengt Zitat aus sengem Kommentar zu den Paulusbréifer: „Leuchtet wie Licht in der dunklen Welt ... man brauchte so etwas nicht zu sagen, wenn unser Leben wirklich leuchtete. Es brauchte keine Belehrung, wenn wir Taten sprechen ließen. Es gäbe keine Heiden, wenn wir wahre Christen wären, wenn wir die Gebote Christi hielten ... aber: Dem Geld huldigen wir genauso wie sie (die Heiden), ja noch mehr als sie. Vor dem Tod haben wir Angst wie sie. Armut fürchten wir wie sie ... Wie sollen sie vom Glauben überzeugt werden? Durch unser Verhalten? Das aber ist schlecht. Durch Liebe? Keine Spur davon ist zu sehen ...“. Ass dat net ee Wuert, dat och haut seng Gültegkeet huet? Wann den Johannes Chrysostomos haut géif liewen an eis haut géif gesinn, wéi géif wuel säin Urteel ausfalen? Dofir gëllt grad haut vläicht méi wéi jee dem Jesus säi Gebiet. „Ich bitte, dass du sie (die Menschen) vor dem Bösen bewahrst.“ An et kéint een da wuel ergänzen, Gott soll eis virun alle Versuchungen wéi Gedanken vu Prestige an Houfert verschounen. Elo, wou de Jesus fort ass, ass déi kleng Gemeinschaft nach vill méi de Feindséilegkeeten vun baussen ausgesat. Elo mussen d’Chrëschten selwer dem Jesus säi Wierk weiderféieren an d’Botschaft vun der Léift liewen. Dozou brauchen si de Geescht vum Jesus. An dësem Geescht kënnen si zesummestoen an handelen. De Jesus selwer wousst, dass seng Frënn et net liicht hätten ouni hien, ouni seng Presenz, déi verbënnt. Dofir steet och am Evangelium säin intensiivt Gebiet. Tatsächlech ass et dann awer der klenger Gemeinschaft gelongen, trotz alle Streidereien a Feindséilegkeeten lues a lues eng ëmmer méi grouss Gemeinschaft opzebauen. Natierlech ass dat am Laf vun der Zäit net ouni Schwieregkeeten ofgaangen. Ëmmer nees waren all ze mënschlech Differenzen um Ufank vu Streidereien an d’Chrëschten hunn och net ëmmer an der Wourecht vun hirer Botschaft gelieft. Erstaunlech ass et dofir schonn, dass bis haut nach eppes vun der Botschaft do ass. An och haut si mir ganz besonnesch virun d’Aufgab gestallt, fir des Botschaft ze liewen, konkret ze liewen duerch eist Handelen als mëndeg Mënschen a Chrëschten an der Welt vun haut. D’Chrëschten hunn haut an eiser Welt keng Monopolstellung mat hirem Angebot vu Sënn. Vill aner Gruppen a Reliounen versichen och hir Idealer ze vermëttelen. Mir kënnen eis Botschaft vun der Léift nëmmen da wouer eriwwer bréngen, wa mir si wierklech echt liewen. De Jesus war do ganz virausschauend, wéi hien Gott drëm gefrot huet: "Heilige sie in der Wahrheit; dein Wort ist Wahrheit. Wie du mich in die Welt gesandt hast, so habe auch ich sie in die Welt gesandt. Und ich heilige mich für sie, damit auch sie in der Wahrheit geheiligt sind." Als Chrëschten kënne mir nëmmen dann eis Botschaft weiderginn, wa mir si selwer liewen. Nëmmen dann wa mir "wouer" sinn an eisen Handlungen, kann d’Botschaft vu Christus duerch eis an der Welt siichtbar ginn. Dat ass dann eis Aufgab. Si ass wichteg a wäertvoll. Si ass wuel net einfach a liicht mä awer noutwenneg. Loosse mir eis dofir stäerken an de Geescht vu Gott an eis ophuelen. D’Welt brauch Virbiller. Déi kënnen a solle mir sinn. Amen. Fürbitten
Den Härgott, ass ganz no bäi eis a sengem Jong Jesus. Dofir komme mir elo virun hien a bieden: * An eiser Zäit liewe mir mat ville Problemer. Mir bieden fir all Mënschen, déi voll Angscht a Suerge sinn: Weis hinnen deng Léift. Härgott, héier eis. * Mënschen fillen sech eleng. Mir bieden fir all Mënschen, déi dringend een anere Mënsch brauchen: gëff hinne Mënschen, déi hinnen hëllefen. Härgott, héier eis. * Biller vu Krich, Gewalt a schwéieren Katastrophen rëselen eis ëmmer nees op. Mir bieden fir all Mënschen, déi ënnert Gewalt an Nout leiden: looss si Mënsche fannen, déi bereet sinn hiert Leed méi kleng ze maachen. Härgott, héier eis. * An eisen Gemeinschaften an Haiser soll deng frou Botschaft lieweg sinn. Mir bieden fir all Mënschen, déi aus dem Evangelium eraus liewen: Hëllef hinnen frou a gutt Verkënneger vun denger Noriicht ze sinn. Härgott, héier eis. * Mënschen déi eis wichteg sinn an déi mir gär hunn si gestuerwen: Looss si bäi dir hir éiweg Heemecht fannen. Härgott, héier eis. Härgott, lauschter op eis Gebieder a stäerk eise Glawen an eist vertrauen an dech. Dech luewen an éieren mir elo an an all Éiwegkeet. Amen. Gowegebiet
Här eise Gott, huel eis Gebieder an Affergowen un. Looss eis des helleg Feier mat ganzer Léift an Éierlechkeet feieren, fir datt mir eng Kéier d’Liewen an der Herrlechkeet vum Himmel erreechen. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Avec ces offrandes, Seigneur, reçois les prières de tes fidèles; que cette liturgie célébrée avec amour nous fasse passer à la gloire du ciel. Par Jésus. Gott und Vater, lass unsere Gebete zu dir gelangen und nimm die Gaben an, die wir in österlicher Freude bringen. Erhalte in uns die Freude bis zur Vollendung durch Christus, unsern Herrn. Hochgebet – „Gottes Liebe zu uns“
Sanctus Darum bitten wir dich, Gott, unser Vater: Am Abend vor seinem Leiden hat Jesus sich mit seinen Freunden zu Tisch gesetzt. NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, dankte wiederum, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens: Gott, unser Vater, wir gedenken Jesu, der sich dir ganz schenkt und für uns da ist. So bitten wir dich in dieser Stunde: Guter Gott, denk an alle, die wir gernhaben. Denk an alle Menschen auf der ganzen Erde. Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Mir hunn de Geescht vun der Léift geschenkt kritt, deen eis mat Gott an och ënnert enaner soll verbannen. Fir dass mir och ëmmer an der Léift zesumme kënne bleiwen, wëlle mir bieden, wéi de Jesus eis et geléiert huet: Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
Do wou d’Liewen vu géigesäiteger Uechtung a Wäertschätzung bestëmmt ass, do ass och Fridden. Aus eegener Erfarung wësse mir, dass sech dacks eegen Interessen an Egoismen an eist Liewen eraschläichen an dat gutt Matenaner an de Fridde stéieren. Dofir biede mir: Här Jesus kuck net op eis Feeler, mä op eise gudde Wëllen a schenk eis ëmmer nees däi Fridden. De Fridde sief mat iech all. Schlussgebiet
Erhéier eis, Gott, a schenk eis déi fest Zouversiicht, datt duerch d’Feier vun den hellege Geheimnisser déi ganz Kierch déi Erfëllung erreecht, déi Christus an denger Herrlechkeet elo schonn huet. Hien, dee mat dir lieft an all Éiwegkeet. Amen. Exauce-nous, Dieu notre Sauveur: que notre communion au mytère du salut nous confirme dans cette assurance que tu glorifieras tout le corps de l’Église comme tu as glorifié son chef, Jésus, le Christ. Lui qui règne. Gott, du Quellgrund allen Lebens, du hast uns neu geschaffen durch die Auferstehung deines Sohnes. Wende dich uns voll Güte zu und bleibe allezeit bei uns mit deiner Huld, bis wir zum unvergänglichen Leben auferstehen und dich schauen dürfen, wie du bist. Darum bitten wir durch Christus, unsern Herrn. Segen
Der Ewige kennt die verschlungenen Wege.
Der Ewige kennt die Wahrheit.
Der Ewige kennt alle Namen.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement