
|
8. Sonndeg am Joereskrees C - 26./27.2.2022
Eröffnungsvers
Der Herr wurde mein Halt. Er führte mich hinaus ins Weite, er befreite mich, denn er hat an mir Gefallen. (Ps 18 (17), 19.20) Begréissung
Léif Matchrëschten! Déi lescht zwee Joer hu mir gesinn, wéi séier sech eist gewinnte Liewe kann änneren. Villes war net méiglech. Villes huet missten zeréck gestalt ginn. An eise Gottesdéngschter kënne mir elo vläicht ee klengen Halt fannen, wa mir op d’Wuert vu Gott lauschteren. Den Erëffnungsvers aus dem Psalm 18, deen iwwer der Mass vun haut steet, dréckt eise Wonsch no engem festen Halt aus: “Der Herr wurde mein Halt. Er führte mich hinaus ins Weite, er befreite mich, denn er hat an mir Gefallen.” An allem, wat net esou schéin ass an eisem Liewen, kënne mir eis vum Härgott gedroe wëssen. Hie féiert eis erëm eraus a léist eis nei Hoffnung an nei Freed fannen. Ruffe mir dofir eisen Här ëm säin Erbaarmen un. Här, Jesus Christus, du bass eise festen Halt am Liewen. Kyrie eleison. Dagesgebiet
Allmächtege Gott, deng Vorsehung bestëmmt de Laf vun Allem Nous t’en prions, Seigneur: accorde-nous de vivre dans un monde où les événements se déroulent selon ton dessein de paix, et où ton Église connaisse la joie de te servir dans la sérénité. Par Jésus. Gott, unser Vater, du hast uns in Liebe nach deinem Abbild geschaffen und in uns die Kraft und die Fähigkeit hineingelegt, gut zu leben, den Menschen in Güte zu begegnen, gut zu sein. Erfülle uns in dieser Feier mit deinem Geist, der uns antreibt, das Gute zu tun zu deiner Ehre und zum Heil der Menschen. Darum bitten wir dich durch den, der uns ein Beispiel gegeben hat, wie auch wir leben und handeln sollen, deinen Sohn Jesus Christus, unseren Bruder und Herrn. Liesungen: Sir 27, 4-7 (5-8) / 1 Kor 15, 54-58 / Lk 6, 39-45 Lesung aus dem Buch Jesus Sirach. Kv Gut ist es, dem Herrn zu danken. Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Halleluja. Halleluja. Haltet fest am Worte Christi; dann leuchtet ihr als Lichter in der Welt. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas. Lecture du livre de Ben Sira le Sage. R/ Il est bon, Seigneur, de te rendre grâce! Lecture de la première lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens. Alléluia. Alléluia. Vous brillez comme des astres dans l’univers en tenant ferme la parole de vie. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Luc. Priedegt
Pieter Bruegel der Ältere, Der Blindensturz, 1568
Léif Matchrëschten! “Kann etwa ein Blinder einen Blinden führen?“, sou freet eis de Jesus haut am Evangelium. Des Fro huet am Laf vun der Geschicht schonn eng Rei vu Moler ugereegt, fir si a Form vun engem Bild duer ze stellen. De Pieter Breugel huet dat 1568 och gemaach. Hien huet gläich eng ganz Rei vu Blanne gemoolt, déi dann der Rei no falen. An engem Kommentar zu deem Bild hunn ech gelies, dass de Bruegel dëst Bild duerchaus mat vill Hannergedanken konzipéiert huet. Aus deenen zwee Blannen, déi eis haut am Evangelium begéinen, ginn der hei am Bild gläich sechs. Deen, deen des Grupp uféiert, läit hei schonn am Gruef. Méiglecherweis hat hien eng Kéier net bemierkt. Mä hie steet elo um Ufank vun enger ganzer Katastrophe. Seng Kolleegen hannert him, déi sech op hie verlooss hunn, gi mat eragezunn an d’Ongléck an een no deem aneren kënnt un d’Falen oder un d’Stolperen. Interessant ass och, dass déi blann Mënschen hei um Bild duerchaus mat ënnerschiddlechen „Krankheetsbiller“ vu Blannheet duergestallt sinn. Blann kann ee sinn vu Gebuert un. Blann kann ee sinn duerch Krankheet. Blann kann een awer och sinn duerch Accident, oder duerch „Blendung“, eng Strof, déi et zur Zäit vum Bruegel jo nach duerchaus fir Verbriecher gouf. Kloer ass allerdéngs hei am Bild, dass d’Falen vun deem éischten Mann eng Kettereaktioun ausléist, déi kee vun de Kolleegen ausschléisst. Dem Bruegel geet et hei ëm eng moralphilosophesch Ausso, déi sech un der Blanneparabel aus dem Evangelium vun orientéiert. Déi sechs Persounen si ganz individuell gemoolt. Awer si hunn eng grouss Gemeinsamkeet. Si sinn all vun engem falsche Vertrauen geleet. Si féieren a follegen deem dann och, ebe blann. Déi ganz Tragedie besteet doran, dass et hinnen un „Selbsterkenntnis“ feelt. An des „Selbsterkenntnis“ féiert d’Mënsch da schliesslech an d’Verdierwen. Mech huet dëst Bild déi lescht Deeg enorm faszinéiert. An och de Kommentar, deen ech gelies hunn, léist mech nodenken. Ass dem Jesus seng Parabel an dëst Bild vum Bruegel net grad ee Bild fir eis Zäit? Wéi dacks loosse mir eis vu Mënsche leeden, obwuel si kaum Anung hunn. Mir gesi grad an der Pandemie-Zäit esou enorm vill Meenungen hin an hier. Jiddereen leet säi Pefferkär an d’Woschuel a mengt, en hätt d’Weisheet. Wéi vill falsch Theorien geeschteren ënnert de Mënschen. Muncher si jo extreem geféierlech, well si Mënschen a prekär medezinesch Richtungen leeden. Mënschen loossen sech blenden vun Gedanken an Iddien, déi si selwer net verstinn. Mä eigentlech ass dat och soss an der Gesellschaft ee risege Problem. All gudden Dag, kann ee bal soen, kommen nei Theorien op den Dësch. Ech denken hei zum Beispill un déi ominéis Gender-Theorie, wou ech perséinlech der Meenung sinn, dass mir eis do een hannert deem aner op engem schmuele Pad beweegen wéi déi Blann am Bruegel sengem Bild. Iergendwann kënnt eng Kéier a mir verpassen si. Da fält déi ganz Theorie an de Gruef. Mir sollten net ëmmer allem blann vertrauen. Och Wëssenschaftler ieren sech. Am Laf vun der Geschicht si schonn esou munch wëssenschaftlech Theorie opgestallt ginn a sinn no enger gewësser Zäit erëm verschwonnen. Munches war do och net besonnesch gutt geduecht an erkannt. Selbstverständlech solle mir eis Kierch an deem Punkt net fräi schwätzen. An deene leschte Joren hunn ech vill iwwer d’Folgen vum éischte vatikanesche Konzil gelies. Deemools, aus Frust, waren och munch Kiercheführer blann an hunn eis Kierch an eng Sakgaass gefouert, aus der mir bis elo nach net eraus sinn. Blann op iergendwellech Dogmen aus fréieren Zäiten vertrauen an deenen nogoen, geet einfach haut esou net méi. Villes kann duerchaus fréier Sënn gemaach hunn. Dat muss awer net méi haut stëmmen. Munch Dogmen si jo och klamm heemlech an den Tiräng vun der Vergiessenheet verschwonnen. Blann iergend enger Iddie, engem Gedanken, enger Léier oder Meenung nogoen, dat féiert ganz dacks an eng Katastrophe. D’Geschicht ass voll dovun. Wat kann ee maachen? Wat ass d’„Moral“ vun der Geschicht? De Kommentar vum Wolfgang Vogl zum Bruegel sengem Bild seet, dass déi Blann hei net an engem fatalisteschen Sënn als verdammt unzegesi sinn. Si sinn „irregeleitete und verblendete, aber doch belehrbare Menschen“. Jiddwer Mënsch ass mat engem fräie Wëllen ausstafféiert. Deen awer muss genotzt ginn fir eng vernënfteg Erkenntnis an Asiicht. Mam alen Horaz kann ee soen: “Frisch gewagt ist halb gewonnen! Entscheide dich für ein vernünftiges Leben.” (Horaz, Ep 1,2,40) Oder an der Interpretatioun vum Immanuel Kant: „Sapere aude! Habe Mut, dich deines eigenen Verstandes zu bedienen!“ Allerdéngs, an dat ass da wuel dee grousse Problem, de Verstand muss schonn e wéineg forméiert sinn. Mir wëssen, dass een déi ganz Interpretatiounen kann ëmkéieren. Et ass also scho schwiereg, fir sech der Blannheet vum Verstand ze entzéien. Mä de Jesus gëtt eis am weidere Verlaf vum Evangelium vun haut eng gutt Piste un. Als éischt muss een ëmmer bäi sech selwer ufänken an dat Gutt an sech zum Virschäin bréngen. Dofir ass et awer wichteg, fir sech um Jesus a senger Botschaft, u sengem Handelen a Schwätzen ze orientéieren. Dem Jesus seng Botschaft weist eis de Wee aus der Blannheet vun eiser Vernonft eraus. Loosse mir eis also un si halen. Fürbitten
Loosse mir zu Gott bieden, hien deen ee gerechten a baarmhäerzegen Riichter ass an op d’Nout vun eiser Welt kuckt.
Gott, deng Weisheet geet iwwer eist mënschlecht Urteelsverméigen. Dofir si mir sécher, dass eis Uleies bäi dir gutt versuergt sinn an dass du si erhéiers. Dech luewen an éiere mir elo an an all Éiwegkeet. Amen. II.
Dieu veut que l’humanité parvienne à sa pleine maturité éthique et spirituelle. Prions-le avec ardeur, afin que ce souhait devienne davantage réalité dans notre monde. Gowegebiet
Gudde Gott, du selwer hues eis d’Gowen geschenkt, Seigneur Dieu, ce qui est offert en l’honneur de ton nom, c’est toi qui le donnes, et tu reconnais dans ces offrandes notre attachement à ton service; nous implorons ta bonté: que ta largesse, d’où vient notre mérite, contribue à notre récompense éternelle. Par le Christ, notre Seigneur. Guter Gott, nimm diese unsere Gaben an und verwirkliche in uns allen deinen Traum von einer besseren Welt, einer Welt, in der jeder bereit ist, für andere da zu sein. Darum bitten wir durch Christus, unseren Bruder und Herrn. "Versöhnung" II - Der Bund des Friedens
SANKTUS Herr aller Mächte und Gewalten, gepriesen bist du in Heilige diese Gaben durch deinen Geist, Nehmet und esset alle davon: Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, dankte wiederum, Nehmet und trinket alle daraus: Geheimnis des Glaubens: Herr, unser Gott. Wie du uns hier am Tisch deines Sohnes versammelt hast, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vater Unser
Loosse mir zesummen virun eise Papp trieden an hien ëm all dat froen, wat mir fir d’Liewe brauchen. Maache mir dat mat deene Wierder, déi eisen Här Jesus eis geléiert huet: Vater Unser … Friddensgebiet
Den éischte Schrëtt hin zum Fridden ënnertenaner ass d’Zefriddenheet mat sech selwer, am Fridden sinn mat sech selwer. Froe mir Gott, dass hien eis Häerzer mat Fridden erfëllt, fir dass mir de Fridden vun Häerzen och anere wënsche kënnen an dass Fridden ass an eis, duerch eis, mat eis an ëm eis. Meditation
Worauf sollen wir hören, sag uns, worauf? Wohin sollen wir gehen, sag uns, wohin? Wofür sollen wir leben, sag uns, wofür? Schlussgebiet
Baarmhäerzege Gott, Tu nous as rassasiés, Seigneur, par ce don qui nous sauve, et nous implorons ta miséricorde: par ce même sacrement qui nous fortifie en cette vie, rends-nous, dans ta bonté, participants de la vie éternelle. Par le Christ, notre Seigner. Herr Jesus Christus, hab Dank dafür, dass wir dir begegnen durften im Sakrament des Wortes und des Tisches. Lass uns dadurch gestärkt und ermutigt hinausgehen in unseren Alltag und in die Welt, in die wir hineingestellt sind als Botinnen und Boten des Evangeliums. Begleite uns auf unseren Wegen, damit wir nicht müde werden in unserem Dienst. Darum bitten wir dich am Ende dieser Feier und alle Tage unseres Lebens.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement