
|
3. Adventssonndeg C - 14./15.12.2024
3. Adventssonndeg C - 14./15.12.2024
Léif Matchrëschten! Vu Freed schwätzen d’Texter aus der Bibel vun dësem 3. Adventssonndeg. Mir sollen a kënnen eis freeën, heescht et, well eisen Här Jesus nobäi ass. Allerdéngs, wa mir an eis Welt kucken, dann ass et eis nawell net onbedéngt fir ze freeën. Krich a Misär gëtt et am Moment extreem vill. Mä war dat net ëmmer schonn esou? D’Geschicht vun der Mënschheet ass och eng Geschicht vum Leed. Dacks fille mir eis eleng gelooss, verlooss vu Gott. Dobäi gëtt eis awer haut gesot, dass den Här an eiser Mëtt ass. Mä wéi a wou spiere mir dat? Vläicht musse mir erëm méi bewosst liewen an op dat Gutt kucken, dat jo awer och an eiser Welt gëtt. A vläicht musse mir eis och selwer erëm asetzen, dass dat Gutt zum Virschäi kënnt duerch eist Handelen. Ruffe mir dofir mat grousser Hoffnung an Zouversiicht d’Erbaarme vun eisem Här un.
Här Jesus Christus, du bass eis vill méi no, wéi mir et dacks mengen. Här Jesus Christus, du kënns eis op villen ënnerschiddleche Weeër entgéint. Här Jesus Christus, du wëlls eis uleede selwer Freed ze bréngen an eis Welt.
Dagesgebiet
Allmächtege Gott, kuck a Guttheet op däi Vollek, dat am gleewege Verlaangeren op d'Fest vun der Gebuert vu Christus waart. Maach eist Häerz bereet fir d'Geschenk vun der Erléisung, esou datt Chrëschtdag fir eis all en Dag vun der Freed an dem Fridde ka ginn. Dorëms biede mir duerch de Jesus, déi Jong, eisen Här. Amen.
Tu le vois, Seigneur, ton peuple se prépare à célébrer la naissance de ton Fils; dirige notre joie vers la joie d’un si grand mystère: pour que nous fêtions notre salut avec un cœur vraiment nouveau. Par Jésus Christ.
Gott, unser Vater, durch deinen Sohn kommen Licht und Freude in die Welt. Hilf uns, damit alle Menschen deine Güte erfahren. Das erbitten wir von dir, dem Vater unseres Herrn Jesus Christus, der mit dir und dem Heiligen Geist lebt und Leben schafft in Ewigkeit.
Liesungen: Zef 3, 14-17 / Phil 4, 4-7 / Lk 3, 10-18
Lesung aus dem Buch Zefanja. Juble, Tochter Zion! Jauchze, Israel! Freu dich und frohlocke von ganzem Herzen, Tochter Jerusalem! Der HERR hat das Urteil gegen dich aufgehoben und deine Feinde zur Umkehr gezwungen. Der König Israels, der HERR, ist in deiner Mitte; du hast kein Unheil mehr zu fürchten. An jenem Tag wird man zu Jerusalem sagen: Fürchte dich nicht, Zion! Lass die Hände nicht sinken! Der HERR, dein Gott, ist in deiner Mitte, ein Held, der Rettung bringt. Er freut sich und jubelt über dich, er schweigt in seiner Liebe, er jubelt über dich und frohlockt, wie man frohlockt an einem Festtag.
Kv Freut euch und jubelt;in eurer Mitte ist der Herr. Siehe,
Gott ist mein Heil; *
Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Philippi. Schwestern und Brüder! Freut euch im Herrn zu jeder Zeit! Noch einmal sage ich: Freut euch! Eure Güte werde allen Menschen bekannt. Der Herr ist nahe. Sorgt euch um nichts, sondern bringt in jeder Lage betend und flehend eure Bitten mit Dank vor Gott! Und der Friede Gottes, der alles Verstehen übersteigt, wird eure Herzen und eure Gedanken in Christus Jesus bewahren.
Halleluja. Halleluja. Der Geist des Herrn ruht auf mir. Der Herr hat mich gesandt, den Armen die frohe Botschaft zu bringen. Halleluja.
Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas. In jener Zeit fragten die Leute Johannes den Täufer: Was sollen wir also tun? Er antwortete ihnen: Wer zwei Gewänder hat, der gebe eines davon dem, der keines hat, und wer zu essen hat, der handle ebenso! Es kamen auch Zöllner, um sich taufen zu lassen, und fragten ihn: Meister, was sollen wir tun? Er sagte zu ihnen: Verlangt nicht mehr, als festgesetzt ist! Auch Soldaten fragten ihn: Was sollen denn wir tun? Und er sagte zu ihnen: Misshandelt niemanden, erpresst niemanden, begnügt euch mit eurem Sold! Das Volk war voll Erwartung und alle überlegten im Herzen, ob Johannes nicht vielleicht selbst der Christus sei. Doch Johannes gab ihnen allen zur Antwort: Ich taufe euch mit Wasser. Es kommt aber einer, der stärker ist als ich, und ich bin es nicht wert, ihm die Riemen der Sandalen zu lösen. Er wird euch mit dem Heiligen Geist und mit Feuer taufen. Schon hält er die Schaufel in der Hand, um seine Tenne zu reinigen und den Weizen in seine Scheune zu sammeln; die Spreu aber wird er in nie erlöschendem Feuer verbrennen. Mit diesen und vielen anderen Worten ermahnte er das Volk und verkündete die frohe Botschaft.
Lecture du livre du prophète Sophonie. Pousse des cris de joie, fille de Sion! Éclate en ovations, Israël ! Réjouis-toi, de tout ton cœur bondis de joie, fille de Jérusalem! Le Seigneur a levé les sentences qui pesaient sur toi, il a écarté tes ennemis. Le roi d’Israël, le Seigneur, est en toi. Tu n’as plus à craindre le malheur. Ce jour-là, on dira à Jérusalem: «Ne crains pas, Sion! Ne laisse pas tes mains défaillir! Le Seigneur ton Dieu est en toi, c’est lui, le héros qui apporte le salut. Il aura en toi sa joie et son allégresse, il te renouvellera par son amour ; il exultera pour toi et se réjouira, comme aux jours de fête.»
R/ Jubile, crie de joie, car il est grand au milieu de toi, le Saint d’Israël. Voici
le Dieu qui me sauve : « Rendez
grâce au Seigneur, Jouez
pour le Seigneur, il montre sa magnificence,
Lecture de la lettre de saint Paul apôtre aux Philippiens. Frères, soyez toujours dans la joie du Seigneur ; je le redis: soyez dans la joie. Que votre bienveillance soit connue de tous les hommes. Le Seigneur est proche. Ne soyez inquiets de rien, mais, en toute circonstance, priez et suppliez, tout en rendant grâce, pour faire connaître à Dieu vos demandes. Et la paix de Dieu, qui dépasse tout ce qu’on peut concevoir, gardera vos cœurs et vos pensées dans le Christ Jésus.
Alléluia. Alléluia. L’Esprit du Seigneur est sur moi: il m’a envoyé porter la Bonne Nouvelle aux pauvres. Alléluia.
Évangile de Jésus Christ selon saint Luc. En ce temps-là, les foules qui venaient se faire baptiser par Jean lui demandaient : « Que devons-nous donc faire ? » Jean leur répondait : « Celui qui a deux vêtements, qu’il partage avec celui qui n’en a pas ; et celui qui a de quoi manger, qu’il fasse de même ! » Des publicains (c’est-à-dire des collecteurs d’impôts) vinrent aussi pour être baptisés ; ils lui dirent : « Maître, que devons-nous faire ? » Il leur répondit : « N’exigez rien de plus que ce qui vous est fixé. » Des soldats lui demandèrent à leur tour : « Et nous, que devons-nous faire ? » Il leur répondit : « Ne faites violence à personne, n’accusez personne à tort ; et contentez-vous de votre solde. » Or le peuple était en attente, et tous se demandaient en eux-mêmes si Jean n’était pas le Christ. Jean s’adressa alors à tous : « Moi, je vous baptise avec de l’eau ; mais il vient, celui qui est plus fort que moi. Je ne suis pas digne de dénouer la courroie de ses sandales. Lui vous baptisera dans l’Esprit Saint et le feu. Il tient à la main la pelle à vanner pour nettoyer son aire à battre le blé, et il amassera le grain dans son grenier ; quant à la paille, il la brûlera au feu qui ne s’éteint pas. » Par beaucoup d’autres exhortations encore, il annonçait au peuple la Bonne Nouvelle.
Priedegt
“Wer zwei Gewänder hat, der gebe eines davon dem, der keines hat, und wer zu essen hat, handle ebenso!” (Lk 3, 11b) Dat ass eng kloer an däitlech Ausso vum Johannes. Op hien si tatsächlech esou gesot huet, kann ee mat Sécherheet kaum soen. Awer si passt an déi ganz Aart vun der Verkënnegung a vum Liewe vum Jesus eran. Dorop weist de Johannes hin. Am Mëttelpunkt vun der Priedegt vum Jesus stoung de Mënsch. Hien huet sech besonnesch deenen zou gewannt, déi um Rand vun der Gesellschaft stoungen. Seng Botschaft war net nëmme frommt Gespréich. Si hat eng wesentlech sozial Ausriichtung. Vläicht misste mir eis an der Kierch och erëm méi dëser Ausriichtung bewosst ginn. Et geet an et dierf eis net nëmmen ëm eist perséinlecht “Seelenheil” goen. Nëmme bieden a Gottesdéngschter besichen, geet eben net duer.
Mä, wann een da soss kuckt, wat et alles un absolutter Dommheet gëtt, da muss ech och um mënschleche Verstand zweiwelen. Den 30. November war am Lëtzebuerger Wort op der Säit 87 eng Foto ze gesi vun engem Mann, deen eng Banann ësst. Den Artikel seet da, wat et domat op sech huet.
D’Banann war mat Panzer-Tape un eng Mauer gepecht ginn. Dat Ganzt war als Konschtwierk bezeechent a fir 6,2 Milliounen Dollar verkaaft ginn. Dat eleng si schonn horrend Lächerlechkeeten an eiser haiteger Zäit. Mat 6,2 Milliounen Dollar, wat kéint een domat alles u Guddem am Sënn vum Evangelium vun haut maachen? Wéi vill Mënschen, déi un Honger leiden, kéint een domat ernären? Awer eis Weltgemeinschaft an hirer Dommheet, eis Politiker an hirem Egoismus bréngen et net fäerdeg esou Eefällegkeeten een Enn ze setzen. 6,2 Milliounen Dollar fir eng Banann, et ass een Hohn, dass esou eppes an eiser Welt méiglech ass. Iwwer Leit, déi op eise Stroossen heeschen, reege mir eis op. Bäi deenen erwäänten Topegkeeten héiert ee kee Wuert.
De Combel an dëser ganzer Geschicht ass dann, dass dee chineesesche Milliardär, deen des Banann fir 6,2 Milliounen Dollar kaaft huet, si da viru versammeltem Publikum ësst. Ech zweiwelen, wéi gesot, um Verstand vum Mënsch. Hei 6,2 Milliounen fir eng Banann an do Millioune Mënschen, déi nach net emol een Dollar den Dag hunn, fir sech eppes fir ze iessen ze kafen. Wéi vill Bananne kéint ee mat 6,2 Milliounen Dollar kafe fir Kanner, déi Honger hunn?
“Wer zwei Gewäner hat …”(Lk 3, 11b) Et geet dem Jesus nach net emol drëm, dass een alles misst ginn. Et geet ëm een Dellen. Zwee Kleeder an dovu soll een eent fort ginn. Schonn emol mat der Hallschent vu 6,2 Milliounen Dollar hätt ee ganz vill Guddes kënne maachen. An eise räiche Länner diskutéiere mir ëmmer nees ëm Hëllef fir Aarmer. Mir ginn nëmmen ee klenge Brochdeel u si weider. Mir kéinte vill méi ginn. Virun allem déi Superräich, déi hire Räichtum kaum mat éierlecher Aarbecht erwirtschaft hunn, misste ganz däitlech méi ugehale gi fir ze deelen. A mengen Ae sinn esou Aktiounen, wéi déi mat der 6,2 Milliounen deierer Banann, wuel net strofbar. Mä si weisen déi eekelhaft Dekadenz vu Mënschen, déi all Bezuch zur Realitéit verluer hunn.
Ech gleewe jo net un eng Hell. An dach géif ech mir heiansdo wënschen, dass eisen Här Jesus mat staarker Hand géif fir Gerechtegkeet suergen. Ech weess och, dass dat un sech eis Aufgab ass. Mir all mussen duerch eist Handele fir méi Gerechtegkeet an der Welt suergen. Dofir wënschen ech mir och, dass eis ganz Weltgemeinschaft méi mat oppenen Ae kuckt an och géif versichen, fir esou eekelhaft Profiteuren an "Ausbeuter" zur Vernonft ze bréngen.
Den Zefannia schwätzt haut dervun, dass d’Feinden zur Ëmkéier gezwonge goufen. (Zef 3, 15b) Eis Gesellschaft muss hier Feinde selwer zur Ëmkéier bréngen. Wéi dat ze erreechen ass, ass sécher net einfach. An dach misste mir vill méi wuechtsam sinn an och all Kéiers mat groussem Protest reagéieren, wann esou eekelhaft Egoisten Aktioune bréngen, déi ee Schlag an d’Gesiicht vun all deenen Aarme sinn. Mir all zesumme mussen eis Missioun eescht huelen an astoe fir déi Äermst an der Welt.
Freed fir all Mënsch kann et nëmme ginn, wa mir eng Welt opbauen, déi jidderengem dat gëtt, wat hie fir ee gutt Liewe brauch. 6,2 Milliounen Dollar, iwwerleet emol, wat een domat hätt kënne maachen: Iesse fir vill Mënschen, Medikamenter fir dausende vu Kanner, Schoulen a Material fir d’Kanner asw. Mir all sinn opgeruff, deem ville Blödsinn an eiser Welt een Enn ze setzen.
Fürbitten
Gott ass an der Mëtt vun eiser Gemeinschaft an an der Mëtt vun eisem Häerz. Dofir dierfe mir och eist Gebiet mat Vertrauen un hie riichten:
* Fir eis kierchlech Gemeinschaft, déi no Reforme sicht, fir all, déi Angscht hu viru Verännerungen a fir all, deenen et ze lues geet mat neie Weeër. Härgott, héier eis.
* Fir all Mënschen, déi a Krichs- a Kriseregioune vun eiser Welt ëm hiert Iwwerliewe kämpfen, fir all, déi alles riskéiere fir dëse Mënschen an Nout ze hëllefen, a fir all, déi nëmmen sech kennen an net bereet sinn ze hëllefen. Härgott, héier eis.
* Fir déi jonk Mënschen, déi Angscht hu fir hier Zukunft, fir all, déi Zouversiicht a Freed am Liewe verluer hunn, a fir all, deenen hier Sécherheeten am Liewe ganz plëtzlech ewech geholl goufen. Härgott, héier eis.
* Fir all déi Krank, déi kaum Hoffnung op Besserung hunn, fir all, déi um Rand vun der Existenz musse liewen, a fir all, déi hinnen hëllefen. Härgott, héier eis.
* Fir all eis léif Verstuerwen, fir all, déi mir perséinlech vermëssen a fir déi mir haut besonnesch wëlle bieden. Härgott, héier eis.
Liewege Gott, du bass eis ganz no an du bleifs an alle Situatioune bäi eis. Dofir soe mir dir Merci, elo an an all Éiwegkeet. Amen.
II.
«Soyez toujours dans la joie du Seigneur; je le redis: soyez dans la joie.» Telle est l’exhortation pressante de Paul. Tournons-nous vers le Père pour lui demander que cette joie débordante atteigne toute l’humanité. Dieu de toute joie, exauce-nous.
– Pour que, à l’exemple de Jean Baptiste, l’Église annonce la joie de la venue du Sauveur pour le monde entier, prions le Seigneur.
– Pour que les personnes en autorité soient constamment soucieuses de l’équité en vue de la joie et du bonheur de tous et toutes, prions le Seigneur.
– Pour que l’audace de la foi repousse toute peur et incite les disciples du Christ à porter la joie aux gens qui souffrent, prions le Seigneur.
– Pour que la justice et la paix de Dieu réchauffent nos communautés et nous fassent rayonner de la joie de nous savoir aimés de lui, prions le Seigneur.
Seigneur Dieu, toi qui te fais proche de nous, laisse-nous trouver en toi la source de joie qui apaisera toute sécheresse. Nous te le demandons par Jésus le Christ, lui qui prie pour nous et avec nous, maintenant et pour les siècles des siècles. Amen. (https://fr.novalis.ca)
Gowegebiet
Här, eise Gott, an dëser Feier erfëlle mir den Optrag vun dengem Jong. Huel eis Gowen un a gëff denger Kierch d'Gnod, ëmmer an iwwerall säin hellegt Affer ze feieren. Schenk eis duerch dëst Geheimnis däin Heel, dat's du fir d'ganz Welt virgesinn hues. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Permets, Seigneur, que le sacrifice de nos eucharisties te soit toujours offert dans ton Église, pour accomplir le sacrement que tu nous as donné et pour réaliser la merveille de notre salut. Par Jésus.
Gott, du Geber alles Guten, wir bringen diese Gaben vor dich, wie es dein Sohn uns aufgetragen hat. Schenke der ganzen Welt das Heil, das du ihr zugesagt hast. Darum bitten wir durch Christus, unsern Herrn.
Präfation In
Wahrheit ist es würdig und recht, dir, guter Gott,
Hochgebet – „Jesus leidet mit den Menschen“
Ja,
heilig bist du großer Gott. Er
lebte im Zwiespalt,
versucht
und verlassen; Er
war,
wo
Menschen kämpften und litten, Deshalb
gedenken wir seines Todes
und
seiner Auferstehung. Vater,
wir bitten dich,
dein
Heiliger Geist lasse jetzt Brot und Wein Bei
seinem letzten Abendmahl
sprach
Jesus Worte, NEHMET
UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso
nahm er nach dem Mahl den Kelch, NEHMT
UND TRINKT ALLE DARAUS: Geheimnis
des Glaubens Eine
Verheißung durchzieht unser Leben: Er
gibt uns Vertrauen,
selbst
Unmögliches zu versuchen, Guter
Gott, wir bitten dich für uns,
für
unsere Kirche, Wir
gedenken all der Menschen,
die
wir geliebt haben
und
die gestorben sind, Zusammen
mit der Gottesmutter Maria, dem heiligen Josef, dem Zimmermann, Durch
ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Quelle unbekannt
Vaterunser
Am Gebiet vum Jesus biede mir ëm eist deeglecht Brout. Wa mir dobäi och un all déi denken, déi net genuch hu fir ze iessen, a wa mir dann och nach géife konkret hëllefen an deelen, da kéint eng nei Freed an eis Welt kommen. Biede mir esou, wéi de Jesus eis et geléiert huet: Vater unser im Himmel, …
Friddensgebiet
Am Fridde mat enaner liewen, sech géigesäiteg Freed schenken duerch Solidaritéit an Hëllef, dat wier de Wee an eng besser a méi gerecht Welt. Awer wéi schwéier dat ass, wësse mir all. Dofir froe mir eisen Här ëm säi Fridde fir eis.
Schlussgebiet
Baarmhäerzege Gott, komm duerch des helleg Moolzecht eis schwaache Mënschen zu Hëllef. Maach eis fräi vu Schold a bereet eis fir op dat kommend Fest vu Chrëschtdag. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Seigneur notre Dieu, nous attendons de ta miséricorde que cette nourriture prise à ton autel nous empêche de céder à nos penchants mauvais et nous prépare aux fêtes qui approchent. Par Jésus... Amen.
Gott der Barmherzigkeit, wir haben in diesem heiligen Mahl erfahren, wie gut du zu uns bist. Du befreist uns aus aller Schuld. So gehen wir dem kommenden Fest mit großer Freude entgegen. Wir danken dir und preisen dich durch Christus, unsern Herrn.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement