
|
30. Sonndeg am Joereskrees B - 26./27.10.2024
30. Sonndeg am Joereskrees B - 26./27.10.2024
Léif Matchrëschten! Ëmmer nees an eisem Liewe lauert d’Gefor, dass mir de Bléck fir dat Wesentlecht verléieren. Mir sinn dacks wéi blann a gesi wichteg Weeër net. Am Evangelium vun haut héiere mir vum blanne Bartimäus. Hien huet a sengem Geescht awer een Duerchbléck an erkennt, dass nëmmen nach de Jesus a seng Botschaft him hëllefe kënnen. Hie kritt elo d’Ae ganz opgemaach. Heiansdo bréichte mir och esou eng Hëllef, déi eis d’Aen op mécht fir déi entscheedend a wichteg Momenter vum Liewen. Froe mir eisen Här ëm seng Hëllef.
* Här, Jesus Christus, du méchs dat gesonnt, wat krank a verwonnt ass. Här, erbaarm dech eiser. * Här, Jesus Christus, du riichts déi erëm op, déi nidder gedréckt sinn. Här, erbaarm dech eiser. * Här, Jesus Christus, du schenks Liewen, wou Mënsche verlooss an eleng sinn. Här, erbaarm dech eiser.
Dagesgebiet
Baarmhäerzege Gott, maach an eis de Glawen, d'Hoffnung an d'Léift méi grouss. Gëff eis d'Gnod, dech an eis Matmënsche gär ze hunn sou wéis du et vun eis wëlls. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här, déi Jong, hien, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft a regéiert elo an an all Éiwegkeet. Amen.
Dieu éternel et tout-puissant, augmente en nous la foi, l'espérance et la charité ; et pour que nous puissions obtenir ce que tu promets, fais-nous aimer ce que tu commandes. Par Jésus Christ.
Liesungen: Jer 31, 7-9 / Hebr 5, 1-6 / Mk 10, 46-52
Lesung aus dem Buch Jeremia. So spricht der HERR: Jubelt Jakob voll Freude zu / und jauchzt über das Haupt der Völker! Verkündet, lobsingt und sagt: Rette, HERR, dein Volk, den Rest Israels! Siehe, ich bringe sie heim aus dem Nordland und sammle sie von den Enden der Erde, unter ihnen Blinde und Lahme, Schwangere und Wöchnerinnen; als große Gemeinde kehren sie hierher zurück. Weinend kommen sie und in Erbarmen geleite ich sie. Ich führe sie an Wasserbäche, auf ebenem Weg, wo sie nicht straucheln. Denn ich bin Vater für Israel und Efraim ist mein Erstgeborener.
Kv Groß hat der Herr an uns gehandelt. Da waren wir voll Freude.
Als
der Herr das Geschick Zions wendete, *
Lesung aus dem Hebräerbrief. Jeder Hohepriester wird aus den Menschen genommen und für die Menschen eingesetzt zum Dienst vor Gott, um Gaben und Opfer für die Sünden darzubringen. Er ist fähig, mit den Unwissenden und Irrenden mitzufühlen, da er auch selbst behaftet ist mit Schwachheit, und dieser Schwachheit wegen muss er wie für das Volk so auch für sich selbst Sündopfer darbringen. Und keiner nimmt sich selbst diese Würde, sondern er wird von Gott berufen, so wie Aaron. So hat auch Christus sich nicht selbst die Würde verliehen, Hohepriester zu werden, sondern der zu ihm gesprochen hat: Mein Sohn bist du. Ich habe dich heute gezeugt, wie er auch an anderer Stelle sagt: Du bist Priester auf ewig nach der Ordnung Melchisedeks.
Halleluja. Halleluja. Unser Retter Jesus Christus hat den Tod vernichtet und uns das Licht des Lebens gebracht durch das Evangelium. Halleluja.
Aus dem heiligen Evangelium nach Markus. In jener Zeit, als Jesus mit seinen Jüngern und einer großen Menschenmenge Jericho wieder verließ, saß am Weg ein blinder Bettler, Bartimäus, der Sohn des Timäus. Sobald er hörte, dass es Jesus von Nazaret war, rief er laut: Sohn Davids, Jesus, hab Erbarmen mit mir! Viele befahlen ihm zu schweigen. Er aber schrie noch viel lauter: Sohn Davids, hab Erbarmen mit mir! Jesus blieb stehen und sagte: Ruft ihn her! Sie riefen den Blinden und sagten zu ihm: Hab nur Mut, steh auf, er ruft dich. Da warf er seinen Mantel weg, sprang auf und lief auf Jesus zu. Und Jesus fragte ihn: Was willst du, dass ich dir tue? Der Blinde antwortete: Rabbuni, ich möchte sehen können. Da sagte Jesus zu ihm: Geh! Dein Glaube hat dich gerettet. Im gleichen Augenblick konnte er sehen und er folgte Jesus auf seinem Weg nach.
Lecture du livre du prophète Jérémie. Ainsi parle le Seigneur : Poussez des cris de joie pour Jacob, acclamez la première des nations ! Faites résonner vos louanges et criez tous : « Seigneur, sauve ton peuple, le reste d’Israël ! » Voici que je les fais revenir du pays du nord, que je les rassemble des confins de la terre ; parmi eux, tous ensemble, l’aveugle et le boiteux, la femme enceinte et la jeune accouchée : c’est une grande assemblée qui revient. Ils avancent dans les pleurs et les supplications, je les mène, je les conduis vers les cours d’eau par un droit chemin où ils ne trébucheront pas. Car je suis un père pour Israël, Éphraïm est mon fils aîné.
R/ Quelles merveilles le Seigneur fit pour nous: nous étions en grande fête !
Quand
le Seigneur ramena les captifs à Sion,
Alors
on disait parmi les nations :
Ramène,
Seigneur, nos captifs,
Il
s’en va, il s’en va en pleurant,
Lecture de la lettre aux Hébreux. Tout grand prêtre, en effet, est pris parmi les hommes ; il est établi pour intervenir en faveur des hommes dans leurs relations avec Dieu ; il doit offrir des dons et des sacrifices pour les péchés. Il est capable de compréhension envers ceux qui commettent des fautes par ignorance ou par égarement, car il est, lui aussi, rempli de faiblesse ; et, à cause de cette faiblesse, il doit offrir des sacrifices pour ses propres péchés comme pour ceux du peuple. On ne s’attribue pas cet honneur à soi-même, on est appelé par Dieu, comme Aaron. Il en est bien ainsi pour le Christ : il ne s’est pas donné à lui-même la gloire de devenir grand prêtre ; il l’a reçue de Dieu, qui lui a dit : Tu es mon Fils, moi, aujourd’hui, je t’ai engendré, car il lui dit aussi dans un autre psaume : Tu es prêtre de l’ordre de Melkisédek pour l’éternité.
Alléluia. Alléluia. Notre Sauveur, le Christ Jésus, a détruit la mort, il a fait resplendir la vie par l’Évangile. Alléluia.
Évangile de Jésus Christ selon saint Marc. En ce temps-là, tandis que Jésus sortait de Jéricho avec ses disciples et une foule nombreuse, le fils de Timée, Bartimée, un aveugle qui mendiait, était assis au bord du chemin. Quand il entendit que c’était Jésus de Nazareth, il se mit à crier : « Fils de David, Jésus, prends pitié de moi ! » Beaucoup de gens le rabrouaient pour le faire taire, mais il criait de plus belle : « Fils de David, prends pitié de moi ! » Jésus s’arrête et dit : « Appelez-le. » On appelle donc l’aveugle, et on lui dit : « Confiance, lève-toi ; il t’appelle. » L’aveugle jeta son manteau, bondit et courut vers Jésus. Prenant la parole, Jésus lui dit : « Que veux-tu que je fasse pour toi ? » L’aveugle lui dit : « Rabbouni, que je retrouve la vue ! » Et Jésus lui dit : « Va, ta foi t’a sauvé. » Aussitôt l’homme retrouva la vue, et il suivait Jésus sur le chemin.
Priedegt
Léif Matchrëschten! „Was willst du, dass ich dir tue? Der Blinde antwortete: Rabbuni, ich möchte sehen können.“ (Mk 10, 51) Ëmmer nees, wann ech dëst Evangelium liesen, muss ech un d’Opschaffe vun der Geschicht am Reliounsunterrecht denken. Mat enger gewësser Naivitéit ass de Kanner seinerzeits versicht ginn, d’Erzielung no ze bréngen. Deen aarmen a verstoussenen Bartimäus hëllt all säi Mutt an d’Hand a wiert sech géint d’Zerécksetze vun de Leit. Hie gëtt net op a kritt gehollef. De Jesus heelt hien. Awer gouf hei nëmmen eng Blannheet geheelt?
En zweet Bild: Wéi ech lo am Summer zu Berlin war, soutz virum Hotel all Dag eng Fra, déi geheescht huet. Total a sech gekéiert, soutz si de ganzen Dag op de Knéien mat engem klenge Becher viru sech. Wann een hier eppes ginn huet, koum absolutt keng Reaktioun. Si war sécher net blann an awer hat een den Androck, dass d’Welt rondrëm si fir si praktesch ausgeläscht war. Vill Leit sinn och laanscht si gaangen, ouni si ze beuechten.
Lo froen ech mech, op sou een Existéieren um Rand vun der Gesellschaft net eng Art Blannheet ass. Blann ass deen, deen heescht. Hien huet sech ganz aus dem normale Liewen zeréck gezunn. Blann ass awer och d’Gesellschaft, déi des Mënschen einfach net beuecht, net gesäit, net wouer hëlt.
Mir erliewe grad och haut an eise moderne Gesellschaften, dass ëmmer méi Mënschen absolutt un de Rand gedréckt ginn. An dann ass och do déi bal onmënschlech Tendenz, fir all déi Mënschen aus eisem Bléckfeld verschwannen ze loossen. Mir wëllen net, dass si eist Liewe stéieren. D’Party muss weider goen. D’Spaassgesellschaft wëll sech net mat esou Leit ofginn. Do sinn ech alt erëm och am Evangelium vun haut. De Jesus trëtt op. Et war wéi ee riesege Gig. Mënsche waren a Partylaun. Do dierf dach sou een Heeschemann net stéieren. Wien am Evangelium wierklech blann ass, dierf een sech hei och froen.
A mengen Aen kënnt dann eng ganz wichteg Komponent an d’Spill. Dee Blannen ass sech duerchaus senger Situatioun bewosst a vläicht gëtt hien elo erréischt richteg animéiert fir ze jäizen, wéi d’Leit him de Mond wollte verbidden. „Sohn Davids, hab Erbarmen mit mir!“ (Mk 10, 48c) Jesus kuck meng Nout. Jesus bréng nei Hoffnung, nei Kraaft a meng elend Situatioun. Am Fong huet de Bartimäus sech selwer geheelt, well hien seng Situatioun ugeholl huet an duerno versicht huet erëm do eraus ze fannen.
Wéi vill Mënschen op eise Stroossen bréngen dee Schrëtt net méi fäerdeg. D’Fra zu Berlin soutz do, stëll an ouni Reegung. Op si jeemools d’Kraaft fënnt, fir sech fräi ze maachen, fir op hire Misär opmierksam ze maachen?
Lo awer nach eng ganz aner Geschicht: An dëse Woche leeft zu Roum d’Ofschlossphase vun der Synode. Wann een ee wéineg déi kierchlech Medien verfolegt huet, dann hunn sech vill Diskussiounen dorop versteift, dass nach ëmmer kee Gespréich méiglech schéngt ze sinn iwwer d’Positioun vun der Fra an der Kierch. Iwwer Joerhonnerten si Fraen un de Rand gedréckt ginn. Vill vun hinnen waren dorop hin wéi de Bartimäus blann fir alles, wat sech ëm si erëm ofgespillt huet. Si hunn sech net gewiert an alles einfach esou erdroen. Mä an deene leschte Joerzengten hunn sech ëmmer méi Fraen de Mutt geholl, fir sech géint hiert vermeintlecht Schicksal ze wieren. D’Kleriker ronderëm si wéi d’Leit am Evangelium, déi de Bartimäus wëllen dervun ofhalen fir sech ze wieren. Awer: „Wie müssen sich die Frauen in der Kirche fühlen, die seit Jahrzehnten in der Spannung zwischen persönlich tief empfundenem Gefühl des Berufen-Seins zum einem Weihedienst und der kirchlich verkündeten Ablehnung der Legitimität dieser inneren Überzeugung leben?“1 Wat géif de Jesus an der Situatioun haut maachen? Léist eis Kierch d’Fraen weider um Rand setzen an drëm heeschen, dass si och eng Platz an der Kierch dierfen hunn, oder gi mir mat Mutt de Wee vum Jesus a soen hinnen: Rabbuni, ich möchte sehen können. Da sagte Jesus zu ihm: Geh! Dein Glaube hat dich gerettet. Im gleichen Augenblick konnte er sehen und er folgte Jesus auf seinem Weg nach.
Ech kann des Geschicht awer och nach op een aneren Niveau hiewen. An eiser Welt ginn et vill Géigenden, déi sou zeréck gefall an um Rand sinn, dass si kaum nach Perspektiven hunn. Mir wëllen an eise räiche Länner och kaum eppes vun deenen all héieren. Mir maache ganz dacks d’Aen zou virun all deem Misär. A wann si op hier Situatioun opmierksam maachen, si mir och séier do, fir hinnen ze soen, dass si solle roueg sinn.
Fürbitten
Gott kuckt op eis mat engem Bléck vu Léift. Aus dësem Vertrauen eraus dierfe mir zu him ruffen:
* Mir brénge virun dech all Mënschen, déi blann ginn si fir d’Schéinheet vun denger Schëpfung an dëser Welt an an hirem Liewen. Härgott, héier eis.
* Mir brénge virun dech all Mënschen, déi ageschränkt sinn an hirem Kierper an an hirer Séil an sech nëmme schwéier am Liewen erëm fannen. Härgott, héier eis.
* Mir brénge virun dech all Mënschen, déi sou gären Aneren iwwersinn: déi Stolz an déi Selbstsécher, d’Egoisten an déi, déi ënnerdrécken. Härgott, héier eis.
* Mir brénge virun dech all Mënschen, déi an hirer Heemecht keng Zukunft gesinn, déi op der Flucht si viru Krich an Terror, déi awer och ee grousse Wonsch hunn no Fridden a Sécherheet. Härgott, héier eis.
* Mir brénge virun dech all Mënschen, déi un dir zweiwelen, déi dech an hirem Liewen net méi spieren. Härgott, héier eis.
* Mir brénge virun dech all Mënschen, déi eis verlooss hunn. Looss si all bäi dir gebuerge sinn. Härgott, héier eis.
Liewegen a gudde Gott, du bass elo bäi eis. Begleet eis weider op eisem Wee. Dech luewe mir elo an ëmmer. Amen.
II:
En guérissant Bartimée, un mendiant aveugle, Jésus donne un signe clair: par lui, Dieu vient à notre rencontre, il répond à notre foi. Tournons notre regard vers lui avec confiance afin qu’il nous remette debout et en marche, à sa suite, malgré nos aveuglements. Dieu très bon, entends notre appel. – Prions pour les personnes en responsabilité; qu’elles puissent ouvrir les yeux et voir le Christ en toutes les personnes qui comptent sur elles. – Prions pour l’Église universelle du Christ; qu’elle apporte la lumière de l’Évangile à toute personne qui le cherche avec sincérité. – Prions pour les gens qui cherchent la lumière; qu’ils fassent l’expérience du Christ ressuscité au cœur des moments difficiles de leur vie. – Prions pour notre communauté; qu’elle ouvre les yeux sur toute personne qui se présente à elle en quête de bonheur. Père de bonté, ton Fils Jésus est la lumière venue en ce monde pour chasser toutes ténèbres. Que ses paroles et ses actes éclairent notre route au-delà de nos lenteurs et de nos aveuglements. Nous te le demandons par le Christ notre Seigneur. Amen. (https://fr.novalis.ca)
Gowegebiet
Allmächtege Gott, kuck a Gnod op eis Gowen, déi mir duerbréngen, a looss eis dëst Affer esou feieren, datt et dech éiert. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Regarde les présents déposés devant toi, Seigneur notre Dieu: permets que notre célébration contribue d'abord à ta gloire. Par Jésus.
Hochgebet – „Sehnsucht“ Präfation
Gott, hab Dank, für die
Geschichten der Heiligen Schrift,
Hab Dank
für alle
verheißungsvollen Geschichten und Bilder,
Danke für die heiligen Frauen
und Männer,
Danke für Jesus von Nazaret, der
seine Hoffnung gelebt, So vieles und viele lassen uns loben und singen.
Sanctus
Hab Dank für Jesus, ihn, unseren
Bruder, den wahren Menschen,
Hab Dank
für den Tisch, der
uns sammelt, Wohl und Wehe, Segen und Sorge wohnen ihnen inne.
Deine Lebenskraft beseele die
Dinge und Geschöpfe –
Darum bitten wir dich:
Sende deinen Geist über Brot und
Wein,
Denn am Abend vor seinem
Leiden
NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
Ebenso nahm er den Kelch mit
Wein, dankte wiederum,
NEHMET UND TRINKET ALLE
DARAUS:
Geheimnis des Glaubens:
Unsere Erinnerung geht zu
Jesus,
Und doch steht noch etwas
aus:
Mögen die Soldaten dieser Welt
innehalten,
Gott,
wir glauben, dass
noch etwas aussteht,
durch ihn und mit ihm und in ihm
ist
dir, Gott, allmächtiger Vater, aus der Schweiz; Quelle unbekannt
Vaterunser
Gott suergt fir eis wéi ee Papp oder eng Mamm. Hie schenkt eis all Dag seng Gowen a wëll, dass mir Verantwortung iwwerhuele fir eis Welt. Sou wëlle mir eis och elo ganz bewosst un hie wende mat deem Gebiet, wat eisen Här Jesus eis geléiert huet, an net nëmmen ëm dat deeglecht Brout fir eis selwer biede mä och fir déi Vill, déi um Rand vum Existenzminimum musse liewen: Vater unser im Himmel, …
Friddengebiet
De Fridde vu Gott ass net ee vergängleche Fridden am Sënn vun eiser Welt. De Fridde vu Gott ass een, dee fir all Mënsch do ass an dee jiddereen unhëlt, wéi en ass. Loosse mir eis och hei géigesäiteg unhuelen als Bridder a Schwësteren an eis ee frëndleche Bléck schenken. De Fridde vun eisem Här Jesus Christus sief mat iech all.
Schlussgebiet
Här, eise Gott, gëff, datt deng Sakramenter an eis och dat Heel bewierken, wat si enthalen, fir datt mir eng Kéier béi dir a Wierklechkeet dat empfänken, wat mir elo an dësen hellegen Zeeche gefeiert hunn. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Que tes sacrements, Seigneur, achèvent de produire en nous ce qu'ils signifient, afin que nous entrions en jour en pleien possession du mystère que nous célébrons dans ces rites. Par Jésus.
1 https://www.katholisch.de/artikel/56894-synodale-schocker-zwischen-berufungen-und-ablehnungen (gesinn: 21.10.24 - 11:30)
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement