
|
|
30. Sonndeg am Joereskrees C - 25./26.10.2025
30. Sonndeg am Joereskrees C - 25./26.10.2025
Kuckt all op mech! Ech sinn ee Groussen an Dichtegen. Dat ass et, wat een haut ëmmer nees an de soziale Medie ka gesinn. Mir vergläichen eis. Mir kucken och gären op anerer erof. Grad an enger Welt, wou sech geschwënn alles an der Ëffentlechkeet ofspillt, ass dat eng vun den Haltungen, déi ëmmer méi op kënnt. Am Evangelium kréie mir genee esou eng Haltung erzielt. Mä wat ass richteg a gerecht, gutt an éierlech? Wat zielt viru Gott? Denke mir doriwwer no a ruffe mir eisen Här Jesus ëm säin Erbaarmen un:
* Här, Jesus Christus, du kucks bäi de Mënschen net op hire Räichtum, hier Leeschtung oder hire Verdéngscht. * Här, Jesus Christus, däi Moossstaf ass d’Baarmhäerzegkeet, déi mir eis net verdénge kënne, mä déi’s du schenks. * Här, Jesus Christus, däin Zil ass et, fir alle Mënschen dem Härgott seng Léift ze bréngen.
Dagesgebiet
Baarmhäerzege Gott, maach an eis de Glawen, d'Hoffnung an d'Léift méi grouss. Gëff eis d'Gnod, dech an eis Matmënsche gär ze hunn sou wéis du et vun eis wëlls. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här, däi Jong, hien, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft a regéiert elo an an all Éiwegkeet. Amen.
Dieu éternel et tout-puissant, augmente en nous la foi, l'espérance et la charité ; et pour que nous puissions obtenir ce que tu promets, fais-nous aimer ce que tu commandes. Par Jésus Christ.
Liesungen: Sir 35, 15b-17.20-22a / 2 Tim 4, 6-8.16-18 / Lk 18, 9-14
Lesung aus dem Buch Jesus Sirach. Der Herr ist Richter und es gibt vor ihm kein Ansehen der Person. Er bevorzugt niemanden gegenüber einem Armen, die Bitte eines ungerecht Behandelten wird er erhören. Er missachtet nicht den Hilferuf der Waise und die Witwe, wenn sie ihren Jammer ausschüttet. Wer Gott wohlgefällig dient, wird angenommen und seine Bitte dringt bis in die Wolken. Das Gebet eines Demütigen durchdringt die Wolken, und bevor es nicht angekommen ist, wird er nicht getröstet und er lässt nicht nach, bis der Höchste daraufschaut. Und er wird für die Gerechten entscheiden und ein Urteil fällen.
Kv Der Herr erhört den Armen und hilft ihm aus all seiner Not.
Ich
will den Herrn allezeit
preisen; *
Lesung aus dem zweiten Brief des Apostels Paulus an Timotheus. Mein Sohn! Ich werde schon geopfert und die Zeit meines Aufbruchs ist nahe. Ich habe den guten Kampf gekämpft, den Lauf vollendet, die Treue bewahrt. Schon jetzt liegt für mich der Kranz der Gerechtigkeit bereit, den mir der Herr, der gerechte Richter, an jenem Tag geben wird, aber nicht nur mir, sondern allen, die sein Erscheinen ersehnen. Bei meiner ersten Verteidigung ist niemand für mich eingetreten; alle haben mich im Stich gelassen. Möge es ihnen nicht angerechnet werden. Aber der Herr stand mir zur Seite und gab mir Kraft, damit durch mich die Verkündigung vollendet wird und alle Völker sie hören; und so wurde ich dem Rachen des Löwen entrissen. Der Herr wird mich allem bösen Treiben entreißen und retten in sein himmlisches Reich. Ihm sei die Ehre in alle Ewigkeit. Amen.
Halleluja. Halleluja. Gott hat in Christus die Welt mit sich versöhnt und uns das Wort von der Versöhnung anvertraut. Halleluja.
Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas. In jener Zeit erzählte Jesus einigen, die von ihrer eigenen Gerechtigkeit überzeugt waren und die anderen verachteten, erzählte Jesus dieses Gleichnis: Zwei Männer gingen zum Tempel hinauf, um zu beten; der eine war ein Pharisäer, der andere ein Zöllner. Der Pharisäer stellte sich hin und sprach bei sich dieses Gebet: Gott, ich danke dir, dass ich nicht wie die anderen Menschen bin, die Räuber, Betrüger, Ehebrecher oder auch wie dieser Zöllner dort. Ich faste zweimal in der Woche und gebe den zehnten Teil meines ganzen Einkommens. Der Zöllner aber blieb ganz hinten stehen und wollte nicht einmal seine Augen zum Himmel erheben, sondern schlug sich an die Brust und betete: Gott, sei mir Sünder gnädig! Ich sage euch: Dieser ging gerechtfertigt nach Hause hinab, der andere nicht. Denn wer sich selbst erhöht, wird erniedrigt, wer sich aber selbst erniedrigt, wird erhöht werden.
Lecture du livre de Ben Sira le Sage. Le Seigneur est un juge qui se montre impartial envers les personnes. Il ne défavorise pas le pauvre, il écoute la prière de l’opprimé. Il ne méprise pas la supplication de l’orphelin, ni la plainte répétée de la veuve. Celui dont le service est agréable à Dieu sera bien accueilli, sa supplication parviendra jusqu’au ciel. La prière du pauvre traverse les nuées ; tant qu’elle n’a pas atteint son but, il demeure inconsolable. Il persévère tant que le Très-Haut n’a pas jeté les yeux sur lui, ni prononcé la sentence en faveur des justes et rendu justice.
R/ Un pauvre crie ; le Seigneur entend.
Je
bénirai le Seigneur en tout temps,
Le
Seigneur regarde les justes,
Il
est proche du cœur brisé,
Lecture de la deuxième lettre de saint Paul apôtre à Timothée. Bien-aimé, je suis déjà offert en sacrifice, le moment de mon départ est venu. J’ai mené le bon combat, j’ai achevé ma course, j’ai gardé la foi. Je n’ai plus qu’à recevoir la couronne de la justice : le Seigneur, le juste juge, me la remettra en ce jour-là, et non seulement à moi, mais aussi à tous ceux qui auront désiré avec amour sa Manifestation glorieuse. La première fois que j’ai présenté ma défense, personne ne m’a soutenu : tous m’ont abandonné. Que cela ne soit pas retenu contre eux. Le Seigneur, lui, m’a assisté. Il m’a rempli de force pour que, par moi, la proclamation de l’Évangile s’accomplisse jusqu’au bout et que toutes les nations l’entendent. J’ai été arraché à la gueule du lion; le Seigneur m’arrachera encore à tout ce qu’on fait pour me nuire. Il me sauvera et me fera entrer dans son Royaume céleste. À lui la gloire pour les siècles des siècles. Amen.
Alléluia. Alléluia. Dans le Christ, Dieu réconciliait le monde avec lui: il a mis dans notre bouche la parole de la réconciliation. Alléluia.
Évangile de Jésus Christ selon saint Luc. En ce temps-là, à l’adresse de certains qui étaient convaincus d’être justes et qui méprisaient les autres, Jésus dit la parabole que voici : « Deux hommes montèrent au Temple pour prier. L’un était pharisien, et l’autre, publicain (c’est-à-dire un collecteur d’impôts). Le pharisien se tenait debout et priait en lui-même : “Mon Dieu, je te rends grâce parce que je ne suis pas comme les autres hommes – ils sont voleurs, injustes, adultères –, ou encore comme ce publicain. Je jeûne deux fois par semaine et je verse le dixième de tout ce que je gagne.” Le publicain, lui, se tenait à distance et n’osait même pas lever les yeux vers le ciel ; mais il se frappait la poitrine, en disant : “Mon Dieu, montre-toi favorable au pécheur que je suis !” Je vous le déclare : quand ce dernier redescendit dans sa maison, c’est lui qui était devenu un homme juste, plutôt que l’autre. Qui s’élève sera abaissé ; qui s’abaisse sera élevé. »
Priedegt
"Das Gebet eines Demütigen durchdringt die Wolken." Sou heescht et haut an der éischter Liesung. A gewëssermoossen als Géigesaz hu mir dann d'Erzielung aus dem Evangelium vun haut. Do ass de Pharisäer, deen sech domat bretzt, dass hien dach esou vill u reliéisen Übunge mécht. Hien ass dach deen Dichtegen, dee Groussen, deen alles nom Gesetz erfëllt, wat gefuerdert ass. Hie misst dach elo och direkt viru Gott stoen an an den Himmel kommen. Mä ass dat esou?
Wéi gesäit et haut aus? Iergendwou an der Welt geschitt eppes a schonns sinn déi entspriechend Leit op der Matt an outen sech op deene verschiddene soziale Medien. Zu allem gëtt et ee Kommentar an eng Meenung. Jo, mir hu Meenungsfräiheet a jiddereen dierf natierlech seng Meenung hunn an och soen. Awer, ass déi Meenung dann och richteg, gutt oder fërderlech fir d'Mënschheet a fir d'Gesellschaft?
De 14. November hu mir am Kader vun der Willibrordus-Oktav eng Konferenz iwwer d'Chouergestill vun der Basilika. De Billerprogramm vun de Stallen ass nawell zimmlech interessant. Geet et dann net grad do, iwwregens wéi dacks op esou Platzen, ëm d'Sënden an d'Dugende vum Mënsch. Mat allegoreschen Duerstellunge ginn hei déi déifst mënschlech Ofgrënn duergestallt a kommentéiert. A genee dat huet mech och verleet, fir elo hei am Kontext vum Evangelium doriwwer no ze denken.
Do ass ee Pharisäer, deen a senger Arroganz am Tempel steet a sech mat sengen Dote bretzt. Hien ass um richtege Wee. Mä nach méi, hie kuckt och mat Ofneigung op den Zöllner erof a vergläicht sech mat deem. Den Zöllner allerdéngs, dee kuckt net erof an e vergläicht sech net. Hie kennt seng Schwächten a seng Feeler. Déi gesteet hien an. Dat, wat hie warscheinlech och gutt mécht, erwäänt hien net. De Pharisäer stellt just seng Leeschtungen eraus. Hei sinn ech. Hei, ech sinn dichteg a grouss. Wie wëll do net un aktuell Zäitgenossen denken, déi sech och ëmmer gären esou duerstellen. Do ass dee gréisste President vun allen Zäiten, do ass dee gréisste Führer vun allen Zäiten, do sinn déi mächteg Staatsmänner a -fraen, déi dach esou gutt sinn. Jo, déi degoûtéieren eis nach vläicht. Mä ass den normale Bierger besser? Kuckt iech emol am Internet ëm, op Facebook, op Instagram, op TikTok asw. Ass et do besser? Keng Katz gëtt geschleeft, dass net iergend een sech domat bretzt. Keng Kiermes gëtt gefeiert, dass net een een décke Plateau Ham muss posten a menge lo wier hien awer een Dichtegen. An dann all déi Fotoen, wou een sech selwer inzenéiert, wou een déi topegst Biller gesäit, wou Mënschen sech als déi Dichteg a Grouss presentéieren.
An de Stalle vun der Basilika si Meditatiounen iwwer déi sougenannt Doudsënnen an Holz geschnëtzt. Do kann een nu wierklech munch Zäitgenossen erëm entdecken. Dat al Konzept vun den Doudsënnen ass warscheinlech haut méi aktuell, wéi mir et wëlle wouer hunn. A wa mir da mol wierklech éierlech driwwer nodenken, jo och ech, dann ertappe mir eis dach wuel dobäi, dass dat eent oder anert duerchaus op eis zoutrëfft. Héichmut a Sucht no Éier sinn dach iwwerall an de Medien haut ze fannen. Mech erschreckt et ëmmer nees, wann esouguer an eise kierchleche Reien esou drop gekuckt gëtt, dass méiglechst all Wee, dee mir ginn, an de Medien ass. Musse mir all Pilgergang, all Gottesdéngscht, all Rousekranz, all Massgewand oder Kielech presentéieren, wéi wann dat d'Fundament vun eiser Relioun, vun eisem Glawe wier? De Jesus géif eis all eraus dreiwen aus dësem Medientempel.
Natierlech kenn dir mir hei virwerfen, dass ech emol selwer an de Spigel soll kucken. Jo, ech weess, och meng Opreegung doriwwer ass dem Pharisäer änlech a ganz no. Mir all missten eis emol net nëmmen am Spigel kucken, mä doraus och Konsequenzen zéien. Eis Plaz als iwwerzeegte Chrëschten ass déi vum Zöllner. Stelle mir eis hannen hin a bieden och mir: Gott, sei mir Sünder gnädig!
Fürbitten
Beim Jesus Sirach heescht et haut an der Liesung: „Das Gebet eines Demütigen durchdringt die Wolken“ an „Er wird für die Gerechten entscheiden.“ Ruffe mir dofir zesummen zu Gott, eisem Papp:
* Looss déi vill Solidaritéitsaktioune vun den Hëllefswierker fir d’Chrëschten an all aner Mënschen an der drëtter Welt nei Perspektiven an Hoffnung op eng besser Zukunft opmaachen. Härgott, héier eis.
* Schenk allen, déi un de Follgen vu Krich an deenen aktuellen Noutlagen an der Weltwirtschaft leiden, Hëllef, déi si nei liewe léist. Härgott, héier eis.
* Stäerk all déi, déi duerch falsch Konkurrenz a Saache vum Glawe veronséchert sinn a looss si dat nei entdecken, wat eis am Glawen zudéifst mat enaner verbënnt. Härgott, héier eis.
* Looss eis kierchlech Gemeinschaft ëmmer nees op d’Nout vun de Mënschen an der Welt kucken an no echten a gudde Léisunge fir ee bessert Liewe sichen. Härgott, héier eis.
* Huel all eis Verstuerwe bäi dech op a gëff hinnen de Loun fir hiren Asaz an eiser Mëtt. Härgott, héier eis.
Gudde Gott, virun dir musse mir net mat eisem Kënnen an eise Leeschtungen uginn. Du schenks eis och esou deng Gnod a Léift. Dofir soe mir dir Merci, elo an ëmmer. Amen.
II.
Le Seigneur sait reconnaître ses fils et ses filles lorsque vient le temps de faire la part des choses. Tournons-nous vers lui qui nous rassemble en son amour afin de lui exprimer nos intentions. Dieu qui élève les humbles, écoute nos prières. – Pour les femmes et les hommes qui veillent au bien commun, dans les sphères politique, économique, sociale et juridique; afin qu’ils soient toujours plus habités par un esprit de justice et de vérité, prions le Seigneur. – Pour les successeurs des Apôtres et pour toutes les personnes qui collaborent à leur ministère; afin que leur détermination à guider le peuple reçoive le soutien de l’Esprit Saint, prions le Seigneur. – Pour les hommes et les femmes qui vivent dans la pauvreté, l’exclusion, la misère humaine; afin que leur prière s’élève jusqu’au ciel et les remplisse de force, prions le Seigneur. – Pour nos communautés chrétiennes, qui peuvent parfois désespérer devant la misère du monde et les ratés de la fraternité humaine; afin qu’elles persévèrent à porter la lumière de l’Évangile, prions le Seigneur. Dieu notre Père, toi qui portes une attention bienveillante à toutes nos prières, spécialement celles qui viennent des pauvres et des petits, montre-toi favorable à celle que nous t’adressons aujourd’hui. Nous te le demandons par ton Fils, Jésus, notre Seigneur. Amen. (https://fr.novalis.ca)
Gowegebiet
Allmächtege Gott, kuck a Gnod op eis Gowen, déi mir duerbréngen, a looss eis dëst Affer esou feieren, datt et dech éiert. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Regarde les présents déposés devant toi, Seigneur notre Dieu: permets que notre célébration contribue d'abord à ta gloire. Par Jésus.
Hochgebet – „Sehnsucht“ Präfation
Gott, hab Dank, für die
Geschichten der Heiligen Schrift,
Hab Dank
für alle
verheißungsvollen Geschichten und Bilder,
Danke für die heiligen Frauen
und Männer, die uns von der Aussicht erzählen, So vieles und viele lassen uns loben und singen.
Sanctus
Hab Dank für Jesus, ihn, unseren
Bruder, den wahren Menschen,
Hab Dank
für den Tisch, der
uns sammelt, Wohl und Wehe, Segen und Sorge wohnen ihnen inne.
Deine Lebenskraft beseele die
Dinge und Geschöpfe – wie am Anfang, wie am Ende –
Sende deinen Geist über Brot und
Wein, damit Jesus Christus + mit Leib und Blut
Denn am Abend vor seinem Leiden
nahm er beim Mahl das Brot und sagte dir Dank,
NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
Ebenso nahm er den Kelch mit
Wein, dankte wiederum,
NEHMET UND TRINKET ALLE
DARAUS:
Geheimnis des Glaubens:
Unsere Erinnerung geht zu Jesus,
zu seiner Gestalt voller Menschlichkeit,
Und doch steht noch etwas
aus:
Mögen die Soldaten dieser Welt
innehalten,
Gott,
wir glauben, dass
noch etwas aussteht, wir halten Ausschau nach deiner Zeit
durch ihn und mit ihm und in ihm
ist
dir, Gott, allmächtiger Vater, aus der Schweiz; Quelle unbekannt
Vaterunser
Gott suergt fir eis wéi ee Papp oder eng Mamm. Hie schenkt eis all Dag seng Gowen a wëll, dass mir Verantwortung iwwerhuele fir eis Welt. Sou wëlle mir eis och elo ganz bewosst un hie wende mat deem Gebiet, wat eisen Här Jesus eis geléiert huet, an net nëmmen ëm dat deeglecht Brout fir eis selwer biede mä och fir déi Vill, déi um Rand vum Existenzminimum musse liewen: Vater unser im Himmel, …
Friddengebiet
De Fridde vu Gott ass net ee vergängleche Fridden am Sënn vun eiser Welt. De Fridde vu Gott ass een, dee fir all Mënsch do ass an dee jiddereen unhëlt, wéi en ass. Loosse mir eis och hei géigesäiteg unhuelen als Bridder a Schwësteren. De Fridde vun eisem Här Jesus Christus sief mat iech all.
Schlussgebiet
Här, eise Gott, gëff, datt deng Sakramenter an eis och dat Heel bewierken, wat si enthalen, fir datt mir eng Kéier béi dir a Wierklechkeet dat empfänken, wat mir elo an dësen hellegen Zeeche gefeiert hunn. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Que tes sacrements, Seigneur, achèvent de produire en nous ce qu'ils signifient, afin que nous entrions en jour en pleien possession du mystère que nous célébrons dans ces rites. Par Jésus.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement



