34. Sonndeg am Joereskrees B - 23./24.11.2024


Home Back Print Kontakt

34. Sonndeg am Joereskrees B - 23./24.11.2024 - © Carlo Morbach - 20.11.2024

34. Sonndeg am Joereskrees B - 23./24.11.2024


Léif Matchrëschten! Mat dësem Sonndeg geet schonn erëm een Zyklus an eiser Liturgie zu Enn. Mir kucken um Fest vu Christus, dem Kinnek, besonnesch op Jesus Christus selwer. Hien ass et, deem mir sollen nogoen an eisem Liewen. Hien ass et, deen eis ee Wee am Liewe weist. D’Fest kléngt triumphalistesch. Mä d’Evangelium seet eis wourëm et dem Jesus gaangen ass. Et ass net d’Herrschen, mä et ass d’Soen an d’Liewe vun der Wourecht, déi wichteg sinn. Loosse mir fir all déi Kéieren, wou mir d’Wourecht vergiess hunn ëm Verzeiung froen.


* Här Jesus Christus, du wëlls Gerechtegkeet fir all, déi benodeelegt sinn.

* Du wëlls Fräiheet fir all, déi ënnerdréckt sinn.

* Du wëlls Fridde fir all, déi verfollegt sinn an ënner Krich leiden.


Dagesgebiet


Allmächtegen an éiwege Gott, du hues dengem Jong all Muecht am Himmel an op der Äerd ginn an hien zum Zil vun denger neier Schëpfung gemaach. Befrei deng ganz Schëpfung aus der Muecht vun dem Béisen, fir datt mir all dir eleng dengen an dech an all Éiwegkeet luewen. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här a Gott. Amen.


Dieu éternel, tu as voulu fonder toutes choses en ton Fils bien-aimé, le Roi de l’univers ; fais que toute la création, libérée de la servitude, reconnaisse ta puissance et te glorifie sans fin. Par Jésus Christ. Amen.


Liesungen: Dan 7, 2a.13b-14 / Offb 1, 5b-8 / Joh 18, 33b-37


Lesung aus dem Buch Daniel.

Ich, Daniel, schaute in meiner Vision während der Nacht und siehe: Da kam mit den Wolken des Himmels einer wie ein Menschensohn. Er gelangte bis zu dem Hochbetagten und wurde vor ihn geführt. Ihm wurden Herrschaft, Würde und Königtum gegeben. Alle Völker, Nationen und Sprachen dienten ihm. Seine Herrschaft ist eine ewige, unvergängliche Herrschaft. Sein Reich geht niemals unter.


Kv Der Herr ist König, bekleidet mit Hoheit.

Der Herr ist König, bekleidet mit Hoheit; *
der Herr hat sich bekleidet und mit Macht umgürtet.
Ja, der Erdkreis ist fest gegründet, *
nie wird er wanken. 
– (Kv)
Dein Thron steht fest von Anbeginn, *
du bist seit Ewigkeit.
Fluten erhoben, Herr, / Fluten erhoben ihr Tosen, *
Fluten erheben ihr Brausen. 
– (Kv)
Mehr als das Tosen vieler Wasser, /
gewaltiger als die Brandung des Meeres *
ist gewaltig der Herr in der Höhe.
Deine Gesetze sind fest und verlässlich; /
deinem Haus gebührt Heiligkeit, 
*
Herr
, für alle Zeiten. – Kv


Lesung aus der Offenbarung des Johannes.

Jesus Christus; er ist der treue Zeuge, der Erstgeborene der Toten, der Herrscher über die Könige der Erde. Ihm, der uns liebt und uns von unseren Sünden erlöst hat durch sein Blut, der uns zu einem Königreich gemacht hat und zu Priestern vor Gott, seinem Vater: Ihm sei die Herrlichkeit und die Macht in alle Ewigkeit. Amen. Siehe, er kommt mit den Wolken und jedes Auge wird ihn sehen, auch alle, die ihn durchbohrt haben; und alle Völker der Erde werden seinetwegen jammern und klagen. Ja, Amen. Ich bin das Alpha und das Omega, spricht Gott, der Herr, der ist und der war und der kommt, der Herrscher über die ganze Schöpfung.


Halleluja. Halleluja. Gesegnet sei er, der kommt im Namen des Herrn! Gesegnet sei das Reich unseres Vaters David, das nun kommt. Halleluja.


Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes.

In jener Zeit fragte Pilatus Jesus: Bist du der König der Juden? Jesus antwortete: Sagst du das von dir aus oder haben es dir andere über mich gesagt? Pilatus entgegnete: Bin ich denn ein Jude? Dein Volk und die Hohepriester haben dich an mich ausgeliefert. Was hast du getan? Jesus antwortete: Mein Königtum ist nicht von dieser Welt. Wenn mein Königtum von dieser Welt wäre, würden meine Leute kämpfen, damit ich den Juden nicht ausgeliefert würde. Nun aber ist mein Königtum nicht von hier. Da sagte Pilatus zu ihm: Also bist du doch ein König? Jesus antwortete: Du sagst es, ich bin ein König. Ich bin dazu geboren und dazu in die Welt gekommen, dass ich für die Wahrheit Zeugnis ablege. Jeder, der aus der Wahrheit ist, hört auf meine Stimme.


Lecture du livre du prophète Daniel.

Moi, Daniel, je regardais, au cours des visions de la nuit, et je voyais venir, avec les nuées du ciel, comme un Fils d’homme ; il parvint jusqu’au Vieillard, et on le fit avancer devant lui. Et il lui fut donné domination, gloire et royauté ; tous les peuples, toutes les nations et les gens de toutes langues le servirent. Sa domination est une domination éternelle, qui ne passera pas, et sa royauté, une royauté qui ne sera pas détruite.


R/ Le Seigneur est roi ; il s’est vêtu de magnificence.

Le Seigneur est roi ;
il s’est vêtu de magnificence,
le Seigneur a revêtu sa force.
R

Et la terre tient bon, inébranlable ;
dès l’origine ton trône tient bon,
depuis toujours, tu es.
R

Tes volontés sont vraiment immuables :
la sainteté emplit ta maison,
Seigneur, pour la suite des temps.
R


Lecture de l’Apocalypse de saint Jean.

À vous, la grâce et la paix, de la part de Jésus Christ, le témoin fidèle, le premier-né des morts, le prince des rois de la terre. À lui qui nous aime, qui nous a délivrés de nos péchés par son sang, qui a fait de nous un royaume et des prêtres pour son Dieu et Père, à lui, la gloire et la souveraineté pour les siècles des siècles. Amen. Voici qu’il vient avec les nuées, tout œil le verra, ils le verront, ceux qui l’ont transpercé ; et sur lui se lamenteront toutes les tribus de la terre. Oui ! Amen ! Moi, je suis l’Alpha et l’Oméga, dit le Seigneur Dieu, Celui qui est, qui était et qui vient, le Souverain de l’univers.


Alléluia. Alléluia. Béni soit celui qui vient au nom du Seigneur ! Béni soit le Règne qui vient, celui de David, notre père. Alléluia. 


Évangile de Jésus Christ selon saint Jean.

En ce temps-là, Pilate appela Jésus et lui dit : « Es-tu le roi des Juifs ? » Jésus lui demanda : « Dis-tu cela de toi-même, ou bien d’autres te l’ont dit à mon sujet ? » Pilate répondit : « Est-ce que je suis juif, moi ? Ta nation et les grands prêtres t’ont livré à moi : qu’as-tu donc fait ? » Jésus déclara : « Ma royauté n’est pas de ce monde ; si ma royauté était de ce monde, j’aurais des gardes qui se seraient battus pour que je ne sois pas livré aux Juifs. En fait, ma royauté n’est pas d’ici. » Pilate lui dit : « Alors, tu es roi ? » Jésus répondit : « C’est toi-même qui dis que je suis roi. Moi, je suis né, je suis venu dans le monde pour ceci : rendre témoignage à la vérité. Quiconque appartient à la vérité écoute ma voix. »


Priedegt


Haut ass lo dee leschte Sonndeg am Kierchejoer. Offiziell ass et d’Fest vu Christus dem Kinnek. Iergendwéi hunn ech schonn ëmmer ee wéineg Schwieregkeete mat deem Numm vum Fest gehat. Christus, ee Kinnek, ass dat net en Titel, deen nu wierklech net zum Jesus passt?


Wa mir op dat Wéinegt kucken, wat mir aus der Bibel iwwert d’Liewe vum Jesus kennen, dann huet hien sech als ee ganz einfache Mënsch ginn. Säi Liewe war an allem wäit ewech vun engem kinnekleche Liewen. Ganz am Géigendeel, hien huet absolutt bescheide gelieft a sech grad mat deene Mënschen opgehalen, déi op der ënneschter Stuf vun der sozialer Leeder stoungen. Hien hat en Häerz an eng Hand fir déi Kleng. Kinnek war hie sécher net. Firwat also dëst Fest?


1925 ass d’Fest eréischt agefouert ginn. Et war dat deemools kuerz nodeem a ville Länner d’Monarchien an der Folleg vum 1. Weltkrich ënnergaange waren. Weltlech Kinneken si verschwonnen, dofir awer bleift Christus, als deen eenzegen „Herrscher“ iwwreg. Ass et dat, wat hannert dem Fest steet?


De Poopst Pius XI. huet deemools, wéi hien d’Fest agefouert huet, d’Zil am Ae gehat, dass de Laizismus doduerch sollt bekämpft ginn. De Laizismus huet hien als ee groussen Iertum ugesinn. Mä hëlleft esou ee Fest?


No mengem Liesen an deene leschten Deeg an engem Buch vum Wolfgang Beinert[1] komme mir hei nach ganz aner Gedanken. Ass et an enger Zäit vu weltwäitem Ëmbroch a Krisen, wou sech déi kathoulesch Kierch als déi eenzeg Muecht am Éiwegkeetscharakter wollt definéieren? Christus gëtt gewëssermoossen „mëssbraucht“ fir d’Gréisst vun der Kierch ze demonstréieren. Grad dat, dësen Triumphalismus, huet mech ëmmer nodenklech gemaach an ech konnt och esou recht wéineg mat der Iddi vu Christus als Kinnek ufänken.


Bäi eis hei zu Lëtzebuerg ass d’Iddi vum Fest souwisou nëmme ganz schwaach an der Feier vun de Gottesdéngschter vum leschte Sonndeg am Kierchejoer verankert. Mir feieren éischter Caeciliendag, d’Patronatsfest vun eise Gesanksveräiner, wéi Christus als Kinnek. Op gutt oder schlecht, mir entginn domat natierlech dem Problem, fir eis mat engem schwieregen Iddeëfest ausenaner ze setzen.


Et maach sinn, dass een der Iddi vu Christus als Kinnek vun der Welt munches kann ofgewannen. Awer et ass net mäi Bild vun dësem Jesus vun Nazareth, dee mat senger Botschaft vu Léift a Gerechtegkeet de Mënsche begéint ass. De Jesus wëll net herrschen, net mat Gewalt seng Botschaft un d’Mënsche bréngen. Ech fannen an der Iddi vum Fest vun haut dofir och éischter de Versuch erëm, dass d’Kierch sech selwer als Herrscher, als Kinnek vun der Welt wollt präsentéieren. Wann ech dem Poopst Pius XI. seng Gedanke meditéiere vun engem „Kampf“ géint de Laizismus, gëtt mir dat ëmmer méi däitlech. Dat awer kann ech net ënnerschreiwen. Dat ass net meng Welt a Kierch. Dat ass och ganz sécher net dem Jesus säi Wee.


Natierlech kann een d’Fest och spirituell deiten. D’Evangelium vun haut an d’Liesungen wëllen eis an déi Richtung leeden. Do fannen ech och ganz déif a wäertvoll Impulser. An awer, mengen ech, ass a bleift eis kierchlech triumphalistesch Sprooch wäit hannert deem zeréck, wat d’Bibel eis wëll vermëttelen. De Jesus war aussergewéinlech a ganz eenzegaarteg a sengem Asaz fir d’Mënschen. Kinnek ass wierklech net deen Titel, deen ech him wéilt ginn, Kinneken an Herrscher ënnerdrécken hier Vëlker, wéi et jo och vum Jesus selwer gesot gëtt: „Ihr wisst, dass die Herrscher ihre Völker unterdrücken und die Großen ihre Vollmacht gegen sie gebrauchen.“ (Mt 20, 25 - vgl. och Mk 10, 42) De Jesus ass eppes ganz aneres fir mech, ee Brudder, een deen ech duerchaus op Aenhéicht begéinen, sou wéi hien och de Mënschen deemools begéint ass.


Neen, de Jesus ass fir mech kee Kinnek, mä ee Brudder, een dee mech begleet an dee mir weist, wéi ech menge Matmënsche soll begéinen. Dass ech als schwaachen a klenge Mënsch extrem dacks hannert deem Usproch zeréck bleiwen, steet op engem anere Blat. Mä och do ass hien dee Brudder, dee mech dann nach mat Léift a seng Äerm schléisst. Dat wëll ech haut meditéieren a feieren.


[1] Wolfgang Beinert, Die Form der Reform. Anmerkungen zur Lage und Lehre der Kirche, Regensburg 2024.


Fürbitten


Zu eisem Här Jesus wëlle mir ruffen an der Nout vun eiser Zäit:


* Här Jesus, du hues gewollt, dass mir mat Gott an enger déiwer Gemeinschaft stinn. Looss eis och ënnert enaner eng Gemeinschaft an der Léift opbauen. Christus, héier eis.


* Här Jesus, du hues dech fir Fridden a Gerechtegkeet agesat. Schenk eis d’Kraaft, dass mir eis iwwerall an der Welt fir Fridden a Gerechtegkeet asetzen. Christus, héier eis.


* Här Jesus, du hues deng Frënn ëmmer nees opgefuerdert fir ze handelen an ze hëllefen. Gëff alle Chrëschten de Mutt, mat grousser Kraaft ze hëllefen, wou Mënschen Nout leiden. Christus, héier eis.


* Här Jesus, du hues eis opgedroen deng Botschaft an d’Welt ze droen. Gëff de Chrëschten an eiser Welt eng déif Iwwerzeegungskraaft, déi anerer ustécht. Christus, héier eis.


* Här Jesus, du hues vill Mënsche mat Freed erfëllt. Looss all eis Sängerinnen a Sänger, Musikanten, Dirigenten an Organisten duerch hiert Wierken eis alle Freed bréngen a beloun si fir hiren Asaz. Christus, héier eis.


* Här Jesus, du hues den Dout iwwerwonnen. Huel all eis Verstuerwe bäi dir op. Christus, héier eis.


Jesus Christus, Här a Kinnek, mir soen dir Merci, dass du op eis Gebieder lauschters. Erhéier si, elo an ëmmer erëm. Amen.


II.


Notre Dieu est appelé le Roi de l’univers. À lui, rien n’est impossible. Tournons-nous donc vers lui en toute confiance pour lui confier nos demandes.

Seigneur, Roi de l’univers, écoute nos prières.

Prions pour les rois et les reines de la terre, afin qu’ils et elles sachent gouverner leurs sujets avec humanité.

Prions pour les dirigeants de notre Église, afin qu’ils soient toujours à l’écoute du peuple de Dieu.

Prions pour les chefs d’entreprise, afin qu’ils considèrent leurs employés comme leur plus grande richesse.

Prions pour les professeurs et les enseignants, afin qu’ils sachent stimuler leurs élèves par l’exemple.

Prions pour les plus démunis de notre terre, afin qu’ils puissent compter sur la solidarité de leurs frères et sœurs.

Prions pour nos communautés, afin qu’elles témoignent de la royauté du Christ en se faisant proches des pauvres.

Dieu de majesté et de gloire, ne rejette pas nos pauvres prières et, dans ta grande compassion, exauce-les par Jésus, le Christ, notre Seigneur, lui qui règne avec toi et le Saint-Esprit, maintenant et pour les siècles des siècles. Amen. (ttps://fr.novalis.ca)


Gowegebiet


Här, eise Gott, mir bréngen d’Affer vun dengem Jong duer, duerch dat d’Mënschheet mat dir versönt ass. Hien, dee fir eis gestuerwen an operstanen ass, soll alle Vëlker an Natiounen Eenheet a Fridde schenken. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Amen.


En offrant le sacrifice qui te réconcilie les hommes, Seigneur, nous te prions: que ton Fils lui-même accorde à tous les peuples les biens de l’unité et de la paix. Lui qui...


Hochgebet – „Jesus leidet mit den Menschen“


Nach der Präfation fährt der Zelebrant fort.

Ja, heilig bist du großer Gott. 
Wir danken dir für deinen Sohn.
 
Er ist Mensch geworden wie wir,
 
eingeklemmt zwischen Geburt und Tod,
 
zermürbenden Mächten ausgesetzt,
 
im Kampf mit denen,
welche die Lüge lieben, 
umgeben von Menschen,
die ihn kaum verstanden, 
geschunden, gequält und gekreuzigt:
Jesus von Nazaret.

V/A: Aus deinem Opfer wird unser Opfer.


Er lebte im Zwiespalt, versucht und verlassen; 
er ist zugrunde gegangen
mit der Frage: Warum? 
Seine Antwort ermutigt uns zum Leben.
 
Er hat sein Wort gegeben,
das die Angst vertreibt, 
das vom Zweifel befreit
und das Hoffnung ermöglicht.

V/A: Aus deinem Opfer wird unser Opfer.


Er war, wo Menschen kämpften und litten, 
wo Menschen ihre Hoffnung nicht aufgaben,
 
wo sich Arme, Entrechtete, Unnütze trafen.
 
Er war mitten unter Fremden und Feinden.
 
Er litt an der Lüge und an der Falschheit.
 
Er blieb bei der Wahrheit
und sah in der Liebe 
den Ausweis des Glaubens.

V/A: Aus deinem Opfer wird unser Opfer.


Deshalb gedenken wir seines Todes und seiner Auferstehung. 

Vater, wir bitten dich, dein Heiliger Geist lasse jetzt Brot und Wein
zu Fleisch
 + und Blut Jesu werden. 

Bei seinem letzten Abendmahl sprach Jesus Worte, 
die seine Freunde nicht vergessen konnten.
Er nahm Brot in seine Hände,
brach es und sagte: 


NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
DAS IST MEIN LEIB,
DER FÜR EUCH HINGEGEBEN WIRD.

Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, 
dankte wiederum, reichte ihn den Seinen
und sprach:


NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS:
DAS IST DER KELCH
DES IMMERWÄHRENDEN BUNDES, 
MEIN BLUT, DAS FÜR EUCH
UND FÜR ALLE VERGOSSEN WIRD 
ZUR VERGEBUNG DER SÜNDEN.
TUT DIES ZU MEINEM GEDÄCHTNIS.


Das ist und bleibt ein Geheimnis des Glaubens!
A: Wir preisen deinen Tod, wir glauben, dass du lebst. 
Wir hoffen, dass du kommst zum Heil der Welt. 
Komm, o Herr! Bleib bei uns! 
Komm, o Herr, Leben der Welt.


Eine Verheißung durchzieht unser Leben: 
Jesu Geist macht uns bereit,
 
immer neu zu anderen Ufern aufzubrechen.

Er gibt uns Vertrauen, selbst Unmögliches zu versuchen, 
wachsam zu bleiben,
die Wahrheit zu sagen, 
ein geknicktes Rohr nicht zu brechen,
 
einen glimmenden Docht
nicht zu löschen, 
Getretene aufzurichten,
 
Geschundene nicht allein zu lassen,
 
Stummen ein Mund,
 
Tauben ein Ohr,
 
allen alles zu werden.

V/A: Aus deinem Opfer wird unser Opfer.


Guter Gott, wir bitten dich für uns, für unsere Kirche, 
für den Papst Franziskus,
für unseren Bischof N. 
und für alle Menschen auf dieser Welt:
 
Lass uns wie Jesus eintreten
für Recht und Gerechtigkeit. 
Die Kirche soll
ein deutliches Zeichen setzen 
und sich auf die Seite jener schlagen,
die unter dem Bösen in dieser Welt leiden. 

Wir gedenken all der Menschen, die wir geliebt haben und die gestorben sind, 
sowie all jener,
die geschunden und gefoltert werden: 
Sei du mit ihnen
und lass den Schrei nach Gerechtigkeit nicht ungehört verhallen.

Zusammen mit der Gottesmutter Maria und allen Heiligen loben und preisen wir dich.

Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, 
in der Einheit des Heiligen Geistes alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit. Amen.

(Quelle unbekannt)


Vaterunser


De Jesus huet ëmmer nees betount, dass hien net wëll herrschen, mä Denger sinn. Hie selwer huet sech kleng gemaach a Gott als säi Papp ugeruff an sech ënner säi Wëlle gestalt. Loosse mir dat och elo maache mat deem Gebiet, dat hien eis geléiert huet: Vater unser …


Friddensgebiet


Fridden ass dacks net ze gesinn an eiser Welt. Genausou geet et mat der Wourecht. De Jesus wollt, dass mir ëmmer an iwwerall d’Wourecht liewen an esou zum Fridde bäidroen. Froe mir hien ëm säi Fridden: Här Jesus Christus, kuck net op eis Feeler, mä op eisen Asaz a schenk eis ëmmer erëm däi Fridden. De Fridde sief mat iech all.


Schlussgebiet


Allmächtege Gott, du hues eis beruff, fir Christus, dem Kinnek vun denger ganzer Schëpfung ze dengen. Stäerk eis duerch des Moolzecht, déi eis Onstierflechkeet versprécht, fir datt mir Undeel kréien un senger Herrschaft an um éiwege Liewen. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Amen.


Après avoir partagé le pain de l’immortalité, nous te supplions, Seigneur: nous mettons notre gloire à obéir au Christ Roi de l’univers. Fais que nous puissions vivre avec lui, éternellement, dans la demeure du ciel. Lui qui...


Mass vum 10. November
Klick op d’Kalennerblat fir d’Sonndesmass als PDF!

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement