
|
|
34. Sonndeg am Joereskrees C - 22./23.11.2025
34. Sonndeg am Joereskrees C - 22./23.11.2025
1925, also genau virun 100 Joer huet de Poopst Pius XI. d'Fest vu Christus dem Kinnek fir d'ganz Kierch agefouert. Nodeems bal all Monarchien an Europa verschwonne waren, wollt hien de Fokus dorop setzen, dass Jesus Christus dee wierkleche Kinnek ass. Hien ass et, deen d'Liewe vun de Mënsche féiert a leede soll. Mir feieren natierlech och traditionell den Caeciliendag, de Patronatsdag vun eise Kierchechéier. Loosse mir an eiser Mass och fir all eis Sängerinnen a Sänger, Organisten, Dirigenten a Musikante bieden. Froe mir fir si an eis all, dass eisen Här Jesus eis begleet bei eisen Aufgaben.
Här Jesus Christus, du Kinnek vun alle Mënschen. Här, erbaarm dech. Du kënns erëm an Herrlechkeet. Christus, erbaarm dech. Du schaafs een neien Himmel an eng nei Äerd. Här, erbaarm dech.
Dagesgebiet
Allmächtegen an éiwege Gott, du hues dengem Jong all Muecht am Himmel an op der Äerd ginn an hien zum Zil vun denger neier Schëpfung gemaach. Befrei deng ganz Schëpfung aus der Muecht vun dem Béisen, fir datt mir all dir eleng dengen an dech an all Éiwegkeet luewen. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här a Gott. Amen.
Dieu éternel, tu as voulu fonder toutes choses en ton Fils bien-aimé, le Roi de l’univers ; fais que toute la création, libérée de la servitude, reconnaisse ta puissance et te glorifie sans fin. Par Jésus Christ.
Liesungen: 2 Sam 5, 1-3 / Kol 1, 12-20 / Lk 23, 35-43
Lesung aus dem zweiten Buch Samuel. In jenen Tagen kamen alle Stämme Israels zu David nach Hebron und sagten: Wir sind doch dein Fleisch und Bein. Schon früher, als noch Saul unser König war, bist du es gewesen, der Israel hinaus und wieder nach Hause geführt hat. Der HERR hat zu dir gesagt: Du sollst der Hirt meines Volkes Israel sein, du sollst Israels Fürst werden. Alle Ältesten Israels kamen zum König nach Hebron; der König David schloss mit ihnen in Hebron einen Vertrag vor dem HERRN und sie salbten David zum König von Israel.
Kv Zum Haus des Herrn wollen wir gehen.
Ich
freute mich, als man mir sagte: *
Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Kolossä. Schwestern und Brüder! Dankt dem Vater mit Freude! Er hat euch fähig gemacht, Anteil zu haben am Los der Heiligen, die im Licht sind. Er hat uns der Macht der Finsternis entrissen und aufgenommen in das Reich seines geliebten Sohnes. Durch ihn haben wir die Erlösung, die Vergebung der Sünden. Er ist Bild des unsichtbaren Gottes, der Erstgeborene der ganzen Schöpfung. Denn in ihm wurde alles erschaffen im Himmel und auf Erden, das Sichtbare und das Unsichtbare, Throne und Herrschaften, Mächte und Gewalten; alles ist durch ihn und auf ihn hin erschaffen. Er ist vor aller Schöpfung und in ihm hat alles Bestand. Er ist das Haupt, der Leib aber ist die Kirche. Er ist der Ursprung, der Erstgeborene der Toten; so hat er in allem den Vorrang. Denn Gott wollte mit seiner ganzen Fülle in ihm wohnen, um durch ihn alles auf ihn hin zu versöhnen. Alles im Himmel und auf Erden wollte er zu Christus führen, der Frieden gestiftet hat am Kreuz durch sein Blut.
Halleluja. Halleluja. Gesegnet sei er, der kommt im Namen des Herrn! Gesegnet sei das Reich unseres Vaters David, das nun kommt. Halleluja.
Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas. In jener Zeit verlachten die führenden Männer des Volkes Jesus und sagten: Andere hat er gerettet, nun soll er sich selbst retten, wenn er der Christus Gottes ist, der Erwählte. Auch die Soldaten verspotteten ihn; sie traten vor ihn hin, reichten ihm Essig und sagten: Wenn du der König der Juden bist, dann rette dich selbst! Über ihm war eine Aufschrift angebracht: Das ist der König der Juden. Einer der Verbrecher, die neben ihm hingen, verhöhnte ihn: Bist du denn nicht der Christus? Dann rette dich selbst und auch uns! Der andere aber wies ihn zurecht und sagte: Nicht einmal du fürchtest Gott? Dich hat doch das gleiche Urteil getroffen. Uns geschieht recht, wir erhalten den Lohn für unsere Taten; dieser aber hat nichts Unrechtes getan. Dann sagte er: Jesus, denk an mich, wenn du in dein Reich kommst! Jesus antwortete ihm: Amen, ich sage dir: Heute noch wirst du mit mir im Paradies sein.
Lecture du deuxième livre de Samuel. En ces jours-là, toutes les tribus d’Israël vinrent trouver David à Hébron et lui dirent : « Vois ! Nous sommes de tes os et de ta chair. Dans le passé déjà, quand Saül était notre roi, c’est toi qui menais Israël en campagne et le ramenais, et le Seigneur t’a dit : “Tu seras le berger d’Israël mon peuple, tu seras le chef d’Israël.” » Ainsi, tous les anciens d’Israël vinrent trouver le roi à Hébron. Le roi David fit alliance avec eux, à Hébron, devant le Seigneur. Ils donnèrent l’onction à David pour le faire roi sur Israël.
R/. Dans la joie, nous irons à la maison du Seigneur.
Quelle
joie quand on m'a dit :
Jérusalem,
te voici dans tes murs :
C'est
là le siège du droit,
Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Colossiens. Frères, rendez grâce à Dieu le Père, qui vous a rendus capables d’avoir part à l’héritage des saints, dans la lumière. Nous arrachant au pouvoir des ténèbres, il nous a placés dans le Royaume de son Fils bien-aimé : en lui nous avons la rédemption, le pardon des péchés. Il est l’image du Dieu invisible, le premier-né, avant toute créature : en lui, tout fut créé, dans le ciel et sur la terre. Les êtres visibles et invisibles, Puissances, Principautés, Souverainetés, Dominations, tout est créé par lui et pour lui. Il est avant toute chose, et tout subsiste en lui. Il est aussi la tête du corps, la tête de l’Église : c’est lui le commencement, le premier-né d’entre les morts, afin qu’il ait en tout la primauté. Car Dieu a jugé bon qu’habite en lui toute plénitude et que tout, par le Christ, lui soit enfin réconcilié, faisant la paix par le sang de sa Croix, la paix pour tous les êtres sur la terre et dans le ciel.
Alléluia. Alléluia. Béni soit celui qui vient au nom du Seigneur. Béni soit le Règne qui vient, celui de David notre père. Alléluia.
Évangile de Jésus-Christ selon saint Luc. En ce temps-là, on venait de crucifier Jésus, et le peuple restait là à observer. Les chefs tournaient Jésus en dérision et disaient : « Il en a sauvé d’autres : qu’il se sauve lui-même, s’il est le Messie de Dieu, l’Élu ! » Les soldats aussi se moquaient de lui ; s’approchant, ils lui présentaient de la boisson vinaigrée, en disant : « Si tu es le roi des Juifs, sauve-toi toi-même ! » Il y avait aussi une inscription au-dessus de lui : « Celui-ci est le roi des Juifs. » L’un des malfaiteurs suspendus en croix l’injuriait : « N’es-tu pas le Christ ? Sauve-toi toi-même, et nous aussi ! » Mais l’autre lui fit de vifs reproches : « Tu ne crains donc pas Dieu ! Tu es pourtant un condamné, toi aussi ! Et puis, pour nous, c’est juste : après ce que nous avons fait, nous avons ce que nous méritons. Mais lui, il n’a rien fait de mal. » Et il disait : « Jésus, souviens-toi de moi quand tu viendras dans ton Royaume. » Jésus lui déclara : « Amen, je te le dis : aujourd’hui, avec moi, tu seras dans le Paradis. »
Priedegt
Christus ee Kinnek!? Wat ass ee Kinnek? Mir stellen eis ee Kinnek bis haut als ee mächtege Mënsch vir, dee regéiert an enger dach absolutter Muecht. Mä kann et dat ginn? Am Laf vun der Weltgeschicht sinn et vill Kinneken an Herrscher ginn, déi sech selwer als absolutt mächteg gesinn hunn, déi sech zu Gëtter erhuewen hunn, déi gemengt hunn si kéinten an dierften alles. An awer sinn all des Kinneke verschwonnen. Déi eenzel si gestuerwe wéi all anere Mënsch och. Näischt wéi just e puer Stëbskäre bleiwe vun engem Mënsch, och vun engem Kinnek. Weder Räichtum nach Muecht kënnen do eppes änneren.
Nom éischte Weltkrich sinn hei an Europa vill Kinnekräicher an hier Herrscher ënnergaangen. D'Kinneke goufen zu normale Mënschen degradéiert. Nëmmen an Ausnamen si Monarchie bliwwen an si hunn aktuell kaum wierklech Muecht. Déi politesch Muecht a Verantwortung ass op aner Mënschen iwwergaangen. Wat soll do also ee Fest, dat Christus als Kinnek duerstellt?
D'Evangelium vun haut liwwert eis ee Schlëssel fir d'Verstoen. De Jesus ass een Asproch géint déi Virstellunge vun Herrschaft a Gëtterbiller, déi vu Mënsche selwer gemaach sinn. Seng Geschicht, wéi si an der Bibel erzielt gëtt, ass ee Géigebild zum deem mat Glanz ausstafféierte Bild vun engem Kinnek. An engem Stall gëtt hie gebuer an um Enn gëtt hien un d'Kräiz geschloen. Christus dréit keng gëlle Kroun mä eng Kroun aus Dären. Hien huet keng chic an deier Gewänner als Kinnek mä ee Mantel, deen hien zum Spott ugedoe kritt. Hie setzt net op engem dichtegen Troun, mä hien huet nach net emol eng Plaz, wou hie säi Kapp hileeë kann, wéi e selwer seet. De Jesus ass an allem een absolutte Géigepol zu deem, wat mir am allgemenge mat Herrschaft, Räichtum a Muecht verbannen.
An awer ass Christus ee Kinnek. Hien huet eng Muecht, déi keng Gewalt kennt. Seng Muecht ass déi vun der Léift a vum eegenen Engagement fir d'Mënschen, deenen hie begéint. Seng Muecht ass, ech géif gäre soen, subversiv. Hie stellt all dat a Fro deemools wéi haut, wat dorop baséiert fir Mënschen ze ënnerdrécken an zu eppes ze zwéngen, wat si selwer net wéilte maachen. Dem Jesus seng Muecht an Autoritéit wiisst aus deem, wéi hien de Mënsche begéint ass. Bis haut hu mir dat net ganz verstanen. Och an eiser Kierch brénge mir et net fäerdeg, fir esou radikal aus Léift ze handelen, wéi de Jesus et gemaach huet. Hien huet keng Gesetzer an Norme gebraucht, déi de Mënsche Virschrëfte gemaach hunn. Dat eenzegt Gesetz ass d'Gesetz vun der Léift. De Jesus ass Kinnek, well hien d'Mënschen am Häerz beréiert. Hien huet eng subversiv Muecht, well hien d'Mënschen an deem uschwätzt, wat si wierklech beweegt. Hien huet Muecht, well hien d'Liewe vun deene Klengen an Aarmen deelt. Een Herrscher, dee mat Gewalt a Waffen seng Leit wëll an eng Richtung drängen, gewënnt ni d'Muecht iwwer hier Häerzer. Bis haut ass dat eng Tatsaach un der ganz vill Herrscher scheiteren. Déi eigentlech Muecht ass déi Muecht, déi een huet, wann een anerer am Häerz beréiert. Genee dat huet de Jesus gemaach. Dofir kann hien als deen echten an eenzege Kinnek bezeechent ginn.
Och no 1925 si vill nei Herrscher komm an och erëm gaangen. Déi wéinegst hunn d'Häerz vun de Leit kënne beréieren. Si haten oder hu Muecht, déi op Gewalt baséiert. Si hu Muecht, well si mat der Gewalt vum Gesetz kommen an esou d'Mënschen zwéngen. Dat gëllt an alle Beräicher vun eisem aktuelle Liewen. Eis Kierch muss an deene leschten Zäiten erliewen, dass esou en Drock mat Gesetzer eben och net méi zitt. Normen a Reegele bewierke weder Glawen nach Frëmmegkeet. Si sinn éischter ee grousst Hindernis a loossen de Mënsch um Enn eleng a senge Suergen a Froen. Wéi wier et, wa mir eis all an eiser Kierch nei zu der Botschaft vun der absolutter Nächsteléift géife bekéieren?
Ech schléissen of mat engem Seegen:
Wagnisbereitschaft
Gesegnet, wer andere liebt ohne Gegenleistung.
Gesegnet, wer vergeben kann trotz aller Verletzung.
Gesegnet, wer großzügig ist unter aller Engstirnigkeit.
Gesegnet, wer Neues wagt ohne Sicherheitsnetz.
Gesegnet, wer Vertrauen schenkt trotz aller Enttäuschung.[1]
[1] aus: Kurt Rainer Klein, Berühre uns Herr, sanft mit deinem Wort, Neukirchener Verlagsgesellschaft, Neukirchen-Vluyn 2019, S.92.
Fürbitten
Mir bieden zu Jesus Christus, dem Brudder an eisem Liewen an dem Kinnek vun dëser Welt:
* Fir all Veräiner a besonnesch fir all Sänger a Sängerinnen, déi d'Liewen an der Kierch verschéineren; gëff hinne Leit, déi hir Aarbecht ënnerstëtzen, a schenk hinne weiderhi Freed un hirer Aarbecht. Christus héier eis.
* Fir all déi, déi hir Muecht mëssbrauche fir deng Schëpfung auszebeuten; looss si net vergiessen, datt och si hiert Liewe virun dir veräntwerte mussen. Christus héier eis.
* Fir eis chrëschtlech Gemeinschaft; datt mir versiche mat denger Hëllef aus eiser Welt eng besser Welt ze maachen. Christus héier eis.
* Fir eis léif Verstuerwen; datt si béi dir deen éiwege Fridde fannen. Christus héier eis.
Dorëms biede mir zu dir, eisem Här a Gott, duerch de Jesus, eise Brudder a Här.
II.
Le bon larron reconnaît que Jésus ne mérite pas cette mort injuste et ose alors une prière: «Souviens-toi de moi quand tu viendras dans ton Royaume.» À son exemple, reconnaissons la justice de Dieu et osons lui demander de poser son regard bienveillant sur nous en lui disant: Seigneur, souviens-toi de nous. – Pour nos dirigeants civils… – Pour l’Église porteuse de la Bonne Nouvelle du salut… – Pour le Pape et les évêques, successeurs des Apôtres… – Pour les prêtres, dispensateurs des sacrements au milieu du peuple de Dieu… – Pour les missionnaires en terre étrangère… – Pour les catéchètes, témoins de la foi… – Pour les théologiens et les théologiennes qui réfléchissent à la foi chrétienne… – Pour les bénévoles dévoués au service des plus pauvres… – Pour les personnes qui souffrent… – Pour nos communautés chrétiennes... Dieu notre Père, au cœur de notre quotidien, souviens-toi de nous, car ce n’est qu’en toi que nous pouvons trouver le réconfort et le repos, par Jésus, le Christ, notre Seigneur, lui qui règne avec toi et le Saint-Esprit, maintenant et pour les siècles des siècles. Amen. (https://fr.novalis.ca)
Gowegebiet
Här, eise Gott, mir bréngen d’Affer vun dengem Jong duer, duerch dat d’Mënschheet mat dir versöönt ass. Hien, dee fir eis gestuerwen an operstanen ass, soll alle Vëlker an Natiounen Eenheet a Fridde schenken. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Amen.
En offrant le sacrifice qui te réconcilie les hommes, Seigneur, nous te prions : que ton Fils lui-même accorde à tous les peuples les biens de l’unité et de la paix. Lui qui.
Hochgebet – „Jesus leidet mit den Menschen“
Nach der Präfation fährt der Zelebrant fort.
Ja, heilig bist du großer
Gott. V/A: Aus deinem Opfer wird unser Opfer.
Er lebte im Zwiespalt,
versucht und
verlassen; V/A: Aus deinem Opfer wird unser Opfer.
Er war,
wo Menschen
kämpften und litten, V/A: Aus deinem Opfer wird unser Opfer.
Deshalb gedenken wir seines Todes und seiner Auferstehung.
Vater, wir bitten dich,
dein Heiliger Geist
lasse jetzt Brot und Wein
Bei seinem letzten Abendmahl
sprach Jesus
Worte,
NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
Ebenso nahm er nach dem Mahl den
Kelch,
NEHMET UND TRINKET ALLE
DARAUS:
Das ist und bleibt
ein Geheimnis des
Glaubens!
Eine Verheißung durchzieht unser
Leben:
Er gibt uns Vertrauen,
selbst Unmögliches
zu versuchen, V/A: Aus deinem Opfer wird unser Opfer.
Guter Gott, wir bitten dich für
uns,
für unsere
Kirche,
Wir gedenken all der
Menschen,
Zusammen mit der Gottesmutter
Maria
Durch ihn
und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit. Amen. (Quelle unbekannt)
Vaterunser
Mat de Wierder vun eisem Här Jesus Christus wëlle mir elo zesummen d’Uleies vun dëser Welt virun eise Papp bréngen: Vater unser …
Friddensgebiet
Eis verstoppten Oueren an eis blann Aen huelen net wouer, wat eis zum Fridden déngt an zur Eenheet ënnert de Vëlker bäidréit. Dofir biede mir: Här Jesus Christus, kuck net op eis Feeler, mä op eisen Asaz a schenk eis ëmmer erëm däi Fridden. De Fridde sief mat iech all.
Schlussgebiet
Allmächtege Gott, du hues eis beruff, fir Christus, dem Kinnek vun denger ganzer Schëpfung ze dengen. Stäerk eis duerch des Moolzecht, déi eis Onstierflechkeet versprécht, fir datt mir Undeel kréien u senger Herrschaft an um éiwege Liewen. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Amen.
Après avoir partagé le pain de l’immortalité, nous te supplions, Seigneur : nous mettons notre gloire à obéir au Christ Roi de l’univers. Fais que nous puissions vivre avec lui, éternellement, dans la demeure du ciel. Lui qui.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement



