
|
|
4. Sonndeg am Joereskrees A - 31.1./1.2.2026
4. Sonndeg am Joereskrees A - 31.1./1.2.2026
„Denn die einen sind im Dunkeln und die anderen sind im Licht. Und man siehet die im Lichte, die im Dunkeln sieht man nicht.“ Sou heescht et an der "Dreigroschenoper" vum Bert Brecht. Beim Jesus ass dat aneschters. Hie gesäit och déi, déi am Däischteren an um Rand stinn. Hie gesäit och mech, mat menge Grenzen, mat mengen däischtere Säiten. Hie wëll all des däischter Säiten am Liewen hell maachen, elo an eiser Feier, wa mir säi Wuert lauschteren a eis mat him un den Dësch setzen. Froe mir hien em seng Begleedung.
Här, Jesus Christus, du hues ee grousst Häerz fir eis Mënschen. Du hues ee Bléck fir déi Kleng an déi Schwaach. Du erfëlls eis mat dengem Liicht a mat dengem Liewen.
Dagesgebiet
Här, eise Gott, du hues eis all erschafen, fir datt mir dech luewen. Gëff, datt mir dech mat ganzem Häerz ubieden an och all Mënsche gär hunn, déi’s du gär hues. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här. Amen.
Accorde-nous, Seigneur, de pouvoir t'adorer sans partage, et d'avoir pour tout homme une vraie charité. Par Jésus Christ.
Guter Gott. durch deinen Sohn hast du uns gezeigt, was es heißt, für dich und die Menschen zu leben. Befreie uns aus unseren Zwängen, immer mehr besitzen und haben zu wollen. Verschließe unser Herz vor Macht- und Habgier. Öffne unser Ohr für dein Wort, damit sich deine Verheißungen an uns erfüllen. Das erbitten wir durch Jesus Christus, deinen Sohn
Liesungen: Zef 2, 3; 3, 12-13 / 1 Kor 1, 26-31 / Mt 5, 1-12a
Lesung aus dem Buch Zefanja. Sucht den HERRN, all ihr Gedemütigten im Land, die ihr nach dem Recht des HERRN lebt! Sucht Gerechtigkeit, sucht Demut! Vielleicht bleibt ihr geborgen am Tag des Zorns des HERRN. Und ich lasse in deiner Mitte übrig ein demütiges und armes Volk. Sie werden Zuflucht suchen beim Namen des HERRN als der Rest von Israel. Sie werden kein Unrecht mehr tun und nicht mehr lügen, in ihrem Mund findet man keine trügerische Rede mehr. Ja, sie gehen friedlich auf die Weide und niemand schreckt sie auf, wenn sie ruhen.
Kv Selig, die arm sind vor Gott;denn ihnen gehört das Himmelreich.
Selig,
wer den Gott Jakobs als Hilfe hat, *
Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Seht doch auf eure Berufung, Brüder und Schwestern! Da sind nicht viele Weise im irdischen Sinn, nicht viele Mächtige, nicht viele Vornehme, sondern das Törichte in der Welt hat Gott erwählt, um die Weisen zuschanden zu machen, und das Schwache in der Welt hat Gott erwählt, um das Starke zuschanden zu machen. Und das Niedrige in der Welt und das Verachtete hat Gott erwählt: das, was nichts ist, um das, was etwas ist, zu vernichten, damit kein Mensch sich rühmen kann vor Gott. Von ihm her seid ihr in Christus Jesus, den Gott für uns zur Weisheit gemacht hat, zur Gerechtigkeit, Heiligung und Erlösung. Wer sich also rühmen will, der rühme sich des Herrn; so heißt es schon in der Schrift.
Halleluja. Halleluja. Freut euch und jubelt: Denn euer Lohn wird groß sein im Himmel. Halleluja.
Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. In jener Zeit, als Jesus die vielen Menschen sah, stieg er auf den Berg. Er setzte sich und seine Jünger traten zu ihm. Und er öffnete seinen Mund, er lehrte sie und sprach: Selig, die arm sind vor Gott; denn ihnen gehört das Himmelreich. Selig die Trauernden; denn sie werden getröstet werden. Selig die Sanftmütigen; denn sie werden das Land erben. Selig, die hungern und dürsten nach der Gerechtigkeit; denn sie werden gesättigt werden. Selig die Barmherzigen; denn sie werden Erbarmen finden. Selig, die rein sind im Herzen; denn sie werden Gott schauen. Selig, die Frieden stiften; denn sie werden Kinder Gottes genannt werden. Selig, die verfolgt werden um der Gerechtigkeit willen; denn ihnen gehört das Himmelreich. Selig seid ihr, wenn man euch schmäht und verfolgt und alles Böse über euch redet um meinetwillen. Freut euch und jubelt: Denn euer Lohn wird groß sein im Himmel.
Lecture du livre de Sophonie. Cherchez le Seigneur, vous tous, les humbles du pays, qui accomplissez sa loi. Cherchez la justice, cherchez l’humilité : peut-être serez-vous à l’abri au jour de la colère du Seigneur. Je laisserai chez toi un peuple pauvre et petit ; il prendra pour abri le nom du Seigneur. Ce reste d’Israël ne commettra plus d’injustice ; ils ne diront plus de mensonge ; dans leur bouche, plus de langage trompeur. Mais ils pourront paître et se reposer, nul ne viendra les effrayer.
R/ Heureux les pauvres de cœur, car le royaume des Cieux est à eux!
Le
Seigneur fait justice aux opprimés ;
Le
Seigneur ouvre les yeux des aveugles,
Le
Seigneur protège l’étranger,
Lecture de la première lettre de saint Paul Apôtre aux Corinthiens. Frères, vous qui avez été appelés par Dieu, regardez bien : parmi vous, il n’y a pas beaucoup de sages aux yeux des hommes, ni de gens puissants ou de haute naissance. Au contraire, ce qu’il y a de fou dans le monde, voilà ce que Dieu a choisi, pour couvrir de confusion les sages ; ce qu’il y a de faible dans le monde, voilà ce que Dieu a choisi, pour couvrir de confusion ce qui est fort ; ce qui est d’origine modeste, méprisé dans le monde, ce qui n’est pas, voilà ce que Dieu a choisi, pour réduire à rien ce qui est ; ainsi aucun être de chair ne pourra s’enorgueillir devant Dieu. C’est grâce à Dieu, en effet, que vous êtes dans le Christ Jésus, lui qui est devenu pour nous sagesse venant de Dieu, justice, sanctification, rédemption. Ainsi, comme il est écrit : ‘Celui qui veut être fier, qu’il mette sa fierté dans le Seigneur.’
Alléluia. Alléluia. Réjouissez-vous, soyez dans l’allégresse, car votre récompense est grande dans les cieux! Alléluia.
Évangile de Jésus-Christ selon saint Matthieu. En ce temps-là, voyant les foules, Jésus gravit la montagne. Il s’assit, et ses disciples s’approchèrent de lui. Alors, ouvrant la bouche, il les enseignait. Il disait : « Heureux les pauvres de cœur, car le royaume des Cieux est à eux. Heureux ceux qui pleurent, car ils seront consolés. Heureux les doux, car ils recevront la terre en héritage. Heureux ceux qui ont faim et soif de la justice, car ils seront rassasiés. Heureux les miséricordieux, car ils obtiendront miséricorde. Heureux les cœurs purs, car ils verront Dieu. Heureux les artisans de paix, car ils seront appelés fils de Dieu. Heureux ceux qui sont persécutés pour la justice, car le royaume des Cieux est à eux. Heureux êtes-vous si l’on vous insulte, si l’on vous persécute et si l’on dit faussement toute sorte de mal contre vous, à cause de moi. Réjouissez-vous, soyez dans l’allégresse, car votre récompense est grande dans les cieux ! »
Priedegt
"Sucht Gerechtigkeit, sucht Demut!" (Zef 2, 3b) - "Das Schwache in der Welt hat Gott erwählt, um das Starke zuschanden zu machen." (1 Kor 1, 27b) - "Selig, die hungern und dürsten nach der Gerechtigkeit." (Mt 5, 6a) Et ass seelen, dass all dräi Liesunge vum Sonndeg sech quasi op eng Iddi kënne festleeën. Haut géif ech gären als Titel iwwer déi Texter dat Wuert Gerechtegkeet schreiwen. Wann ech an eis Welt kucken, dann ass et grad d'Gerechtegkeet, déi op praktesch alle Platzen ze wënschen iwwereg léist. Kaum eng Situatioun vu mënschlechem Dosinn an Handelen ass wierklech vu Gerechtegkeet erfëllt.
Wann ech dann allerdéngs d'Bibeltexter vun dësem Sonndeg liesen, dann hunn ech deen éischte Moment een dach e wéineg fade Geschmaach a menge Gedanken. Ass dat net alles en ideologescht Vertréischte vun eiser Relioun, déi just wëll dat zementéieren, wat ass? Déi Dichteg si nu mol Dichteg an als dat soll ech si, wann ech kleng sinn, unerkennen. Déi Kleng a Schwaach sollen an aller Bescheidenheet hiert Lous unhuelen an net weider dergéint ukämpfen. Gott wäert hinne schonn iergendwéi am "Jenseits" dee gerechte Loun zoukomme loossen. Kann ech domat liewen a glécklech ginn? Ech schécken et gläich viraus, dass dat net meng Siicht vun der Saach ass. Ech hu mech ëmmer geweigert d'Welt esou ze gesinn an ech wäert et och net esou unhuele kënnen. Mä wat bedeiten dann elo all des Aussoen? Wat kënnen a wëllen si mir perséinlech an eis all soen?
Kucke mir haut eng Kéier méi genee op eis Liesung aus dem éischte Bréif vum Paulus un d'Gemeinschaft vu Korinth. Mir wëssen all, dass déi deemoleg Gesellschaft eng staark hierarchesch Gesellschaft war. Räich an Aarm, Männer a Fraen, fräi Mënschen a Sklaven asw. si waren all duerchaus getrennt an hu wuel an enger Stat mä a verschiddene Gruppen existéiert. De Paulus seet allerdéngs a sengem Bréif, dass all des Strukture viru Christus oder duerch d'Botschaft vu Christus opgehuewe sinn. De facto existéieren déi Ënnerscheeder tëschent de Mënsche viru Gott net. Gott wielt sech grad déi Aarm an déi Kleng aus. (vgl. z.B. 1 Sam 2, 7-10 oder Dtn 7, 6-8) De Paulus deit d'Schrëfte vum AT op d'Erfarunge vun de Mënsche vu Korinth. (vgl. Jer 9, 22f.) Laang Zäit si vill Texter aus der Bibel ëmmer nees esou ausgeluecht ginn, dass Mënsche sollen hier Plaz einfach unhuelen ouni ze meckeren. Ee Saz aus dem éischte Korintherbréif ass grad ëmmer nees esou gesi ginn. Do heescht et: "Jeder soll in dem Stand bleiben, in dem ihn der Ruf Gottes getroffen hat." (1 Kor 7, 20) Awer des Deitung entsprécht net dem Denke vum Paulus a scho guer net der Intentioun vun der Bibel un sech.[1]
De Paulus thematiséiert d'Ongerechtegkeet an der Stat Korinth. Hie gesäit, wéi schlecht et engem groussen Deel vun der Bevëlkerung geet. Déi duerchaus schrecklech Zoustänn sinn hei am Korintherbréif present an ze erkennen.[2] Mä muss een sech domat zefridde ginn? Muss ech als Chrëscht akzeptéieren, dass et Ënnerscheeder an de gesellschaftleche Klasse soll ginn, dass dat quasi vu Gott gewollt wier? Ass dat net ee Versuch, fir dee revolutionären Usproch vun der Botschaft vu Christus ze domestikéieren, esou dass hien an eis duerchaus ongerecht Strukture vun der Gesellschaft, jo och vun eiser Kierch erapasst, ouni dass een eppes misst wierklech veränneren? Déi éischt Chrëschten hu warscheinlech vill méi radikal dem Jesus seng Botschaft ëmgesat, wéi mir et mengen a wéi et eis ëmmer nach verzielt gëtt. D'Luise Schrottroff schreift an hirem Kommentar zu eiser Liesung: "Inzwischen ist die egalitäre Struktur frühchristlicher Gemeinden stärker in den Blick geraten."[3]
Allerdéngs bis haut ass et eng Saach, déi bal onméiglech schéngt, dass mir akzeptéieren, dass dem Jesus seng Botschaft wierklech konkret ganz anescht misst ausgeluecht ginn, wéi dat, wat mir bis elo an eiser Kierch gemaach hunn. De Paulus, wann ech et hei richteg gesinn, vertrëtt eng radikal egalitär Gemeinschaft vun alle Mënschen. Viru Gott ginn et keng Ënnerscheeder an dem mënschleche Status. Déi, déi an der Gesellschaft Privileegien hunn, ginn "entzaubert" a kréien hier Muecht geholl.[4] De Paulus steet hei mat senger Äusserung ganz an der Traditioun vu ville propheteschen Texter. (Vgl. z.B. 1 Sam 2, 1-10 LXX) Et ass gewëssermoossen en Evangelium vun den Aarmen.[5]
Ëmmer nees muss ech mech froen, wann ech des Zeile liesen, wéi et dann haut an eise Gesellschafte steet. Wéi gi mir ee mat deem aneren ëm? Wéi kucke mir dee Mënsch niewent eis? De Paulus kuckt a gesäit, wéi Mënschen an der Gesellschaft zu Korinth ugekuckt a behandelt ginn, déi ënnen an der Hierarchie stoungen. Grad och Mënschen deemools, déi an handwierkleche Beruffe geschafft hunn, sinn dacks mat Veruechtung gekuckt ginn. Déi literaresch Zeien aus der Zäit schwätzen do fir sech. Dee groussen Cicero beispillsweis äussert sech nawell zimmlech ofschätzend: "Eines freien Mannes unwürdig und schmutzig sind die Erwerbsmöglichkeiten aller Tagelöhner, die man für ihre körperliche Arbeit und nicht für ihre handwerkliche Fähigkeiten bezahlt. ... Und alle Handwerker treiben ein schmutziges Geschäft."[6] Mä ass dat haut besser ginn? Wuel kaum! Mir liewen nach ëmmer an enger staark ongläicher an ongerechter Gesellschaft. Grad déi, déi uewe stinn, op an der Gesellschaft, am Staat oder och an eiser Kierch, versichen déi al hierarchesch Strukture bäi ze behalen. Si gi bis haut als "gottgewollt" duergestallt a verteidegt. Dat geschitt ganz dacks mat Bezuch op Texter aus der Bibel. Allerdéngs beim geneeë Liesen halen des Texter kaum esou eng Deitung aus. Sou ass et eben och mat eiser Liesung vun haut aus dem éischte Korintherbréif.
Däitlech gëtt hei, dass d'Bewosstsi vun de Mënsche mat Bildung a mat Räichtum, iwwerleeën ze sinn, viru Gott näischt wäert ass. All des Grouss an Dichteg herrsche vläicht deemools wéi haut. Awer fir d'Gemeinschaft vun de Chrëschte sinn si ouni Bedeitung. Mä wat ass dann elo Gerechtegkeet? Sinn déi biblesch Texter haut wierklech just e Vertréischten? Ech mengen net. Si reege mech un, dass ech mir selwer bewosst ginn, wéi séier een ongerecht kann handelen, wéi séier een op aner Mënschen erof kuckt a Villes méi. Si weise mir dann awer, dass fir Gott all Mënsch gläich ass an dass ech selwer genee sou op jidder Mënsch misst kucke wéi Gott. Ech dierf mech dofir och net mat fest gefuerene Strukturen an der Gesellschaft zefridde ginn. Et ass eis Aufgab als Chrëschten ëmmer nees mam Fanger op ongerecht Strukturen hin ze weisen an si no Méiglechkeet och ze bekämpfen. Mat dem Bléck dorop, wéi Gott eis Welt kuckt, sinn ech opgeruff, säi Bléck an eis Zäit a Welt ëm ze setzen. Ech selwer muss der gëttlecher Gerechtegkeet entspriechent handelen.
"Sucht Gerechtigkeit, sucht Demut!" (Zef 2, 3b) heescht et haut beim Zefania. Wat fir eng Gerechtegkeet soll ech sichen? Hei eng Äntwert a Gedichtform:
gerechtigkeitssuche
ich suche gerechtigkeit suche darin sicherheit suche darin bestätigung
suche möglichkeiten mich zu rechtfertigen mir selbst zu vergeben andere zu steinigen den eigenen balken nicht zu sehen
meine gerechtigkeit sucht leider meine gerechtigkeit
DEINE gerechtigkeit sucht zum glück beziehung[7]
[1] Vgl. heizou: Luise Schottroff, Der erste Brief an die Gemeinde in Korinth, Verlag W. Kohlhammer, Stuttgart 2013, S. 42. [2] Vgl. ebd. S. 42f. [3] Ebd. S. 43. [4] Vgl. ebd. S. 43. [5] Vgl. ebd. S. 43. [6] Cicero, De officiis - Vom pflichtgemässen Handeln, Lateinisch-Deutsch, Hrsg. und übersetzt von Rainer Nickel, Sammlung Tusculum, Düsseldorf 2008, I 150. [7] Wolfgang Metz, die liebe CHRISTI drängt uns. Gedichte, Echter Verlag Würzburg 2015, S. 69.
Fürbitten
Loosse mir zesummen zu eisem Här Jesus bieden. Hien huet déi als séileg gelueft, déi an eiser Welt um Rand stinn an dacks veruecht ginn.
* Séileg si fir dech déi, déi aarm si viru Gott. Stéi deenen Aarmen an eiser Gesellschaft bäi a maach d'Häerzer vun deene Räichen op fir hier Nout. Christus, héier eis.
* Séileg si fir dech déi, déi Fridde stëften. Looss all Beméiunge fir en Enn vun de Kricher an eiser Welt Fruucht droen. Christus, héier eis.
* Séileg si fir dech déi, déi traueren. Maach grad deenen d'Däischtert an hirem Liewen hell, déi ee léiwe Mënsch verluer hunn. Christus, héier eis.
* Séileg si fir dech déi, déi baarmhäerzeg sinn. Stäerk an eiser Kierch d'Haltung vun der Baarmhäerzegkeet fir déi, déi dacks net méi eens ginn eiser Gemeinschaft. Christus, héier eis.
* Séileg si fir dech déi, déi gerecht sinn. Looss deng Gerechtegkeet fir all eis Verstuerwe gëllen an huel si bäi dir op. Christus, héier eis.
Du Här bass räich an denger Guttheet. Lauschter op eis Gebieder. Mir soen dir dofir Merci, elo an an all Éiwegkeet. Amen.
II.
En union avec Jésus et avec l’éclairage des béatitudes, présentons au Père notre prière pour les petits et les pauvres de ce monde. Que vienne ton règne, Seigneur! – Présentons au Seigneur les gens qui manquent de tout et qu’il aime par-dessus tout. – Présentons au Seigneur ceux et celles qui luttent pour leurs frères et sœurs méprisés. – Présentons au Seigneur les hommes, les femmes et les enfants qui ouvrent leur cœur au pardon. – Présentons au Seigneur toutes les personnes qui espèrent la réalisation de sa promesse de salut et de paix. Reçois notre prière, Dieu notre Père. Toi seul peux combler les désirs de notre cœur. Nous te le demandons par Jésus, ton Fils, lui qui vit et règne avec toi pour les siècles des siècles. Amen. (https://fr.novalis.ca)
Gowegebiet
Pour te servir, Seigneur, nous déposons nos offrandes sur ton autel: acceuille-les avec indulgence, pour qu'elles deviennent le sacrement de notre salut. Par Jésus.
Herr, wir sind versammelt in deinem Namen und erfüllen den Auftrag, den du deinen Jüngern gegeben hast. Wir feiern und danken dir gemeinsam für das Opfer deines Lebens und die Herrlichkeit deiner Auferstehung. Durch dieses unser gemeinsames Feiern und durch dein Wirken erlöst du uns. Wir bitten dich darum dieses Gedächtnis mit größtmöglicher Hingabe feiern zu können, darum bitten wir dich, der zu lebst jetzt und in Ewigkeit.
Hochgebet – Jesus richtet auf
(Nach
dem Sanctus fährt der Priester fort:) Zunächst gar nichts Besonderes.
Dreißig Jahre ohne Aufsehen
arbeitenin der Schreinerei seines Vaters.
Messerscharfe Worte werfen,
wie ein Chirurg,
der aus dem eigenen Leib
Und dann: Die Ärmel aufkrempeln:
Menschen heilen,
woran nur immer
Eine gute Nachricht wurde er,
eine frohe
Botschaft bis hin nach Syrien,
Überall kamen Menschen zu
Kräften,
lernten den
aufrechten Gang,
trauten sich,
wieder zu leben.
Darin war er ein Meister.
Viele gingen mit ihm.
Unverbindlich,
verbindlich:
Doch seine Liebe zu den
Außenseitern,
sein heilender
Umgang mit den Kranken,
Gott, allmächtiger Vater,
wir denken jetzt
an Jesu letztes
Abendmahl
bevor er für uns
starb.
Und so war es
bei seinem letzten
Abendmahl:
NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
Ebenso nahm er
nach dem Mahl den
Kelch, dankte wiederum,
NEHMET UND TRINKET ALLE
DARAUS:
Das ist und bleibt
ein Geheimnis des
Glaubens!
Vater Jesu und unser Gott.
Uns gab er den Auftrag,
seine Liebe
weiterzuschenken
und seine
Worte
Darum bitten auch wir um seinen
Geist:
für uns, die wir
jetzt hier sind,
Halte du deine Hand über uns
alle
und tu an uns,
wie du an Jesus
getan hast.
Trage uns, führe uns, fange uns
auf
jetzt und in der
Stunde unseres Todes.
In der Gemeinschaft
mit Maria und
Josef,
den Aposteln und
Blutzeugen,
Durch ihn
und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Quelle unbekannt
Vaterunser
Gott huet ee Konzept, wéi hien eis als Mënschen zesummeféiert an eis Welt gutt mécht. Dacks si mir doruechter a verstinn net sou richteg, wat dem Plang vu Gott entsprécht. Dofir wende mir eis mat Vertrauen un hien a bieden: Vater unser im Himmel, …
Friddensgebiet
Eist Liewen ass all ze dacks ouni Rou. Mir ginn eraus gefuerdert duerch munch Angeboter, déi eis awer och op ee falsche Wee féiere wëllen. Mir sinn dacks iwwerflächlech, giereg no Muecht a veruechten eis Matmënschen. Nëmme bäi Gott a mat him kënne mir Gebuergenheet a Fridde fannen. Froe mir ëm de Fridde vun eisem Här: Här Jesus Christus kuckt net op eis Feeler mä op eise gudde Wëllen a schenk eis ëmmer nees däi Fridden. De Fridde sief mat iech all.
Schlussgebiet
Baarmhäerzege Gott, d’Sakrament vun der Erléisung, dat mir empfaangen hunn, soll eis de Wee zu dir weisen an eis deen echten an déiwe Glawe schenken. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Nous avons été fortifiés, Seigneur, par le sacrement de notre Rédemption; permets que cet aliment de salut éternel nous fasse progresser dans la vraie foi. Par Jésus.
Guter Gott, diese heilige Versammlung mit all dem, was du uns hier geschenkt hast, richtet uns wieder auf und lässt uns getrost in unseren Alltag zurückkehren; wissen wir doch, dass wir wiederkommen dürfen, zu dir, dem Quell unseres Lebens. Dafür sei dir Dank durch Christus, unseren Herrn.
Segen
Der Gott, der dich schuf, geleite
dich.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement


