
|
|
5. Ouschtersonndeg C - 17./18.5.2025 - Héichfest vun der Tréischterin am Leed
5. Ouschtersonndeg C - 17./18.5.2025 - Héichfest vun der Tréischterin am Leed
Dëse WE feiere mir d’Héichfest vun eiser Tréischterin am Leed. "Pilger vun der Hoffnung" ass Thema vun der Oktav. Scho 400 Joer pilgere Mënsche bäi d'Tréischterin a leeën hier alles vir, wat si um Häerz hunn. Si pilgeren an der Hoffnung, dass si Hëllef fannen. D'Thema vum Hellege Joer passt dofir ganz gutt zu der Muttergottes-Oktav. Ass net grad d'Hoffnung dat Gefill, dat eis ëmmer nees opbrieche léist? Grad a schwéieren Zäite léist d'Hoffnung eis Mutt ginn, fir een neie Wee an ze schloen. Eis Kierch insgesamt mécht sech elo mat engem neie Poopst op ee Wee, deen nach däischter an onbekannt ass. Awer hoffnungsvoll kënne mir sinn. Eisen Här begleet eis. Seng Mamm huet ëmmer nees Mënschen ugereegt fir selwer des Hoffnung, fir selwer dëst Gefill vun Erwaardung opkommen ze loossen a mat Freed an d'Zukunft ze kucken. Froe mir eisen Här ëm seng Hëllef a Begleedung, sou dass mir dorausser Kraaft schäffe fir eist Liewe vun haut.
* Här, Jesus Christus, um Kräiz hues eis deng Mamm zur Mamm ginn. * Här, Jesus Christus, deng Mamm trëtt bäi dir fir eis an. * Här, Jesus Christus, du schenks eis duerch si nei Hoffnung.
Dagesgebiet
Härgott, eise Papp, du bass baarmhäerzeg, du gëss äis all Trouscht: däi Sonn huet um Kräiz Maria, seng Mamm, och äis zur Mamm ginn. Lauschter op eis Patréinesch, déi fir äis schwätzt, a schenk äis an all Nout däin Trouscht an déng Hëllef. Duerfir biede mer duerch Jesus Christus, däi Sonn, eisen Här an eise Gott, deen an der Eenheet vum Hellege Geescht mat dir lieft an Här ass an all Éiwegkeet. Amen.
Liesungen vum Fest vun der Tréischterin: Jes 49, 13-15 / Ps 84, 1-2.5-6.8.11-12 / 2 Kor 1, 3-7 / Joh 19, 25-27
Lesung aus dem Buch Jesaja. Jubelt, ihr Himmel, jauchze, o Erde, freut euch, ihr Berge! Denn der HERR hat sein Volk getröstet und erbarmt sich seiner Armen. Doch Zion sagt: Der HERR hat mich verlassen, Gott hat mich vergessen. Kann denn eine Frau ihr Kindlein vergessen, ohne Erbarmen sein gegenüber ihrem leiblichen Sohn? Und selbst wenn sie ihn vergisst: Ich vergesse dich nicht.
R.: Selig, die in deinem Hause wohnen, o Herr. 2 Wie liebenswert ist deine Wohnung, du HERR der Heerscharen! 3 Meine Seele verzehrt sich in Sehnsucht nach den Höfen des HERRN. Mein Herz und mein Fleisch, sie jubeln dem lebendigen Gott entgegen.
5 Selig, die wohnen in deinem Haus, die dich allezeit loben. 6 Selig die Menschen, die Kraft finden in dir, die Pilgerwege im Herzen haben.
8 Sie schreiten dahin mit wachsender Kraft und erscheinen vor Gott auf dem Zion. 11 Ja, besser ist ein einziger Tag in deinen Höfen als tausend andere.
12 Denn Gott der HERR ist Sonne und Schild. Der HERR schenkt Gnade und Herrlichkeit. Nicht versagt er Gutes denen, die rechtschaffen wandeln. 13 HERR der Heerscharen, selig der Mensch, der auf dich sein Vertrauen setzt!
Lesung aus dem zweiten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Gepriesen sei der Gott und Vater unseres Herrn Jesus Christus, der Vater des Erbarmens und Gott allen Trostes. Er tröstet uns in all unserer Not, damit auch wir die Kraft haben, alle zu trösten, die in Not sind, durch den Trost, mit dem auch wir von Gott getröstet werden. Wie uns nämlich die Leiden Christi überreich zuteilgeworden sind, so wird uns durch Christus auch überreicher Trost zuteil. Sind wir aber in Not, so ist es zu eurem Trost und Heil. Werden wir getröstet, so ist es zu eurem Trost; er wird wirksam durch Geduld in den gleichen Leiden, die auch wir erleiden. Unsere Hoffnung für euch ist unerschütterlich, denn wir wissen, dass ihr nicht nur an den Leiden teilhabt, sondern auch am Trost.
Halleluja. Halleluja. Sei gegrüßt, Mutter der Barmherzigkeit, Mutter der Hoffnung und der Gnade, Jungfrau Maria. Halleluja.
Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. In jener Zeit standen bei dem Kreuz Jesu seine Mutter und die Schwester seiner Mutter, Maria, die Frau des Klopas, und Maria von Magdala. Als Jesus die Mutter sah und bei ihr den Jünger, den er liebte, sagte er zur Mutter: Frau, siehe, dein Sohn! Dann sagte er zu dem Jünger: Siehe, deine Mutter! Und von jener Stunde an nahm sie der Jünger zu sich.
Lecture du livre du prophète Isaïe. Cieux, criez de joie ! Terre, exulte ! Montagnes, éclatez en cris de joie ! Car le Seigneur console son peuple ; de ses pauvres, il a compassion. Jérusalem disait : « Le Seigneur m’a abandonnée, mon Seigneur m’a oubliée. » Une femme peut-elle oublier son nourrisson, ne plus avoir de tendresse pour le fils de ses entrailles ? Même si elle l’oubliait, moi, je ne t’oublierai pas.
R.: Heureux les habitants de ta maison, Seigneur! De quel amour sont aimées tes demeures, Seigneur, Dieu de l'univers ! Mon âme s'épuise à désirer les parvis du Seigneur ; * mon coeur et ma chair sont un cri vers le Dieu vivant !
Heureux les habitants de ta maison : ils pourront te chanter encore ! Heureux les hommes dont tu es la force : des chemins s'ouvrent dans leur coeur ! R
Ils vont de hauteur en hauteur, ils se présentent devant Dieu à Sion. Oui, un jour dans tes parvis en vaut plus que mille. J'ai choisi de me tenir sur le seuil, dans la maison de mon Dieu, * plutôt que d'habiter parmi les infidèles. R
Le Seigneur Dieu est un soleil, il est un bouclier ; * le Seigneur donne la grâce, il donne la gloire. Jamais il ne refuse le bonheur à ceux qui vont sans reproche. Seigneur, Dieu de l'univers, heureux qui espère en toi ! R
Lecture de la deuxième lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens. Frères, béni soit Dieu, le Père de notre Seigneur Jésus Christ, le Père plein de tendresse, le Dieu de qui vient tout réconfort. Dans toutes nos détresses, il nous réconforte ; ainsi, nous pouvons réconforter tous ceux qui sont dans la détresse, grâce au réconfort que nous recevons nous-mêmes de Dieu. En effet, de même que nous avons largement part aux souffrances du Christ, de même, par le Christ, nous sommes largement réconfortés. Quand nous sommes dans la détresse, c’est pour que vous obteniez le réconfort et le salut ; quand nous sommes réconfortés, c’est encore pour que vous obteniez le réconfort, et cela vous permet de supporter avec persévérance les mêmes souffrances que nous. En ce qui vous concerne, nous avons de solides raisons d’espérer, car, nous le savons, de même que vous avez part aux souffrances, de même vous obtiendrez le réconfort.
Alléluia. Alléluia. Nous te saluons, Mère de miséricorde, Mère d'espérance et de la grâce, Vierge Marie. Alléluia.
Évangile de Jésus-Christ selon saint Jean. En ce temps-là, se tenaient près de la croix de Jésus sa mère et la sœur de sa mère, Marie, femme de Cléophas, et Marie Madeleine. Jésus, voyant sa mère, et près d’elle le disciple qu’il aimait, dit à sa mère : « Femme, voici ton fils. » Puis il dit au disciple : « Voici ta mère. » Et à partir de cette heure-là, le disciple la prit chez lui.
Priedegt
Als Thema iwwer eiser Muttergottesoktav steet dëst Joer och de Motto vum Hellege Joer: "Pilger vun der Hoffnung". An eisem Liewen si mir ëmmer nees ënnerwee. Et vergeet kaum een Dag, wou net eppes Neies op eis zoukënnt. Mol sinn et schéi Momenter, déi op eis waarden, mol sinn et awer och traureg Ugeleeënheeten, déi eis ploen. Krankheet an Alter kommen onweigerlech a loossen eis dann och heiansdo bal verzweiwelen.
Eise Glawe wëll eis grad dann eng Stäip ginn. Mir brauchen Trouscht. Net zulescht ass et jo och déi Motivatioun, déi zënter 400 Joer ëmmer nees Mënsche bäi d'Tréischterin gefouert huet. D'Maria als Mamm vum Jesus gëllt eis als eng Mamm, déi praktesch all Momenter vun engem mënschleche Liewe matgemaach huet, sou wéi och mir et erfueren. Freed a Leed gouf et an hirem Liewen. Och wa mir hiert Liewen eigentlech bis op déi puer Zeenen, déi an den Evangelien niddergeschriwwe sinn, net kennen, sou projezéiere mir all eis Erfarungen aus dem Liewen an hiert Liewen. Si hat sécher ee Liewen, dat net ëmmer einfach war. A grad d'Enttäuschungen, déi si mat dem Jesus selwer erlieft huet, mussen hier nawell duerchaus kräfteg zougesat hunn. Ech erënneren un déi berüümten Zeen am Markusevangelium, wou seng Mamm a seng Bridder hie mat Gewalt wollten zeréck, also heem, huelen.[1] D'Maria selwer war deemno net grad erfreet iwwer dat, wat de Jesus gemaach huet. Et muss een sech och d'Fro stellen, wéi si zu der Priedegt vum Jesus stoung. Huet si hien iwwerhaapt verstane gehat? Mä stelle mir eis net och dacks esou Froen am Liewen? Versti mir alles, wat ronderëm eis geschitt? Dacks ass et an eis zimmlech däischter a mir wësse kee Rot.
D'Maria als Mamm vum Jesus huet ee Wee misste goen, deen net liicht war. Wa mir d'Johannesevangelium (Joh 19, 25-27) kucken, dat haut gelies gouf, da schéngt d'Maria awer een Zougang zu hirem Jong fonnt ze hunn. Si kritt am leschte Moment een Optrag. Si soll sech als Mamm ëm deen Apostel këmmeren, deen och ënner dem Kräiz steet. Hire Wee am Liewen ass deemno hei un ee Punkt komm, wou si selwer zu enger Apostelin vun hirem Jong gëtt. Wat si doraus gemaach huet, kréie mir net méi gesot. D'Evangelie verschweigen eis de weidere Liewenswee vun der Maria. Alles, wat mir esou mengen iwwer si ze wëssen, ass eng fromm Dichtung. Awer si huet eis et erlaabt all eis Suergen an si eran ze projezéieren. Si ass déi Persoun, vun der mir hoffen, dass si eis ganz no ass. Et ass eng Saach vun eisem Häerz.
A genee do denken ech un ee markanten Text aus der Mass vun eiser Tréischterin. Am Antwortpsalm no der éischter Liesung steet dëse Saz: "Selig die Menschen, die Kraft finden in dir, die Pilgerwege im Herzen haben." (Ps 84, 6) Déi nei däitsch Iwwersetzung ass hei méi präzis um hebräeschen Urtext. An eisem Häerz si sécher keng real Weeër. Et ass eng Metapher, déi eis wëll soen, dass déi Mënsche glécklech sinn, deenen hiert Häerz voll ass vun der Virstellung, dass hiert ganzt Liewen ee "Pilgerwee" zu Gott ass. An dora fannen si da Kraaft a Stäerkt.[2] Op d'Maria dat selwer esou empfonnt huet, wësse mir net. Allerdéngs muss si dann dach een déift Vertraue gehat hunn, soss hätt si kaum herno ënner dem Kräiz kënne stoen an si wier och net bäi den Apostele bliwwen, wéi d'Apostelgeschicht eis et erzielt. (Apg 1, 13-14)
Pilger vun der Hoffnung ass dofir fir mech ee Bild, dat mech weider goe léist am Liewen trotz allem, wat net esou schéin ass. Warscheinlech kann een d'Maria als ee Pilger vun der Hoffnung bezeechnen, déi an hirem Häerz dann dach déi grouss Hoffnung gedroen huet, dass dem Jesus säi Wee ee Wee vun Trouscht ass fir all Mënsch. Am Antwortpsalm vun der Mass ass ee ganz entscheedende Saz ewech gelooss ginn. Am Vers 7 heescht an der neier Iwwersetzung: "Ziehen sie durch das Tal der Dürre, machen sie es zum Quellgrund und Frühregen hüllt es in Segen." (Ps 84, 7) Och hei ass et eng Metapher, déi eis noleet, dass mir am Liewen dacks op schlëmmste Saachen a Momenter stoussen. Mä wa mir vun enger Sehnsucht, vun enger Hoffnung op Gott beweegt sinn, kënne mir och déi schrecklechst Liewensweeër ëmwandelen a Weeër vun Heel.[3]
Den Antwortpsalm geet dann nach ee Stéck weider. Wann d'Häerz vun der Sehnsucht no Gott total erfëllt ass, dréit de Mënsch eng Liewenskraaft a sech, déi quasi net aus ze schäffen ass. "Sie schreiten dahin mit wachsender Kraft und erscheinen vor Gott auf dem Zion." (Ps 84, 8) Si mir esou Pilger vun der Hoffnung, dass mir des Kraaft an eis spieren?
Pilger vun der Hoffnung: d'Thema ass sou aktuell, wéi och den Antwortpsalm aktuell ass. Trotz allem, wat dem Mënsch am Liewe begéint u Schlechtem an un deem, wat eis zäitweis d'Freed an och d'Kraaft ewech hëlt, steet d'Hoffnung do, dass Gott d'Zil vun eisem Wee ass. Grad haut, wou mir dacks vill Resignatioun begéinen am eegene Liewen an och an eiser Kierch a Gesellschaft, wou Trauregkeet eis nidderdréckt, ass et wichteg an des Hoffnung eran ze klammen an eis op de Pilgerwee ze maachen zu Gott an zu senger Botschaft vu Léift.[4]
Hoffnung - das heißt für mich
die Welt aus dem Frieden Gottes heraus betrachen,
mein Leben von der Liebe Gottes umfangen wissen,
die Zukunft in der Hand Gottes gehalten glauben,
den Augenblick für Gottes Gnade offen sehen.[5]
[1] Mk 3: 20 Jesus ging in ein Haus und wieder kamen so viele Menschen zusammen, dass sie nicht einmal mehr essen konnten. 21 Als seine Angehörigen davon hörten, machten sie sich auf den Weg, um ihn mit Gewalt zurückzuholen; denn sie sagten: Er ist von Sinnen. ... 31 Da kamen seine Mutter und seine Brüder; sie blieben draußen stehen und ließen ihn herausrufen. 32 Es saßen viele Leute um ihn herum und man sagte zu ihm: Siehe, deine Mutter und deine Brüder stehen draußen und suchen dich. 33 Er erwiderte: Wer ist meine Mutter und wer sind meine Brüder? 34 Und er blickte auf die Menschen, die im Kreis um ihn herumsaßen, und sagte: Das hier sind meine Mutter und meine Brüder. 35 Wer den Willen Gottes tut, der ist für mich Bruder und Schwester und Mutter. (Vgl. och: Mt 12,46-50) [2] Vgl. Frank-Lothar Hossfeld / Erich Zenger, Psalmen 51-100, HthKAT, Freiburg 2000, S. 518. [3] Vgl. ebd. S. 518. Hei ass och nach eng ganz interessant Diskussioun iwwer d'Iwwersetzung an d'Interpretatioun nozeliesen. [4] Vgl. ebd. S. 522. [5] aus: Kurt Rainer Klein, Berühre uns, Herr, sanft mit deinem Wort, Neukirchen-Vluyn 2019, S. 78.
Fürbitten
Ouschteren ass fir eis d'Hoffnung, dass alles nei gëtt. Als Pilger an enger Welt, déi net perfekt ass, riicht mir op d'Firsprooch vun eiser Tréischterin eist Gebiet un eisen Här Jesus Christus:
* Wa Mënschen ënner Krich an Terror leiden, schenk du Fridden, dee fräi mécht fir een neit an hoffnungsvollt Liewen. Christus, héier eis.
* Wa Krankheeten u Läif an u Séil d'Dosinn däischter maachen, schenk du Heelung, déi dem Liewen nei Hoffnung bréngt. Christus, héier eis.
* Wa fir Mënschen dat deeglecht Auskommen zu enger grousser Suerg gëtt, schéck du Mënschen, déi hëllefen an nei Hoffnung ginn. Christus, héier eis.
* Wann Dout an Trauer d'Liewe belaaschten, da looss du eis Hoffnung verbreeden, dass d'Liewe bäi dir éiweg ass. Christus, héier eis.
Här Jesus Christus, dir an dengem Papp gehéiert eise Merci fir all déi Suerg ëm eis Mënschen. Op d’Firsprooch vun eiser Tréischterin erhéier eis Gebieder. Mir luewen an éieren dech, elo an an all Éiwegkeet. Amen.
II.
Le commandement nouveau nous invite à partager les joies et les souffrances de notre monde. Qu’aujourd’hui, notre prière soit vraiment universelle. Dieu de l’univers, écoute-nous. – Pour l’Église; afin que sa parole et son action missionnaire soient partout dans le monde un ferment de paix et d’unité, prions le Seigneur. – Pour tous les dirigeants politiques ou religieux; afin qu’ils privilégient toujours dans leur administration les appauvris, les exploités, les personnes malmenées par la vie, prions le Seigneur. – Pour l’ensemble des baptisés; afin qu’ils s’ouvrent toujours davantage aux autres et se mettent à leur service, prions le Seigneur. – Pour les personnes qui ne connaissent pas l’amour ou qui n’en connaissent que des déformations, prions le Seigneur. – Pour tous les membres de nos communautés chrétiennes; afin qu’ils saisissent toute la beauté et toute l’exigence de la Loi d’amour et prennent la décision d’en vivre, prions le Seigneur. Dieu très bon, donne-nous la force de vivre pleinement ta loi d’amour et de reconnaître en chaque personne ton enfant bien-aimé. Nous te le demandons par Jésus, ton Fils, lui qui nous aime maintenant et pour les siècles. Amen. (https://fr.novalis.ca)
Gowegebiet
Här, looss d'Kraaft vum Hellege Geescht op eis Gowe kommen, a maach se zum Läif an zum Blutt vun dengem Sonn. Hien huet vu Maria eis Mënschennatur ugeholl. An dëser helleger Feier soll hien äis säi gëttlecht Liewe schenken. Duerfir biede mer duerch hien, Christus, eisen Här. Amen.
Hochgebet - Maria Präfation
Ja, wir haben allen Grund, dich,
Gott, zu preisen
Sanktus
Immer und immer wieder
Seiner gedenken wir,
wenn wir jetzt
bitten und beten:
Denn in der Nacht,
in der Jesus
verraten wurde
NEHMET UND ESSET ALLE DAVON,
Ebenso nahm er nach dem Mahl den
Kelch,
NEHMET UND TRINKET ALLE
DARAUS:
TUT DIES ZU MEINEM GEDÄCHTNIS. Geheimnis des Glaubens
Guter Gott, dankbar wollen wir
uns in dieser Stunde
Guter Gott, wir danken dir auch
für Maria:
Ihre Bescheidenheit, ihre Liebe
und Treue
Vater im Himmel,
wir bitten dich für
unsere Kirche,
Wir gedenken in dieser Stunde
auch all der
Menschen,
Wenn unser irdisches Leben sein
Ende findet,
Zusammen mit der Gottesmutter
Maria,
Durch ihn und mit ihm und in ihm
ist dir, Gott, allmächtiger Vater, (Quelle unbekannt)
Vater Unser
Am Gebiet, dat eisen Här Jesus eis geléiert huet, froe mir ëm eist deeglecht Brout. Dëst Gebiet soll och fir eis eng Opfuerderung si mat de Mënschen an Nout ze deelen, sou dass och si nei Hoffnung fannen an dat deeglecht Brout kënne genéissen: Vater Unser ...
Friddensgebiet
Pilger vun der Hoffnung ze sinn, kann och heeschen, dass mir eis konkret fir de Fridden an eiser Welt asetzen. Dacks kucke mir just no, wa Mënschen duerch Krich all Fräiheete geholl kréien. Eis chrëschtlech Missioun misst et sinn, fir selwer drun ze schaffen, dass erëm Fridden entsteet. Här Jesus Christus looss eis iwwerall antriede fir de Fridde fir all Mënsch an dëser Welt.
Schlussgebiet
Härgott, du hues all Muecht: Am Sakrament, dat mer empfaangen hunn, verkënnege mer den Doud an d'Operstoe vun dengem Sonn.
Gëff äis d'Kraaft, fir mat
senger Mamm ënnert dem Kräiz ze stoen fir datt mer och deelhuelen u sengem Operstoen. Duerfir biede mer duerch hien, Christus, eisen Här. Amen.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement



