
|
|
Allerséilen 2.11.2025
Allerséilen 2.11.2025
Allerséilen ass fir eis Mënsche vun haut wuel een Dag, deen eis net esou ganz geheier ass. Hien erënnert eis un eis Konditioun an enger Welt, déi ee Kommen a Vergoen huet. Mir sinn als Mënsche stierflech Wiesen. Eis Zäit ass begrenzt. An dach hoffe mir, dass dat, wat mir an dëser Welt sinn net ëmsoss a verluer ass. Eis Hoffnung riicht sech op deen, deen no eisem chrëschtleche Glawen des Welt hält an dréit. Mat grousser Dankbarkeet erënnere mir eis haut un all déi, déi virun eis waren. Loosse mir si all an eisen Häerzer droen an elo fir si bieden:
Här Jesus Christus, du schenks eis een neit Liewen. Här Jesus Christus, du bass de Wee, d'Wourecht an d'Liewen. Här Jesus Christus, duerch dech kënne mir op ee Liewen an Herrlechkeet hoffen.
Dagesgebiet
Allmächtegen an éiwege Gott, mir gleewen a bekennen, datt's du déi Jong als Éischte vun den Doudegen erwächt hues. Stäerk eis Hoffnung, datt's du och eis Bridder a Schwësteren operstoe léis zum éiwege Liewen. Dorëms biede mir dech duerch Christus, eisen Här.
Här eise Gott, du bass d’Liicht vun deene Gleewegen an d’Liewe vun dengen Hellegen. Du hues eis duerch den Doud an d’Opersteeung vun dengem Jong erléist. Kuck a Gnod op all eis Verstuerwen, déi d’Geheimnis vun eiser Opersteeung gleeweg bekannt hunn, a looss fir éiweg deng Herrlechkeet gesinn. Dorëms biede mir dech duerch Christus, eisen Här.
Écoute nos prières avec bonté, Seigneur : fais grandir notre foi en ton Fils ressuscité des morts, pour que soit plus vive aussi notre espérance en la résurrection de tous nos frères défunts.
Liesungen: Ijob 19,1.23-27a / Röm 14,7-9.10c-12 / Joh 14, 1-6
Lesung aus dem Buch Ijob. Ijob sprach: Würden meine Worte doch geschrieben, würden sie doch in ein Buch eingeritzt, mit eisernem Griffel und mit Blei, für immer gehauen in den Fels. Doch ich, ich weiß: Mein Erlöser lebt, als Letzter erhebt er sich über dem Staub. Ohne meine Haut, die so zerfetzte, und ohne mein Fleisch werde ich Gott schauen. Ihn selber werde ich dann für mich schauen; meine Augen werden ihn sehen, nicht mehr fremd.
Kv. Der HERR ist mein Licht und mein Heil. Der HERR ist mein Licht und mein Heil: * Vor wem sollte ich mich fürchten? Der HERR ist die Zuflucht meines Lebens: * Vor wem sollte mir bangen? Kv Eines habe ich vom HERRN erfragt, * dieses erbitte ich: im Haus des HERRN zu wohnen * alle Tage meines Lebens. Kv Höre, HERR, meine Stimme, wenn ich rufe; * sei mir gnädig und gib mir Antwort! Mein Herz denkt an dich: Suchet mein Angesicht! * Dein Angesicht, HERR, will ich suchen. Kv Ich bin gewiss, zu schauen * die Güte des HERRN im Land der Lebenden. Hoffe auf den HERRN, / sei stark und fest sei dein Herz! * Und hoffe auf den HERRN! Kv
Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom. Schwestern und Brüder! Keiner von uns lebt sich selber und keiner stirbt sich selber: Leben wir, so leben wir dem Herrn, sterben wir, so sterben wir dem Herrn. Ob wir leben oder ob wir sterben, wir gehören dem Herrn. Denn Christus ist gestorben und lebendig geworden, um Herr zu sein über Tote und Lebende. Wir werden doch alle vor dem Richterstuhl Gottes stehen. Denn es steht geschrieben: So wahr ich lebe, spricht der Herr, vor mir wird jedes Knie sich beugen und jede Zunge wird Gott preisen. Also wird jeder von uns vor Gott Rechenschaft über sich selbst ablegen.
Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:) Im Hause meines Vaters sind viele Wohnungen. Ich werde wiederkommen und euch zu mir holen, damit auch ihr dort seid, wo ich bin. Halleluja.
Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. In jener Zeit sprach Jesus zu seinen Jüngern: Euer Herz lasse sich nicht verwirren. Glaubt an Gott und glaubt an mich! Im Haus meines Vaters gibt es viele Wohnungen. Wenn es nicht so wäre, hätte ich euch dann gesagt: Ich gehe, um einen Platz für euch vorzubereiten? Wenn ich gegangen bin und einen Platz für euch vorbereitet habe, komme ich wieder und werde euch zu mir holen, damit auch ihr dort seid, wo ich bin. Und wohin ich gehe - den Weg dorthin kennt ihr. Thomas sagte zu ihm: Herr, wir wissen nicht, wohin du gehst. Wie können wir dann den Weg kennen? Jesus sagte zu ihm: Ich bin der Weg und die Wahrheit und das Leben; niemand kommt zum Vater außer durch mich.
Lecture du livre de Job. Job prit la parole et dit: Ah, si seulement on écrivait mes paroles, si on les gravait sur une stèle avec un ciseau de fer et du plomb, si on les sculptait dans le roc pour toujours! Mais je sais, moi, que mon rédempteur est vivant, que, le dernier, il se lèvera sur la poussière; et quand bien même on m’arracherait la peau, de ma chair je verrai Dieu. Je le verrai, moi en personne, et si mes yeux le regardent, il ne sera plus un étranger.
R/ Ma lumière et mon salut, c'est le Seigneur, alléluia !
Le
Seigneur est ma lumière et mon salut; de qui aurais-je crainte?
J'ai
demandé une chose au Seigneur, la seule que je cherche :
Écoute,
Seigneur, je t'appelle! Pitié! Réponds-moi!
Mais
j'en suis sûr, je verrai les bontés du Seigneur sur la terre des
vivants.
Lecture de la lettre de saint Paul apôtre aux Romains. Frères et soeurs! En effet, aucun d’entre nous ne vit pour soi-même, et aucun ne meurt pour soi-même: si nous vivons, nous vivons pour le Seigneur; si nous mourons, nous mourons pour le Seigneur. Ainsi, dans notre vie comme dans notre mort, nous appartenons au Seigneur. Car, si le Christ a connu la mort, puis la vie, c’est pour devenir le Seigneur et des morts et des vivants. Tous, en effet, nous comparaîtrons devant le tribunal de Dieu. Car il est écrit : Aussi vrai que je suis vivant, dit le Seigneur, tout genou fléchira devant moi, et toute langue proclamera la louange de Dieu. Ainsi chacun de nous rendra compte à Dieu pour soi-même.
Alléluia. Alléluia. Dans la maison de mon Père, il y a de nombreuses demeures. Je reviendrai et je vous emmènerai auprès de moi, afin que là où je suis, vous soyez, vous aussi. Alléluia.
Évangile de Jésus Christ selon saint Jean. En ce temps-là Jésus disait à ces disciples: Que votre cœur ne soit pas bouleversé : vous croyez en Dieu, croyez aussi en moi.; sinon, vous aurais-je dit: Je pars vous préparer une place? Quand je serai parti vous préparer une place, je reviendrai et je vous emmènerai auprès de moi, afin que là où je suis, vous soyez, vous aussi. Pour aller où je vais, vous savez le chemin. Thomas lui dit: Seigneur, nous ne savons pas où tu vas. Comment pourrions-nous savoir le chemin? Jésus lui répond: Moi, je suis le Chemin, la Vérité et la Vie ; personne ne va vers le Père sans passer par moi.
Priedegt
"Keiner von uns lebt sich selber und keiner stirbt sich selber." (Röm 14, 7) Heescht an eiser Liesung aus dem Bréif un d'Chrëschte vu Roum. Dee Saz léist mech net lass an ech froe mech ëmmer nees, wat e ka bedeiten. Wat mengt de Paulus domat a wat verstinn ech? De Paulus gräift hei wuel op Aussoen zeréck, déi ëmmer nees an der anticker Welt virkomm sinn. Mol gouf et do Stëmmen, déi geroden hunn, fir einfach an eenzeg als éischt no sech selwer ze kucken. Hei kann een den Horaz oder och den Ovid zitéieren.[1] Dogéint seet de Publilius Syrus, een Dichter aus dem 1. Joerhonnert viru Christus: "Wie nëmme fir sech selwer lieft, ass fir déi aner dout." (Q37)[2] De Seneca, een Zäitgenosse vum Paulus schreift zu Roum an engem Bréif: "Für den anderen sollst du leben, wenn du für dich selbst leben sollst."[3]
Et ginn deemno an der anticker Welt Stëmmen an déi eng wéi an déi aner Richtung an haut ass et genee esou. Eist Land als éischt! Kuck als éischt no dir selwer! Wie kennt net all déi Spréch an Iwwerzeegungen, déi munch Politiker a Leit aus der Wirtschaft haut esou maachen. Eis Welt ass iwwer wäit Strécke vun engem déiwen Egoismus gepräägt, deen nëmmen sech selwer kennt. Mir gesinn och, wou dat dann hiféiert. Krich a Misär sinn d'Follgen. Dem Seneca seng déif Asiicht erschéngt mir ganz gutt. Wann ech wëll gutt liewen, wann ech iwwerhaapt wëll liewen, da muss ech derfir suergen, dass meng Matmënschen och liewen. Dat bedeit dann eben och, dass ech mech asetze fir déi aner. Et ass eng ethesch Verflichtung net nëmmen no sech eleng ze kucken. Wann ech eenzeg an eleng mech am Bléck hunn, wann ech nëmmen no mengem Wuelergoe kucken an déi aner all iwwersinn, wäert ech kaum Freed a Gléck an dëser Welt erliewen.
De Paulus mat senger Ausso haut an der Liesung geet an eng ganz änlech Richtung. Mir sinn net eleng an der Welt. Mir wëssen all, dass kee vun eis do wier, wann net aner Mënschen eis an d'Liewe geruff hätten. Schonn eleng um biologesche Plang ass et däitlech, dass kee vun eis eleng an der Welt steet. Mir sinn ëmmer verwisen op eis Matmënschen. Absolutten Egoismus ass deemno falsch a steet géint eis eigentlech Konditioun. Schonn deen ale Platon huet dat an engem Bréif ugedeit: "Du musst auch bedenken, dass jeder von uns nicht für sich allein geboren ist."[4]
Mä de Paulus geet elo ee gutt Stéck méi wäit a sengem Argumentéieren. Hie bréngt d'Dimensioun vu Gott an d'Spill. Wann ech als Chrëscht un ee perséinleche Gott gleewen, deen des Welt an d'Existenz geruff huet, kéint ech ee praktesch onendleche Recours bis zum Erschafe vun der Welt maachen an esou noweisen, dass alles zesummenhänkt an ëmmer alles ee vun deem aneren ofhänkt. An der Optik si mir a Gott, liewe mir duerch oder aus Gott. Deemno ass mäi ganzt Liewen aktuell och ee Liewen an a fir Gott. An um Enn ass och mäi Stierwen a Gott. Ech kann net aus Gott an aus senger Existenz eraus falen. "Ob wir leben oder ob wir sterben, wir gehören dem Herrn." (Röm 14, 8b) Wann awer alles a Gott ass, also him gehéiert, da gëllt dat och fir meng Matmënschen. Dofir soll ech net nëmmen no mir kucken.
"Wir werden doch alle vor dem Richterstuhl Gottes stehen." (Röm 14, 10c) An der Auswiel vun eiser Liesung kënnt dann dëse Saz vum Paulus vir. Mir droe Verantwortung virun eis a besonnesch viru Gott. Ech weess, dass een dëse Saz dohi kann deiten, dass mir an ee Geriicht viru Gott solle kommen. Dat ass fir mech perséinlech eng dach abstrus Virstellung. Wa mir elo scho ganz fir a mat Gott liewen, da brauch et kee Geriicht um Enn. D'Entscheedung iwwer eist Handele fält am Moment vun eisem Handelen. Des Weidere kann ech och net gleewen, dass Gott, wann hien dann sou allmächteg, baarmhäerzeg a gutt ass, wéi mir soen, och nëmmen iergend een, deen un hie gleeft, aus senger Existenz géif eraus geheien. Strofen di mir eis ëmmer nees selwer elo an hei an dëser Welt. Dee Moment, wou mir egoistesch nëmmen no eis selwer kucken an anerer am grousse Stil ausbeuten, ënnerdrécken a villes méi, strofe mir eis um Enn selwer. Mir sinn a liewen an enger eenzeger Weltgemeinschaft mat alle Mënschen an alle Wiesen an dëser Welt. Do kënne mir eis net eraus halen. Do kënne mir eis net egoistesch an eis Monaden zeréck zéien. D'Liewen ass ëmmer a Bezéiung. A nëmmen a Bezéiung bleift Liewen. "Stierwen" ass deemno eng weider Form vu Bezéiung. Mir unerkennen eis Virfaren. Mir respektéieren all déi, déi virun eis waren a mir ginn des Welt weider u kommend Generatiounen. Dat ass Liewen. Dat ass eist Nodenken op Allerséilen. Dat ass eis Verantwortung.
De Paulus a munch aner Auteuren si kloer an hiren Aussoen: "Keiner von uns lebt sich selber und keiner stirbt sich selber." (Röm 14, 7) Eis Welt an eis Existenz ass eng Bezéiung. An als Chrëschte gleewe mir och drun, dass des Bezéiung eis materiell Welt iwwertrëfft a Gott mat aschléisst. Des Bezéiung ass den Inhalt vun eisem Nodenken a Feieren op Allerséilen.
[1] "Möge mir das bleiben, was ich jetzt habe - auch weniger - und möge ich den Rest meiner Tage, wenn ein solcher Rest im Willen der Götter liegt, mir selbst leben dürfen! ... Gleichmut will ich mir selbst erringen." Horaz, Satiren und Briefe. Lateinisch und deutsch, Darmstadt 2015, Ep I, 18, 107-112. [2] Publilius Syrus, Sprüche: Lateinisch - Deutsch (Sammlung Tusculum), De Gruyter 2014, Q 37. [3] "Alteri vivas oportet, si vis tibi vivere." Seneca, Epistulae morales ad Lucilium - Brief an Lucilius über Ethik, Lateinisch/Deutsch Teil 1, Reclam Verlag Ditzingen 2014, Ep 48, 2. [4] Platon, Ep. 9, 358a (Zit. aus: Platon, Werke Band 5, WBG Darmstadt 1981)
Fürbitten
De Jesus huet ëmmer nees versprach, dass kee Liewe verluer geet. Dofir dierfe mir zu him bieden:
* Mir biede fir all, déi an eiser Kierch, déi anerer op hirem Liewenswee begleeden. Schéck hinnen däi Geescht. Christus, héier eis.
* Mir biede fir all, déi nach op der Sich sinn a keen Zil an hirem Liewen entdecke kënnen. Weis hinnen, fir wat si perséinlech beruff sinn. Christus, héier eis.
* Mir biede fir all, déi duerch Gewalt oder Terror, Onglécksfäll oder Katastrophen onerwaart aus dem Liewe gerappt goufen. Looss si bäi dir eng Heemecht fann an tréischt all, déi ëm si traueren. Christus, héier eis.
* Mir biede fir all, déi aus eiser Mëtt, déi mir mat groussem Schmäerz vermëssen. Looss si am Fridde bäi dir sinn. Christus, héier eis.
Här Jesus Christus, du bass fir eis aus dem Dout an d'Liewe virop gaangen. Dofir luewe mir dech elo an ëmmer. Amen.
II
Jésus nous a ouvert le passage de la mort à la vie. En son nom, nous prions Dieu pour tous nos frères et sœurs. Donne ta paix, Seigneur. – Que le Seigneur donne la paix à tous ceux et celles qui ont accompagné cette année un être cher dans son passage vers la vie nouvelle. – Que le Seigneur donne la paix aux chrétiens et aux chrétiennes angoissés ou révoltés par la réalité de la mort. – Que le Seigneur donne la paix aux personnes qui souffrent et voient venir la fin dans la solitude. – Que le Seigneur donne la paix aux enfants qui vont perdre un parent, et aux parents qui ont perdu un enfant. – Que le Seigneur donne la paix à tous les membres de nos communautés chrétiennes qui croient en la promesse de la vie éternelle. Dieu notre Père, tu ne veux pas notre mort. Tu trouves ton bonheur et ta gloire dans la vie de tous tes enfants. Réalise ce que tu as promis et conduis-nous tous ensemble vers le Royaume éternel. Nous te le demandons par ton Fils Jésus, ressuscité et vivant, pour les siècles des siècles. Amen. (https://fr.novalis.ca)
Gowegebiet
Här, eise Gott, kuck an denger Guttheet op des Gowen. Huel all deng Frënn, eis Bridder a Schwësteren, op an d'Herrlechkeet vun dengem Jong, mat deem och mir duerch dat grousst Sakrament vun der Léift verbonne sinn. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här.
Allmächtegen a baarmhäerzege Gott, du hues all deng Frënn duerch d’Waasser vun der Daf gehellegt. Maach si am Blutt vu Christus fréi vun hire Senden a féier si voller Erbaarmen zu der leschter Vollendung béi dir. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här.
Sois favorable à nos offrandes, Seigneur: que tous les fidèles défunts soient admis dans le Royaume avec ton Fils qui nous unit les uns aux autres par le mystère de son amour. Lui qui règne.
Schlussgebiet
Baarmhäerzege Gott, mir hunn d'Gediechtnes vum Doud an der Opersteeung vu Christus gefeiert fir eis Bridder a Schwësteren. Féier si vum Doud an d'Liewen, aus der Däischtert an d'Liicht, aus der Onrou an déi Fridden. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här.
Här, eise Gott, mir hunn d’Moolzecht vun dengem Jong gefeiert, hien deen sech fir eis geaffert huet an deen an der Herrlechkeet operstanen ass. Erhéier eist Gebiet fir all eis Verstuerwen. Rengeg si duerch d'Geheimnis vun Ouschteren a looss si operstoen zur éiweger Freed. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här.
Ouvre, Seigneur, à nos frères défunts ta maison de lumière et de paix, car c'est pour eux que nous avons célébré le sacrement de Pâque. Par Jésus.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement



