
|
Dräifaltegkeet - 14./15.6.2025
Dräifaltegkeet - 14./15.6.2025
Léif Matchrëschten! Dräifaltegkeet, ee Gott an dräi Persounen. Dat héiert sech fir eis haut zimmlech onverständlech a friem un. Munch aner Relioune kritiséieren eis jo och wéinst dëser Virstellung. Wat ass dat eigentlech? Am Fong ass de Gedanken an d'Virstellung vun der Dräifaltegkeet eppes, dat eis Gott an eisem Nodenke méi no wëll bréngen. Gott ass net einfach deen, dee wäit ewech an engem Himmel trount. Hien ass dee Gott, deen eis als Mënsche ganz no kënnt, deen eist Liewe gedeelt an erlieft huet. Et ass och dee Gott, deen eis als Hellege Geescht Kraaft an Inspiratioun gëtt. Gott ass eis Papp oder Mamm, Brudder oder Schwëster a säi Geescht lieft an eis, ass eis ganz no. Loosse mir hien ëm säin Erbaarmen uruffen.
Här Jesus Christus, du duerch deng Botschaft weis du eis dem Härgott seng Léift. Här Jesus Christus, du an dir gesi mir Gott, eise Papp. Här Jesus Christus, däi Geescht stäerkt eis an denger Nofolleg..
Dagesgebiet
Herr, himmlischer Vater, du hast dein Wort und deinen Geist in die Welt gesandt, um das Geheimnis des göttlichen Lebens zu offenbaren. Gib, dass wir im wahren Glauben die Größe der göttlichen Dreifaltigkeit bekennen und die Einheit der drei Personen in ihrem machtvollen Wirken verehren. Darum bitten wir durch Jesus Christus.
Dieu notre Père, tu as envoyé dans le monde ta Parole de vérité et ton Esprit de sainteté pour révéler aux hommes ton admirable mystère; donne-nous de professer la vraie foi en reconnaissant la gloire de l’éternelle Trinité, en adorant son Unité toute-puissante. Par Jésus Christ.
Liesungen: Spr 8, 22-31 / Röm 5, 1-5 / Joh 16, 12-15
Lesung aus dem Buch der Sprichwörter. So spricht die Weisheit Gottes: Der HERR hat mich geschaffen als Anfang seines Weges, / vor seinen Werken in der Urzeit; in frühester Zeit wurde ich gebildet, / am Anfang, beim Ursprung der Erde. Als die Urmeere noch nicht waren, wurde ich geboren, / als es die Quellen noch nicht gab, die wasserreichen. Ehe die Berge eingesenkt wurden, / vor den Hügeln wurde ich geboren. Noch hatte er die Erde nicht gemacht und die Fluren / und alle Schollen des Festlands. Als er den Himmel baute, war ich dabei, / als er den Erdkreis abmaß über den Wassern, als er droben die Wolken befestigte / und Quellen strömen ließ aus dem Urmeer, als er dem Meer sein Gesetz gab / und die Wasser nicht seinen Befehl übertreten durften, / als er die Fundamente der Erde abmaß, da war ich als geliebtes Kind bei ihm. / Ich war seine Freude Tag für Tag / und spielte vor ihm allezeit. Ich spielte auf seinem Erdenrund / und meine Freude war es, bei den Menschen zu sein.
Kv Herr, unser Herr, wie gewaltig ist dein Name auf der ganzen Erde!
Seh
ich deine Himmel, die Werke deiner Finger, *
Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom. Schwestern und Brüder! Gerecht gemacht also aus Glauben, haben wir Frieden mit Gott durch Jesus Christus, unseren Herrn. Durch ihn haben wir auch im Glauben den Zugang zu der Gnade erhalten, in der wir stehen, und rühmen uns der Hoffnung auf die Herrlichkeit Gottes. Mehr noch, wir rühmen uns ebenso der Bedrängnisse; denn wir wissen: Bedrängnis bewirkt Geduld, Geduld aber Bewährung, Bewährung Hoffnung. Die Hoffnung aber lässt nicht zugrunde gehen; denn die Liebe Gottes ist ausgegossen in unsere Herzen durch den Heiligen Geist, der uns gegeben ist.
Halleluja. Halleluja. Ehre sei dem Vater und dem Sohn und dem Heiligen Geist. Ehre sei dem einen Gott, der war und der ist und der kommen wird. Halleluja.
Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. In jener Zeit sprach Jesus zu seinen Jüngern: Noch vieles habe ich euch zu sagen, aber ihr könnt es jetzt nicht tragen. Wenn aber jener kommt, der Geist der Wahrheit, wird er euch in der ganzen Wahrheit leiten. Denn er wird nicht aus sich selbst heraus reden, sondern er wird reden, was er hört, und euch verkünden, was kommen wird. Er wird mich verherrlichen; denn er wird von dem, was mein ist, nehmen und es euch verkünden. Alles, was der Vater hat, ist mein; darum habe ich gesagt: Er nimmt von dem, was mein ist, und wird es euch verkünden.
Lecture du livre des Proverbes. Écoutez ce que déclare la sagesse de Dieu: «Le Seigneur m’a faite pour lui, principe de son action, première de ses œuvres, depuis toujours. Avant les siècles j’ai été formée, dès le commencement, avant l’apparition de la terre. Quand les abîmes n’existaient pas encore, je fus enfantée, quand n’étaient pas les sources jaillissantes. Avant que les montagnes ne soient fixées, avant les collines, je fus enfantée, avant que le Seigneur n’ait fait la terre et l’espace, les éléments primitifs du monde. Quand il établissait les cieux, j’étais là, quand il traçait l’horizon à la surface de l’abîme, qu’il amassait les nuages dans les hauteurs et maîtrisait les sources de l’abîme, quand il imposait à la mer ses limites, si bien que les eaux ne peuvent enfreindre son ordre, quand il établissait les fondements de la terre. Et moi, je grandissais à ses côtés. Je faisais ses délices jour après jour, jouant devant lui à tout moment, jouant dans l’univers, sur sa terre, et trouvant mes délices avec les fils des hommes.»
R/ Ô Seigneur, notre Dieu, qu’il est grand, ton nom, par toute la terre !
À
voir ton ciel, ouvrage de tes doigts,
Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Romains. Frères, nous qui sommes devenus justes par la foi, nous voici en paix avec Dieu par notre Seigneur Jésus Christ, lui qui nous a donné, par la foi, l’accès à cette grâce dans laquelle nous sommes établis; et nous mettons notre fierté dans l’espérance d’avoir part à la gloire de Dieu. Bien plus, nous mettons notre fierté dans la détresse elle-même, puisque la détresse, nous le savons, produit la persévérance ; la persévérance produit la vertu éprouvée; la vertu éprouvée produit l’espérance; et l’espérance ne déçoit pas, puisque l’amour de Dieu a été répandu dans nos cœurs par l’Esprit Saint qui nous a été donné.
Alléluia. Alléluia. Gloire au Père, et au Fils, et au Saint-Esprit: au Dieu qui est, qui était et qui vient! Alléluia.
Évangile de Jésus-Christ selon saint Jean. En ce temps-là, Jésus disait à ses disciples: «J’ai encore beaucoup de choses à vous dire, mais pour l’instant vous ne pouvez pas les porter. Quand il viendra, lui, l’Esprit de vérité, il vous conduira dans la vérité tout entière. En effet, ce qu’il dira ne viendra pas de lui-même : mais ce qu’il aura entendu, il le dira; et ce qui va venir, il vous le fera connaître. Lui me glorifiera, car il recevra ce qui vient de moi pour vous le faire connaître. Tout ce que possède le Père est à moi; voilà pourquoi je vous ai dit: L’Esprit reçoit ce qui vient de moi pour vous le faire connaître.»
Priedegt
"Du bist als unbegreifliches und heiliges Geheimnis, Ursprung und Ziel unseres Lebens.", sou heescht et an engem Gebietstext. Ganz richteg seet et dëse Saz. Gott ass onbegräiflech. Wier hie "begräiflech", wier hien ze beschreiwen an un ze paken, da wier hien net Gott. Dat ergëtt sech aus der Definitioun vu Gott. Gott ass dofir ëmmer eppes oder een, dee mir mat eisem mënschleche Verstand net kënne verstoen.
Mä si mir als kleng Mënschen iwwerhaapt fäeg, fir eis Welt, fir d'Liewen ze verstoen? Wat si mir? Wie si mir? Och wa mir een Numm oder eng Matricule hunn, bleiwen mir ëmmer ee grousst Geheimnis, esou wuel fir eisen Entourage wéi eigentlech och fir eis selwer. Wéi ech Enn vum Joer 2024 zwee an een hallwe Mount an der Klinik war, hunn ech mech des Ëftere gefrot, wien a wat ech da sinn? Dee Moment, wou Krankheeten eis ustrécken, si mir op engem Punkt ukomm, wou mir eist Liewe kaum nach verstinn. Oder besser, et gëtt eis emol bewosst, dass mir eis selwer net verstinn an net kennen. Et gëtt an eis esou Villes, vun deem mir einfach keng Anung hunn. An och Doktere wëssen dacks net, wat geschitt a firwat elo dëst oder dat geschitt. De Mënsch ass dem Mënsch och haut trotz aller Erkenntnis nach ee grousst Geheimnis. A wa mir da versichen eise Geescht an eist Denken ze verstoen, da gëtt et nach eng Kéier méi geheimnisvoll. Wie ka schonn engem aneren an de Kapp, also an deem säin Denke kucken? Ech ka jo nach net emol a mech selwer era kucken a mäin eegent Denke verstoen. Dat gëtt, mengen ech, jidderengem kloer, wann en erwächt an sech un dee leschten Dram erënnert. Wéi dacks rëselt een sech do a versteet een net, wéi een un all dat, wat een am Dram erlieft huet, kënnt. De Mënsch ass a bleift och sech selwer ee Rätsel.
An da wëlle mir Gott verstoen. Wéi kann een als klenge Mënsch op d'Iddi kommen, fir Gott wëllen ze verstoen an ze beschreiwen, wann een sech selwer nach net emol versteet? Genee do läit a mengen Aen de Problem. Wien ass also Gott?
De Mënsch wëll natierlech wëssen, wien a wat Gott ass. De Mënsch huet och ëmmer nees versicht Gott oder seng Gëtter ze definéieren. Mä et geléngt net. An eben hei kommen da Biller an d'Spill, déi eis als Mënsche vertraut sinn. D'Dräifaltegkeet ass esou e Bild. Et klengt fir eis haut vläicht ongewinnt. Mä et ass awer ee ganz mënschlecht Bild a mengen Aen. Et ass ee Bild fir Gott, dat aus eisem Erliewen an aus eiser mënschlecher Existenz eraus wiisst. Fir mech perséinlech ass dëst Bild vun der Dräifaltegkeet ee ganz mënschlecht Bild, dat eis Existenz an der Welt erëm spigelt a meditéiert.
Fänke mir banal un: Mir all si jiddefalls emol Kanner. Mir all si vun eisen Elteren an d'Liewe geruff. An der Reegel ass dat jo och esou gewollt. Kee Mënsch ass vum Himmel gefall. Hien huet ee Papp an eng Mamm, op hien déi kennt oder och net. Biologesch gesinn ass dat eng Tatsaach. Um genetesche Plang ass dat dann och alles nozeweisen, wien d'Eltere sinn. Mir droen deemno ëmmer eppes vun eisen Elteren an eis. Jo och nach méi: eise genetesche Code léist sech zeréck verfollegen iwwert Generatiounen a Generatiounen. Dat gëllt fir jidder Mënsch. All Mënsch ass Kand vu senge Virfaren an iwwerhëlt vun deenen esou Villes u gudden an och u schlechte Fäegkeeten. Dat kann een net leegnen.
Mënsche sinn dann awer eben och Elteren, Papp a Mamm. Ech lo zwar net. Mä déi meescht Mënsche sinn dat. Si hu Liewen a genetesch Informatioune weider ginn un déi nächst Generatioun. An d'Kanner ginn eben dann och erëm zu Elteren a ginn dat, wat si kritt hunn, weider op de Liewenswee. Eltere sinn, Kanner sinn ass eng onendlech Linn, déi prinzipiell ëmmer ka weider goen. Mënsche sinn deemno hei scho selwer ganz einfach "zweefalteg".
Mä dat geet nach net duer. Ech hunn et ugedeit. Eltere ginn, op si et wëllen oder net, hier genetesch Informatiounen un d'Kanner weider. Ech géif lo hei gär soen: de Geescht vun hirem Liewen, vun hirer Liewenslinn an der Welt ginn si weider. Kanner droen also ëmmer eppes vun der Generatioun vu virdru weider, nach méi, vun de ville Generatioune vu virdrun. De Geescht geet weider a si selwer verierwen deen dann och un hier Kanner.
Um Enn vum grousse Glawensbekenntnis, dem Credo vun der Mass, deen op de Konzilien vun Nicäa a Konstantinopel formuléiert gouf, heescht et: "Wir glauben an den Heiligen Geist, der Herr ist und lebendig macht, der aus dem Vater und dem Sohn hervorgeht, der mit dem Vater und dem Sohn zugleich angebetet und verherrlicht wird, der gesprochen hat durch die Propheten." Ass dat net ee Bild fir eist mënschlecht Weidergi vum Liewen iwwerhaapt?
Dräifaltegkeet klengt e bëssi almoudesch a friem. Mä un sech beschreift et eng ganz banal mënschlech Manéier vun eiser Existenz. Wa Gott alles an allem ass, wann hien déi absolutt Léift, dat eigentlecht Liewen ass, da muss hien all Dimensioune vun eisem mënschlech Dosinn an der Welt an sech droen. Papp oder Eltere sinn a gläichzäiteg och Kand sinn an da säi Geescht weider reechen, ass eis mënschlech Konditioun. Gott ass eis, mënschlech a bildlech gesinn ebe ganz no an dofir an deem Sënn dräifalteg. Et ass ee Bild fir Gott. Aner Biller si sécher och méiglech. Fir mech ass et haut um Fest vun der Dräifaltegkeet elo mol dat Bild, dat mir Gott, mënschlech gesinn, no bréngt.
Fürbitten
Zu deem enge Gott, deen alles geschafen huet, wëlle mir bieden:
* Mir biede fir all Vëlker, déi gezeechent si vu Krich, a fir déi Mënschen, déi u Läif an u Séil der Gewalt ausgesat sinn. Looss si Fridde fannen. Härgott, héier eis.
* Mir biede fir all, déi a der Politik, an der Wirtschaft an an der Gesellschaft Muecht an Afloss hunn. Looss si sech asetze fir deng Wäerter vun der Gerechtegkeet. Härgott, héier eis.
* Mir biede fir all Mënschen, déi ee schwéiert Leed ze droen hunn, well Krankheet a Misär si aus hirem Fridde gerappt huet. Schenk hinnen Hëllef an hirer Nout. Härgott, héier eis.
* Mir biede fir eis chrëschtlech Gemeinschaft. Looss eis ëmmer méi zu eng Eenheet an der Léift zesumme fannen. Härgott, héier eis.
* Mir biede fir all eis Verstuerwen. Schenk hinnen deng Baarmhäerzegkeet a looss si liewe bäi dir. Härgott, héier eis.
Mir soen dir Merci an éieren dech, Papp, zesumme mat dem Jong an dem Hellege Geescht, elo an ëmmer. Amen.
II.
Avec confiance, prions Dieu qui est Père, Fils et Esprit Saint. Dieu trois fois saint, nous te prions.
– Pour l’Église, en particulier les contemplatifs et les contemplatives, dont la prière est le poumon de notre monde, prions le Seigneur.
– Pour les personnes qui connaissent des ennuis de santé mentale et que nous ne savons pas toujours bien accueillir, prions le Seigneur.
– Pour les victimes des guerres qui font rage à divers endroits dans le monde, prions le Seigneur.
– Pour les membres de nos communautés qui cherchent Dieu et espèrent avoir part un jour à sa gloire, prions le Seigneur.
Dieu notre Père, nous te confions, sous la mouvance de ton Esprit, nos prières et nos intentions ainsi que celles des personnes que nous aimons. Daigne les accueillir par ton Fils Jésus Christ, notre Seigneur et notre frère. Amen. (https://fr.novalis.ca)
Gowegebiet
Sanctifie, Seigneur notre Dieu, le sacrifice sur lequel nous invoquons ton nom très saint; et, par cette eucharistie, fais de nous-mêmes une éternelle offrande à ta gloire. Par Jésus.
Guter Gott, du hast Jesus gesandt, um alle Menschen einzuladen zu deinem Mahl. Wandle durch deinen Heiligen Geist Brot und Wein. Wandle durch deinen Heiligen Geist auch unser Leben, damit wir immer mehr für dich und andere leben. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn und Bruder.
Hochgebet – „Gottes Geheimnis“
Präfation
und in denen wir etwas von deiner
Treue erfahren.
Treuer Gott, ein Leben lang sind
wir auf der Suche nach dir.
In deinem Namen hat Jesus von
Nazareth vorgelebt, wer du für uns bist.
Im Namen und Auftrag Jesu sind
wir vor dir versammelt,
Wir bitten dich um deinen
Heiligen Geist, damit jetzt in unserem Tun
Es war damals vor dem
Osterfest.
um von ihnen Abschied zu
nehmen.
NEHMET UND ESSET ALLE DAVON.
Ebenso nahm er in jener Nacht
nach dem Essen den Becher mit Wein,
NEHMET UND TRINKET ALLE
DARAUS.
Geheimnis des Glaubens:
Wir preisen deinen Tod, wir
glauben, dass du lebst.
Guter Gott, wir denken an das
befreiende Leben und an das selbstlose Sterben Jesu.
Wir bitten dich um die Kraft des
Heiligen Geistes,
Wir bitten dich für die, die mit
uns in der Nachfolge deines Sohnes Jesus unterwegs sind.
Erfülle mit deinem Geist jene,
die eine besondere Verantwortung in der Kirche tragen.
Erbarme dich derer, die uns
nahegestanden sind und die der Tod uns entrissen hat,
Wir aber, die wir noch auf Erden
weilen, wollen dich, zusammen mit Maria, dem heiligen Josef, allen
Engeln und Heiligen, durch Jesus Christus loben und preisen.
Durch ihn und mit ihm und in ihm
ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Quelle unbekannt
Vaterunser
Mir éieren haut Gott. Mir wëssen, dass mir eis kee Bild vu Gott kënne maachen. Awer op der anerer Säit hu mir och nëmmen eis Sprooch, déi begrenzt ass an déi eis mënschlech Kategorien erëm spigelt. Gott ass fir eis Papp a Mamm. Loosse mir als Kanner vu Gott bieden, wéi de Jesus eis et geléiert huet: Vater unser im Himmel, …
Friddensgebiet
De Geescht vu Gott weist eis de Wee vum Fridden an der Versönung. Vun dësem Geescht geleet biede mir Christus zesummen ëm de Fridden. Gott, Jesus Christus, kuck net op eis Feeler. Kuck op eist Engagement a schenk eis ëmmer erëm däi Fridden. De Fridde sief mat iech all.
Schlussgebiet
Dräifaltege Gott. Mir hunn an dëser Feier eppes vun denger Léift erfueren. Begleet du eis mat dengem Geescht, wa mir elo dohinner zeréckginn, wou eist deeglecht Liewe stattfënnt. Sief grad do béi eis, wa villes deng Presenz wëllt verdrängen. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen.
Puissions-nous trouver, Seigneur, le salut de l'âme et du corps dans le sacrement que nous avons reçu, tandis que nous affirmons notre foi en la Trinité, éternelle et sainte, comme en son indivisible Unité. Par Jésus.
Guter Gott, du hast uns in dieser Feier gestärkt. Mit neuer Kraft sind wir ausgesandt deine Liebe zu bezeugen. Du hast deine Liebe durch Jesus Christus, dein ewiges Wort, bezeugt. Heute bezeugst du deine Liebe durch den Heiligen Geist an uns. Das schenkt uns Hoffnung und Mut. Darum preisen wir dich, den dreieinigen Gott, heute und in Ewigkeit.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement