
|
|
Fest vun der Daf vu Jesus Christus C - 10./11.1.2026
Fest vun der Daf vu Jesus Christus C - 10./11.1.2026
Kanner gi séier grouss, dat ass eng Erfarung, déi Elteren ëmmer nees maachen. An der Liturgie gi mir mat ganz grousse Schrëtt vum Kand an der Krëpp bäi deen erwuessene Jesus. An awer ass eng Kontinuitéit do, déi mir och haut gewise kréien. D'Daf am Jordan manifestéiert de Jesus als deen, deen hien ass, als Jong vu Gott. Triede mir virun hien a froe mir hien ëm seng Gnod.
Här Jesus Christus, du bass vu Gott geschéckt. Kyrie eleison. Här Jesus Christus, du bréngs eis nei Hoffnung. Christe eleison. Här Jesus Christus, du wëlls eise Brudder sinn. Kyrie eleison.
Dagesgebiet
Allmächtegen an éiwege Gott, béi der Daf am Jordan koum den Hellege Geescht op eisen Här Jesus Christus erof, an du hues hien als déi Jong virgestallt. Gëff, datt mir, déi aus dem Waasser an aus dem Hellege Geescht nei gebuere sinn, an denger Gonscht stinn an als deng Kanner aus dësem Geescht eraus liewen. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen.
Dieu éternel et tout-puissant, quand le Christ fut baptisé dans le Jourdain, et que l’Esprit Saint reposa sur lui, tu l’as désigné comme ton Fils bien-aimé ; accorde à tes fils adoptifs, nés de l’eau et de l’Esprit, de se garder toujours dans ta sainte volonté.
Menschenfreundlicher Gott, du hast Jesus bei der Taufe im Jordan als deinen geliebten Sohn geoffenbart. Gib, dass auch wir, die wiedergeboren sind aus dem Wasser und dem Heiligen Geist, als deine Töchter und Söhne leben durch ihn, unseren Herrn Jesus Christus, deinen Sohn, der mit dir und dem Heiligen Geist lebt und wirkt in Ewigkeit.
Liesungen: Jes 42, 5a.1-4.6-7 / Apg 10, 34-38 / Mt 3, 13-17
Lesung aus dem Buch Jesaja. So spricht Gott, der HERR: Siehe, das ist mein Knecht, den ich stütze; das ist mein Erwählter, an ihm finde ich Gefallen. Ich habe meinen Geist auf ihn gelegt, er bringt den Nationen das Recht. Er schreit nicht und lärmt nicht und lässt seine Stimme nicht auf der Gasse erschallen. Das geknickte Rohr zerbricht er nicht und den glimmenden Docht löscht er nicht aus; ja, er bringt wirklich das Recht. Er verglimmt nicht und wird nicht geknickt, bis er auf der Erde das Recht begründet hat. Auf seine Weisung warten die Inseln. Ich, der HERR, habe dich aus Gerechtigkeit gerufen, ich fasse dich an der Hand. Ich schaffe und mache dich zum Bund mit dem Volk, zum Licht der Nationen, um blinde Augen zu öffnen, Gefangene aus dem Kerker zu holen und die im Dunkel sitzen, aus der Haft.
Kv Der Herr schenkt seinem Volk den Frieden.
Bringt
dar dem Herrn,
ihr Himmlischen, *
Lesung aus der Apostelgeschichte. In jenen Tagen begann Petrus zu reden und sagte: Wahrhaftig, jetzt begreife ich, dass Gott nicht auf die Person sieht, sondern dass ihm in jedem Volk willkommen ist, wer ihn fürchtet und tut, was recht ist. Er hat das Wort den Israeliten gesandt, indem er den Frieden verkündete durch Jesus Christus: Dieser ist der Herr aller. Ihr wisst, was im ganzen Land der Juden geschehen ist, angefangen in Galiläa, nach der Taufe, die Johannes verkündet hat: wie Gott Jesus von Nazaret gesalbt hat mit dem Heiligen Geist und mit Kraft, wie dieser umherzog, Gutes tat und alle heilte, die in der Gewalt des Teufels waren; denn Gott war mit ihm.
Halleluja. Halleluja. Der Himmel tat sich auf und eine Stimme sprach: Das ist mein geliebter Sohn; auf ihn sollt ihr hören. Halleluja.
Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. In jener Zeit kam Jesus von Galiläa an den Jordan zu Johannes, um sich von ihm taufen zu lassen. Johannes aber wollte es nicht zulassen und sagte zu ihm: Ich müsste von dir getauft werden und du kommst zu mir? Jesus antwortete ihm: Lass es nur zu! Denn so können wir die Gerechtigkeit ganz erfüllen. Da gab Johannes nach. Als Jesus getauft war, stieg er sogleich aus dem Wasser herauf. Und siehe, da öffnete sich der Himmel und er sah den Geist Gottes wie eine Taube auf sich herabkommen. Und siehe, eine Stimme aus dem Himmel sprach: Dieser ist mein geliebter Sohn, an dem ich Wohlgefallen gefunden habe.
Lecture du livre du prophète Isaïe. Ainsi parle le Seigneur :« Voici mon serviteur que je soutiens, mon élu qui a toute ma faveur. J’ai fait reposer sur lui mon esprit ; aux nations, il proclamera le droit. Il ne criera pas, il ne haussera pas le ton, il ne fera pas entendre sa voix au-dehors. Il ne brisera pas le roseau qui fléchit, il n’éteindra pas la mèche qui faiblit, il proclamera le droit en vérité. Il ne faiblira pas, il ne fléchira pas, jusqu’à ce qu’il établisse le droit sur la terre, et que les îles lointaines aspirent à recevoir ses lois. Moi, le Seigneur, je t’ai appelé selon la justice ; je te saisis par la main, je te façonne, je fais de toi l’alliance du peuple, la lumière des nations : tu ouvriras les yeux des aveugles, tu feras sortir les captifs de leur prison, et, de leur cachot, ceux qui habitent les ténèbres. »
R/ Le Seigneur bénit son peuple en lui donnant la paix.
Rendez
au Seigneur, vous, les dieux,
La
voix du Seigneur domine les eaux,
Le
Dieu de la gloire déchaîne le tonnerre,
Lecture du livre des Actes des Apôtres. En ces jours-là, quand Pierre arriva à Césarée, chez un centurion de l’armée romaine, il prit la parole et dit : « En vérité, je le comprends, Dieu est impartial : il accueille, quelle que soit la nation, celui qui le craint et dont les œuvres sont justes. Telle est la parole qu’il a envoyée aux fils d’Israël, en leur annonçant la bonne nouvelle de la paix par Jésus Christ, lui qui est le Seigneur de tous. Vous savez ce qui s’est passé à travers tout le pays des Juifs, depuis les commencements en Galilée, après le baptême proclamé par Jean : Jésus de Nazareth, Dieu lui a donné l’onction d’Esprit Saint et de puissance. Là où il passait, il faisait le bien et guérissait tous ceux qui étaient sous le pouvoir du diable, car Dieu était avec lui. »
Alléluia. Alléluia. Aujourd’hui, le ciel s’est ouvert, l’Esprit descend sur Jésus, et la voix du Père domine les eaux : « Celui-ci est mon Fils bien-aimé ! » Alléluia.
Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu. Alors paraît Jésus. Il était venu de Galilée jusqu’au Jourdain auprès de Jean, pour être baptisé par lui. Jean voulait l’en empêcher et disait : « C’est moi qui ai besoin d’être baptisé par toi, et c’est toi qui viens à moi ! » Mais Jésus lui répondit : « Laisse faire pour le moment, car il convient que nous accomplissions ainsi toute justice. » Alors Jean le laisse faire. Dès que Jésus fut baptisé, il remonta de l’eau, et voici que les cieux s’ouvrirent : il vit l’Esprit de Dieu descendre comme une colombe et venir sur lui. Et des cieux, une voix disait : « Celui-ci est mon Fils bien-aimé en qui je trouve ma joie. »
Priedegt
An engem Priedegtkommentar zum Evangelium vun dësem Sonndeg ass mir dëse Saz an d'Ae gefall: "Jeder Mensch, der zu denken anfängt, entdeckt, dass er aus dem Paradies herausgefallen ist."[1] Mech huet dee Saz scho beréiert an och e bëssi gestéiert. Allerdéngs beim Nodenken doriwwer ass mir dann dach an de Kapp komm, dass e wuel richteg ass. Mir Mënsche sichen iwwerall no engem gudden a gléckleche Liewen. Um Ufank vum neie Joer wënsche mir eis géigesäiteg dat Bescht fir dee weidere Liewenswee. Gléck a Freed, Harmonie a Fridde sollen eis Wee begleeden. An da gesi mir awer och all dee Misär, deen et an der Welt gëtt. Krich an Nout si bal allgéigewäerteg. Derbäi komme Katastrophe wéi op Silvester an der Schwäiz a Villes méi. Mir gesinn, dass mir effektiv net an engem Paradis liewen. Mir sinn do eraus gefall. Eis Welt ass verréckt a steet op der Kopp. De Klaus Müller seet dann a senger Priedegt weider: "Das Leben ist aussichtslos selbst dort, wo es sich seiner kühnsten Mittel bedient."[2]
Ass eist Liewen ouni Aussiicht, ouni Hoffnung? Ech wëll a kann dat net esou hinhuelen. De Johannes deemools wollt dat wuel och net grad esou gesinn. Awer hien huet scho kloer erkannt gehat, dass sech eppes Wesentleches am Mënsch muss veränneren. Wann dat net geschitt, dann ass et eriwwer, da war et dat mam Mënsch. Da geet seng Welt ënner an zwar ouni Gnod. De Johannes rifft op zu enger ganz radikaler Ëmkéier. Hie priedegt géint dat, wat Mënschen deemools falsch gemaach hunn. Hie priedegt géint den Egoismus vum Mënsch, deen ëmmer nëmmen sech selwer an de Vierdergrond setzt, deen sech selwer quasi zu Gott mécht, deen ëmmer wëll iwwer anerer herrschen a kommandéieren, deen ebe just eleng no sengem Profit kuckt. De Johannes ass allerdéngs bäi sengem Opruff zur Ëmkéier stoe bliwwen. Hie selwer huet just mat Zeechen op des Ëmkéier verwisen, sou dass si eigentlech och an d'Eidelt gelaf ass. Geet et net och haut Villen esou, déi eis wëllen oprëselen? Mir schwätze géint de Krich an der Welt, selwer awer fuere mir monter weider mat streiden. Mir schwätze géint d'Verknaschten an d'Ausbeute vun der Natur, wëllen awer selwer op kee perséinleche Confort verzichten. Eis Welt ass esou gesinn total ouni Gnod. Mir Mënsche sinn eis selwer vis-à-vis ouni Gnod. Mir erwaarden ëmmer nees vun eis selwer, dass mir ee Paradis kéinte schafen, dass mir Fridde kéinten entstoe loossen, dass mir ee gerecht Verdeelen an Notze vun de Ressourcë kéinten installéieren. Eigentlech denkt de Johannes ganz klassesch: De Mënsch muss handelen an ëmkéiere fir d'Paradis ze erreechen. Et ass eng Iddi, déi bis haut och eist reliéist Liewen an der Kierch präägt. Biet, géi an d'Mass, géi beichten, gëff Affer asw., sinn d'Opfuerderungen zënter Joerhonnerten. Awer si änneren de Mënsch net.
De Jesus geet hei ee grousse Schrëtt weider. Dee musse mir gesinn a bedenken. Hie gesäit des Welt an d'Liewe mat sengem Dosinn ouni Gnod. Firwat soll de Johannes de Jesus deefen? Dat ass jo d'Fro am Evangelium. De Mënsch ass, wéi en ass: schwaach, egoistesch, nëmmen op sech selwer bezunn an dofir ouni Gnod. Awer hie brauch eng Gnod, déi vu bausse kënnt. De Jesus weist hei am Evangelium, dass deen, deen ophält, vun sech a sengem Beméien d'Gléck vum Liewen, d'Paradis ze erwaarden, deen huet schonn ugefaangen ze verwierklechen, wat de Johannes eigentlech mat senger Daf gemengt huet: Gott soll Gott sinn an de Mënsch erëm Mënsch. Vum Mënsch, vun sech selwer, d'Paradis ze erwaarden, dat ass ze vill an dofir ouni Gnod. Awer vu Gott manner wéi d'Paradis ze erwaarden ass ze wéineg, an dofir eben och genausou ouni Gnod. Mir mussen also erëm Gott an dem Mënsch gerecht ginn. An da kann och Gerechtegkeet sinn.
"Als Mensch Mensch sein wollen und zugleich Gott Gott sein lassen, das stiftet ... den Neuanfang, den es braucht, dass wir heimfinden zu uns."[3] Mir Mënsche sollen net mengen, dass mir d'Häre vun der Welt a vun der Schëpfung wieren. Mir sollen eis net an d'Plaz vu Gott wëlle setzen. Grad de Jesus huet eis dat duerch säi Liewen als Mënsch däitlech gewisen. Hien huet déi Gerechtegkeet, déi hie vun eis all gefuerdert huet, och selwer gelieft. Mir als Chrëschte sollen eis un him orientéieren an esou liewen, wéi hie gelieft huet. Fir eist Paradis brauch et net méi, an eis Welt wier eben och besser. Lo ass natierlech d'Fro un eis geriicht, op mir gesinn, wéi de Jesus gelieft huet, op mir bereet sinn dee Wee ze goen, esou ze handele wéi hien.
"Dieser ist mein geliebter Sohn, an dem ich Wohlgefallen gefunden habe" (Mt 3, 17b), heescht et um Enn vum Evangelium haut. Mir all si geruff, fir dass Gott vun eis jeeweils och ka soen: "An dir habe ich Wohlgefallen gefunden." Wat ass do vun eis ze leeschten? Wéi ass eist Liewen nei aus ze riichten an op ze bauen? Kucke mir an eis selwer a loosse mir eis an op eng Bekéierung, déi eis verännert.
[1] https://www.uni-muenster.de/FB2/philosophie/predigten/Von_vorne_Fest_der_Taufe_des_Herrn_A16_17_Mt_3_13-17.html - gesinn: 3.1.2026 - 9:40. [2] Ebd. [3] Ebd.
Fürbitten
Zu Jesus Christus, dee vu Gott selwer als säi Jong bezeit gouf, deen hie gär huet, wëlle mir bieden:
* Mir biede fir all déi, déi ee besonneschen Afloss an der Welt hunn. Looss si Weeër vum Fridden an der Gerechtegkeet goen. Christus, héier eis.
* Mir biede fir all déi, déi nëmmen Däischtert an Nout an hirem Liewe gesinn. Looss si Mënsche fannen, déi hinnen hëllefen. Christus, héier eis.
* Mir biede fir all déi, déi duerch d'Daf als Chrëschte mat enaner verbonne sinn. Looss si hirer Beruffung trei bleiwen an deng Botschaft haut an d'Welt eraus droen. Christus, héier eis.
* Mir biede fir all déi, déi eis no stinn an déi mir gär hunn. Schenk hinne Freed a Gléck an dësen onrouegen Zäiten. Christus, héier eis.
* Mir biede fir all eis Verstuerwen. Huel si op an deng Gebuergenheet. Christus, héier eis.
Här Jesus Christus, um Fest vun denger Daf luewen an éiere mir dech elo an an all Éiwegkeet. Amen.
II.
Dieu fait descendre son Esprit sur ses enfants bien-aimés; tournons-nous vers lui avec confiance et présentons-lui humblement nos intentions. Dieu de la vie, écoute nos prières. – Pour les évêques, les prêtres, les diacres, les agentes et agents de pastorale ainsi que tous les baptisés qui se mettent au service de l’Église, prions le Seigneur. – Pour celles et ceux qui portent des responsabilités dans la vie sociale, politique, économique et qui sont appelés à entendre le cri des humains pour plus de justice et de paix, prions le Seigneur. – Pour les prophètes de notre temps qui contribuent à ouvrir les yeux des aveugles et à sortir les captifs de leur prison, prions le Seigneur. – Pour tous les baptisés, en particulier les membres de notre communauté qui se dévouent à vivre leur foi et leur espérance à la suite de Jésus, prions le Seigneur. Seigneur Dieu, Créateur et Sauveur, accorde-nous ta faveur pour que nous puissions étendre dans le monde le salut que tu nous offres. Nous te le demandons par ton Fils, celui en qui tu as mis tout ton amour et qui vit auprès de toi pour les siècles des siècles. Amen. (https://fr.novalis.ca)
Gowegebiet
Gott, eise Papp, mir feieren deen Dag, wou’s du de Jesus als déi Jong virgestallt hues. Huel eis Gowen un a maach si zum Affer vu Christus, deen Sënde vun der ganzer Welt ofgewäsch huet. Hien, dee mat dir lieft an all Éiwegkeet. Amen.
Seigneur, accepte les offrandes que nous te présentons en ce jour où ton Fils nous est révélé; qu'elles deviennent ainsi le sacrifice de celui qui a enlevé le péché du monde. Lui qui règne.
Gott und Vater unseres Herrn Jesus Christus, nimm unsere Gaben an und schenke uns deinen Heiligen Geist, der bei der Taufe auf Jesus herabgekommen ist. Darum bitten wir durch ihn, Christus unsern Herrn.
Hochgebet – „Taufe des Herrn“
Präfation
Aber so bist du, Gott.
So
wollen wir dir danken, dass
Jesus Christus, dein Sohn
Sanctus
Ja, du
bist heilig, allmächtiger Gott, und du willst, dass wir im Glauben
an dich
Darum
bitten wir: Heilige unser Zusammensein mit deiner Gegenwart.
Dein
Heiliger Geist verwandle dieses Brot + und diesen Wein
Denn in
der Nacht, in der er ausgeliefert wurde
NEHMET
UND ESSET ALLE DAVON.
Ebenso
nahm er nach dem Mahl den Kelch,
NEHMET
UND TRINKET ALLE DARAUS.
Geheimnis
des Glaubens.
Gott,
unser Vater, wir erinnern uns deines Sohnes mit Freude,
Wir
neigen uns vor deiner allmächtigen Liebe.
Wir
bitten dich, Gott, unser Vater: mit dem Geist der Hingabe und der Liebe. Lass uns eins werden in ihm.
Gott,
verbinde uns mit allen,
und die den Namen deines
Sohnes tragen:
Öffne
uns für alle Völker und Nationen,
Gott,
unser Vater, wir bitten dich für die Verstorbenen.
Lass uns
die Gemeinschaft mit deinen Heiligen erfahren,
Durch
ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Quelle unbekannt
Vaterunser
De Jesus, vun deem de Johannes seet: „Er ist der Sohn Gottes“, huet ëmmer nees zu sengem Papp gebiet an eis geléiert, et genee esou ze maachen. Dofir biede mir zesummen: Vater Unser ...
Friddensgebiet
De Jesus huet sech damiddeg an d’Rei gestalt an sech vum Johannes deefe gelooss. Hien huet sech kleng gemaach. Nëmme, wa mir eis selwer zeréck huelen an eisen Uspréch ka Fridde sinn. Dofir biede mir: Här Jesus Christus, kuck net op eis Feeler a Sënden. Kuck op eise gudde Wëllen a schenk eis all däi Fridden. De Fridde vun eisem Här Jesus Christus sief mat iech all.
Schlussgebiet
Gudde Gott, du hues eis mat dengem Wuert an dem Brout vum Liewe geniert. Gëff, datt mir gleeweg op déi Jong lauschteren, fir datt mir deng Kanner genannt ginn an dat och a Wierklechkeet sinn. Dorëms biede mir duerch Christus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Nourris de ton eucharistie et sûrs de ta bonté, nous te prions, Seigneur: accorde à ceux qui sauront écouter ton Fils unique de mériter le nom de fils de Dieu, et de l'être vraiment. Par Jésus.
Guter Gott, du hast uns dein Wort, das Brot des Lebens und den Kelch des Heiles geschenkt. Hilf uns, auf deinen Sohn zu hören, damit wir nicht nur deine Kinder heißen, sondern auch Zeugen der Frohen Botschaft sind. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement


