Fest vun der Helleger Famil 28.12.2025


Home Back Print Kontakt

Fest vun der helleger Famil B – 28.12.2025 - (C) Carlo Morbach - 25.12.2025

Fest vun der Helleger Famil 28.12.2025


Haut feiere mir d'Fest vun der helleger Famill. Mir kréie gewisen, dass och deemools d'Famill vum Jesus munnech schwiereg Situatiounen huet missten duerchmaachen. Mir hu wuel d'Tendenz just op déi dräi Persoune vum Jesus, vun der Maria an dem Jousef ze kucken. Allerdéngs dierft des Famill wesentlech méi grouss gewiescht sinn, genee esou, wéi et an der deemoleger Gesellschaft och üblech war. Mir sollten eis des Famill net ze ideal virstellen. Si war ville Famillje bis haut ganz änlech mat Suergen a mat Freeden. Si soll eis dofir och drun erënneren, dass mir selwer an eiser Zäit méi mat Respekt enaner begéinen a besonnesch och de Kanner en Ëmfeld schafen an deem si kënnen a Rou a Gebuergenheet opwuessen. Biede mir dofir haut fir eis Familljen a brénge mir eis Suergen a Problemer virun eisen Här a froe mir hien ëm seng Gnod.


Här Jesus Christus, du bass opgewuess an enger Famill. 

Här Jesus Christus, du bass hues d'Liewe mat dengen Elteren a Geschwëster gedeelt. 

Här Jesus Christus, du hëllefs eis an eise Suergen an der Famill. 


Dagesgebiet


Herr, unser Gott, in der Heiligen Familie hast du uns ein leuchtendes Vorbild geschenkt. Gib unseren Familien die Gnade, dass auch sie in Frömmigkeit und Eintracht leben und einander in der Liebe verbunden bleiben. Führe uns alle zur ewigen Gemeinschaft in deinem Vaterhaus. Darum bitten wir durch Jesus Christus.


Tu as voulu, Seigneur, que la Sainte Famille nous soit donnée en exemple ; accorde-nous la grâce de pratiquer, comme elle, les vertus familiales et d’être unis par les liens de ton amour, avant de nous retrouver pour l’éternité dans la joie de ta maison. Par Jésus Christ.


Liesungen: Sir 3, 2-6.12-14 / Kol 3, 12-21 / Mt 2, 13-15.19-23


Ech hunn haut nëmmen déi däitsch Liesungstexter an dëst Dokument opgeholl. Déi franséisch Texter fann dir hei: https://www.aelf.org


Lesung aus dem Buch Jesus Sirach.

Der Herr hat dem Vater Ehre verliehen bei den Kindern und das Recht der Mutter bei den Söhnen bestätigt. Wer den Vater ehrt, sühnt Sünden, und wer seine Mutter ehrt, sammelt Schätze. Wer den Vater ehrt, wird Freude haben an den Kindern und am Tag seines Gebets wird er erhört. Wer den Vater ehrt, wird lange leben, und seiner Mutter verschafft Ruhe, wer auf den Herrn hört. Kind, nimm dich deines Vaters im Alter an und kränke ihn nicht, solange er lebt! Wenn er an Verstand nachlässt, übe Nachsicht und verachte ihn nicht in deiner ganzen Kraft! Denn die dem Vater erwiesene Liebestat wird nicht vergessen; und statt der Sünden wird sie dir zur Erbauung dienen.


R: Selig die Menschen die Gottes Wege Gehen!

Selig jeder, der den Herrn fürchtet, *
der auf seinen Wegen geht!

Was deine Hände erarbeitet haben, wirst du genießen; *
selig bist du – es wird dir gut ergehn. 
– (Kv)
Deine Frau ist wie ein fruchtbarer Weinstock *
im Innern deines Hauses.
Wie Schösslinge von Ölbäumen sind deine Kinder *
rings um deinen Tisch herum. 
– (Kv)
Siehe, so wird der Mann gesegnet, *
der den Herrn fürchtet.
Es segne dich der Herr vom Zion her. *
Du sollst schauen das Glück Jerusalems alle Tage deines Lebens. 
– Kv


Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Kolossä.

Bekleidet euch also, als Erwählte Gottes, Heilige und Geliebte, mit innigem Erbarmen, Güte, Demut, Milde, Geduld! Ertragt einander und vergebt einander, wenn einer dem anderen etwas vorzuwerfen hat! Wie der Herr euch vergeben hat, so vergebt auch ihr! Vor allem bekleidet euch mit der Liebe, die das Band der Vollkommenheit ist! Und der Friede Christi triumphiere in euren Herzen. Dazu seid ihr berufen als Glieder des einen Leibes. Seid dankbar! Das Wort Christi wohne mit seinem ganzen Reichtum bei euch. In aller Weisheit belehrt und ermahnt einander! Singt Gott Psalmen, Hymnen und geistliche Lieder in Dankbarkeit in euren Herzen! Alles, was ihr in Wort oder Werk tut, geschehe im Namen Jesu, des Herrn. Dankt Gott, dem Vater, durch ihn! Ihr Frauen, ordnet euch den Männern unter, wie es sich im Herrn geziemt! Ihr Männer, liebt die Frauen und seid nicht erbittert gegen sie! Ihr Kinder, gehorcht euren Eltern in allem, denn das ist dem Herrn wohlgefällig! Ihr Väter, schüchtert eure Kinder nicht ein, damit sie nicht mutlos werden!


Halleluja. Halleluja. Der Friede Christi triumphiere in euren Herzen. Das Wort Christi wohne mit seinem ganzen Reichtum bei euch. Halleluja.


Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus.

Als die Sterndeuter wieder gegangen waren, siehe, da erschien dem Josef im Traum ein Engel des Herrn und sagte: Steh auf, nimm das Kind und seine Mutter und flieh nach Ägypten; dort bleibe, bis ich dir etwas anderes auftrage; denn Herodes wird das Kind suchen, um es zu töten. Da stand Josef auf und floh in der Nacht mit dem Kind und dessen Mutter nach Ägypten. Dort blieb er bis zum Tod des Herodes. Denn es sollte sich erfüllen, was der Herr durch den Propheten gesagt hat: Aus Ägypten habe ich meinen Sohn gerufen. Als Herodes gestorben war, siehe, da erschien dem Josef in Ägypten ein Engel des Herrn im Traum und sagte: Steh auf, nimm das Kind und seine Mutter und zieh in das Land Israel; denn die Leute, die dem Kind nach dem Leben getrachtet haben, sind tot. Da stand er auf und zog mit dem Kind und dessen Mutter in das Land Israel. Als er aber hörte, dass in Judäa Archelaus anstelle seines Vaters Herodes regierte, fürchtete er sich, dorthin zu gehen. Und weil er im Traum einen Befehl erhalten hatte, zog er in das Gebiet von Galiläa und ließ sich in einer Stadt namens Nazaret nieder. Denn es sollte sich erfüllen, was durch die Propheten gesagt worden ist: Er wird Nazoräer genannt werden.


Priedegt


D'Fest vun der Helleger Famill feiere mir op dësem Sonndeg no Chrëschtdag. Do ass eng Mamm an ee Papp. Do ass och ee Jong, dee grad gebuer gouf. An dann héiere mir haut d'Erzielung aus dem Matthäusevangelium. Dat Kand ass a Gefar. De Jousef kritt den Optrag ze flüchten a seng Famill a Sécherheet ze bréngen. Dobäi gi mir virun allem zwee Gedanken duerch de Kapp.


1. Mir héieren praktesch all Dag vun der Nout vu Kanner a Familljen. Ëmmer nees sinn déi Schwächst d'Zil vu Brutalitéit, vun Ënnerdréckung a vu Mord. D'Geschicht aus dem Evangelium spillt sech haut an eiser Zäit dausende Mol of. Villfach gi mir an eisem Alldag einfach doriwwer ewech. An awer héiert een ëmmer nees vun Entféierungen vu Kanner a Jugendlechen, wéi och viru gutt enger Woch erëm am Nigeria. Des Kéier konnten si befreit ginn, wéi een e Méindeg konnt liesen. Virun 10 Joer waren 276 Meedercher entféiert ginn. Vun hinne feelt bis haut all Spuer an si si quasi an d'Vergiess geroden. An eiser Welt ass dat eng schrécklech Geschicht, dass grad déi Jéngst mussen duerhalen fir d'Streidereien tëschent Volleksgruppen a Reliounen. A ville Géigenden ass et bis haut esou, dass Kanner musse schaffen, fir dass d'Familljen kënnen iwwerliewen. Mir sinn eis dacks guer net bewosst, wéi et an anere Géigenden vun der Welt zougeet. D'Entféierungen vu Kanner a Jugendlechen ass nëmmen d'Spëtzt vun engem Misär, dee vill Jonker mussen erdroen. Deen alldägleche Kampf ëm d'Existenz vu Milliounen registréiere mir kaum.


2. Mä lo mol zeréck bäi déi sougenannt helleg Famill. Niewent der Erzielung vun der Flucht no Ägypten, kréie mir eigentlech net vill iwwer dem Jesus säi Liewen an der Bibel erzielt. Seng Kannerzäit, d'Zäit als Jugendlechen an als jonken Erwuessenen kommen do net zur Sprooch. Wéi huet de Jesus gelieft? Wat huet hie gemaach bis zu sengem ëffentlechen Optrieden? All dat bleift am Verbuergene vun der Geschicht. Och vu senger Famill héiere mir praktesch näischt. De Jousef verschwënd no deene Beriichter um Ufank vum Liewe vum Jesus ganz. D'Maria gëtt nach kuerz a verschiddenen Szene erwäänt. Mä Konkretes wësse mir net. Wat also huet de Jesus 30 Joer laang gemaach? Wéi huet seng Famill gelieft? Eigentlech wësse mir et net.


Et gëtt awer ee ganz interessanten Hiweis op des Famill vum Jesus. Am 13. Kapitel vum Matthäusevangelium heescht et: "Ist das nicht der Sohn des Zimmermanns? Heißt nicht seine Mutter Maria und sind nicht Jakobus, Josef, Simon und Judas seine Brüder? Leben nicht auch alle seine Schwestern unter uns? Woher also hat er das alles?" (Mt 13, 55-56)


Wouhier huet hien dat alles? Dat ass a mengen Aen de Schlëssel fir d'Verstoe vun der Helleger Famill. Niewent deem, dass de Jesus scheinbar an enger ganz normaler Famill mat Bridder a Schwëstere grouss ginn ass, huet hie wuel och wéi deemools üblech gehollef, fir den Ënnerhalt vun der Famill ze garantéieren. A senge Gleichnisser an Erzielungen tauchen ëmmer nees Biller op, déi hien dach wuel aus sengem erlieften Alldag geholl huet. Et kann ee sécher dervun ausgoen, dass hie mat sengem Papp an och mat senge Bridder zesumme geschafft huet. Hien huet kaum kënnen drësseg Joer einfach ee Liewen vum Näischt-Maache féieren. D'Aarbecht an der Famill a mat de Geschwëster war d'Schoul vu sengem Liewen. Aus deem eraus konnt hien erzielen an handelen. Dat ass fir mech allefalls "Helleg Famill". De Jesus ass an enger intakter normaler Famill vun deemools grouss ginn. Do huet hie fir säi Liewe geléiert. Wann een dervunn ausgeet, dass hie mat plus-minus 30 Joer ugefaangen huet ëffentlech op ze trieden als Priedeger, dann hat hien deemno och scho gutt 20 Joer Aarbechtszäit hannert sech. Hei huet hien dat geléiert, wat all Mënsch deemools erfoueren huet, Schéines an Traureges, eben d'Liewen, wéi et war. Dat war net romantesch an idyllesch. Dat war knall haart, deelweis grausam a mat vill Méi verbonnen. Do war net vill Zäit fir frommt Geschwätz.


Wouhier huet hien dat alles?, gëtt gefrot. Als Äntwert kann ee soen: Hien huet d'Liewen gesinn a matgemaach. Hien huet d'Liewe vun de Mënschen a vun der Famill kannt. Hien huet doraus seng Léier gezunn a versicht de Mënschen, deenen hie begéint ass, ze hëllefen. Seng Léier, seng Priedegt, säin Hëllefen, all dat war aus der Erfarung vu sengem Liewe geholl.


Ëmmer nees schwätzt de Jesus vun deem gudde Papp, wann hie vu Gott schwätzt. Heescht dat net, dass hie grad an deem Punkt huet missten a senger Famill esou ee gudden a virbildleche Papp erliewen? Hien hat geléiert, wat et heescht mat enaner ze liewen, op enaner Rücksicht ze huelen, ee Bléck fir d'Suergen an d'Nout vum Matmënsch, vum Brudder an der Schwëster, vun de Elteren an de Bekannten ze hunn. Hien hat geléiert, dass et net geet, wann ee just sengem eegenen Egoismus frönnt.


Déi Helleg Famill war net eng fromm an idylesch Geschicht. Et war eng däitlech Virbereedung op d'Liewen. Ech denke mir, dass mir eis och haut vill méi erëm dorop misste baséieren, dass mir misste léieren d'Liewe vun de Mënschen eescht ze huelen, et mat ze liewen. Ech selwer liewen sou ze soen ouni Famill. Wat verstinn ech vun dem Liewen an enger Famillé haut? Do geet et net duer mat fromme Spréch. Et geet net duer, fir Fuerderungen ze stellen, wéi een als Famill misst sinn a liewen. Erréischt da, wa mir eis aloossen op d'Suerge vun der Famill vun haut, kënne mir berechtegt matschwätzen.


Wa mir haut déi sougenannt helleg Famill als Virbild dohi stellen, da musse mir eis onbedéngt mat der Realitéit vun der Famill deemools wéi haut befaassen. Dat ass keng Romantik. Grad huat begéine mir ville schwierege Situatiounen. Déi sozial an ekonomesch Suergen, de Stress an d'Hektik vum moderne Liewen, d'Angscht virun der Zukunft an esou Villes méi mussen eescht geholl ginn. Mir mussen och als kierchlech Gemeinschaft dat echt Liewen eescht huelen an net dat vun enger frommer Abildung. Dat heescht bäi eis hei an eise Géigenden, dass mir kucke mussen a registréieren, mat wat fir Nout a Misär heiansdo Famillje musse kämpfen. Dat heescht och d'Nout an d'Suerge vun de Familljen an Nout- an a Krisegebidder eescht huelen. Ech froe mech ëmmer, wat de Jesus haut géif zu eis soen. Warscheinlech géif hien eis soen: Maacht eppes, setzt iech an, versicht am Eescht d'Problemer ze léisen, hëlleft a braddelt net nëmmen. Huelt d'Suergen eescht. Gitt mat engem groussen a baarmhäerzegen Häerz un d'Froen erun, déi sech stellen.


Dem Jesus seng Léift, seng Baarmhäerzegkeet, säi Matgefill fir déi Kleng, wou hat hien dat hier? Ganz sécher aus senger Erfarung an enger Famill, déi all dat erlieft huet, déi zesumme stoung, déi een deen anere gedroen huet. Loosse mir och haut aus sengen Erfarungen eraus op eis Zäit kucken an entspriechend de Mënschen an allen Situatiounen mat Léift an Häerzlechkeet begéinen.


Fürbitten


De Jesus kennt eist mënschlecht Liewe mat allem, wat do derzou gehéiert. Virun hie brénge mir dofir all eis Suergen a froen hien:


* Mir biede fir eis kierchlech Gemeinschaft, dass mir et fäerdeg bréngen an enger komplizéierter Welt de Mënschen déi gutt Botschaft vum Härgott senger Presenz a Léift ze vermëttelen a virzeliewen. Christus, héier eis.


* Mir biede fir déi Verantwortlech a Politik an a Gesellschaft, dass si iwwerall ee Klima schafe kënnen, dat Solidaritéit a géigesäitege Respekt méiglech mécht. Christus, héier eis.


* Mir biede fir eis Familljen a Partnerschaften, dass jidderee bereet ass dat néidegst ze maachen, dass ee gudden Zesummenhalt an eng géigesäiteg Ënnerstëtzung an allen Aufgabe geléngt. Christus, héier eis.


* Mir biede fir all eis Verstuerwen, déi eise Wee am Liewe vun eise Famillen an eise Frëndeskreesser gedeelt hunn, dass si bäi dir a Gebuergenheet an am Fridde sinn. Christus, héier eis.


Här Jesus Christus lauschter op eis Gebieder an erhéier si. Dech luewen an éiere mir elo an an all Éiwegkeet. Amen.


II.


Dieu le Père a voulu que son Fils unique s’incarne dans notre chair et vive notre condition humaine en grandissant au cœur d’une famille. En agissant ainsi, il manifestait la grandeur de la famille humaine, berceau de la vie. Fort de cette conviction, tournons-nous vers le Père pour lui confier les besoins de tous les humains. Seigneur, écoute-nous; Seigneur, exauce-nous.


Prions pour notre mère l’Église; qu’elle soit toujours attentive et accueillante pour chacun de ses enfants.


Prions pour les prêtres, nos pasteurs; qu’ils exercent une réelle paternité spirituelle envers le peuple qui leur est confié pour le faire grandir dans la foi. 


Prions pour les jeunes qui veulent fonder une famille; qu’ils aient le soutien nécessaire pour traverser les difficultés qui se présenteront à eux. 


Prions pour les familles divisées;  que des gestes de réconciliation et de pardon viennent refaire les liens d’unité et d’amour. 


Prions pour les personnes qui n’ont pas de famille; qu’elles découvrent auprès d’elles des gens qui sauront les aimer comme on aime un frère, une sœur, un père, une mère.  


Seigneur Dieu, toi qui aimes ta grande famille, écoute les prières que nous t’adressons, et comme un bon Père tout aimant, daigne nous exaucer, par Jésus, le Christ, notre Seigneur. Amen. (https://fr.novalis.ca)


Gowegebiet


Herr, unser Gott, am Fest der Heiligen Familie bringen wir das Opfer der Versöhnung dar. Höre auf die Fürsprache der jungfräulichen Gottesmutter und des heiligen Josef. Erhalte unsere Familien in deiner Gnade und in deinem Frieden. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.


En t'offrant, Seigneur, le sacrifice qui nous réconcilie avec toi, nous te supplions humblement: à la prière de la Vierge Marie, Mère de Dieu, et à la prière de saint Joseph, affermis nos familles dans ta grâce et la paix. Par Jésus.



Hochgebet – „Auf dem Weg zu dir“

Nach dem Sanctus fährt der Priester fort:
Vater, wir sind auf dem Weg zu dir.
Wir danken dir für deine Liebe, die unserer Wanderschaft Sinn und Richtung gibt.
Du segnest uns
mit deiner göttlichen Unruhe.
Du holst uns weg von falscher Zufriedenheit.
Du nötigst uns,
Wege durch Tiefen zu gehen,
auch wenn wir uns dafür nicht stark genug fühlen.
Du unterstützt uns durch Menschen, die uns begleiten, die uns stärken,
wenn wir schwach werden, die uns trösten und ermutigen,
wenn wir meinen, den allerletzten Schritt getan zu haben.
Wir danken dir für alle, die vor uns auf dem Weg zu dir waren:
für Abraham und Sara, für Mirjam und Moses, für David und Esther.

Wir danken dir aber vor allem für den, der am eindeutigsten mit uns auf dem Weg ist:
Jesus Christus.
Er macht unseren Weg hell.
Er öffnet uns die Augen.
In Jerusalem stärkte er uns mit einem Mahl, damit wir seinen Spuren folgen.

Wir bitten dich jetzt:
Sende deinen Heiligen Geist und verwandle das Brot und den Wein
  
in den Leib
 + und das Blut Christi.

In der Nacht, bevor er starb, nahm Jesus Brot und dankte dir, Vater.
Er gab es seinen Freunden mit den Worten:

NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
DAS IST MEIN LEIB, DER FÜR EUCH HINGEGEBEN WIRD.

Ebenso nahm er nach dem Mahle den Kelch, dankte wiederum
und reichte ihn den Seinen und sprach:

NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS:
DAS IST DER KELCH DES IMMERWÄHRENDEN BUNDES,
MEIN BLUT, DAS FÜR EUCH UND FÜR ALLE VERGOSSEN WIRD
ZUR VERGEBUNG DER SÜNDEN.
TUT DIES ZU MEINEM GEDÄCHTNIS.

Geheimnis des Glaubens

So danken wir dir, Vater, für die Worte und das Beispiel dessen,
der uns vorangegangen ist: Jesus.
Durch sein Leben lehrt er uns, an dich zu glauben
und an die Wanderschaft des Lebens.
Durch seinen Tod zeigt er uns den Sinn der Hoffnung,
auch wenn uns alles verloren geht.

Durch seine Auferstehung macht er deine Liebe kund,
die alle erneuert, die auf dem Weg müde und alt geworden sind.

Vater, sende uns deinen Geist, damit wir auf deinem Weg
Licht für unsere Augen, Kraft für unsere Glieder
und Freunde auf einem sonst so einsamen Weg haben.

Gib, dass wir dich suchen, dir begegnen und dich kennen,
wenn wir unseren Weg gehen.
Begleite unsere Kirche auf dem Weg in dieser Zeit.
Gib unserem Papst Franziskus, den Bischöfen und Verantwortlichen
in der Kirchenhierarchie den Mut,
eingefahrene Gleise und Wege zu verlassen
und nach neuen Formen Ausschau zu halten.

Allen Verstorbenen, die ihren Lebensweg beendet haben,
ermögliche ein neues Ziel und eine neue Heimat bei dir.

Dies bitten wir durch Jesus Christus, der unser Weg ist zu dir.
Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, 
in der Einheit des Heiligen Geistes alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit.

(Quelle unbekannt)


Vaterunser


Gemeinschaft an Zesummeliewe kann een als éischt an enger Famill léieren. D’Suerg ee fir deen aneren ass ganz wichteg a wäertvoll. Wa mir Gott als eise Papp uschwätzen, dann drécke mir domat aus, dass hie fir eis do ass. Mä genau sou sollten och mir ee fir deen aneren do sinn. An deem Sënn wëlle mir eis Papp am Himmel ëm seng Hëllef uruffen: Vater unser im Himmel, …


Friddensgebiet


Fridden halen, dat fält heiansdo ganz schwéier, well Mënsche just op sech kucken a versiche fir sech selwer ze suergen. An enger Famill kann ee léieren ee fir deen aneren ze suergen. Wichteg ass do och, dass een een op deen anere Rücksicht hëlt. Froe mir eisen Här ëm säi Fridde fir eis Familljen a fir eis ganz Welt.


Schlussgebiet


Gott, unser Vater, du hast uns mit dem Brot des Himmels gestärkt. Bleibe bei uns mit deiner Gnade, damit wir das Vorbild der Heiligen Familie nachahmen und nach der Mühsal dieses Lebens in ihrer Gemeinschaft das Erbe erlangen, das du deinen Kindern bereitet hast. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.


Toi qui nous as fortifiés par cette communion, accorde à nos familles, Père très aimant, la grâce d'imiter la famille de ton Fils, et de goûter avec elle, après les difficultés de cette vie, le bonheur sans fin. Par Jésus.


Mass vum 25. Dezember
Klick op d’Kalennerblat fir d’Sonndesmass als PDF!

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement