Héichfest vun der Gottesmamm Maria - 1.1.2026


Home Back Print Kontakt

Héichfest vun der Gottesmamm Maria – 1.1.2026 - © Carlo Morbach - 29.12.2025

Héichfest vun der Gottesmamm Maria - 1.1.2026


Ech wënschen Iech all schéint a geseenten Neit Joer. Den 1. Januar feiere mir an der Kierch als ee Fest vun der Maria. Dann awer steet zënter iwwer 50 Joer nach eng aner Iddi iwwer dësem Dag. Et soll den Dag vum Weltfridde sinn. Mir gesinn, wéi vill Kricher an Noutsituatiounen et an eiser aktueller Welt gëtt. De Poopst Leo huet den Dag vun haut ënner de Motto gestalt: „Friede sei mit euch – auf dem Weg zu einem unbewaffneten und entwaffnenden Frieden“. Fridden ass eppes, dat all Mënsch sech déif a sengem Häerz wënscht. Awer wéi dat erreechen? Dofir musse mir, jiddereen, d'Spiral vun der Gewalt duerchbriechen. Do geet et net drëm, fir just Waffen nidder ze leeën oder keng direkt Gewalt aus ze üben. Och an eisem Schwätzen an Denke musse mir ofrëschten. Nëmme, wa mir bereet sinn, fir eis kleng ze weise wéi dat Kand an der Krëpp, ka Fridde méiglech ginn. Froe mir elo zum Ufank eisen Här Jesus ëm seng Hëllef:


Gott vum Liewen, duerch däi Wuert hues du eis de Fridde ginn. Hëllef eis dëse Fridden an eisen Häerzer ze fannen. Här, erbaarm dech.


Krich, Gewalt an Terror sinn den Alldag vu ville Mënschen. Schenk Fridden a Versönung tëschent de Vëlker an de Reliounen. Christus, erbaarm dech.


De Fridden ass eis geschenkt, fir dass hien an eis Wuerzele schléit. Looss eis iwwerall de Fridde sichen a realiséieren. Här, erbaarm dech.


Dagesgebiet


Barmherziger Gott, durch die Geburt deines Sohnes aus der Jungfrau Maria hast du der Menschheit das ewige Heil geschenkt. Lass uns auch im neuen Jahr immer und überall die Fürbitte der gnadenvollen Mutter erfahren, die uns den Urheber des Lebens geboren hat, Jesus Christus, deinen Sohn, unseren Herrn und Gott, der in der Einheit des Heiligen Geistes mit dir lebt und herrscht in alle Ewigkeit.


Dieu tout-puissant, par la maternité virginale de la bienheureuse Marie, tu as offert au genre humain les trésors du salut éternel; accorde-nous de sentir qu’intervient en notre faveur celle qui nous permit d’accueillir l’auteur de la vie, Jésus Christ, ton Fils, notre Seigneur. Lui qui règne.


Barmherziger und liebender Gott, durch die Geburt deines Sohnes aus Maria, der „Königin des Friedens“, hast du allen Menschen endgültiges Heil und wahren Frieden zugesagt. Hilf uns, dass wir im Neuen Jahr uns einsetzen für Frieden, Gerechtigkeit und Bewahrung der Schöpfung, mit steter Bereitschaft zum Werk der Versöhnung. Darum bitten wir durch Jesus Christus.


Liesungen: Num 6,22–27 / Gal 4,4–7 / Lk 2,16–21


Lesung aus dem Buch Numeri.

Der HERR sprach zu Mose: Sag zu Aaron und seinen Söhnen: So sollt ihr die Israeliten segnen; sprecht zu ihnen: Der HERR segne dich und behüte dich. Der HERR lasse sein Angesicht über dich leuchten und sei dir gnädig. Der HERR wende sein Angesicht dir zu und schenke dir Frieden. So sollen sie meinen Namen auf die Israeliten legen und ich werde sie segnen.


Kv Gott sei uns gnädig und segne uns.

Gott sei uns gnädig und segne uns. *
Er lasse sein Angesicht über uns leuchten,
damit man auf Erden deinen Weg erkenne, *
deine Rettung unter allen Völkern. – (Kv)
Die Nationen sollen sich freuen und jubeln, /
denn du richtest die Völker nach Recht *
und leitest die Nationen auf Erden.
Die Völker sollen dir danken, o Gott, *
danken sollen dir die Völker alle. – (Kv)
Die Erde gab ihren Ertrag. *
Gott, unser Gott, er segne uns!
Es segne uns Gott! *
Fürchten sollen ihn alle Enden der Erde. – Kv


Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinden von Galatien.

Schwestern und Brüder! Als aber die Zeit erfüllt war, sandte Gott seinen Sohn, geboren von einer Frau und dem Gesetz unterstellt, damit er die freikaufe, die unter dem Gesetz stehen, und damit wir die Sohnschaft erlangen. Weil ihr aber Söhne seid, sandte Gott den Geist seines Sohnes in unsere Herzen, den Geist, der ruft: Abba, Vater. Daher bist du nicht mehr Sklave, sondern Sohn; bist du aber Sohn, dann auch Erbe, Erbe durch Gott.


Halleluja. Halleluja. Einst hat Gott zu den Vätern gesprochen durch die Propheten; heute aber hat er zu uns gesprochen durch den Sohn. Halleluja.


Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas.

In jener Zeit eilten die Hirten nach Betlehem und fanden Maria und Josef und das Kind, das in der Krippe lag. Als sie es sahen, erzählten sie von dem Wort, das ihnen über dieses Kind gesagt worden war. Und alle, die es hörten, staunten über das, was ihnen von den Hirten erzählt wurde. Maria aber bewahrte alle diese Worte und erwog sie in ihrem Herzen. Die Hirten kehrten zurück, rühmten Gott und priesen ihn für alles, was sie gehört und gesehen hatten, so wie es ihnen gesagt worden war. Als acht Tage vorüber waren und das Kind beschnitten werden sollte, gab man ihm den Namen Jesus, den der Engel genannt hatte, bevor das Kind im Mutterleib empfangen war.


Lecture du livre des Nombres.

Le Seigneur parla à Moïse. Il dit : « Parle à Aaron et à ses fils. Tu leur diras : Voici en quels termes vous bénirez les fils d’Israël : “Que le Seigneur te bénisse et te garde ! Que le Seigneur fasse briller sur toi son visage, qu’il te prenne en grâce ! Que le Seigneur tourne vers toi son visage, qu’il t’apporte la paix !” Ils invoqueront ainsi mon nom sur les fils d’Israël, et moi, je les bénirai. »


R/ Que Dieu nous prenne en grâce et qu’il nous bénisse !

Que Dieu nous prenne en grâce et nous bénisse,
que son visage s’illumine pour nous ;
et ton chemin sera connu sur la terre,
ton salut, parmi toutes les nations.
R

Que les nations chantent leur joie,
car tu gouvernes le monde avec justice ;
tu gouvernes les peuples avec droiture,
sur la terre, tu conduis les nations.
R

Que les peuples, Dieu, te rendent grâce ;
qu'ils te rendent grâce tous ensemble !
Que Dieu nous bénisse,
et que la terre tout entière l’adore !
R


Lecture de la lettre de saint Paul apôtre aux Galates.

Frères, lorsqu’est venue la plénitude des temps, Dieu a envoyé son Fils, né d’une femme et soumis à la loi de Moïse, afin de racheter ceux qui étaient soumis à la Loi et pour que nous soyons adoptés comme fils. Et voici la preuve que vous êtes des fils : Dieu a envoyé l’Esprit de son Fils dans nos cœurs, et cet Esprit crie « Abba ! », c’est-à-dire : Père ! Ainsi tu n’es plus esclave, mais fils, et puisque tu es fils, tu es aussi héritier : c’est l’œuvre de Dieu.


Alléluia. Alléluia. À bien des reprises, Dieu, dans le passé, a parlé à nos pères par les prophètes; à la fin, en ces jours où nous sommes, il nous a parlé par son Fils. Alléluia.


Évangile de Jésus Christ selon saint Luc.

En ce temps-là, les bergers se hâtèrent d’aller à Bethléem, et ils découvrirent Marie et Joseph, avec le nouveau-né couché dans la mangeoire. Après avoir vu, ils racontèrent ce qui leur avait été annoncé au sujet de cet enfant. Et tous ceux qui entendirent s’étonnaient de ce que leur racontaient les bergers. Marie, cependant, retenait tous ces événements et les méditait dans son cœur. Les bergers repartirent ; ils glorifiaient et louaient Dieu pour tout ce qu’ils avaient entendu et vu, selon ce qui leur avait été annoncé. Quand fut arrivé le huitième jour, celui de la circoncision, l’enfant reçut le nom de Jésus, le nom que l’ange lui avait donné avant sa conception.


Priedegt


"Der HERR wende sein Angesicht dir zu und schenke dir Frieden." (Num 6, 26) Sou huet et am Seegen an der Liesung aus dem Buch Numeri geheescht. Eng friddlech Stëmmung begéint eis dann och am Evangelium. D'Hierten si ganz am Fridden, nodeems si de Jesus gesinn hunn. Mä wa mir haut an eis Welt eraus kucke, gesi mir iwwerall Onrecht, Misär a Gurmangsegkeet, Krisen a Kricher. D'Auswierkunge betreffen am Fong déi ganz Welt. De Mënsch huet berechtegt Angscht virun all deem, wat esou geschitt. Angscht ass awer eppes, dat eis als Mënschen nawell zimmlech nidderdréckt. Et mécht eis zou a léist eis eis ofschotte virun aneren. Mir versichen eise Besëtz ze retten an ze erhalen. Mir wëllen net deelen a wëlle kee bäi eis era loossen. Vill Mënschen a Géigenden, wou et keng Nout gëtt, maachen, wéi wann dat alles si näischt géif ugoen. Um politeschen a wirtschaftleche Plang kënnt et dann, wéi mir et jo bal all Dag an den Noriichte kënne gesinn, zu Egoismus, Nationalismus asw. Trennunge ginn erëm erop gefuer. Mauere gebaut. Mënschen a Gruppen agedeelt.


Vu senger Grondiddi hier ass d'Chrëschtentum eng Relioun, déi d'Eenheet vun alle Mënsche vertrëtt. Et solle keng Ënnerscheeder ginn. Keen dierft ausgeschloss ginn. Genee dat ass eng Basis, déi extreem wäertvoll a wichteg an eiser Zäit ass. Mir gesi jo grad haut, wou mir global agéieren an der Welt, dass alles mat allem zesummenhänkt. Et ka kee Land a keng Regioun a scho guer keen eenzelne Mënsch sech et erlaben, fir ze mengen, si oder hie wier autark a komplett eegestänneg. Eis Welt ass een eenzegt globaalt Duerf ginn, wou alles matenaner verbonnen ass. A grad dofir musse mir no engem globale Fridde sichen, no Weeër, fir ouni Waffen ee gerechte Fridden op ze bauen.


Am Moment ass et esou, dass jiddereen Angscht huet a jidderee gesäit ëmmer nees iergendwou eppes, dat him scheinbar Béises wëll. Wann een Angscht huet, wittert een iwwerall Gefor. Et verdächtegt een. Déi aner sinn ëmmer nees déi Béis, déi mir eppes wëllen ewech huelen. Dat gëtt et an eise Famillen an an eise Frëndeskreesser. Dat gëtt et an eise Gemengen, am Staat an doriwwer eraus. Sträit a Mëssgonscht sinn d'Follgen. Munchmol entsti Rëss, déi kaum nach ze flécke sinn.


"Der HERR ... schenke dir Frieden." Dat kréie mir haut um Neijoerschdag gesot. Op den éischte Bléck ass dat eng Zouso, déi eis ënnere Fridde soll ginn oder schenken. Mä des Zouso geet dann awer doriwwer eraus. Wa mir déif an eis Fridde spieren, da gi mir geloossen, da vergeet eis Angscht, da kréie mir och neie Courage. Des Zouso wëll eis deemno och ureegen eis Welt nei an anescht ze gesinn. Mir dierfen eis eraus woen, ouni Angscht an ouni Zweiwel.


Wa mir haut dat neit Joer ufänken, da solle mir einfach emol all dat, wat eis bis elo nidder gedréckt huet op der Säit loossen. Et soll eis net méi bestëmmen an eisem Denken an Handelen. Et soll eis duerch des Zouso vu Fridde Kraaft a Courage ginn Neies ze woen. Firwat solle mir ëmmer weider an ale Muster stieche bleiwen? Kann et net sinn, dass mir einfach emol mat Courage een neie Wee ginn? Vläicht wier et dann och ubruecht am neie Joer d'Kraaft ze fanne fir ze verzeien. Déi Kraaft kuckt dann och op ee Wee ouni Waffen, weder materiell Waffen nach déi vun eiser Wierder. Am Kampf géint dat Béist an der Welt ass net d'Vernichtung vun de Feinden eist Zil, mä d'Erléisung duerch d'Verzeien. Gott ass eng Léift, déi sech selwer hiergëtt a verschenkt. Et ass dat eng Muecht, déi total anescht ass, wéi dat, wat mir eis als Mënschen ëmmer nees virstellen. All Virstellunge vu Muecht ginn duerch d'Léift an d'Verzeien, duerch d'Versönen nei ausgeriicht. Dat bréngt dann och d'Bereetschaft fir ze schwätzen, fir en éierlechen Dialog ze féieren.


Eis Welt kéint am Groussen, mä och am Kléngen, an eise Famillen a Frëndeskreesser, an eisen Dierfer a Gemenge vill méi friddlech ausgesinn, wa mir éierlech géife schwätzen, wa mir offe géife mat enaner ëmgoen. Éierlechkeet, Bereetschaft zum Verzeien an zum Versönen, Bereetschaft echte Fridden ze schafen a Léift ze liewen, dat wier dat, wat mir am neie Joer misste maachen. Da géif de Seegen aus der Liesung och wouer ginn: "Der HERR wende sein Angesicht dir zu und schenke dir Frieden."


Fürbitten


"Friede sei mit euch!", seet de Jesus zu senge Frënn no senger Opersteeung, déi an Angscht zesumme sëtzen. De Poopst Leo wëll och eis all haut dorun erënneren, dass de Jesus dee Saz och zu eis all seet. Dofir ruffe mir zu Gott, deen eis de Fridde wëll schenken:


* Onzefriddenheet an Näid, Angscht an Has wunnen am Häerz vu jidderengem vun eis. Si maachen eis mësstrauesch a verschlossen. Mir notze Wierder als Waffen a mir riichte Maueren, déi net ze iwwerwannen si ronderëm eis op. Du Gott vum Fridden, hëllef eis, d'Geschenk vun dengem Fridde mat Vertrauen unzehuelen, Wierder vu Léift ze fannen a Maueren ze duerchbriechen. Du Gott vum Fridden, héier eis.


* Mat dem eegene Virdeel am Bléck gestalte Mënschen hiren Alldag an Natiounen hier Bezéiungen ënner enaner. Dee Stäerksten an deen, dee ganz haart jäizt, setzt sech duerch, gëtt gefaart a respektéiert. Ouni Récksiicht gi wirtschaftlech a militäresch Waffen agesat. Jesus, du schenks Fridden. Hëllef eis, eis Häerzer ze wandelen, fir dass mir d'Bedürfnisser vun alle Liewewiese vun dëser Äerd wouer huelen, mat Récksiicht mat enaner liewen an ouni Angscht eng deem entspriechend Politik afuerderen. Du Här vum Fridden, héier eis.


* Staate schléisse Verträg, sécheren sech Ënnerstëtzung an Hëllef zou. Awer dacks ass et schwéier des Verträg am Alldag mat Liewen ze fëllen. Wie wot et schonn zu Gonschte vun alle selwer ee Schratt zeréck ze trieden? Du Geescht vum Fridden, hëllef eis, eis Politik mat Verantwortungsbewosstsinn net nëmme fir Mënsch an Natur vum eegene Land ze gestalten, mä fir déi ganz Welt an an engem Geescht vum friddlechen a solidaresche Matenaner. Du Geescht vum Fridden, héier eis.


Dräifaltege Gott, du gëss eis däi Fridden. Et ass net ee Fridden, wéi d'Welt e gëtt, mä ee Fridden, wéi si e brauch a wéi mir e brauchen. Begleet a leed eis op dem Wee vun dengem Fridden, elo an ëmmer. Amen.


II.


Adressons au Seigneur une prière qui exprime, en ce début d’année, nos souhaits de bonheur, de paix et de santé pour les hommes et les femmes de partout dans le monde. Dieu très bon, écoute-nous.


Des femmes donneront bientôt naissance à un enfant; que le Seigneur les comble de son amour.

Des personnes ont pour mission d’enseigner la Bonne Nouvelle aux jeunes; que le Seigneur les comble de son Esprit.

Des peuples espèrent connaître la paix toute l’année durant et au-delà; que le Seigneur les comble de sa joie.

Des hommes et des femmes désirent retrouver la santé et le bonheur de vivre; que le Seigneur les comble de sa force.


Seigneur, toi la source de vie et de tout bien, ne détourne pas ton regard de nous et exauce notre prière. Nous te le demandons par ton Fils Jésus, qui vit et règne avec toi, maintenant et pour les siècles des siècles.


Gabengebet


Barmherziger Gott, von dir kommt alles Gute, und du führst es zum Ziel. Wir danken dir für den Anfang des Heiles, das du uns in der Geburt deines Sohnes aus der Jungfrau Maria eröffnet hast. Höre auf ihre Fürsprache und führe uns in diesem Jahr näher zu dir. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.


Tu es l'origine de tous les biens, Seigneur, et tu les mènes à leur plein développement; puisque cette fête de Marie, Mère de Dieu, nous fait célébrer notre salut dans son germe, donne-nous la joie d'en receuillir tous les fruits. Par Jésus.


Gott, der du die Zeit in Händen hältst, vor dich bringen wir unsere Gaben und das Jahr, das vor uns liegt. Lass uns alle Tage in deiner Liebe geborgen sein durch Christus, unsern Herrn.


Hochgebet – „Aufbruch“

Präfation
Ja, Herr, dir zu danken haben wir allen Grund.
Aus Nichts hast du den Kosmos geschaffen;
Du hast den Menschen ins Dasein gerufen,
dich liebend ihm zugewandt und ihm deine Gemeinschaft geschenkt.
Du bist besorgt um ihn und sein Heil.
Darum hast du ihn immer wieder zu neuem Aufbruch gerufen:
Noah und Abraham,
Mose und die Propheten riefst du.
Sie vertrauten dir, und ihr Glaube wurde ihnen zum Segen.
Heute rufst du uns,
weil du es gut mit uns meinst.
Wir trauen dir und danken dir für deine Liebe.
Mit allen, die dich kennen und lieben, stimmen wir in deinen Lobpreis ein.
  

Sanctus

Du allein, Gott, bist heilig; du willst, dass auch wir heil werden.
Darum hast du uns diese Feier geschenkt.
Sende nun deinen Geist über unsere Gaben, das Brot und den Wein,
damit dein Sohn Jesus Christus + unter uns gegenwärtig wird.

Er nahm in der Nacht vor seinem Leiden inmitten seiner Freunde Brot,
dankte dir, seinem Vater, brach es und reichte es seinen Freunden mit den Worten:

NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
DAS IST MEIN LEIB, DER FÜR EUCH HINGEGEBEN WIRD.


Dann nahm er den Kelch mit Wein, sprach den Lobpreis 
und reichte den Kelch seinen Freunden, indem er sprach:


NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS:
DAS IST DER KELCH
DES NEUEN UND EWIGEN BUNDES,
MEIN BLUT, DAS FÜR EUCH
UND FÜR ALLE VERGOSSEN WIRD 
ZUR VERGEBUNG DER SÜNDEN:
TUT DIES ZU MEINEM GEDÄCHTNIS.


Geheimnis des Glaubens 

Guter Vater, du hast Jesus nicht im Tod gelassen,
sondern ihn zum Herrn der Welt bestimmt.
Du hast ihn uns gegeben, damit wir an ihm ein Beispiel haben
für unser eigenes Leben.
Er reicht uns seinen Leib und sein Blut damit unsere Gemeinschaft mit ihm
 
immer fester werde und wir in seinem Geist auf dem Weg zum Leben gehen.

Er wollte nicht, dass alles beim Alten bleibt.
Heute will er durch uns die Welt verändern,
auf dass es sich zu leben lohnt, weil die Menschen liebenswerter werden.

Darum bitten wir dich: Wecke uns aus aller Gleichgültigkeit 
und Selbstgefälligkeit; rüste uns zum Aufbruch,
 
damit wir und die ganze Kirche Abschied nehmen von alten,
 
verkehrten Wegen und Ernst machen
mit der Nachfolge Jesu Christi.

Rühre die Gläubigen an durch deinen Hl. Geist:
unseren Papst Leo,
unsere Bischöfe und uns alle,
damit wir uns aufbrechen lassen für das,
was du mit uns und mit der Welt vorhast;
damit wir nicht unseren eigenen Ideen und Plänen nachlaufen,
 
sondern offen werden für deine Pläne und so immer tiefer den Sinn
und das Ziel unseres Lebens erkennen.

An dieses Ziel, so bitten wir dich, mögen alle, die vor uns ihren Lebensweg
auf Erden beendet haben, durch deine Gnade gelangt sein.

Und wenn sich unsere Erdentage zum Ende neigen, 
dann lass auch uns, zusammen mit ihnen, teilhaben an jener
 
unvorstellbaren Glückseligkeit
der vollen Gemeinschaft mit dir, 
die uns Jesus Christus verheißen
und erworben hat.

Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, 
in der Einheit des Heiligen Geistes alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit. Amen.

(s.: Werner Eizinger, Impulse zum Eucharistischen Hochgebet, Butzon & Bercker, 03/2000)


Vaterunser


Eis Welt ass hin an hier gerappt: Striewen no Muecht, Fanatismus, Näid a Mëssgonscht féieren ëmmer weider zu Onfridden ënner de Mënschen. Well jiddereen ëmmer méi muss kréien, kënnt et zu ëmmer méi Kricher, am Alldag wéi an der grousser Welt. Mir brauchen haut méi wéi jee Hoffnung op een wierklech weltwäite Fridden, deen net nëmmen um Blat steet, mä deen och fir all Mënschen ze spieren ass. Sou wëlle bieden, wéi eisen Här Jesus eis et geléiert huet: Vater Unser ...


Friddensgebiet


De Messias war dem Vollek Israel als Kinnek vum Fridden versprach ginn. Hien ass als Mënsch gebuere ginn, fir de Fridden an eiser Welt opzebauen. Zu him wëlle mir dofir ruffen: Här, Jesus Christus, schenk eis däi Fridden.


Schlussgebet


Herr, unser Gott, am Fest der seligen Jungfrau Maria, die wir als Mutter deines Sohnes und Mutter der Kirche bekennen, haben wir voll Freude das heilige Sakrament empfangen. Lass es uns eine Hilfe sein, die uns zum ewigen Leben führt. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.


Nous avons communié à ton sacrement, Seigneur, en ce jour où nous saluons avec fierté dans la bienheureuse Vierge Marie la Mère de ton Fils, et la Mère de l'Église; que cette communion fasse grandir en nous la vie éternelle. Par Jésus.


Vater im Himmel, du hast uns in Jesus deine Liebe gezeigt. Wir danken dir und bitten dich: Sei uns an allen Tagen des begonnenen Jahres nahe in ihm, Christus, unserm Herrn, den uns Maria geboren hat.


Schlussgebet und Segen


Gott, du bist die Schöpferin des Lebens.

Alle Menschen sind mit gleicher Würde erschaffen.

Allen ist der Friede Christi verheißen.


Gieße die Geistkraft in unsere Herzen ein,

damit wir uns für Liebe und Gerechtigkeit einsetzen.


Schenke den Politiker*innen gerade in

diesen Zeiten der Aufrüstung Mut zu vertrauensbildenden Maßnahmen

und Ideen, Konflikte gewaltfrei zu lösen.


Lass uns den Friedensgruß Christi verinnerlichen,

dass unsere Weise zu leben und zu handeln entwaffnend und friedensstiftend ist.


Nimm dich besonders der Menschen an,

die Opfer von Gewalt und Krieg wurden.


Sporne uns an, Gesellschaften aufzubauen,

in denen es keine Armut, Gewalt, Krieg und Umweltzerstörung mehr gibt.


Dazu segne uns Gott, die uns ihren Frieden verheißen hat,

es segne uns Jesus Christus, unser Bruder, der den Frieden gelebt hat

und es segne uns die Geistkraft, die uns ermutigt,

empathisch und entwaffnend zu sein. Amen. +

aus: https://www.katholische-militaerseelsorge.de/fileadmin/kunde/aktuelles/Weltfriedenstage/Weltfriedenstag_2026.pdf - gesinn den 29.12.2025 - 19:45


Gebet zum Neuen Jahr


Herr über Zeit und Ewigkeit,

wir wagen es, alles von dir zu erhoffen und zu erbitten.


Lass dieses Jahr ein Jahr des Friedens werden -

auch wenn alles dagegen zu stehen scheint.


Lass es ein Jahr der Hoffnung werden -

auch wenn wir tausend Gründe wissen,

die uns die Hoffnung nehmen wollen.


Lass es ein Jahr werden,

in dem Menschen aufeiander zugehen,

deren Wege sich getrennt haben -

auch wenn wir noch keine Zeichen dafür erkennen.


Lass es ein Jahr werden,

in dem sich Menschen aufrufen lassen,

füreinander da zu sein -

und stärke die Zeichen, die wir dafür schon sehen.


Lass es ein Jahr deines Wortes werden,

dass es wieder etwas gilt im Land

und in den Häusern

und in deiner Kirche -

auch wenn wir allesamt vor Umtriebigkeit

taub zu werden drohen.


Schenk uns deinen Geist,

dass wir deine Zeichen recht fassen

und deine Nähe nicht übersehen.

Amen.

aus: Sylvia Bukowski, Jochen Denker, Holger Pyka, Worte finden. Neue Gebete für Gottesdienst und Alltag, Neukirchener Verlag, Neukirchen-Vluyn 2021, S. 26.


Mass vum 28. Dezember
Klick op d’Kalennerblat fir d’Mass als PDF!
Mass vum 4. Januar

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement