
|
Christi Himmelfahrt B – 12./13.5.2021
Eröffnungsvers (Apg 1, 11): "Ihr Männer von Galiläa, was steht ihr da und schaut zum Himmel? Der Herr wird wiederkommen, wie er jetzt aufgefahren ist. Halleluja." Aféierung an d’Mass
Léif Matchrëschten! 40 Deeg no Ouschteren feiere mir d’Fest vun der Himmelfaart vu Jesus Christus. Fir vill Mënschen wier dëst an normalen Zäiten een Dag gewiescht, dee genotzt gi wier, fir en Ausfluch ze maachen, fir ze entspanen. Déi portugisesch Communautéit wier och op deem Dag op Wolz gepilgert an hätt do d’Muttergottes vu Fatima gefeiert, der hiren Dag jo och genee haut um 13. Mee ass. Villes ass dëst Joer eben anescht. An awer kënne mir haut feieren, dass de Jesus bäi Gott ass. Mä hie bleift mat senger Botschaft, mat sengem Geescht trotzdeem bäi eis a begleet eis op eise Weeër duerch d’Liewen. Loosse mir virun eisen Här trieden an hien ëm säin Erbaarmen uruffen. Kyrie
* Här Jesus Christus, du hues Doud a Leed iwwerwonnen, géi mat eis an eisem Liewen. Här, erbaarm dech. Dagesgebiet
Allmächtegen an éiwege Gott, erfëll eis mat Freed an Dankbarkeet, well an der Himmelfaart vun dengem Jong hues du d’Mënschen all ausgezeechent. Schenk eis dat fest Vertrauen, datt och mir all dozou beruff sinn, fir béi dir ze liewen. Dech luewen an éiere mir duerch déi Jong Jesus Christus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Dieu qui élèves le Christ au-dessus de tout, ouvre-nous à la joie et à l’action de grâce, car l’Ascension de ton Fils est déjà notre victoire : nous sommes les membres de son corps, il nous a précédés dans la gloire auprès de toi, et c’est là que nous vivons en espérance. Par Jésus Christ. Ewiger Gott, in der Himmelfahrt deines Sohnes hast du den Menschen erhöht und seine Würde kundgetan. Schenke uns das feste Vertrauen, dass auch wir zur Herrlichkeit gerufen sind, in die Christus uns vorausgegangen ist, der in der Einheit des Heiligen Geistes mit dir lebt und wirkt in alle Ewigkeit. Liesungen: Apg 1, 1-11 / Eph 4, 1-13 / Mk 16:15-20 Lesung aus der Apostelgeschichte. R Gott steigt empor unter Jubel, der Herr beim Schall der Posaunen. - R Gott stieg empor unter Jubel, der Herr beim Schall der Hörner. Singt unserm Gott, ja singt ihm! Spielt unserm König, spielt ihm! - Denn König der ganzen Erde ist Gott. Spielt ihm ein Weisheitslied! Gott wurde König über alle Völker, Gott hat sich auf seinen heiligen Thron gesetzt. - Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Ephesus. Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:) Geht und macht alle Völker zu meinen Jüngern. Ich bin mit euch alle Tage bis zum Ende der Welt. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Markus. Lecture du livre des Actes des Apôtres. R/ Dieu s’élève parmi les ovations, le Seigneur, aux éclats du cor. Dieu s’élève parmi les ovations, le Seigneur, aux éclats du cor. Sonnez pour notre Dieu, sonnez, sonnez pour notre roi, sonnez ! Car Dieu est le roi de la terre: que vos musiques l’annoncent! Il règne, Dieu, sur les païens, Dieu est assis sur son trône sacré. Lecture de la lettre de saint Paul apôtre aux Éphésiens. Alléluia. Alléluia. Allez! De toutes les nations faites des disciples, dit le Seigneur. Moi, je suis avec vous tous les jours jusqu’à la fin du monde. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Marc Priedegt
Léif Matchrëschten! "Geht hinaus in die ganze Welt und verkündet das Evangelium der ganzen Schöpfung!" Mir hunn haut de Schluss vum Markusevangelium héieren. An der exegetescher Dis-kussioun gëtt doriwwer debattéiert, dass dësen Text um Enn vum Markusevangelium een nodréig-lechen Zousaz ass. Tatsaach ass awer, dass dës Zeilen an eiser Bibel drastinn a mir sinn agelueden och iwwer dës Zeilen nozedenken. Deen lo just zitéierten Vers 15 ass fir mech ëmmer nees ee ganz bedeitende Saz. Wat heescht en? Gläichfalls an den Diskussiounen gëtt ëmmer nees gesot, dass mat der ganzer Schëpfung oder mat alle Kreaturen, wéi een och kéint iwwersetzen, all Mënsche gemengt sinn. Dat ass eng Siicht déi sécherlech seng Berechtegung huet. An der deemoleger Zäit hunn d’Mënschen nach zimmlech kleng gesinn. Nëmmen hiert eegent Vollek koum a Betruecht. Och d’Judden waren an hirer reliéiser Motivatioun, wat d’Verbreedung vum Glawen u Gott ugeet, jo op hiert Vollek beschränkt. Mä d’Botschaft vu Jesus Christus ass eng universell Botschaft, déi alle Mënsche gëllt. Egal op Judden, Griichen, Réimer oder ganz onbekannten Vëlker, si all si predestinéiert fir des gutt Noriicht ze héieren an erzielt ze kréien. An deem Sënn ass dëse Sougenannten Befeel zur Missioun vum Jesus duerchaus allgemeng ze verstoen, eben fir déi ganz mënschlech Welt, fir all Mënschen an der Welt. An awer, hei steet an eiser Iwwersetzung de Begrëff "Schöpfung", bzw. "création". Dëse Begrëff ass awer jiddefalls an eisem haitegen Verständnis méi wäit gefaast, wéi dass hien just d’Mënschheet géif bezeechnen. An dofir stellen ech mir d’Fro, op net awer hei nach vill méi universell muss ge-duecht ginn, wéi dass mir just d’Mënschheet an de Bléck huelen. Si net och all aner Kreaturen hei mat gemengt? Deemools war et sécherlech wichteg ze betounen, dass dem Jesus seng Botschaft op kee Fall op dee klenge Beräich vun de Judden begrenzt sollt sinn. Mä mir liewen haut a mir wëssen, dass des Botschaft vu Christus effektiv alle Mënsche gëllt. Keen dierf a soll ausgeschloss sinn. Dat heescht beileiwen net, dass mir wéi a fréieren Zäiten mat Waffegewalt Mënschen zum Chrëschtentum solle bekéieren. Et heescht, dass jiddereen, dee wëll, och des Botschaft dierf gesot kréien an dierf unhuelen. Mä och mir als Chrëschten hunn domat den Optrag keen, wierklech an absolutt keen, aus dëser Botschaft auszeschléissen. An nach eng Kéier, mengen ech, dierf ech an eiser Zäit elo hei d’Fro stellen: Dierfen mir dann aner Kreaturen an dëser eiser gemeinsamer Welt vun der Botschaft ausschléissen? Wa mir vun der grousser Léift schwätzen, wéi dee leschte Sonndeg, ass déi op d’Mënschheet beschränkt oder gëllt si net och eise Matkreaturen an der Déieren- a Planzewelt? Gëlt dës Botschaft net grad och der ganzer Schëpfung als belieften oder och net belieften Schëpfung? Natierlech deefe mir keen Déier a keng Planz. Awer et geet jo net einfach nëmmen drëm, dass aner Kreaturen des Botschaft vu Christus verstinn an unhuelen, et geet dach wuel och dorëm, dass mir si liewen. A wa mir si liewen, da muss eis Léift och allem an alle gëllen an dëser Welt. Et ass fir mech kloer an däitlech, dass hei am Text eigentlech un eis mënschlech Welt geduecht war. An awer, kann een net och ee Saz wéi: "die Kranken, denen sie die Hände auflegen, werden gesund werden" absolutt universell verstoen. Haut si net nëmme mir Mënsche krank. Haut sinn och Déiere krank. Eis Ëmwelt an Natur ass krank, just well mir si net uechten a verknaschten. A grad do gesinn ech hei och ee Befeel zur Missioun an deem Sënn, dass mir dach missten agräifen a fir Gesondheet a Wuelergoe suergen. Wat notzt et der Mënschheet, wann all Mënsch un de Jesus gleeft, awer des Welt zu Gronn geet, well mir si net geuecht hunn? Loosse mir dach haut d’Dämonen vun der Ëmweltzerstéierung, vun der Ausbeutung vun der Natur an de Mënschen, vum Krich an der Verdreiwung, vum Egoismus a vum Materialismus, vum "ëmmer méi wëllen ze hunn" ausdreiwen. Loosse mir dach eng nei Sprooch schwätzen, d’Sprooch vun der universeller Léift zu allen an allem an der Welt. Loosse mir selwer derfir suergen, dass kee Gëft eis Gesellschaften an eis Welt kann zerstéi-eren. Mir hunn et an der Hand. Mir als Mënschen an als Chrëschten si vum Jesus opgeruff des, eis Welt ze schützen an ze versuergen an dat mat allem, wat et gëtt. Eise Glawen an eis Daf notzen eis näischt, wa mir eis Welt zu Gronn riichten. Et geet net duer nëmmen d’Aen an den Himmel ze riichten an ze kucken. "Ihr Männer und Frauen von Galiläa und von ... , was steht ihr da und schaut zum Himmel empor?" Kuckt net! Mä packt mat un, fir des Welt schéin a liewenswäert ze maachen fir all Kreatur. Amen. Fürbitten
D’Fest vu Christi Himmelfaart ass net ee Fest vun Abschid, mä ee Fest, wou mir drun erënnert ginn, dass de Jesus mat sengem Geescht bäi eis bleift. Dofir dierfe mir och zu him ruffen: * Gëff alle Chrëschten de Mutt an d’Kraaft, Zeien vun der Opersteeung an hirem Alldag ze sinn. Christus, héier eis. * Gëff eis all Freed an d’Häerz, fir dass mir echt a frou deng Botschaft haut kënne liewen. Christus, héier eis. * Gëff all deenen, déi an de Klinicken an an de Fleegeheimer schaffen besonnesch an dëse schwéi-eren Zäiten Momenter vu Rou an Erhuelung, wou si nei Kraaft kënne fannen. Christus, héier eis. * Gëff alle Mënschen, déi an Nout sinn duerch Krich, Krankheet oder Verdreiwung Zouversiicht a looss si Hëllef fannen. Christus, héier eis. * Huel all eis Verstuerwen bäi dech an däi Fridden. Christus, héier eis. Här, eise Gott, lauschter op eis Gebieder. Voller Freed hoffe mir op deng Hëllef, elo an ëmmer. Amen. II.
Le Christ appelle aujourd’hui l’Église à poursuivre sa mission jusqu’aux extrémités de la terre, avec le soutien de l’Esprit. Tournons-nous vers le Père du ciel qui guide chacun et chacune dans cet engagement. Gowegebiet
Seigneur, nous te présentons humblement ce sacrifice pour fêter l’Ascension de ton Fils auprès de toi: que cet échange mystérieux nous fasse vivre avec le Chris ressucité. Lui qui règne. Guter Gott, nimm die Gaben und Gebete deiner Gemeinde an. Mach uns frei von allem, was uns von dir trennt, und lass uns dich über alles lieben durch Christus, unsern Herrn. Hochgebet – „Auffahrt“
Sanctus Wir danken, Gott, für Jesus von Nazareth. Wir erinnern uns an ihn. Darum bitten wir dich: Sende deinen Geist über Brot und Wein, Denn am Abend vor seinem Leiden nahm er beim Mahl das Brot NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er den Kelch mit Wein, dankte wiederum, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens: Unser Feiern ist Erinnerung an den, der lieber Hunger in sich spürte, statt satt zu sein, Sein freies und fließendes Leben, sein Sterben, das er angenommen, Gott, wir danken dir, für alle, die Jesu Weg gehen Wir bitten dich, Gott, für die Kirche, dass sie mehr die Erde als den Himmel im Blick habe. Sei du ihnen allen das Leben – auch durch uns. Mit allen himmlischen Schwestern und Brüdern Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Mir liewen net an enger Welt, wou Gott net do wier. De Jesus huet eis dat ëmmer nees gesot a ge-wisen duerch säin Handelen a Bieden. Mat Vertrauen dierfe mir zesummen dat Gebiet soen, wat hien eis geléiert huet. Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
Schlussgebiet
Härgott, du hues eis, déi mir nach an dëser Welt liewen, all deng gutt Wieder vu Léift a Gerechtegkeet mat op de Wee ginn. Leed all eist Schaffen a Wierken zum Himmel, wou Christus als éischten vun dengen Auserwiel-ten ass, hien, dee mat dir lieft an all Éiweg-keet. Amen. Dieu qui nous donnes les biens du ciel alors que nous sommes encore sur la terre, mets en nos coeurs un grand désir de vivre avec le Christ en qui notre nature humaine est déjà près de toi. Lui qui règne. Unser Vater im Himmel, du hast uns, die wir noch auf Erden leben, Anteil geschenkt am Hochzeits-mahl des ewigen Lebens. Lenke unser Sinnen und Verlangen immer mehr zu Christus, der bei dir lebt und Leben schafft in Ewigkeit. Segen
Geht hinein in die Welt, die Gott, der Vater, geschaffen hat.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement