Fest vum Hellegen Antonius - 17.1.2022


Home Back Print Kontakt

Léif Matchrëschten! Mir feieren haut um 17. Januar den Hellegen Antonius. Am drëtten Joerhonnert hat hien sech an d’ägyptesch Wüüst zeréck gezunn an huet do ëmmer méi Mënschen ëm sech gesammelt, déi säi Wee sollte mat goen. Sou huet hien eigentlech d’Mönchtum an eiser Kierch begrënnt an iwwer vill Joerhonnerten ewech gepräägt. Vläicht misste mir eis als Chrëschten och mol erëm an eng Wüüst zeréck zéien, fir dann zu eis selwer an zur Botschaft vu Jesus Christus fannen. Siche mir haut nei Weeër fir d’Botschaft vu Jesus Christus ze liewen? Ruffe mir eisen Här Jesus Christus ëm seng Hëllef un.

Dagesgebiet

Här, eise Gott.
Du hues hues den hellegen Antonius
aus der Welt erausgeruff an him d’Kraaft ginn,
fir an der Einsamkeet vun der Wüüst virun dir ze liewen.
Hëllef eis op säi Gebiet hin,
eis selwer ze iwwerwannen an dech iwwert alles gär ze hunn.
Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, déi Jong,
eisen Här, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft
a regéiert an all Éiwegkeet. Amen.

Liesungen vum Fest vum Antonius Eph 6, 10-13.18 / Mt 19, 16-26

Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Epheser.
Schwestern und Brüder!
10Werdet stark durch die Kraft und Macht des Herrn!
11Zieht die Rüstung Gottes an,
damit ihr den listigen Anschlägen des Teufels
widerstehen könnt.
12Denn wir haben nicht gegen Menschen
aus Fleisch und Blut zu kämpfen,
sondern gegen die Fürsten und Gewalten,
gegen die Beherrscher dieser finsteren Welt,
gegen die bösen Geister des himmlischen Bereichs.
13Darum legt die Rüstung Gottes an,
damit ihr am Tag des Unheils standhalten,
alles vollbringen und den Kampf bestehen könnt.
18Hört nicht auf, zu beten und zu flehen!
Betet jederzeit im Geist; seid wachsam,
harrt aus und bittet für alle Heiligen.

ANTWORTPSALM
R Du, Herr, bist mein Anteil und Erbe.

1 Behüte mich, Gott, denn ich vertraue dir.
2 Ich sage zum Herrn: „Du bist mein Herr;
mein ganzes Glück bist du allein.“
5 Du, Herr, gibst mir das Erbe und reichst mir den Becher;
du hältst mein Los in deinen Händen. - (R)
7 Ich preise den Herrn, der mich beraten hat.
Auch mahnt mich mein Herz in der Nacht.
8 Ich habe den Herrn beständig vor Augen.
Er steht mir zur Rechten, ich wanke nicht. - (R)
9 Darum freut sich mein Herz und frohlockt meine Seele;
auch mein Leib wird wohnen in Sicherheit.
11 Du zeigst mir den Pfad zum Leben.
Vor deinem Angesicht herrscht Freude in Fülle,
zu deiner Rechten Wonne für alle Zeit.
R Du, Herr, bist mein Anteil und Erbe.
R Du, Herr, bist mein Anteil und Erbe.

RUF VOR DEM EVANGELIUM
Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:) Wenn ihr in meinem Wort bleibt seid ihr wirklich meine Jünger. Dann werdet ihr die Wahrheit erkennen, und die Wahrheit wird euch befreien. Halleluja.

+ Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus.
In jener Zeit
16kam ein Mann zu Jesus und fragte:
Meister, was muss ich Gutes tun,
um das ewige Leben zu gewinnen?
17Er antwortete: Was fragst du mich nach dem Guten?
Nur einer ist „der Gute“.
Wenn du aber das Leben erlangen willst, halte die Gebote!
18Darauf fragte er ihn: Welche?
Jesus antwortete: Du sollst nicht töten,
du sollst nicht die Ehe brechen,
du sollst nicht stehlen,
du sollst nicht falsch aussagen;
19ehre Vater und Mutter!
Und: Du sollst deinen Nächsten lieben wie dich selbst!
20Der junge Mann erwiderte ihm: Alle diese Gebote habe ich befolgt.
Was fehlt mir jetzt noch?
21Jesus antwortete ihm:
Wenn du vollkommen sein willst, geh,
verkauf deinen Besitz und gib das Geld den Armen;
so wirst du einen bleibenden Schatz im Himmel haben;
dann komm und folge mir nach.
22Als der junge Mann das hörte, ging er traurig weg;
denn er hatte ein großes Vermögen.
23Da sagte Jesus zu seinen Jüngern: Amen, das sage ich euch:
Ein Reicher wird nur schwer in das Himmelreich kommen.
24Nochmals sage ich euch: Eher geht ein Kamel durch ein Nadelöhr,
als dass ein Reicher in das Reich Gottes gelangt.
25Als die Jünger das hörten, erschraken sie sehr und sagten:
Wer kann dann noch gerettet werden?
26Jesus sah sie an und sagte zu ihnen:
Für Menschen ist das unmöglich, für Gott aber ist alles möglich.

Priedegt (2022)

Léif Matchrëschten! „Wenn du vollkommen sein willst, geh, verkauf deinen Besitz und gib das Geld den Armen; so wirst du einen bleibenden Schatz im Himmel haben; dann komm und folge mir nach.” Dat sinn déi Wierder aus dem Evangelium, déi deemools den Antonius esou getraff hunn, dass hien säi Liewen als dach räiche Mënsch opginn an sech an d’Einsamkeet zeréck gezunn huet. Alles lass loossen, dat wat een u Materiellem besëtzt, déi gesellschaftlech Relatiounen, d’Famill, jee alles, wat mir esou am Allgemengen an alldeegleche Liewen hunn, wier dat eng Optioun fir eis?

Ech mengen kaum ee kann sech et virstellen esou radikal alles lass ze loossen. An awer, wann ech iwwer den Antonius a säi Wee nodenken, da kënnt schonn eng gewëssen Onrou a mir op. Heiansdo, bäi allem wat esou geschitt, denken ech mir: Wat wier et elo esou gutt, einfach eleng ze sinn, iergendwou wäit fort, iergendwou, wou keen dech an dengem Nodenken a Siche stéiert. Do Wonsch fräi ze sinn vun alle Suergen vum Alldag hunn duerchaus Mënschen och haut. De Stress vum Liewen, dat alldeeglecht Gewulls ëm dëst an dat mécht ee scho midd. Ass dat, wat mir haut alles dreiwen, wierklech dat echt Liewen? Ass et derwäert sech esou ënner Drock setzen ze loossen, fir e puer Euro méi ze hunn?

Mir mierke grad haut ëmmer méi, wéi mir Mënschen eis Welt dach zimmlech no un de Ruin féieren mat eisem Wonsch fir ëmmer méi ze hunn an ze maachen. De Wuesstem ass an eise Käpp. De Wuesstem vun eisem Räichtum steiert alles, eist ganzt Liewen. Mir wëllen ëmmer méi Amusement. Ëmmer méi, ëmmer méi séier, ëmmer méi dichteg, ëmmer méi perfekt: dat ass quasi de Credo vun eiser Zäit. Mä ech hunn den Androck, dass dat zum Antonius senger Zäit net vill anescht war. An eben aus deem Hamsterrad ass hien eraus geklommen. Perséinlech droen ech a mir esou een déiwe Wonsch, fir einfach eraus ze klammen an dat Ganzt net méi mat ze maachen. Jo och an eisem kierchleche Betrib ass et net besser. Och do lafe mir Joer fir Joer an engem Hamsterrad an dréine ëm eis selwer, ouni dass et iergend een Fortgang kritt. D’Sënnfro musse mir eis och do stellen.

Am Allgemengen gi mir iwwerall gedriwwen. Mir si kaum fräi. Den Antonius huet sech deem entzunn. Hie wollt een anert Liewen, ee Liewen ganz am Aklang mat sech selwer a mat Gott. Natierlech ass et fir jiddereen vun eis kaum méiglech esou radikal eraus ze klammen an als echten Asket wéi den Antonius ze liewen. Awer ee gutt Stéck vun all deem, wat mir haut esou als wichteg ugesinn, kéinte mir ouni Problemer ewech loossen an d’Welt géif nawell net ënner goen.

D’Pandemie vun deene leschten zwee Joer huet eis däitlech gewisen, wéi wichteg et wier, fir heiansdo op dëst an dat ze verzichten. Ee “Lockdown” a munche Beräicher vun eisem hektesche Liewen wier duerchaus ubruecht a kéint a viller Hisiicht eis ganz Welt erëm e wéineg méi an d’Rei bréngen. Ech hunn dat lescht Joer am reellen “Lockdown” wéinst der Corona-Krise duerchaus gespuert, wéi gutt et deet einfach emol eng Zäit méi roueg a gemittlech ze liewen. Villes, wat mir esou maachen, ass einfach net noutwendeg. Et ass net liewenswichteg. Et kann een Villes ganz berouegt ewech loossen an awer geet et weider.

Den Antonius huet natierlech selwer entscheet, fir an d’Wüüst ze goen. D’lescht Joer gouf eis dat an engem gewëssen Sënn octroyéiert. Dorun hu mir eis gestouss. Dofir: Firwat net selwer, wéi den Antonius entscheeden an einfach an d’Wüüst goen? Loosse mir dach Villes, wat iwwerflësseg ass, einfach op der Säit. Maache mir eis fräi vun all deem Ballast, dee mir mengen, mir missten et hunn.

Seenung vun dën Antoniusgowen

An der Traditioun zum Fest vum Antonius gi bis haut op verschiddene Platzen Produkter vum Schwäin an der Kierch geseent. Si sinn eng Erënnerung drun, datt mir am Fong alles vu Gott geschenkt kritt hunn. Matt Dankbarkeet wëlle mir dofir elo eist Gebiet un eisen Här riichten:

Aller Augen warten auf dich, o Herr, du gibst uns Speise zur rechten Zeit.
Du öffnest deine Hand und erfüllst alles, was lebt, mit Segen.

Loosst mer bieden.

Här, Jesus Christus,
du hues mat dengen Apostelen zesummen gefeiert a giess.
Du waars zu Gaascht bäi ville Mënschen
an hues hinnen duerch deng Presenz Freed geschenkt.
Op wonnerbar Manéier
hues du méi wéi 5000 Mënschen z’iesse ginn.
Haut hues du eis agelueden,
fir mat dir eng Moolzecht ze halen an ze feieren.
Kuck a Gnod op dës Gowen,
déi mir zur Éier vum hellegen Antonius bruecht hunn
an erfëll si mat dengem + Seegen.
Looss eis duerch dës Feier zesummewuessen an nei Freed fannen fir eist Liewen.
Dech luewen an éiere mir, zesummen mat Gott, dem Papp,
an dem hellege Geescht, elo an an all Éiwegkeet. Amen.

Fürbitten

Den Antonius huet d’Einsamkeet vun der Wüüst gewielt an huet do d’Erfëllung vu sengem Liewe fonnt. Op säin Antriede hin fir eis komme mir zu eisem Här Jesus Christus a bieden hien:

  • Loosse mir bieden fir eis kierchlech Gemeinschaft ëm Eenheet a Fridden. Christus, héier eis.
  • Loosse mir bieden fir all Fraen a Männer, déi an enger Uerdensgemeinschaft liewen, ëm een däitlecht Zeechen vu Glawen an eiser Zäit. Christus, héier eis.
  • Loosse mir bieden fir all déi Mënschen, déi sech Wuelergoen an Heelung wënschen, ëm Erfëllung vun hiren Dreem. Christus, héier eis.
  • Loosse mir bieden fir all, déi versichen, hier Beruffung ze fannen am Liewen, ëm Mutt zu neien Entscheedungen. Christus, héier eis.
  • Loosse mir bieden fir eis Verstuerwen, ëm d’Ophuelen an deng éiweg Herrlechkeet. Christus, héier eis.

Här, Jesus Christus, dech luewen an éiere mir elo an an all Éiwegkeet. Amen.

Gowegebiet

Här, beim Gedenken un den hellegen Antonius
brénge mir mat dëse Gowen eis selwer duer.
Huel alles vun eis ewech, wat eis vun dir trennt,
fir datt’s du eleng eise Räichtum bass.
Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Amen.

KOMMUNIONVERS
Wenn du vollkommen sein willst, geh, verkauf deinen Besitz und gib das Geld den Armen; dann komm und folge mir nach - so spricht der Herr.

Schlussgebiet

Allmächtege Gott,
mat denger Hëllef huet den hellegen Antonius
Muecht vun der Däischtert iwwerwonnen.
Stäerk eis duerch déi Brout vum Liewen,
wat mir empfaangen hunn an dat eis Heel bréngt,
fir datt mir och all Ugrëff vum Béisen kennen ofwieren.
Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Amen.

Gott unser Vater,
am Gedenktag des heiligen Antonius haben wir Jesus Christus,
die Mitte unseres Glaubens, gefeiert.
Immer wieder benötigen wir diese kleinen Aus-Zeiten in deiner Nähe,
um dann gestärkt zu unseren Aufgaben
in Familie und Arbeitswelt zurückzukehren.
Mögen alle Menschen an unserem Verhalten erkennen,
mit welch einer frohen Botschaft wir unterwegs sind.
Darum bitten wir durch Jesus Christus.


Mass vum 16. Januar
Klick op d’Kalennerblat fir d’Mass als PDF!
Mass vum 23. Januar

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement