|
Härléichendag A - 10./11.6.2023
Léif Matchrëschten! Et ass jo eigentlech ëmmer nees schéin, wann een op ee Fest ageluede gëtt. Meeschtens gëtt et eppes Guddes fir ze iessen an ze drénken. Haut si mir och agelueden op esou ee Fest. Allerdéngs wëll deen, deen eis aluet, selwer och d’Iesse sinn. Brout a Wäin sinn an eiser Massfeier de Läif an d’Blutt vu Christus. Jesus Christus wëll fir eis wéi eng alldeeglech noutwenneg Nahrung sinn. Loosse mir eis vun him alueden an dann och an eisem Häerz verwandelen, sou dass och mir fir anerer ginn wéi eng wäertvoll Nahrung. Loosse mir eisen Här Jesus an eiser Mëtt begréissen an hien ëm säin Erbaarmen froen. Kyrie
Här Jesus Christus, du selwer bass d’Brout vum éiwege Liewen. Dagesgebiet
Herr Jesus Christus, im wunderbaren Sakrament des Altares hast du uns das Gedächtnis deines Leidens und deiner Auferstehung hinterlassen. Gib uns die Gnade, die heiligen Geheimnisse deines Leibes und Blutes so zu verehren, daß uns die Frucht der Erlösung zuteil wird. Der du in der Einheit des Heiligen Geistes mit Gott dem Vater lebst und herrschest in alle Ewigkeit. Amen. Seigneur Jésus Christ, dans cet admirable sacrement, tu nous as laissé le mémorial de ta passion ; donne-nous de vénérer d’un si grand amour les mystères de ton corps et de ton sang, que nous puissions recueillir sans cesse le fruit de ta rédemption. Toi qui règnes. Herr, unser Gott, du hast dein Wort ausgesät und deinen Sohn hingegeben. Er wurde für uns gebrochen und starb für uns. So wurde er zum Brot und Leben für die Welt. Er hat uns verheißen, für immer unter uns gegenwärtig zu bleiben. Er ist da, im Wort und im Brot, das wir miteinander teilen. Wir bitten dich, lass uns die Kraft finden, seinen Weg zu gehen: dass wir füreinander wie Brot werden. Darum bitten wir durch Jesus Christus. Liesungen: Dtn 8, 2-3.14-16a / 1 Kor 10, 16-17 /Joh 6, 51-58 Lesung aus dem Buch Deuternomium. Kv Jerusalem, rühme den Herrn! Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:) Ich bin das lebendige Brot, das vom Himmel gekommen ist. Wer dieses Brot isst, wird in Ewigkeit leben. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. Lecture du livre du Deutéronome. R/ Glorifie le Seigneur, Jérusalem ! Lecture de la première lettre de saint Paul Apôtre aux Corinthiens. Alléluia. Alléluia. Moi, je suis le pain vivant, qui est descendu du ciel, dit le Seigneur ; si quelqu’un mange de ce pain, il vivra éternellement. Alléluia. Évangile de Jésus-Christ selon saint Jean. Priedegt
Léif Matchrëschten! Dëse Sonndeg feiere mir Härläichendag. Mir soe Merci, dass eisen Här Jesus net nëmmen a sengem Wuert a Geescht an eiser Mëtt ass, mä dass hien och an deenen einfachen Zeeche vun eiser Nahrung, a Brout a Wäin bäi eis a mat eis ass. Mir feieren dat wuel an all Mass. Awer op Härläichendag gëtt dëst Feieren bis haut a ville Géigend eraus gedroen an d’Liewenswelt vun de Mënschen. Jesus Christus a seng Botschaft sinn net nëmmen fir dee klenge Raum vum Kierchegebai bestëmmt mä fir eis Liewenswelt am Ganzen. D’Pressessioun op Härläichendag ass een Erausgoen an d’Welt. Mir brénge Christus an eist Liewen. Déi ganz bescheiden Zeechen vu Brout a Wäin, déi sti fir eist einfacht Liewen. Si ginn an eisem Verständnis an de Läif an an d’Blutt vu Christus gewandelt. Un sech ass et een déift Zeechen. Gott selwer mécht sech present an dëse Gowen, an dem Brout, dat eis liewe léist, an am Wäin, deen eis eng festlech Freed bréngt. Gott léist sech erof a verwandelt sech an de Gowen an ee siichtbaart Zeechen. Awer hien wëll jo net nëmmen doran present sinn mä an allem, wat et an eiser Welt gëtt a besonnesch och an eis Mënschen. D’Verwandlung vu Brout a Wäin um Altor soll weider goen an der Verwandlung vun de Chrëschten, der Kierch, der Welt. Gott wëll alles an allem sinn. Déi ganz Schëpfung soll vu Gott schwätzen a mat him verbonne sinn. Wandlung, Verwandlung sinn déi bedeitend Wierder. Mir sollen eis net mat der Wandlung an der Mass zefridde ginn. Mir selwer mussen eis wandelen, verwandelen a Mënschen, déi d’Géigewaart vu Gott an der Welt bezeien. Mir sollen et genee esou maachen, wéi et an eisem Verständnis vum Glawen Gott gemaach huet, deen am Jesus sech an eis Welt era ginn huet. De Jesus huet Gott am Alldag bezeit. Hien war mat de Mënschen, hie war fir si do, hien huet ganz einfach hiert Liewe gedeelt. Dat wier elo och eis Aufgab: Zeie sinn vu Gott a senger Botschaft an der Welt vun haut, ganz konkret am Liewen. De Jesus huet seng Botschaft verkënnegt do, wou d’Mënschen gelieft a geschafft hunn, net a Kierchen. Härläichendag, ass ee progressiivt Fest. Et huet eppes mat Fortschrëtt ze dinn, et kuckt no vir op dat, wat si wäert. Géint dat Fortschrëttlecht gëtt et ëmmer nees Widderstänn, Widderstänn an eis selwer, an der Kierch an och an der Gesellschaft. De Widderstand ass am Fong d’Sënd. Sënd kënnt vun “sënneren”, ofsënneren. Sënd ass de Versuch Gott auszeschléissen aus der Aart, wéi Mënschen matenaner ëmginn, wéi si des Welt notzen, wéi si net wouer huelen, dass de Mënsch ëmmer nees engem Wandel ënnerworf ass an haut wuel ganz anescht lieft an denkt wéi a fréieren Zäiten. Awer Gott ass selwer progressiv a wëll haut mat dem Mënsch goen an dat a Manéieren, déi der Zäit vun haut ugepasst sinn. Gott lieft net an der Vergaangenheet. Hien lieft an der Géigewaart an dat elo mat eis. Ëmmer nees gëtt grad a frommen a fundamentalisteschen Kreesser versicht Gott aus dem Liewen vun haut eraus ze halen. Hien soll schéi brav agespaart bleiwen am Denken vu vergaangenen Joerhonnerten. De facto, wa mir an kierchleche Beräicher just solle feieren an handelen wéi virun 100 oder 200 Joer, da schléisse mir Gott fir eis Zäit vun haut aus. Gott awer wandelt sech a passt sech dem Mënsch un. Genee dat huet de Jesus ëmmer nees a sengem Liewen gewisen. Vu fundamentalistesche Kreesser gëtt ëmmer nees d’Gespenst un d’Mauer gezeechent, dass eis Welt haut ouni Gott wier. Dobäi sinn si et, déi Gott an der Vergaangenheet aspären. Härläichendag ass sécherlech an engem gewëssen Sënn een anachronistescht Fest, well et mat Zeechen operéiert, déi aus der Vergaangenheet kommen. Et ass dann awer progressiv, well et eis ka soen, dass mir mat Gott, mat der Botschaft vu Jesus Christus, geleet vum Hellege Geescht an eis Liewenswelt mussen eraus goen. Härläichendag ass ee Bild, awer ee Bild dat eis oprësele soll, fir net stoen ze bleiwen an der Vergaangenheet, mä no vir ze kucken. Dëser Deeg sinn a ville vun eise Kierchen Broschüren aus extreem fundamentalistesche Kreesser opgetaucht. Si wëllen d’Kierch vu fréier bäibehalen. Si wëlle versuergen. Si wëllen deen an hiren Aen echten kathoulesche Glawen retten. Ech denken, wa si iergendwann emol d’Bibel opgeschloen hätten a ganz gelies hätten, dann wier hinnen och opgaangen, dass een net nëmmen eenzel Sätz dierf eraus zéien, déi engem grad an de Krom passen an déi eege Meenung ënnermaueren. De Jesus war ee progressive Mënsch a Priedeger. Hien huet de Leit op de Mond gekuckt. Hien huet gesinn, wat d’Suerge vun de Leit waren. Hien huet sech erof gebéckt an deenen opgehollef, déi nidder gedréckt, ausgeschloss a krank waren. Wa fundamentalistesch Kreesser haut nach ëmmer Mënschen wëllen ausschléissen, well si Frae sinn, well si homosexuell sinn, well si net an déi selwer gebastelt gesetzlech Norme passen, da sinn si ganz sécher net um Niveau vun der Botschaft vu Jesus Christus. Ech hat et scho mol gesot, a munche Kierchen, wéi an der Krypta vun der Basilika steet de Saz mat Tuschbic geschriwwenen: “Lisez la bible”. Jo liest Bibel, an da gëtt de Geescht fräi, deen no vir weist, dee keen ausschléisst, deen sech op mécht a jidder Mënsch nolauschtert an him hëlleft. Déi chrëschtlech Traditioun fänkt mam Jesus un an net mat iergendwellechen Dogmen. Vläicht musse mir wierklech dat Ganzt vun der Kierch erëm "reset’en", op Null setzen, op d’Grondastellung vum Jesus zeréck bréngen. Härläichendag ass fir mech eng Erënnerung un de Jesus, deen eraus geet bäi d’Mënschen a vun do seng Botschaft opbaut. Hien huet sech ëmmer an iwwerall iwwer Normen a Reegelen ewech gesat. Dat eenzegt wat fir hien zielt ass d’Léift. Vu Léift kann ech bäi esou munche Fundamentalisten näischt entdecken, just Has géint déi, déi net an hier Bild passen. An och déi huet de Jesus gär gehat. Och bäi déi ass hie gaangen. Gi mir also eraus an d’Welt vun haut. Droe mir eisen Här an eis Liewenswelt. Verkënnege mir hien a seng Botschaft andeems mir seng Léift an eis ophuelen an si weider reechen un déi, déi esou dacks och ausgeschloss waren a sinn. Fürbitten
Mir sinn eng grouss Gemeinschaft an der jiddereen soll alles hunn fir säi Liewen. Ruffe mir zu Gott an den Uleies vun eiser Welt:
Härgott, du verspréchs eis ee Liewen am Iwwermooss. Dofir vertraue mir op dech. Lauschter op eis Gebieder an erhéier eis. Dech luewen an éiere mir elo an an all Éiwegkeet. Amen. II.
Le Père nous a envoyé son Fils, le pain venu du ciel, vraie nourriture du cœur. C’est pourquoi nous pouvons, en toute confiance, lui présenter les faims et les soifs de notre monde. Gowegebiet
Herr unser Gott, wir bringen das Brot dar, das aus vielen Körnern bereitet, und den Wein, der aus vielen Trauben gewonnen ist. Schenke deiner Kirche, was diese Gaben geheimnisvoll bezeichnen: die Einheit und den Frieden. Darum bitten wir durch Christus unseren Herrn. Accorde, Seigneur, à ton Église les biens de l’unité et de la paix, dont nos offrandes sont le signe dans le mystère eucharistique. Par Jésus. Hochgebet – „Weggemeinschaft“
Wir danken dir, guter Gott, Sanctus Treuer Gott, unser Leben ist wie ein Weg, Von einem von uns, von Jesus aus Nazaret, wird berichtet, dass er ausbrach Wir glauben, dass du mit uns bist, besonders dann, In seinem Namen und Auftrag sind wir hier und jetzt vor dir versammelt, Sende deinen Heiligen Geist auf diese Gaben von Brot und Wein. Es war in der Nacht vor seinem Leiden. In jener Nacht nahm er während des Essens NEHMET UND ESSET ALLE DAVON. Ebenso nahm er in jener Nacht nach dem Mahl NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS. Geheimnis des Glaubens Guter Gott, wir erinnern uns daran, dass Jesus ausgefahrene Gleise verließ Und so bitten wir dich, Vater, um die Kraft des Heiligen Geistes, Erfülle mit diesem guten Geist auch jene, Gedenke auch all der Menschen, Wenn unser eigener Weg zu Ende geht, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Wa mir elo zesumme bieden, wéi de Jesus eis et geléiert huet, an drëm froen, dass hien eis eist deeglecht Brout gëtt, dann denke mir och ganz besonnesch un déi Vill, déi an eiser Welt grad net all Dag hiert deeglecht Brout fir d’Liewen hunn. Froe mir besonnesch fir si ëm eng gerecht Verdeelung vun den Nahrungsmëttel: Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
Brout steet jo als Zeechen fir dat, wat mir am Alldag fir eist Liewe brauchen. Brout gëtt esou zum Zeechen fir déi onbedéngt wichteg Liewensgrondlagen. Dozou gehéiert awer och een déiwe Fridden fir all Mënsch. Biede mir eisen Här, dass hien eis an der ganzer Welt dëse Fridde schenkt. Här Jesus Christus, du bass komm fir alle Mënschen ee würdegt Liewen am Fridden ze ginn. Kuck net op eis Feeler an op dat, wat deem entgéint steet. Kuck op eist Beméien ëm Gerechtegkeet a Fridden an der Welt. Schenk eis allen däi Fridden. Schlussgebiet
Herr Jesus Christus, der Empfang deines Leibes und Blutes ist für uns ein Vorgeschmack der kommenden Herrlichkeit. Sättige uns im ewigen Leben durch den vollen Genuss deiner Gottheit. Der du lebst und herrschest in alle Ewigkeit. Fais que nous possédions, Seigneur Jésus, la jouissance éternelle de ta divinité, car nous en avons ici-bas l’avant-goût lorsque nous recevons ton corps et ton sang. Toi qui règnes.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement