Héichfest vun der Gottesmamm Maria - 1.1.2023


Home Back Print Kontakt

Léif Matchrëschten! Ech wënschen Iech all schéint a geseenten Neit Joer. Ee laangt Joer mat villen schwieregen Momenter ass erëm eriwwer. Et waren natierlech an hoffentlech fir iech all och vill schéi Momenter an deem vergaangene Joer. Mä mat wat fir Erwaardungen gi mir dann elo an dat neit Joer? Wat wënsche mir eis? Jiddereen huet bestëmmt seng ganz perséinlech Virstellungen, wat hie wëll, dass dat neit Joer soll bréngen.Loosse mir all déi perséinlech Wënsch haut viru Gott bréngen. Hie soll eis duerch dat ganzt Joer begleeden an eis een echten neien Ufank schenken.

Dagesgebiet

Barmherziger Gott, durch die Geburt deines Sohnes aus der Jungfrau Maria hast du der Menschheit das ewige Heil geschenkt. Lass uns auch im neuen Jahr immer und überall die Fürbitte der gnadenvollen Mutter erfahren, die uns den Urheber des Lebens geboren hat, Jesus Christus, deinen Sohn, unseren Herrn und Gott, der in der Einheit des Heiligen Geistes mit dir lebt und herrscht in alle Ewigkeit.

Dieu tout-puissant, par la maternité virginale de la bienheureuse Marie, tu as offert au genre humain les trésors du salut éternel; accorde-nous de sentir qu’intervient en notre faveur celle qui nous permit d’accueillir l’auteur de la vie, Jésus Christ, ton Fils, notre Seigneur. Lui qui règne.

Barmherziger und liebender Gott, durch die Geburt deines Sohnes aus Maria, der „Königin des Friedens“, hast du allen Menschen endgültiges Heil und wahren Frieden zugesagt. Hilf uns, dass wir im Neuen Jahr uns einsetzen für Frieden, Gerechtigkeit und Bewahrung der Schöpfung, mit steter Bereitschaft zum Werk der Versöhnung. Darum bitten wir durch Jesus Christus.

Liesungen: Num 6,22–27 / Gal 4,4–7 / Lk 2,16–21

Lesung aus dem Buch Numeri.
Der HERR sprach zu Mose: Sag zu Aaron und seinen Söhnen: So sollt ihr die Israeliten segnen; sprecht zu ihnen: Der HERR segne dich und behüte dich. Der HERR lasse sein Angesicht über dich leuchten und sei dir gnädig. Der HERR wende sein Angesicht dir zu und schenke dir Frieden. So sollen sie meinen Namen auf die Israeliten legen und ich werde sie segnen.

Kv Gott sei uns gnädig und segne uns.
Gott sei uns gnädig und segne uns. *
Er lasse sein Angesicht über uns leuchten,
damit man auf Erden deinen Weg erkenne, *
deine Rettung unter allen Völkern. – (Kv)
Die Nationen sollen sich freuen und jubeln, /
denn du richtest die Völker nach Recht *
und leitest die Nationen auf Erden.
Die Völker sollen dir danken, o Gott, *
danken sollen dir die Völker alle. – (Kv)
Die Erde gab ihren Ertrag. *
Gott, unser Gott, er segne uns!
Es segne uns Gott! *
Fürchten sollen ihn alle Enden der Erde. – Kv

Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinden von Galatien.
Schwestern und Brüder! Als aber die Zeit erfüllt war, sandte Gott seinen Sohn, geboren von einer Frau und dem Gesetz unterstellt, damit er die freikaufe, die unter dem Gesetz stehen, und damit wir die Sohnschaft erlangen. Weil ihr aber Söhne seid, sandte Gott den Geist seines Sohnes in unsere Herzen, den Geist, der ruft: Abba, Vater. Daher bist du nicht mehr Sklave, sondern Sohn; bist du aber Sohn, dann auch Erbe, Erbe durch Gott.

Halleluja. Halleluja. Einst hat Gott zu den Vätern gesprochen durch die Propheten; heute aber hat er zu uns gesprochen durch den Sohn. Halleluja.

Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas.
In jener Zeit eilten die Hirten nach Betlehem und fanden Maria und Josef und das Kind, das in der Krippe lag. Als sie es sahen, erzählten sie von dem Wort, das ihnen über dieses Kind gesagt worden war. Und alle, die es hörten, staunten über das, was ihnen von den Hirten erzählt wurde. Maria aber bewahrte alle diese Worte und erwog sie in ihrem Herzen. Die Hirten kehrten zurück, rühmten Gott und priesen ihn für alles, was sie gehört und gesehen hatten, so wie es ihnen gesagt worden war. Als acht Tage vorüber waren und das Kind beschnitten werden sollte, gab man ihm den Namen Jesus, den der Engel genannt hatte, bevor das Kind im Mutterleib empfangen war.

Lecture du livre des Nombres.
Le Seigneur parla à Moïse. Il dit : « Parle à Aaron et à ses fils. Tu leur diras : Voici en quels termes vous bénirez les fils d’Israël : “Que le Seigneur te bénisse et te garde ! Que le Seigneur fasse briller sur toi son visage, qu’il te prenne en grâce ! Que le Seigneur tourne vers toi son visage, qu’il t’apporte la paix !” Ils invoqueront ainsi mon nom sur les fils d’Israël, et moi, je les bénirai. »

R/ Que Dieu nous prenne en grâce et qu’il nous bénisse !
Que Dieu nous prenne en grâce et nous bénisse,
que son visage s’illumine pour nous ;
et ton chemin sera connu sur la terre,
ton salut, parmi toutes les nations. R
Que les nations chantent leur joie,
car tu gouvernes le monde avec justice ;
tu gouvernes les peuples avec droiture,
sur la terre, tu conduis les nations. R
Que les peuples, Dieu, te rendent grâce ;
qu’ils te rendent grâce tous ensemble !
Que Dieu nous bénisse,
et que la terre tout entière l’adore ! R

Lecture de la lettre de saint Paul apôtre aux Galates.
Frères, lorsqu’est venue la plénitude des temps, Dieu a envoyé son Fils, né d’une femme et soumis à la loi de Moïse, afin de racheter ceux qui étaient soumis à la Loi et pour que nous soyons adoptés comme fils. Et voici la preuve que vous êtes des fils : Dieu a envoyé l’Esprit de son Fils dans nos cœurs, et cet Esprit crie « Abba ! », c’est-à-dire : Père ! Ainsi tu n’es plus esclave, mais fils, et puisque tu es fils, tu es aussi héritier : c’est l’œuvre de Dieu.

Alléluia. Alléluia. À bien des reprises, Dieu, dans le passé, a parlé à nos pères par les prophètes; à la fin, en ces jours où nous sommes, il nous a parlé par son Fils. Alléluia.

Évangile de Jésus Christ selon saint Luc.
En ce temps-là, les bergers se hâtèrent d’aller à Bethléem, et ils découvrirent Marie et Joseph, avec le nouveau-né couché dans la mangeoire. Après avoir vu, ils racontèrent ce qui leur avait été annoncé au sujet de cet enfant. Et tous ceux qui entendirent s’étonnaient de ce que leur racontaient les bergers. Marie, cependant, retenait tous ces événements et les méditait dans son cœur. Les bergers repartirent ; ils glorifiaient et louaient Dieu pour tout ce qu’ils avaient entendu et vu, selon ce qui leur avait été annoncé. Quand fut arrivé le huitième jour, celui de la circoncision, l’enfant reçut le nom de Jésus, le nom que l’ange lui avait donné avant sa conception.

Priedegt

Léif Matchrëschten! Eigentlech ass et schonn zimmlech interessant. Haut hu mir vum Paulus seng Versioun vun der Gebuert vu Christus als Liesung aus dem Galaterbréif héieren: „Als aber die Zeit erfüllt war, sandte Gott seinen Sohn, geboren von einer Frau und dem Gesetz unterstellt.“ Dat ass, wann ech et richteg gesinn, déi éischt an déi eelst Erwänung vun der Gebuert vum Erléiser am Neien Testament. D’Evangelien si jo eng Zäit méi spéit niddergeschriwwe ginn. D’Iwwersetzung am Däitschen wéi am Franséischen, déi mir an der Liturgie gebrauchen, entsprécht net grad deem, wat am griicheschen Text steet. Do steet zweemol dat selwecht Verbe an et misst dann éischter heeschen: „geworden aus einer Frau, geworden unter dem Gesetz“1]. Oder: „Dieu envoya son Fils, né d’une femme, né sous la Loi.“2] „ὅτε δὲ ἦλθεν τὸ πλήρωμα τοῦ χρόνου, ἐξαπέστειλεν ὁ θεὸς τὸν υἱὸν αὐτοῦ, γενόμενον ἐκ γυναικός, γενόμενον ὑπὸ νόμον“ (Gal 4,4) 3]

Zwee Momenter an dësem kuerze Saz si vu grousser Bedeitung:

1. Den Erléiser gëtt vun enger Fra als normale Mënsch gebuer. De Paulus erkläert hei net, wéi et zu der Gebuert kënnt. Hie schwätzt jo nach net emol vun der Gebuert. Den Erléiser „kënnt“ einfach. Gott ass sécher de Papp. Hien huet den Erléiser geschéckt. Dee gëtt dann awer no dem Text hei vum Galaterbréif ganz natierlech gebuer, ebe vun enger Fra.

2. Den Erléiser gëtt an eng konkret Relioun, Kultur a Gesellschaft era gebuer. Hie kënnt als ee Judd, deen dann och dem mosaesche Gesetz ënnersteet. Hie gehéiert zum Vollek Israel.

Hei fält engem direkt op, dass keng schéi Geschicht ronderëm dëst Kommen vum Erléiser geschriwwe gëtt. Fir de Paulus ass et eng Selbstverständlechkeet, dass de „Gottessohn“ „normal“ duerch eng Fra an d’Weltzäit agetrueden ass. Seng Sprooch ass op dat Wesentlecht beschränkt. De Paulus schwätzt net vun „Zeugung“. Gott ass et, deen de Jong schéckt. 4]

Awer den Erléiser deelt déi mënschlech Konditioun. Hien ass en echte Mënsch ginn. De Paulus interesséiert sech eenzeg fir d’Resultat vun der Gebuert vum Erléiser. 5] Dofir brauch hien och keng grouss Geschicht. Mä de Jesus ass awer dann vun enger Fra aus dem Vollek Israel gebuer ginn an dofir steet hien ënner dem Gesetz. An nëmmen esou kann hien dann och den Erléiser sinn an eis all vun deem Gesetz fräikafen, wéi et an der Liesung heescht. De Jesus, een echte Mënsch, dee vu Gott selwer geschéckt ass, dee vun enger echter Mamm an d’Welt gesat ass, ënnerstellt sech de Bedingung vun der Welt, fir all Mënschen dann awer vun dem Drock an dem Zwang vum Gesetz fräi ze maachen. Wat soll dat heeschen a bedeiten?

De Paulus ass hei an eiser Liesung um Zil vun senger Argumentatioun, (déi hien am Galaterbréif bis elo entwéckelt huet). Hie verweist drop, dass am Fong all Mënschen Kanner vu Gott sinn. Awer si liewen des Bezéiung zu Gott net. Si stinn ëmmer ënner Reegelen a Gesetzer, déi si vun Gott „entfriemen“. Fir d’Judden war et d’Gesetz vum Mose, dat eng „Vormundschaft“ ausgeüübt huet. Fir Net-Judden sinn et dann aner Gesetzer an de jeeweilegen Kulturen, déi d’Mënschen an eng bestëmmte Richtung lenken an hinne soen, wat gutt a richteg a wat eben falsch an net opportun ass. Ech denken hei ganz perséinlech un all dat, wat mir ëmmer nees esou vu ville Säiten haut virgesat kréien. Ech brauch wuel net an d’Detailer ze goen. Mir sinn och ëmmer nees gedriwwen vun deem, wat scheinbar haut richteg ass, wat eis awer och ëmmer nees ganz fest ustréckt, jo och kujenéiert.

Mä laut dem Paulus gi mir aus dëse Mëssstänn, och haut net, duerch ee mënschlechen Prozess vu „Reifung“ oder Erwuesse-ginn eraus geholl. All déi Reegelen a gesellschaftlech Konventiounen maachen de Mënsch eigentlech „unmündig“ a loossen hien net zu sech selwer fannen als een, deen iwwer sech selwer bestëmmt. An dofir handelt elo Gott. Hie schéckt säi Jong, fir dass hien an allem an eben och an dësem „Net-Fräi-Sinn“ eis Mënschen gläich gestalt ass. Awer, an dat ass dann deen entscheedende Punkt an dësem Kommen vum Jesus, hien léist sech duerch d’Gesetz net mannerjäreg maachen. Hie léist sech net entfriemen.

De Jesus mécht elo all Mënsche fräi vun all deene Gesetzer a Muechten, déi si ënnerdrécken. Si all ginn esou zu echte Kanner vu Gott, déi a vollkommener Fräiheet kënne liewen an handelen. Des Kanner vu Gott kënnen an enger vertrauensvoller Gemeinschaft mat Gott liewen.

Meng elo zimmlech béis Fro ass natierlech: Wéi steet et dann haut mat der Fräiheet als Kanner vu Gott? Si mir net och nach ëmmer vu Gesetzer a Reegelen esou agespaart, dass mir des Fräiheet net spieren? Wat sinn all eis Kierchegesetzer a Reegelen anescht, wéi deemools dat mosaescht Gesetz? Nach ëmmer gëtt och an der Kierch mat Angscht geschafft. Du muss dëst an du muss dat, fir dass du an den Himmel kënns! Sécher brauche mir gewësse gemeinschaftlech Reegelen, fir kënnen zesummen ze liewen. Awer gi mir net och nach haut an der Kierch andauernd „bevormundet“ duerch all déi Reegelen? Et sinn d’Zwäng aus der Saach eraus, et sinn déi léif al Traditiounen, déi eis ëmmer nees aspären an eis net als fräi an echt Kanner vu Gott liewe loossen.

„Weil ihr aber Söhne seid, sandte Gott den Geist seines Sohnes in unsere Herzen, den Geist, der ruft: Abba, Vater. Daher bist du nicht mehr Sklave, sondern Sohn; bist du aber Sohn, dann auch Erbe, Erbe durch Gott.“ (Gal 4, 6-7) Gott gëtt och eis haut säi Geescht, fir dass mir Kanner vun him sinn. Dat musse mir eescht huelen. De Geescht vu Gott wierkt net nëmmen an de Profien vun der Kierch, net nëmmen zu Roum oder am Generalvikariat / Bistum. D’Zouso, déi de Paulus hei erëm gëtt, bleift gülteg: Duerch de Geescht vu Christus kënne mir an der Vollmacht vun de Kanner vu Gott liewen an handelen. 6]

„Als aber die Zeit erfüllt war.“ Ass d’Zäit och haut komm, elo am Joer 2023, dass mir eis nei als Kanner vu Gott fillen an eis Missioun eescht huelen? Am Evangelium kréie mir haut gesot, dass dat kléngt Kand de Numm Jesus kritt. Den Numm Jesus, am Hebräeschen Jehoschua oder Jeschua, bedeit: Gott rett. Loosse mir eis am neie Joer vum Jesus retten virun all deem, wat eis ustréckt?
1] Vgl. Adran Wypadlo, «Geworden aus einer Frau» (Gal 4,4). Ein mariologischer Splitter bei Paulus?, in: Hans-Ulrich Weidemann (Hg.), «der Name der Jungfrau war Maria» (Lk 1,27). Neue exegetische Perspektiven auf die Mutter Jesus, SBS 238, Stuttgart 2018, S. 335-364, S. 340.
2] Vgl. Jean-Pierre Lémonon, L’épitre aux Galates, CB: NT 9, Éditions du Cerf Paris 2008, S. 139f.
3] Vgl. http://www.bibelgriechisch.online/Galater.pdf - gesehen am 27.12.22 - 9:20.
4] Vgl. Adran Wypadlo, «Geworden aus einer Frau», S. 344f.
5] Ebd. S. 355.
6] Fir déi lescht véier Abschnitter vu menge Gedanken vgl.: Walter Klaiber, Der Galaterbrief, Neukirchen-Vluyn 2013, S. 127f.

Fürbitten

Loosse mir Gott, dee mat eis geet, ëm seng Begleedung a säi Seegen am neie Joer froen:

  • Fir all Mënschen, déi elo mat gudde Virsätz dat neit Joer wëllen ufänken. Härgott, héier eis.
  • Fir déi Mënschen, déi op Gronn vun Schicksalsschléi um Sënn vum Liewen an och un dir, Härgott, zweiwelen. Härgott, héier eis.
  • Fir déi Verantwortlech an der Politik, der Gesellschaft an der Kierch, déi ëmmer nees nei sollen dat ugoen, wat noutwenneg ass, an och all dat, wat hinnen uvertraut ass, am Bléck behalen. Härgott, héier eis.
  • Fir d’Elteren, déi mat Zouversiicht, awer och mat Suergen op d’Zukunft vun hire Kanner a Jugendlechen kucken. Härgott, héier eis.
  • Fir all, déi am leschte Joer ee Mënsch aus hirer Famill verluer hunn oder soss ëm ee léiwe Mënsch traueren. Härgott, héier eis.
  • Fir all eis Verstuerwen, un déi mir haut wëllen denken. Mir bieden besonnesch fir ... . Härgott, héier eis.

Härgott, du begleets eis mat dengem Seegen, haut an am ganze Joer, wat op eis zou kënnt. Dech luewe mir elo an an all Éiwegkeet. Amen.

II.

Adressons au Seigneur une prière qui exprime, en ce début d’année, nos souhaits de bonheur, de paix et de santé pour les hommes et les femmes de partout dans le monde. Dieu très bon, écoute-nous.

– Des femmes donneront bientôt naissance à un enfant; que le Seigneur les comble de son amour.
– Des personnes ont pour mission d’enseigner la Bonne Nouvelle aux jeunes; que le Seigneur les comble de son Esprit.
– Des peuples espèrent connaître la paix toute l’année durant et au-delà; que le Seigneur les comble de sa joie.
– Des hommes et des femmes désirent retrouver la santé et le bonheur de vivre; que le Seigneur les comble de sa force.

Seigneur, toi la source de vie et de tout bien, ne détourne pas ton regard de nous et exauce notre prière. Nous te le demandons par ton Fils Jésus, qui vit et règne avec toi, maintenant et pour les siècles des siècles.

Gabengebet

Barmherziger Gott, von dir kommt alles Gute, und du führst es zum Ziel. Wir danken dir für den Anfang des Heiles, das du uns in der Geburt deines Sohnes aus der Jungfrau Maria eröffnet hast. Höre auf ihre Fürsprache und führe uns in diesem Jahr näher zu dir. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.

Tu es l’origine de tous les biens, Seigneur, et tu les mènes à leur plein développement; puisque cette fête de Marie, Mère de Dieu, nous fait célébrer notre salut dans son germe, donne-nous la joie d’en receuillir tous les fruits. Par Jésus.

Gott, der du die Zeit in Händen hältst, vor dich bringen wir unsere Gaben und das Jahr, das vor uns liegt. Lass uns alle Tage in deiner Liebe geborgen sein durch Christus, unsern Herrn.

Hochgebet – „Aufbruch“


Präfation
Ja, Herr, dir zu danken haben wir allen Grund.
Aus Nichts hast du den Kosmos geschaffen;
Du hast den Menschen ins Dasein gerufen,
dich liebend ihm zugewandt und ihm deine Gemeinschaft geschenkt.
Du bist besorgt um ihn und sein Heil.
Darum hast du ihn immer wieder zu neuem Aufbruch gerufen:
Noah und Abraham, Mose und die Propheten riefst du.
Sie vertrauten dir, und ihr Glaube wurde ihnen zum Segen.
Heute rufst du uns, weil du es gut mit uns meinst.
Wir trauen dir und danken dir für deine Liebe.
Mit allen, die dich kennen und lieben, stimmen wir in deinen Lobpreis ein.

Sanctus

Du allein, Gott, bist heilig; du willst, dass auch wir heil werden.
Darum hast du uns diese Feier geschenkt.
Sende nun deinen Geist über unsere Gaben, das Brot und den Wein,
damit dein Sohn Jesus Christus + unter uns gegenwärtig wird.

Er nahm in der Nacht vor seinem Leiden inmitten seiner Freunde Brot,
dankte dir, seinem Vater, brach es und reichte es seinen Freunden mit den Worten:
NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
DAS IST MEIN LEIB, DER FÜR EUCH HINGEGEBEN WIRD.

Dann nahm er den Kelch mit Wein, sprach den Lobpreis
und reichte den Kelch seinen Freunden, indem er sprach:

NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS:
DAS IST DER KELCH DES NEUEN UND EWIGEN BUNDES,
MEIN BLUT, DAS FÜR EUCH UND FÜR ALLE VERGOSSEN WIRD
ZUR VERGEBUNG DER SÜNDEN:
TUT DIES ZU MEINEM GEDÄCHTNIS.

Geheimnis des Glaubens

Guter Vater, du hast Jesus nicht im Tod gelassen,
sondern ihn zum Herrn der Welt bestimmt.
Du hast ihn uns gegeben, damit wir an ihm ein Beispiel haben
für unser eigenes Leben.
Er reicht uns seinen Leib und sein Blut damit unsere Gemeinschaft mit ihm
immer fester werde und wir in seinem Geist auf dem Weg zum Leben gehen.

Er wollte nicht, dass alles beim Alten bleibt.
Heute will er durch uns die Welt verändern,
auf dass es sich zu leben lohnt, weil die Menschen liebenswerter werden.

Darum bitten wir dich: Wecke uns aus aller Gleichgültigkeit
und Selbstgefälligkeit; rüste uns zum Aufbruch,
damit wir und die ganze Kirche Abschied nehmen von alten,
verkehrten Wegen und Ernst machen mit der Nachfolge Jesu Christi.

Rühre die Gläubigen an durch deinen Hl. Geist:
unseren Papst Franziskus, unsere Bischöfe und uns alle,
damit wir uns aufbrechen lassen für das,
was du mit uns und mit der Welt vorhast;
damit wir nicht unseren eigenen Ideen und Plänen nachlaufen,
sondern offen werden für deine Pläne und so immer tiefer den Sinn
und das Ziel unseres Lebens erkennen.

An dieses Ziel, so bitten wir dich, mögen alle, die vor uns ihren Lebensweg
auf Erden beendet haben, durch deine Gnade gelangt sein.

Und wenn sich unsere Erdentage zum Ende neigen,
dann lass auch uns, zusammen mit ihnen, teilhaben an jener
unvorstellbaren Glückseligkeit der vollen Gemeinschaft mit dir,
die uns Jesus Christus verheißen und erworben hat.

Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater,
in der Einheit des Heiligen Geistes alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit. Amen.
(s.: Werner Eizinger, Impulse zum Eucharistischen Hochgebet, Butzon & Bercker, 03/2000)

Vaterunser

Eis Welt ass hin an hier gerappt: Striewen no Muecht, Fanatismus, Näid a Mëssgonscht féieren ëmmer weider zu Onfridden ënner de Mënschen. Well jiddereen ëmmer méi muss kréien, kënnt et zu ëmmer méi Kricher, am Alldag wéi an der grousser Welt. Mir brauchen haut méi wéi jee Hoffnung op een wierklech weltwäite Fridden, deen net nëmmen um Blat steet, mä deen och fir all Mënschen ze spieren ass. Sou wëlle bieden, wéi eisen Här Jesus eis et geléiert huet: Vater Unser ...

Friddensgebiet

De Messias war dem Vollek Israel als Kinnek vum Fridden versprach ginn. Hien ass als Mënsch gebuere ginn, fir de Fridden an eiser Welt opzebauen. Zu him wëlle mir dofir ruffen: Här, Jesus Christus, schenk eis däi Fridden.

Schlussgebet

Herr, unser Gott, am Fest der seligen Jungfrau Maria, die wir als Mutter deines Sohnes und Mutter der Kirche bekennen, haben wir voll Freude das heilige Sakrament empfangen. Lass es uns eine Hilfe sein, die uns zum ewigen Leben führt. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.

Nous avons communié à ton sacrement, Seigneur, en ce jour où nous saluons avec fierté dans la bienheureuse Vierge Marie la Mère de ton Fils, et la Mère de l’Église; que cette communion fasse grandir en nous la vie éternelle. Par Jésus.

Vater im Himmel, du hast uns in Jesus deine Liebe gezeigt. Wir danken dir und bitten dich: Sei uns an allen Tagen des begonnenen Jahres nahe in ihm, Christus, unserm Herrn, den uns Maria geboren hat.

Gebet zum Neuen Jahr

Herr über Zeit und Ewigkeit,
wir wagen es, alles von dir zu erhoffen und zu erbitten.

Lass dieses Jahr ein Jahr des Friedens werden -
auch wenn alles dagegen zu stehen scheint.

Lass es ein Jahr der Hoffnung werden -
auch wenn wir tausend Gründe wissen,
die uns die Hoffnung nehmen wollen.

Lass es ein Jahr werden,
in dem Menschen aufeiander zugehen,
deren Wege sich getrennt haben -
auch wenn wir noch keine Zeichen dafür erkennen.

Lass es ein Jahr werden,
in dem sich Menschen aufrufen lassen,
füreinander da zu sein -
und stärke die Zeichen, die wir dafür schon sehen.

Lass es ein Jahr deines Wortes werden,
dass es wieder etwas gilt im Land
und in den Häusern
und in deiner Kirche -
auch wenn wir allesamt vor Umtriebigkeit
taub zu werden drohen.

Schenk uns deinen Geist,
dass wir deine Zeichen recht fassen
und deine Nähe nicht übersehen.
Amen. 7]
7] aus: Sylvia Bukowski, Jochen Denker, Holger Pyka, Worte finden. Neue Gebete für Gottesdienst und Alltag, Neukirchener Verlag, Neukirchen-Vluyn 2021, S. 26.


Mass vum 25. Dezember
Klick op d’Kalennerblat fir d’Sonndesmass als PDF!
Mass vum 8. Januar

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement