
|
21. Sonndeg am Joereskrees A- 22./23.8.2020
Aféierung
Léif Matchrëschten! Ee Schlëssel ass och haut nach ee wichtegt Instrument. E kann eng Dir op- oder zouspären. Et gi Mënschen, déi op sougenannten Schlësselpositioune stinn an hirem Betrib, an der Politik oder an der Kierch. Si sinn also wichteg a vu Bedeitung. Et gëtt dann awer och am Literareschen de Schlëssel fir d’Verständnis vun engem Text. Ee Schlëssel fir d’Verstoen vun eisem Liewen kann dem Härgott säi Wuert sinn. Haut héiere mir, wéi de Jesus dem Péitruss d’Schlësselen vum Räich vu Gott iwwergëtt, symbolesch natierlech, bzw. an engem déif reliéisen Sënn ze verstoen. Versti mir dëst Wuert vu Gott? Ass et fir eis ze "entschlësselen"? Munches ass net einfach ze verstoen an munchmol wëlle mir et och net verstoen. Froe mir dofir elo eisen Här ëm seng Gnod. * Här Jesus Christus, du hues eis ee Wee gewisen, wéi mir eis Welt entschlëssele kënnen. Här, erbaarm dech. Eisen Här Jesus soll sech eiser erbaarmen an unhuelen an eis nei op de Wee vun senger Léift féieren. Amen. Dagesgebiet
Gott, eise Papp. Du verbënns mat dir all déi Mënschen, déi un dech gleewen. Mir bieden dech: Schenk eis all Entschlossenheet, eise Glawen ze liewen. Gëff eis Mutt, fir dofir anzetrieden. Gestäerkt duerch den Hellege Geescht bieden mir dech dorëms duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Dieu qui peux mettre au cœur de tes fidèles un unique désir, donne à ton peuple d’aimer ce que tu commandes et d’attendre ce que tu promets ; pour qu’au milieu des changements de ce monde, nos cœurs s’établissent fermement là où se trouvent les vraies joies. Par Jésus Christ. Gott, unser Vater, du verbindest alle, die an dich glauben, auf dem gemeinsamen Weg. Gib, dass wir dein Wort lieben und ersehnen, was du verheißen hast, damit in der Unbeständigkeit dieses Lebens unsere Herzen dort verankert seien, wo die bleibenden Freuden sind. Darum bitten wir durch Jesus Christus, deinen Sohn und unseren Bruder, der mit dir und dem Heiligen Geist lebt und wirkt von Ewigkeit zu Ewigkeit. Liesungen: Liesung: Jes 22, 19-23 / Röm 11, 33-36 Evangelium: Mt 16, 13-20 Lesung aus dem Buch Jesája. AntwortpsalmPs 138 (137), 1–2b.2c–3.6 u. 8 (Kv: 8bc) Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom. Ruf vor dem EvangeliumVers: Mt 16, 18 Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. Lecture du livre du prophète Isaïe. PSAUME Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Romains. Alléluia. Alléluia. Tu es Pierre, et sur cette pierre je bâtirai mon Église ; Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu. Priedegt
Léif Matchrëschten! Eis Liesung aus dem Bréif un d’Réimer vum Apostel Paulus klengt haut zimmlech iwwerschwénglech. Ee grousse Luefgesang op Gott gëtt eis hei präsentéiert. Awer wien ass Gott? Wat mécht hien esou grouss fir eis? "Denn aus ihm und durch ihn und auf ihn hin ist die ganze Schöpfung." (Röm 11,36a) Alles ass aus Gott an op hien ausgeriicht. A wat ass mat all deem Misär an eiser Welt? Sou kann een sech gläich no dësem Saz froen. Wat ass mat all deem Doud a Leed, all der Gewalt an Ënnerdréckung? An eise Gottesdéngschter sangen mir des Ëfteren mat groussem Pathos vun der Gréisst an der Guttheet vu Gott. Awer steet dat Sangen an Feieren net dacks an engem krassen Widdersproch zu deem, wat mir an der Welt erliewen, zu der alldeeglecher leedvoller Wierklechkeet? Blende mir net dacks all dat Leed an eise Gottesdéngschter aus, wa mir vu Gott sangen, "der alles so herrlich regieret" (Mag Nr 258,2)? Wéi vill Mënschen dréine grad wéinst esou Erfarungen dem Glawen u Gott de Réck, well si net gesinn, dass Gott agräift, dass hien an hirem Liewen net alles zum Gudden féiert. Wou ass Gott an all deenen Katastrophen vun der Natur oder de Kricher? Genee do leien déif a grouss Schwieregkeeten, déi eis un Zweiwele bréngen. An da kënnt wuel derbäi, dass an der Vergaangenheet, jo och nach haut, de Glawen un sou ee Gott, deen alles herrlech regéiert, dozou déngt, fir sech der eegener Verantwortung am Handelen un der Welt ze entzéien. Wien sech sengem Gott verflicht fillt an esou dann och keng weider Begrënnung fir säin Handelen méi brauch, deen ass am Leschten och zu Onmënschlechem fäeg. D’"Gotteskrieger" vun allen Zäiten a bis haut léieren eis an deem Punkt d’Fäerten. Wat wëll de Paulus eis also haut soen? Wat wëlle mir ausdrécken, wa mir vu Gott sangen, deen alles géif herrlech regéieren a leeden an der Welt? Dem Paulus säi Staunen iwwert Gott steet hei um Enn vun 3 bedeitende Kapitelen vu sengem Réimerbréif (Röm 9-11). Hie kennt d’Geschicht vu sengem Vollek Israel. Hie kennt och d’Leed an de Misär an der Welt. Hien huet hei an dëse Kapitelen versicht Gott a sengem Handelen an der Welt nozegoen. Hien huet nogeduecht a versicht eng nei Perspektiv op dëst Handele vu Gott ze fannen. Mä de Paulus mengt hei kengesfalls, dass hien ee fir allemol Gott absolut erkannt hätt. Dem Härgott seng Weeër si nu mol net ze ergrënnen. Gott ass "der die das große Unbekannte" wéi ee Buchtitel vum Norbert Scholl et ausdréckt. De Paulus huet ee Wee versicht. Hien huet sech Gedanke gemaach. Hien huet och déi laang Geschicht an Traditioun virun Aen, déi hien duerchaus als een Handele vu Gott gesäit. Awer hien hitt sech hei, fir Gott wëllen virzeschreiwen, wéi dann dee weidere Wee tëschent Gott an der Welt oder mat eis Mënschen soll ausgesinn. An och hei gesinn ech de Paulus als een, deen sech wuel och mat eiser Kierch vun haut géif schwéier dinn, déi ëmmer nees versicht Gott Reegelen virzeschreiwen a Form vun Dogmen oder Kierchegesetzer an Änlechem. Et ass ganz kloer, dass mir als Mënschen net Gott kënne virschreiwen, wéi hien an eiser Welt ze handelen huet. Gott mécht keng Tauschgeschäfter mat eis Mënschen. Mir kënnen hien dofir och net bezirzen mat Affer, och net mat engem "Messopfer", wéi et jo nach ëmmer a munche Kreesser heescht. Mir liewen net dovunner, dass mir Gott festleeën. Mir liewen dovunner dass Gott fir eis Welt a fir eis Mënschen d’Fräiheet festgeluecht huet. Mir kënnen gutt handelen oder och schlecht. Gott schenkt eis ee Liewen, dat all Méiglechkeeten huet. Un eis ass et si ze notzen oder eben och net. Gott léist eis eis Weeër goen - an aller Fräiheet. Wat mir als Mënschen aus eiser Fräiheet maachen, ass dann natierlech eng ganz eege Geschicht. Um Enn vun eiser Liesung heescht et: "Denn aus ihm und durch ihn und auf ihn hin ist die ganze Schöpfung." (Röm 11,36a) Dës "Allmachtsformel" gëtt bis haut esou oder änlech ëmmer nees gebraucht. Dacks steet si isoléiert am Raum a verleet zu Spekulatiounen an och zu munch falschen Interpretatiounen. Si schwätzt sécher vu Gott als dem Ursprong, dem Mëttler an dem Zil vun allem, wat geschafen ass. Et dierf een si dann awer op kee Fall isoléiert huelen an als Legitimatioun gebrauchen fir dat "Faktescht" a mengen, dass et nu mol sou ass an net ze ännere wier. Dat kéim engem Fatalismus gläich, deen eis vun aller Verantwortung als Mënschen, déi handele kënnen, géif fräischwätzen. De Wee an eiser Welt ass net ouni Widdersproch an net ouni Leed. An dach dierfe mir an der Gewëssheet liewen, dass d’Zil gutt wäert sinn. Dofir kann de Paulus um Enn och ruffen: "Ihm sei Ehre in Ewigkeit! Amen." (Röm 11, 36b) Fürbitten
Zu Jesus Christus, deen seng Kierch op de Glawen vum hellege Péitruss opgebaut huet an si ni verléisst, wëlle mir bieden:
Treie Gott, däi Jong steet um Ufank vun eiser Gemeinschaft. Lauschter op eis Suergen an erhéier eis Gebieder. Dech luewen an éiere mir elo an an all Éiwegkeet. Amen. II.
Chaque jour encore, Jésus se révèle comme le Messie aux femmes et aux hommes de notre monde. Ce faisant, il leur ouvre la porte d’un monde nouveau qui répond à leurs aspirations de justice et de paix. Prions pour qu’advienne le règne de Dieu.
Seigneur, tu nous as donné ton Fils pour que nous te connaissions comme le Dieu de la vie. Garde-nous dans la fidélité et l’espérance. Alors, nous pourrons te louer avec Jésus, le Christ, notre Seigneur. Amen. (web: vieliturgique.ca) Gabengebet
Herr und Gott, du hast dir das eine Volk des Neuen Bundes erworben durch das Opfer deines Sohnes, das er ein für alle Mal dargebracht hat. Sieh gnädig auf uns und schenke uns in deiner Kirche Einheit und Frieden. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn. Par l’unique sacrifice de la Croix, tu t’es donné, Père très bon, un peuple de fils; accorde-nous, dans ton Église, la grâce de l’unité et de la Paix. Par Jésus Wunderbarer und barmherziger Gott, im Leiden und Sterben deines Sohnes hast du der Welt deine Liebe gezeigt. Öffne unsere Augen, damit wir im Zeichen von Brot und Wein die Tiefe seiner Hingabe erkennen. Lass uns auf dem Weg des Gehorsams und der Liebe ihm folgen, Christus, unserm Herrn. Hochgebet – „Erinnerung II“
Sanctus Wir erinnern uns, dass überall dort, wo Jesus hinkam, Wir erinnern uns, wie er zu Menschen gesprochen hat Wir erinnern uns, dass er auf die Suche V/A: Geteiltes Brot, geteilter Wein, geteiltes Leben soll es sein. Und das hat ihn selbst das Leben gekostet, A: Geteiltes Brot, … Sende daher deinen Geist über diese Gaben, Wir gedenken, wie er, NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Und was er tat, erfüllte ihm das Herz: NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens Wenn wir dann gemeinsam dieses Brot essen A: Geteiltes Brot, … Deshalb gedenken wir jetzt auch der vielen, Wir denken auch an jene, die Verantwortung tragen Hilf ihnen und uns, Zusammen mit allen Heiligen, der Mutter Jesu, Maria, Durch ihn und mit ihm und in ihm Vaterunser
A Gemeinschaft mat der ganzer Kierch, déi de Jesus op ee Fiels opgebaut huet, wëlle mir zu Gott, eisem Papp bieden, wéi de Jesus eis et geléiert huet: Vater unser … Friddensgebiet
D’Fundament vun eiser Gemeinschaft, sinn d’Apostelen an hire Glawen. Si hunn eis dem Jesus seng Botschaft iwwerbruecht, eng Botschaft vu Fridden an Erléisung. Allerdéngs si mir et selwer, déi dës Botschaft net ëmmer realiséieren. Dofir biede mir: Här Jesus Christus, kuck net op eis Schwaachheet mäi op eise gudde Wëllen a schenk eis all däi Fridden. Schlussgebet
Herr, unser Gott, schenke uns durch dieses Sakrament die Fülle deines Erbarmens und mache uns heil. Gewähre uns deine Hilfe, damit wir so vor dir leben können, wie es dir gefällt. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn. Que ta miséricorde, Seigneur, agisse en nous, et nous guérisse entièrement; transforme-nous, par ta grâce, et rends-nous si généreux que nous puissions te plaire en toute chose. Par Jésus. Guter Gott, wir haben das Gedächtnis deines Sohnes gefeiert, das eine Brot gegessen und aus dem einen Kelch getrunken. Lass uns aus der Kraft dieser Speise gemeinsam den Weg des Glaubens gehen Jesus Christus entgegen, unserem Herrn und Bruder. Ihm sei Ehre in Ewigkeit!
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement