D’Sonndesmass vun Hemstel (25.01.2026)


Home Back Print Kontakt

Klick op d’Bild w.e.g. fir de Video zu starten

Sonndesmass
Den 25. Januar 2026 gouf d’Sonndesmass vun Hemstel iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile vun Hemstel a Biwer séngt d’Mass ënnert der Direktioun vum Thomas P. Osborne a begleet vum Jos Majerus op der Uergel an Tanja Konsbruch op der Flüt. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Chorale Sainte-Cécile Hemstel a Biwer
Um Sonndeg vum Wuert Gottes ass et eng Éier an eng Freed fir d’Kierchechéier vun Hemstel a Biwer zesumme mat de Kommuniouns-Kanner an hiren Elteren d’Tëleesmass ze gestalten. Et ass an der Par „Regioun Iechternach Saint Willibrord“ eng Traditioun gi fir dëse Sonndeg, och Bibelsonndeg genannt, op eng besonnesch Aart a Weis ze feieren. De Poopst François huet am Joer 2019 d’Weltkierch opgeruff, sech ze engagéieren, fir d’Helleg Schrëft als eng wesentlech Quell fir d’chrëschtlecht Liewen an Engagement an der Welt vun haut nei ze entdecken.

Als Kierchechéier versiche mir, ëmmer nees nei, d‘Lidder sënnvoll ze wielen a Verbindung mat de biblesche Liesungen an am Dialog mat den haitegen Erausfuerderunge vum Liewen.

Mir sinn 18 Sängerinnen a Sänger, déi vill Freed an Engagement an eis intensiv Prouwe matbréngen – onse Repertoire ass stilistesch breet gefächert! Ons ass awer och dat gemeinschaftlecht Liewen extrem wichteg! D‘Prouwen si mëttwochs owes vun 19.30-21.30 Auer zu Hemstel am Veräinsbau.

Fir d’Tëleesmass kucke mir mat grousser Dankbarkeet op d’Matwierke vum Jos Majerus op der Uergel a vum Tanja Konsbruck op der Flütt. De Chouer gëtt vum Thomas Osborne geleet.

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Herr Jesu Christ, dich zu uns wend Georg Böhm
Agangslidd Réveille les sources de l’eau vive Michel Scouarnec, Jo Akepsimas
Kyrie Der in seinem Wort uns hält Magn 485
Gloria Vater unser Messe Lorenz Maierhofer
Zwëschegesang Comme un souffle fragile Pierre Jacob, Gaëtan de Courrèges
Alleluja Halleluia Heino Schubert, Heinrich Schütz Coda
Credo gëtt gebied
Gowelidd Gotteswort ist wie Licht in der Nacht Hans-Hermann Bittger, Joseph Jacobsen
Sanctus Verleih uns Frieden Colin Mawby
Agnus Dei Vater unser Messe Lorenz Maierhofer
Kommiounslidd Ubi caritas Ola Gjeilo
Schlusslidd Wohl, denen die da wandeln Magn 614
Sortie (Uergel) O Gott, du frommer Gott Johannes Brahms

Links:

Sonndesmassen

Online Pastoral

Dëse Video op Youtube

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement