Sonndesmass vun der Giischterklaus (10.08.2025)


Home Back Print Kontakt

Klick op d’Bild w.e.g. fir de Video zu starten

Sonndesmass
Den 10. August gouf d’Sonndesmass vu Jonglënster iwwerdroen. Dvun der Giischterklaus iwwerdroen. D’Chorale réunie Rouspert-Uesweller zesumme mam Männergesangverein Sirzenich 1928 e.V. sangen d’Mass ënnert der Direktioun vum Csaba Fazekas a begleed op der Uergel vum Jos Majerus.

D’Chorale réunie Rouspert-Uesweller zesumme mam Männergesangverein Sirzenich 1928 e.V.

Grenze gouf a ginn et ronderëm d’Giischterklaus. Am Ancien Régime wor eis Wallfaartsplaz mat dräi Dierfer ronderëm eng Enklave vum Kurfürstentum Tréier am Lëtzebuerger Territoire. Och nodeems 1815 d’Sauer Grenz ginn ass, koumen a komme Pilger vu béide Säite vu Lëtzebuerg an aus den däitsche Gebidder bei dat alt Gnodebild aus dem 13. Joerhonnert fir sech dem Gebiet vu Maria unzevertrauen. Eng vun eise Klacken ass vu Männer vun déi Säit der Sauer gestëft, well si gesond aus dem 1870/71er Krich heemkomm woren. An där hei liewger Traditioun vu Männerchoralen an a gudder Noperschaft iwwert d’Grenz verbonne gëtt d’Tëleesmass den 10. August vum Männerchouer Rouspert-Uesweller mat hire Kolleege vun der däitscher Säit, dem Männergesangverein Sirzenich 1928 e.V. musikalesch gestalt.

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Fugue in e minor DThomas Sanders Dupuis
Agangslidd Girster Pilgerliedlein P. Schilling
Kyrie Missa de angelis/Missa VIII Choraliter Magn. 405
Gloria Gloria, Ehre sei Gott K. Stimmer-Salzeder
Tëschegesank Freut euch/ Psalm 33 Magn. 722/ 1+2
Alleluja Halleluja Magn. 530/7 J. Haydn
Credo gebiet
Gowelidd Ave Maria J. Arcadelt
Sanctus Missa de angelis/ Missa VIII Choraliter Magn. 406
Anamnes Geheimnës vum Glawen Magn. 1092
Agnus Dei Missa de angelis/ Missa VIII Choraliter Magn. 407
Kommiounslidd Der Messias - Arie „Alle Tale, ihr sollt euch heben“ G.F. Händel
Schlusslidd Regina Coeli Magn. 572 P. Piel
Sortie (Uergel) Präludium und Fuge in d BWV 554 J.S. Bach

Links:

Sonndesmassen

Online Pastoral

Dëse Video op Youtube

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement