Editorial aus dem Parbréif 2-25

Freideg den 13. an eng Welt, déi ännert


Home GoBack Print Kontakt

Freideg, den 13.: Fir munchereen en Dag, dee si fäerten. Als gleewege Chrëscht loossen ech mech manner dovunner beandrocken. Ma viru fënnef Joer - de Freideg 13. Mäerz hat et a sech. Erënnert Dir Iech nach? Bedingt duerch Covid-19, déi sech vun der Epidemie zur Pandemie entwéckelt hat, wor et dee leschten Dag, wou mir als Katholiken zesumme Gottesdingscht feiere konnten.Duerno wore mir als Kierch an de ‚liturgesche Lockdown‘ gaang. Kuerz drop hat de Coronavirus dat ganzt öffentlecht Liewen am Grand-Duché an op der ganzer Welt ausgebremst. Schons donneschdes, den 12., wéi d’Ukënnegung koum, hat ech ons Vesper an der Basilika ganz déif ëmpfond. Den Tom hat Psalmen erausgesicht, déi ons vum Härgott sengem Schutz a sengem Bäistand zielen, ma nom Salve Regina virun der Tréischterin haten d’Leit sech een deen aaneren ugekuckt: Wäerte mir ons nach erëmgesinn? Ähnlech Gedanken och dann um Freideg den 13. Mäerz bei der leschter gemeinsamer Mass. Duerch italienesch Priisterfrënn hat ech matkritt, wéi d’Situatioun do wor. "Wäert ech och elo demnächst all Dag méi Zäit op de Kierfechter verbrénge musse fir ze begruewe?“ - eng weider Fro vu mir deemols.

Haut fënnef Joer duerno sinn ech frou: All déi Leit, déi deemols an der Vesper woren, sinn och nach haut dobäi. Ze begruewen gouf et am Confinement manner wéi soss. Allerdings bei däer Gemeinschaft, wou freides den 13. nach Mass wor, huet Corona Spueren a Schued hannerlooss. An dëser Pandemie woren op eng Kéier ganz staark Gefiller opkomm. Vill Mënschen haten Angscht ëm hiert Liewen. Dat bréngt een u seng Grenzen. Vill Mënschen hate missen entdecken, datt och d’Wëssenschaft hier Limiten huet. Wou musse mir zouloossen, datt ee nach net alles weess? Wéi sot mir en Dokter: „Mat menger These hunn ech probéiert mam Wësse vun haut eng Fro ze beäntwerten. Allerdings hunn ech do och 18 nei Froe fir d’Fuerschung opgeworf.“ Dat ka grad Net-Spezialisten, wéi déi meescht vun ons et sinn, iwwerfuerderen. Da koum dobäi: Wat fir déi eng gebuede Rücksicht, an dack och chrëschtlech Nächsteléift wor, gollt fir aanerer als Aschränkung vun hierer Fräiheet. Wat ass richteg? Wat falsch? Op munche Plaze spiert een do nach haut Nowéien. Packe mir et déi deemols entstaane Konflikter z’iwwerwannen? Oder suergt Corona, och ouni nei Infektiounen, weider fir Schued? Ech hätt mir net geduecht missen driwwer nozedenken fir Kierchen zouzemaachen. Ma däer Fro komme mir mëttelfristeg net méi aus de Féiss. Dorunner ass och Covid-19 a seng virernimmte Konsequenze mat Schold.

Wat ass net alles zënter deemols, Corona, aanescht ginn? „Gesellschaftlech Entwéckelungen, déi ënner normalen Ëmstänn a fofzeg Joer geschéien, geschéien an Zäite vu Pandemien a fënnef Joer“ - esou onsen Äerzbëschof, de Kardinol Hollerich an engem Impuls zu ons Geeschtlech. Wuel si Welt a Kierch scho laang um änneren, ma tatsächlech ass déi lescht Zäit villes immens séier aanescht ginn. Komme mir nach no? A wat ass alles no deem Freideg den 13. a no Corona komm? D’Héichwaasserkatastroph am Juli 2021, déi grad ons Uertschaften laanscht d’Sauer elle getraff hat. Den Ukrainekrich. Inflatioun, déi ville Leit zousetzt. Wéivill Attentater si bei onsen Nopere geschitt, déi och d’Leit zu Lëtzebuerg net kal loossen! Politesch Wiesselen an der Welt. Eng Mëtt vun der Gesellschaft, déi sech an deene leschte Joere méi no lénks bewegt huet, ma wou elo d’Rad zréck neess méi no riets dréit. Traditionell Sëcherheeten, déi ewechbriechen. Grad déi lescht Méint wor d’Entwickelung ganz rasant. An elo, wou ech dës Zeile schreiwen, och d’Suerg ëm onsem Popst François seng Gesondheet. Wat kënnt nach alles? Mir wëssen et net. Alles dat fuerdert ons a kann ons iwwerfuerderen.

Hoffnungslos Zäiten? Dat kéint een heiando mengen. Allerdings proposéiert den Hellege Vater ons eng Alternativ. Grad fir dëst Hellegt Joer 2000+25 no Christi Gebuert invitéiert hien d’Chrëschten „Pilger vun der Hoffnung“ ze sinn. Jo, wëll mir hunn Hoffnung. Dat, wat mir deemols den 12. Mäerz 2020 an der Vesper gesongen haten, et stëmmt. Dëst kann ons an onse Matmënschen och elo Hoffnung géint all Hoffnungslosegkeet ginn. Gott behitt ons. Hien ass e gudden Hiert, deen ons och duerch däischter Zäite féiert. Hien deet wuel net déi däischter Zäite verschwannen, ma e féiert ons, datt mir derduerch kommen, wuessen an e gedeckten Dësch fannen. Mir brauchen näischt ze fäerten. Ons wäert näischt feelen. Egal wéi verréckt ons Welt a munch vun hiere Leader sinn… Vläicht komme nach munch komesch Freideg-den-13. Trotzdem, meng Erfahrung: Wie mat Gott geet, ass um gudde Wee.

Dëse Parbréif wäert ons e gudden Deel duerch d’Faaschtenzäit begleeden. Wéi viru fënnef Joer d’Coronapandemie, esou kënnen dës 40 Deeg virun Ouschteren ons eng Paus bidden fir kënne besser onst Liewen ze kucken, et ze bedenken, ëmdenken a nei ausriichten. Loosse mir d’Geleeënheet notzen fir ons nei vum Jesus senger Botschaft a sengem Liewen inspiréiert op de Wee vu Gott ze maachen. Da kënne mir als Pilger vun der Hoffnung duerch déi vill Krisen kommen. Ech wënschen Iech et vun Häerzen.

Luc Schreiner

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement