Editorial aus dem Parbréif 5-25

Vakanz = Neies entdecken


Home GoBack Print Kontakt

Ech erënnere mech nach gutt: wann d’Vakanz koum, da ware mir als Kanner endlech fräi, richteg fräi. Keng Schoul a keng Suerge méi, an de ganzen Dag fir d’Welt z’entdecken. Eng Welt déi zesumme mat de Frënn erobert ginn ass. Eng geheimnisvoll a spannend Welt: eist Duerf mat sengen Haiser a Bauerenhäff, dem Uelzechtdall mat der Schläif- a Gantebeensmillen, dem grousse Bësch, mat senge ville Méiglechkeete fir Hütten ze bauen an onbekannt Plazen z‘eroberen. Onendlech vill Zäit fir Neies z’entdecken. Dacks woussten eis Eltere guer net, wou mir waren a mir si just heem komm fir z’iessen an ze schlofen. Et si Biller vun enger onbeschwéierter Kandheet. Ech ginn zou: Biller déi an der Erënnerung sécher méi schéi sinn, wéi se a Wierklechkeet waren.

Wann ech haut drun denken, kënnt mir dat alles ganz wäit ewech vir. An dach ginn ech all Joers, wann de Summer kënnt an d‘Vakanz sech ukënnegt, nees drun erënnert. Och haut besteet fir mech eng Vakanz virun allem dorauser, Neies kennen ze léieren. Dofir muss een net onbedéngt wäit Reesen op sech huelen. Och virun der Hausdier ass munches, wat drop waart, fir entdeckt ze ginn. An d’Vakanzenzäit, wou keng Versammlunge sinn an d’Verpflichtungen sech a Grenzen halen, ass genau déi richteg Zäit, fir endlech nees e bësse fräi ze sinn.

Op menger klenger Entdeckungsrees huelen ech iech mat op Gonnereng (franz. Gonderange, däitsch Gonderingen), eng Uertschaft, déi nach 1950 nëmmen 100 Awunner hat, haut awer iwwer 2000. Um Enn vum 8. Jh. gëtt Gonnereng als Besëtz vun der Abtei Iechternach ernimmt. Kierchlech gesi war et bis 2018 eng Filial vun der aler Par Lënster.

Matten am Duerf steet eng bescheide Kierch, déi am Laf vun der Zäit e puer mol vergréissert a verännert ginn ass. Um Schlussstee vum Triumphbou stinn d’Joreszuelen 1731 an 1881. De Mobilier ass schlicht a reduzéiert sech op dat noutwendegst. Intressant sinn e puer Statuen: der Georg als Draachekämpfer, den Eligius mat Hummer an Zaang. De Kierchepatréiner Sebastian fanne mir direkt zweemol: um rietse Säitenaltor a zënter e puer Wochen iwwert dem Portal. Iwwer jorzéngte war dës Plaz eidel. Duerch eng Schenkung a glécklech Ëmstänn konnt eng schéi Sebastiansstatue ugeschaaft ginn. Dës Statue aus Stee kënnt ursprünglech aus der Lorraine a gouf am 18. Jh. vun engem onbekannte Künstler sculptéiert. Si passt – wéi dofir gemaach – an d’Nische.

Eng zweet Spuer aus der Lorraine féiert an de Tuerm, wou eng Klack vun 1615 vum loutrengesche Géisser Rocq Grongnart hänkt. Hir grouss Schwëster kënnt vu Saarburg an ass 1893 vum Wilhelm Hausen gegoss ginn.

Intressant, a fir Lëtzebuerg ongewinnt, ass d’Uergel. Si gouf 1888 vun der englescher Uergelbaufirma Henry Jones & Sons (London) gebaut a stoung bis 2007 an enger englescher Kierch. 2011 koum dat wäertvollt Instrument (mat engem Manual, Pedal a sechs Regëster) op Gonnereng a fält virun allem duerch déi schéi gemoolte Prospektpäifen op, déi typesch si fir brittesch Uergelen aus der viktorianescher Zäit.

D‘Gonnerenger Kierch – si ass iwweregens all Dag op – ass nëmmen ee Beispill vun de ville Kierchen a Kapellen aus eiser Par, déi et z’entdecke gëllt. Keen Zweifel: all Dag bidden sech Geleeënheeten nei Leit oder Saache kennen ze léieren. An do gëllt de Sproch: Reisen bildet! A wann et och nëmmen eng kleng Rees vun e puer (Kilo)meter ass.

Vläit fannt och dir an dëser Vakanz e bëssen Zäit, an hutt Loscht op Neies? E schéinen an erhuelsame Summer wënscht iech d’ Pastoralekipp vu ganzem Häerzen.

Francis Erasmy

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement