Editorial aus dem Parbréif 7-24

Bei Dir ass d’Quell vum Liewen


Home GoBack Print Kontakt

Mir all kënnen dat Gefill vun Duscht, besonnesch wann et waarm dobaussen ass; esou wéi onse Kierper d’Waasser fir ze liewen brauch, sou brauch och ons Séil Quellen déi ons stäerken. Quellen déi ons Energie gin, déi Kreativitéit fuederen, déi ons d’Freed um Liewen erméiglechen an ons d’Kraft gin des Freed wieder ze reechen.

Oft menge mer des Quellen vum Liewen géife mer an onsem iwerfëllten Agenda fannen, am extremen Engagement deen awer keng Zeit fir Pausen zouléisst,. Mee Hektik ass kee gutt Emfeld fir eng Quell déi soll Liewen spenden.

De Bernhard vu Clairvaux (1090-1154), Grënner vun den Zisterzienser, huet follgend Zeilen un den deemolege Poopst Eugen III geschriewen. Déi zwee hun sech gutt kannt well iert e Poopst gouf wor hien Zisterziensermönch zu Clairvaux a Matbrudder vum Bernhard.
« Wo soll ich anfangen?
Am besten mit deinen zahlreichen Beschäftigungen, denn ihretwegen habe ich am meisten Mitleid mit dir. Ich fürchte, dass du eingekeilt in diene zahlreichen Beschäftigungen, keinen Ausweg mehr siehst und deshalb deine Stirn verhärtest. Es ist viel klüger, du entziehst dich von Zeit zu Zeit deine Beschäftigungen, als dass sie dich ziehen und dich nach und nach an einen Punkt führen, an dem du nicht landen willst. Denk also daran: Gönne dich dir selbst. Ich sag nicht: Tu das immer, ich sage nicht: tu das oft, aber ich sage: Tu es immer wieder einmal. Sei wie für alle anderen auch für dich selbst da.
...
Wenn du vernünftig bist, erweise dich als Schale und nicht als Kanal, der fast gleichzeitig empfängt und weitergibt, während die Schale wartet, bis sie erfüllt ist. Auf diese Weise gibt sie das, was bei ihr überfliesst... Lerne auch du, nur aus der Fülle auszugiessen. »

Dëse gudde Rotschlo ass haut och nach ganz aktuell fir jiddereen vun eis.

Mir all kënnen déi Situatiounen wou ons Deeg ze kurz sin an d’Aufgaben onendlech schengen. Heiansdo si mir sinn wéi gefaangen an deenen villen Beschäftegungen a kommen net méi aus dem Hamnsterrad eraus.

Grad an deene Momenter solle mer op de Rot vum Hl. Bernard lauschteren. Et ass wichteg fir d’ Aarbecht vun Zäit zu Zäit ze ënnerbriechen fir nees e klore Kapp ze kréien, mol eng Kéier déif Loft huelen an ons eng Auszäit gënnen.

All Mënsch brauch déi Balance tëscht Rou an Aarbecht, Zäit fir Entspanung, Zäit fir Besënnung, Zäit fir Begéinung mat sech selwer a mat Gott, déi Zäit bei d’Quell vum Liewen ze goen an sech nei fëllen an erfëllen ze loossen. Et gëtt vill Méiglechkeeten, fir nei Kraaft ze schäffen, fir déi eng kann dat Stëllt vun der Natur sin, fir anerer d’Gebiet oder d’Meditatioun. Fest steet dass jiddereen op sech soll uechten fir dass seng «Schuel net eidel gëtt», datt se ëmmer nei gefëllt gëtt.Nemmen esou kritt ee genuch Kraft fir d’Liewen weiderzegin.

Och an onser Por gëtt vill ugebueden, Liturgien déi mer zesumme feiere kënnen: Massen, stëll Anbetung, Vesper,
Bibelowender Méindes, Bibeltreff Freides moies, d’Willibrordus-Oktave, d’Adventszäit déi elo ufänkt. Vill gëtt ons gebueden, u jidderengem vun ons ass et dat richteg eraus ze wielen.

Lerne auch Du nur aus der Fülle auszugiessen

Loosse mer nom Beispill vum Hl. Willibrord, esou wéi et bei der Quell an der Krypta steet, « haurietis aquas in gaudio de fontibus salvatoris - voller Freed d’Waasser aus de Quellen vum Erléiser schöpfen », an esou zu Missionaren ginn déi Freed an Zouversicht ausstralen, déi d’Quell vum Liewen verkierperen.

Anise Metz

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement