Bereitet dem Herrn den Weg! Ebnet Ihm die Strassen.

November 2015


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

«Bereitet dem Herrn den Weg! Ebnet Ihm die Strassen.»

Mat dem 1. Advent, den 29. November, fänkt dat neit Kierchejoer un.
D’Wuert Advent kënnt vum laténgeschen « advenire » a bedeit Erwaarden oder d’Kommen, d’Kommen vu Jesus Christus. Dat neit Kierchejoer fänkt un mat ‘waarden.’ Ville vun ons fällt et schwéier ze waarden. Mir hu keng Zäit méi!

Mir liewen an enger Welt, wou ëmmer eppes lass ass, a mussen ons fläissen fir Schrëtt ze halen, fir näischt ze verpassen an esou si mir ëmmer a Bewegung a vergiessen lues a lues, wat dat Wuert ‘Rou’ oder ‘Stëllt’ bedeit. „Stille halten heißt erkennen, dass ich nicht viel ausrichten kann, wenn ich mir Sorgen mache. Stille halten heißt Gott überlassen, was außerhalb meiner Reichweite und meiner Fähigkeiten liegt.“ (Quellen des Glaubens, Taizé) Vläicht ass et gutt, sech grad am Advent Zäit ze huelen, fir zur Rou ze kommen, nozedenken, wat fir ons wierklech wichteg ass.

Bereitet dem Herrn den Weg!
Den 8. Dezember 2015 fängt dat Hellegt Joer vun der Baarmhäerzegkeet un, dat de Poopst Franziskus ausgeruff huet. De Poopst huet gesot : « Das ist eine Zeit der Barmherzigkeit. Es ist wichtig, dass die Gläubigen sie leben und in alle Gesellschaftsbereiche hineintragen. »

De Saatz „Bereitet dem Herrn den Weg!“ ass also grad an dësem Hellege Joer vun der Baarmhäerzegkeet ze ennersträichen. De Wee virbereeden, heescht och ons Barrikaden a Blokaden ze erkennen an ze besäitegen, fir datt Gott an onst Liewe ka kommen. Eng grouss Hëllef dozou ass déi perséinlech Beicht, den Héichpunkt vun der Versöhnung mat Gott. Hei kann et zu enger déiwer Begéinung mat Gott kommen, zu enger ënnerlecher Befreiung. Duerch d’Verzeien vun der Schold gët de Wee virbereet, esou kenne mir d’Léift vu Gott unhuelen an aus deser Léift eraus liewen a lieweg Zeien vu Gott an onser Zäit sinn.

Ech wënschen ons all eng roueg Adventszäit an e gnoderäicht Hëllegt Joër vun der Baarmhäerzegkeet.

Anise Metz


Aus dem Buch Jesaja. (61, 1-2a.10a)
1Der Geist Gottes, des Herrn, ruht auf mir; denn der Herr hat mich gesalbt. Er hat mich gesandt, damit ich den Armen eine frohe Botschaft bringe und alle heile, deren Herz zerbrochen ist, damit ich den Gefangenen die Entlassung verkünde und den Gefesselten die Befreiung, 2adamit ich ein Gnadenjahr des Herrn ausrufe. 10Von Herzen will ich mich freuen über den Herrn. Meine Seele soll jubeln über meinen Gott.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement