De Steen ass fort!

Editorial aus dem Parbréif 03/22


Home GoBack Print Kontakt

Elo fält mir awer e Steen vumHäerz, dat soe mer, wann eppes an d’Rei gaangen ass, - besser wéi geduecht; oder wann mer eppes hannert eis bruecht hunn, wat eis zimmlech belaascht huet. Maria vu Magdala mécht Ouschteren déi selwecht Erfarung (Joh 20,1-18). Um éischten Dag vun der Woch, fréi moies, wéi et nach däischter war, ass si bäi d’Graf gaange. Si ganz eleng, - eleng och mat sech selwer. Erënnerungen, Enttäuschungen an Hoffnungen.

Do gesäit Maria, datt deSteen vum Graf fort ass. Eng onheemlech Erfarung: De Steen, deen si vu Christus getrennt huet, de Steen, deen allem een Enn gesat huet, de Steen, deen d’Häerz schwéier gemaach huet, ass einfach fort.

Mir mussen tëschent denZeilen liesen: Als éischt gëtt emol betount, datt et um éischten Dag vun der Woch war, wou Maria bäi d’Graf goung - den éischten Dag vun der Schöpfungsgeschicht (Genesis). Do war et och däischter, an dofir heescht et do: Siehe, es wurde Licht! Och um Ouschtermoien gëtt et hell. D’Liewen gëtt hell. Dofir huet et och nach missen däischter sinn, wéi d‘Maria bäi d’Graf goung. Éier si dem Operstanenen begéint ass, war et Nuecht. Nuecht och an hirem Häerz, am Kapp, am Liewen.

Wéivill Leit ginn nach haut,wéi Maria vu Magdala, eleng, eleng-geloss op den Kierfecht bäi ee Graf? Wéivill Hoffnungen sinn op eisen Kierfechter begruewen. Einsam a verloossen, stinn vill Leit do, ganz oft mat Suergen, wann si un d’Zukunft denken...

Maria vu Magdala hëlt eisawer mat an eng nei Wierklechkeet. Esou laang si de Bléck op d‘Graf an den Steen geriicht huet, ass näischt geschitt. Réischt, wéi si sech ëmdréint, begéint si dem Operstanenen, dem Liewen. Ouschteren geschitt do, wou ech de Courage hunn, mech ëmzedréinen, wou mäin Häerz, meng Gedanken fräi ginn.

Wee beim Steen stoenbleift, oder selwer wéi ee Steen stoen bleift, dee kann Ouschteren net erliewen. Mä mir Mënschen sinn Gott säi Dank net aus Steen. Mir sinn beruff zum Liewen. Och hannert eis, waart de Jesus, den Operstanenen, fir och eis den Bléck fir eng nei Wierklechkeet ze schenken. Eng nei „Schöpfung“ ass dann, wann een esou wëll, och bäi eis méiglech, ee ganz neien Ufank. Es werde Licht!

D’Fest vun Ouschtereninvitéiert eis, de Steen vun eisem Häerz ewech rullen ze loossen, an dem Liicht vum Glawen, vun der Opersteeung, an eisem Liewen eng Chance ze ginn. Fir datt och mir mat frouem Häerz ëmmer erëm kënnen soen: Jo Christus lieft,hien ass operstanen.

Francis Erasmy

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement