e puer opmonternt Engelsgedanken...

Editorial aus dem Parbréif 06/22


Home GoBack Print Kontakt

Léif alleguer,

An där Zäit an där mir elo liewen, hunn ech mir Gedanken gemaach iwwer den Editorial vum neie Parbréif. Mir héieren alleguer esou vill Schlëmmes a leschter Zäit. Wéi ech dunn esou d’Fester aus der Kierchenzäit vun dësem Parblat gekuckt hunn, si mir d’Fester vun den Engelen opgefall: Äerzengelen den 29. September, Schutzengelen den 2. Oktober.

Dat biblescht Wuert fir Engel bedeit “Bote”. Am alen Testament gi si och “Heilige” oder “Söhne Gottes“ genannt. Si ginn och a Gruppen genannt: Kerubim oder Serafim. An awer eenzeler och mat hirem Numm; d’Äerzengele Michael: Wien ass ewéi Gott, Gabriel: Kraaft Gottes, Rafael: Gott heelt. An deem Zesummenhang hunn ech de Psalm 91 erausgesicht an en personaliséiert, esou datt e mech an dech méi usprécht:

Unter dem Schutz des Höchsten Psalm 91



(Personaliséiert an „ech“ -Form)


1 Wer im Schutz des Höchsten wohnt,
der ruht im Schatten des Allmächtigen.

2 Ich sage zum HERRN: Du meine
Zuflucht und meine Burg, mein Gott,
auf den ich vertraue.

3 Denn er rettet mich aus der Schlinge
des Jägers und aus der Pest des
Verderbens.

4 Er beschirmt mich mit seinen
Flügeln, / unter seinen Schwingen
finde ich Zuflucht, Schild und Schutz
ist seine Treue.

5 Ich brauche mich vor dem Schrecken
der Nacht nicht zu fürchten, noch vor
dem Pfeil, der am Tag dahinfliegt,

6 nicht vor der Pest, die im Finstern
schleicht, vor der Seuche, die wütet am
Mittag.

10 Mir begegnet kein Unheil, meinem
Zelt naht keine Plage.

11 Denn er befiehlt seinen Engeln, mich zu behüten auf all meinen Wegen.

Ech kéint elo theologesch driwwer schreiwen, mee dat ass net néideg, jidderee vun eis versteet de Sënn dovun. Mir sollen déi Botschaft bedenken an un eis erukomme loossen. Trouscht, Zouversiicht, Zouwendung, Schutz, Trei, a mir musse just nach vertrauen.

All dëst si Wäerter, déi eis kënne berouegen an eis Hoffnung ginn. Ass et net héich Zäit, fir eis ënner de Schutz vun den Engelen ze stellen? Als Kanner hunn der vill vun eis zu den Engele gebiet. Et ass a Vergiessenheet geroden. Mee grad dat Berouegend vun deenen Aussoe kann eis villäicht an der haiteger Zäit hëllefen net ze verzweiwelen, an trotz allem mat Vertrauen an d’Zukunft ze goen, Dag fir Dag.

Dein Engel sei vor Dir, um Dir den rechten Weg zu zeigen.
Dein Engel sei neben Dir, um Dich in die Arme zu schliessen und Dich seine Geborgenheit erfahren zu lassen.
Dein Engel sei hinter Dir, um Dich vor Unglück zu bewahren und Dir Schutz und Sicherheit zu geben.
Dein Engel sei unter Dir, um Dich aufzufangen, wenn Du fällst und Dir wieder Boden unter die Füsse zu geben.
Dein Engel sei in Dir, um Dich zu trösten, wenn Du traurig bist.
Dein Engel sei um Dich herum, damit Du Sein Licht weitergeben kannst.
Dein Engel sei über Dir, um Dich zu segnen.
Sylvie Kinnen

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement