Editorial aus dem Parbréif 6/23

Eng Bréck bauen… op déi richteg Plaz!


Home GoBack Print Kontakt

Léif Kanner, léif Leit alleguer,

d’Vakanz ass eriwwer, dat neit Schouljoer fänkt un, fir vill Beruffer ass et och den
Ufank vun engem neien Aarbechtsjoer. Wat kéint e Slogan sinn, dee mir fir d’Schoul, fir d’Aarbecht, fir d’Kierch kéinten iwwer déi nächst Zäit schreiwen?

Um Maacher Drauwen- a Wäifest konnt ee beim Ëmzuch op engem Won liesen: Eng Bréck bauen … op déi richteg Plaz! Wat kéint fir d’Kanner eng Bréck sinn, déi et derwäert ass, mat hinnen, fir si ze bauen? Wéi eng Bréck kéinten si gäre selwer baue wëllen? Ëmmer erëm mierken ech, wéi wichteg hinnen déi mënschlech Relatioune sinn. Et ass fir si wichteg, eng Famill ze hunn, an där Léift gelieft gëtt, a gutt Frënn oder mindestens Kolleegen ze hunn. Eng mënschlech Bréck, déi hinne wäertvoll ass. Dann brauchen si, ob si wëllen oder net, eng zolidd Formatioun, well dat nu mol d’Basis ass fir eng gutt Aarbecht ze fannen. Och do musse Brécke gebaut ginn, well d’Léiere geet bäi deene Meeschten net vum Selwen. Si brauchen Hänn, déi hinnen hëllefen, Aen, déi op si kucken, Oueren, déi hinnen nolauschteren an och déi fein Ënnertéin héieren, an en Häerz, dat si versteet. Si brauche Virbiller, Leeder, Mënschen, déi hinne kënne Grenze setzen an déi hinne gläichzäiteg Dreem méiglech maachen. Villes am Liewen ass eng Fro vu Vertrauen a vu Weeër kenne mat enaner ze goen.

Wat kann elo eis Plaz sinn als kierchlech Gemeinschaft am Liewe vun de Kanner? Déi kierchlech Gemeinschaft ass méi wichteg wéi jee, och wa mir selwer als Gemeinschaft ëmmer nees d’Gefill hunn, dass mir um Verschwanne sinn. Wat hu mir unzebidden? Wéi eng Brécke kënne mir bauen? Haut? Do sinn d’Brécken zu deem, dee méi grouss ass wéi mir selwer. Et ass wichteg, dass de klenge Mënsch vun Ufank u spiert, dass en net eleng op der Welt ass, dass et eppes gëtt, wat méi grouss ass wéi mir selwer.

Do ass deen, bäi dee mir kommen däerfen, wann et eis gutt geet oder och wann eppes aus dem Rudder leeft. Do ass de Jesus, deen eis de Wee vu Léift a vum Fridde gewisen huet. Do ass dee selwechte Jesus, deen eis gewisen huet, dass een eppes aushale muss, dass ee sech engagéiere muss, dass ee sech mat sengem ganze Liewen fir seng Iddien asetze kann/muss. Do sinn och d’Brécke vu Mënsch zu Mënsch, déi mir bauen hëllefe kënnen. Do sinn d’Brécken zum konkrete Liewen vu jidderengem. Besonnesch wichteg ass, dass mir d’Welt net aus den Aen verléieren, dass mir se kucken mat oppenen Aen, dass mir d’Chancen an d‘Grenze vum Liewen an eiser Zäit gesinn, ouni ze moraliséieren, ouni ze jéimeren, mee am volle Bewosstsinn, dass mir all Verschiddenes ännere kënnen, wa mir wëllen. Dat sinn awer realistescherweis déi méi kleng Saachen. De Krich bleift eis erhalen, de Klimawandel och, Ongerechtegkeeten an der Verdeelung vun de Gidder vun dëser Äerd och. Mee mir selwer kënnen awer all Dag, do wou mer stinn, versichen, d’Welt e Stéckelchen méi schéin ze maachen. Dat ass eng Bréck, déi mir eise Kanner baue kënnen, oder wou mir hinne Goût gi kënnen, selwer drun ze bauen.

De Weekend vum 9. an 10. September ware mir mat den Oeuvres Saint Barthélemy vu Consdorf op Rust an den Europapark. Mir waren zu 21, Kanner, Jugendlecher an Erwuessener. En Deel vun den Erwuessenen sinn den éischten Dag op Freiburg gefuer. Mir ware schonns mat de Kanner an de Jugendlechen am Park. Am Dag ware Spill a Spaass ugesot. Owes hate mir e Moment vu Gebiet an der Kapell vum Hotel Santa Isabell. Et war e Moment vu Rou a Fridden fir de Grupp. Sonndes moies hu mir mam Diakon Thomas Schneeberger a mat der Praktikantin Judith e Gottesdéngscht an der Stabkirche gefeiert, matten am Liewen vum Park, an der Freed vun de Leit an de Geräischer vun den Attraktioune vum Park. D’Kierch am Europapark ass ganz no beim Liewen vun de Mënschen. D’Diere vun der Kierch waren op. Mir hunn d’Liewen net ausgespaart, an d’Liewen huet d’Rou vun der Kierch och net agespaart bannen an d‘Kierch. Et ass roueg an deene Meeschten vum Grupp hiren Häerzer gewiescht. Mir hunn eis Gebieder, Uleies a Suergen selwer formuléiert an op Häerzer opschreiwen. Nom Gottesdéngscht si mir an engem klenge Pilgergang bäi d’Böcklinkapelle gaangen an hunn eis Gebieder virun d’Tréischterin am Leed bruecht, déi 2020 aus der Scheedges Kierch an d’Böcklinkapelle komm war. Matten an den Attraktioune vum Park, matten am Liewe vun de Leit huet d’Kierch am Europapark eng fest Plaz. Et huet keen sech geschummt, duerch d’Liewen vum Park bäi d’Muttergottes ze goen, well een dat Gefill hat, dass d’Kierch am Europapark zum Liewen dozou gehéiert. Et war keen Ausfluch a vergaangen Zäiten, et goufe bescheiden awer déif Brécken vun der Noriicht vu Gott zum Liewen an eiser Zäit geschloen, Brécken déi net nëmmen horizontal waren, mee och vertikal. D‘Gottesdéngschter waren ënnerlech an ganz bescheiden.

Genee déi Brécken, déi Brécke vun der Ënnerlechkeet, gëllt et, eise Kanner haut ze proposéieren an se mat hinnen ze bauen. Ech sinn dankbar fir déi Erfarung, dass et méiglech war, matten am Europapark dee Pilgerwee ze goen, dankbar, dass ech dat Gefill hat, dass ech Rou fanne konnt matten am Liewen vun do, dass mech d’Liewen net gestéiert huet, dankbar, dass mir mat dem Pilgergang dozou gehéiert hunn zum Liewen am Europapark. Merci vun Häerzen dem Tanja Konsbruck fir d’Organisatioun a fir d’Brécken a fir d’Plaze fannen vun deene Brécken. Fir de Schoulufank oder den Ufank vum Aarbechtsjoer wënschen ech eis, dass et eis geléngt, Brécken zu Gott am Liewe vun haut ze bauen. Dann hu se déi richteg Plaz!

Josiane Mirkes

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement