Editorial aus dem Parbréif 6/24

Voici la demeure de Dieu avec les hommes (Ap 21,3) - 250 Joer Lënster Kierch


Home GoBack Print Kontakt

Wat mussen d’Lënster Leit gestaunt hunn, déi 1774, de 24. Juli, bei der Wei dobäi waren – et war sécher e waarme Summerdag – wéi de Tréierer Weibëschof Johann-Nikolaus von Hontheim déi nei Kierch konsekréiert huet. Dës Kierch war fir hir Zäit an onse Géigenden an hirer Gréisst a Pruecht eemoleg. Si ass eng vun de wéinege Barockkierche vu Lëtzebuerg, a mat hiren ausgeglachene Proportiounen an hirer Schéinheet huet si och haut nach eng aussergewéinlech Wierkung an eng besonnesch Stellung ënnert de Lëtzebuerger Kierchen.

Dës aussergewéinlech Kierch ass d’Wierk vun engem « Auslänner »: dem Johann Otto Borrigs, dee 1744 vu Koblenz aus op Lënster komm ass, als neie Paschtouer. Iwwregens ware vill Handwierker a Kënschtler déi un dëser Kierch matgewierkt hunn, vun anerwäerts heihi komm. De Johann Otto Borrigs war schonns bal 30 Joer hei Paschtouer, an en ale Mann, wéi hien déi couragéiert Decisioun geholl huet, eng nei Kierch ze bauen. D’Lokaltraditioun erzielt, datt virdrun bei enger Visitatioun vun de kierchlechen Autoritéite festgestallt ginn ass, datt de Paschtouer, dee schonn 1762 e neit Paschtoueschhaus gebaut hat, an engem Schlass wunne géif, den Härgott awer an engem Stall. Et gëtt och erzielt, datt de Johann Otto Borrigs en intelligente Mann war, deen sech fir d’Lënster Leit agesat a net gescheit huet, de Baueren ze weisen, wat ee mat enger Gromper (déi deemools bei eis nach onbekannt war) alles maache kann a wéi een déi ubaut.

All Gebuertsdag brauch e Cadeau. Och fir d’Lënster Kierch hu mir e Gebuertsdags-Cadeau virgesinn. E Cadeau un deem honnerte vu Leit matgehollef hunn. E ganz grousse Merci un all déi generéis Donateuren, déi bereet waren dëse Projet z’ënnerstëtzen! Haut um Weiedag, dem 24. Juli 2024, sollt eigentlech e neien Deel vun der Uergel – e sougenannt Chouerwierk – ageweit ginn. Obwuel dës Vergréisserung weder déi historesch Uergel touchéiere géif, nach visibel sollt sinn, huet den INPA (fréiere Service Sites et Monuments) de Projet verworf. En plus louch e positiven Avis vun engem renomméierten Uergelexpert vir, deen de Moment un der Restauratioun vun der Uergel vun Notre-Dame zu Paräis schafft. Nodeems mir eng Entrevue mat de Conseiller’e vum Kultur-Minister Eric Thill haten, schéngen d’Steng nach net all aus dem Wee geraumt ze sinn. Momentan depasséieren d’Exigenze vum INPA den ursprüngleche Projet a virun allem onse Budget. Mä d’Diskussioune gi weider a mir hoffen op e gutt Enn.

Och wann d’Lënster Kierch als Monument National klasséiert ass, ass si kee Musée. A mir sinn och net gewëllt, eng gliese Klack driwwer ze stülpen a näischt méi ze veränneren. Et ass un éischter Plaz eng Kierch, wou Woch fir Woch vill gleeweg Leit zesumme komme fir Liturgie ze feieren a Gott ze luewen, an dozou gehéiert och d’Spill vun der Uergel.

Déi lescht exemplaresch Restauratioun vun 2010 an d’Generositéit vun de Leit hu bewisen, datt d’Par an d’Awunner sech hirer Responsabilitéit bewosst sinn, fir dësen eenzegaartege Sakralbau z’erhalen a mat Liewen z’erfëllen. Dozou gehéieren och déi kulturell Manifestatiounen a Concerten, déi net op d’Jubiläumsjoer limitéiert sinn.

Awer dëse Bau mécht nëmme Sënn, well dës Kierch, wéi all Kierch, d’Haus vum Härgott ass. An dat säit 250 Joer. Mir reien ons an, an déi vill Generatioune virun ons, déi dëse Sakralbau iwwert d’Joerhonnerte mat Liewen erfëllt hunn. Haut si mir déi lieweg Steng vun dësem Tempel vum Härgott a vun der Kierch. An et ass dat wat mir haut feieren an dofir soe mir dem Härgott MERCI am Gebiet, a mat Gesang a Musek!

Francis Erasmy
Gekierzte Ried vum 24. Juli 2024

D’Lënster Kierch mam Paschtoueschhaus vun 1762 © Patty Neu

Links:

Lëscht vun den Editorials
Junglinster

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement