Sëlwer Priisterjubiläum - Vakanz - Poopstvisitt


Home GoBack Print Kontakt

Sonndes, den 30. Juni 2024 hu mir zu Berdorf mam Patrick Hubert, e Berdorfer Jong, säi sëlwert Jubiläum als Priister gefeiert. Mir all vum Pastoralteam vun der Par Regioun Iechternach Saint Willibrord sinn dankbar, dass mir mat dem Patrick a sengem Heemechtsduerf feiere konnten. Zesumme mam Här Weibëschof Wagener, dem Patrick a senge Matbridder, mat Mataarbechterinnen a Mataarbechter aus dem kierchlechen Déngscht a villen engagéierte Leit aus de Paren an aneren Aarbechtsfelder vum Patrick hu mir eng Danksagungsmass gefeiert an der Kierch wou de Patrick och schonn d’Mass vu senger Primiz gefeiert hat. Et war eng würdeg Feier mat gudden a wäertschätzende Wierder, mat schéiner a gudder Musik an enger waarmer Atmosphär. E puer Andréck aus de Wierder vum Patrick Hubert, vum Carlo Morbach an aus der Priedegt vum Här Weibëschof Wagener: E Chrëscht lieft an enger Gemeinschaft, ouni déi Gemeinschaft ass hien eleng. E Chrëscht ass och e Mënsch an et ass net gutt, wann de Mënsch eleng ass. De Patrick huet duerfir och e besonnesche Merci u seng Famill a seng Frënn, seng Matbridder a seng Mataarbechterinnen a Mataarbechter geriicht. A 25 Joer war villes schéin, mee och Momenter, wou et méi schwéier war, hunn dozou gehéiert. Wichteg ass grad an deene Momenter, wann een sech kann un déi Momenter vun der Wei zum Priister, vun der Primiz erënneren an doraus Kraaft schäffen a konstruktiv weiderschaffen. Dass de Patrick d’Liewe mat éierlechen Ae kuckt, ass wéi e roude Fuedem duerch d’Feier vu gëschter gelaf an huet d’Feier éierlech, lieweg an no bäi de Mënschen si gelooss. Jo, d’Gemeinschaft war lieweg zu Berdorf a jidderengem en häerzleche Merci, deen dozou bäigedroen huet. Als Par hu mir dem Patrick eng Statu vum Hellege Willibrord mat op de Wee ginn. De Willibrord weist de Leit den Himmel, sou kéint een d’Statu beschreiwen. Dass de Patrick selwer vill Momenter vu Freed, vu geschenktem Himmel a sengem Liewen huet, an dass hien de Mënschen, déi hie begéint, de Bléck op den Härgott opmécht, dat wënsche mir him fir säi weidere Wee. Sou kuerz virun der grousser Vakanz war dës Feier e Geschenk fir jiddereen deen dobäi konnt sinn.

E Schouljoer geet op en Enn. Op eis Kanner waarden 8 Woche vun Entspanung, vu Spille mat Geschwëster a Frënn, vun Aktivitéite mat der Famill. Hoffentlech eng schéin Zäit, déi hinne Kraaft gëtt fir de 15. September nees mat neiem Elan an dat neit Schouljoer ze goen. Fir deen een oder aneren heescht d’Vakanz wuel och, dass hien/hatt an den nächste Woche léiere muss, well et an engem Fach net esou gutt gelaf ass oder well hien/hatt net alles wëll vergiessen, wat am Laf vun dësem Schouljoer geléiert gouf.

Déi eng vun eis kënne verreesen, nei Leit, Landschaften, Kulture kenne léieren. Fir anerer ass et eng Vakanz doheem. Wéi nun och ëmmer Är Vakanz ausgesäit, mir wënschen Iech, dass et eng gutt Vakanz ass, eng Vakanz, déi Iech Kraaft gëtt fir déi Zäit duerno.

Eis Gemeinschaft ass awer an der Vakanzenzäit weider aktiv. Dir sidd ëmmer wëllkomm an de Kierchen an an der Gemeinschaft. An der Gemeinschaft soll Dir Kraaft fanne fir äre Wee ze goen, grad da wann et emol méi schwéier ass. Et ass och gutt, wann Dir drun denkt, är Kanner elo schonns un ze melle fir d’Kateches.

Dëst Joer ass e ganz besonnescht Joer. Grat elo an der Vakanz bereede mir d’Visitt vum Poopst Franziskus de 26. September vir. Et ass e besonnesche Moment, fir zesumme mam Poopst Franziskus, am Kader vun enger Staatsvisitt (de Grand-Duc huet d’Invitatioun un de Poopst Franziskus ausgeschwat) am Virfeld vum 400. Muttergottesjubiläum an dem Hellege Joer 2025 an engem Moment vu Gebiet an der Kathedral fir d’Zukunft vun der Kierch zu Lëtzebuerg ze bieden. An de Kierche leie Broschüren aus, déi eis d’Visitt vum Poopst ënner dem Thema «Fir ze déngen» virstellen an eis zum gemeinsamen Iwwerleeën a Bieden opruffen. E Gebiet fir d’Visitt vum Poopst a verschiddene Sproochen, Bibeltexter, déi eis d’Iddi vum Déngen ënner verschiddene Bléckwénkele weisen, Mënschen, déi e konkreten Déngscht an der Gesellschaft iwwerholl hunn, Mënschen, déi och an eiser Zäit d’Léift vu Gott konkret gi loosse, wann se hëllefen, do wou Nout a Misär ass, an eng Gebietsnovene déi 9 Deeg éier dass de Poopst Franziskus bäi eis kënnt, sinn e puer Iddien aus der Broschür. Maache mir eis zesummen op de Wee a beliewen eis Gemeinschaft! Bereede mir eis zesumme vir op dem Poopst Franziskus seng Visitt! An der Vakanz wäert Dir nach weider Informatioune kréien. Maache mir eis elo schonn zesummen op de Wee.
Eng schéi Vakanz, eng gutt Gemeinschaft, e besënnlecht gemeinsaamt Gebiet.

Josiane Mirkes

(c) Georges Hubert

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement