Wat kënnt nach alles?

Editorial aus dem Parbréif 7/2020


Home GoBack Print Kontakt

Dës Fro hu sech der bestëmmt scho vill vun Iech mam Bléck op d’Coronakris gestallt. Dës Fro kann och am Advent opkommen. Grad den Advent kann ons hëllefen an der Covid-19-Pandemie net de Norden ze verléieren.

Wien hätt dat alles ufanks dëses Joers geduecht? A wat kënnt elo nach alles? Wore mir deemools um Freideg den 13. am Mäerz der Meenung: E puer Woche Lockdown, an dann hu mir alles nees am Grëff? Ma ëmmer méi gesi mir, net mir hunn de Coronavirus am Grëff. Ganz de Contraire: De Coronavirus huet ons am Grëff, an e wäert ons nach eng ganz Zäit am Grëff behalen. Dat solle mir ganz realistesch gesinn.

Dofir wësse mir zur Zäit och net, ob all Gottesdéngschter a Manifestatiounen, zu deene mir an dësem Parbréif invitéieren och esou stattfanne kënnen, wéi si hei stinn - Dat obwuel mir ganz bewosst ons Parbréiwer an der Lescht ëmmer just fir e kuerzen Zäitraum erausginn. Bréngt d’Entwickelung vun der Pandemie weider Restriktiounen oder esouguer, wéi a munche vun onse Nopeschlänner, nees e Lockdown mat sech? Wéi entwéckelt sech d’Situatioun an den Uertschaften vun onser Por? Mussen der aus der Pastoraléquipe a Quarantaine oder gi selwer krank? Wéi wäert et mat de Kommiounen an anere Feieren 2021 sinn? Wat kënnt nach alles? Déi lescht Méint hunn et jo dacks gewisen: Et kënnt meeschtens anescht wéi een denkt a plangt. Merci fir Äert Verstees-de-mech an Är Flexibilitéit.

Merci Iech och fir de Respekt vun de Sécherheetsmesuren. All onst Rieden als Chrëschten vum Jesus als Heiland ass eng fromm Ligen, wa mir alleguerten ons net sérieux dofir asetzen, datt keen an onse Gemeinschafte krank gëtt. Dat fuerdert jiddereen an heescht dann och ganz konkret:

  • Mat Zäit kommen;
  • Sech net egal wou ma just op déi markéiert Plaze sëtzen;
  • Op d’Ofstänn (2 m) uechten;
  • De „Mond-Nuese-Schutz“ („Mask“) déi ganzen Zäit an och korrekt iwwert Nues a Mond unhalen;
  • Bei der Kommioun wier et gutt fir d’Hänn flaach a méi wäit vum eegene Kierper auszestrecken, datt een Iech, ouni widder Iech an Är Hänn ze kommen, de Läif vu Christus reeche kann.

Kloer, dat alles ka nerven. Abee, Chrëschte kucke jo op de Jesus um Kräiz. Wa mir betruechten, wat de Jesus do gelidden huet, dann ass dat wat vun ons verlaangt gëtt dach just e Kannerspill. Dann erdroe mir déi ganz Mesure bereetwëlleg, fir frou onse Beitrag ze leeschten, datt dee lou*er Virus sech net nach méi ausbreede kann. „Gratia opportet naturam“ sot den hellegen Thomas vun Aquin: „D’Gnod setzt d’Natur viraus.“ Dat heescht: Wa mir bieden, Gott soll ons vun deem Iwwel befreien, dann ass et logesch, datt mir onst maachen, datt dem Härgott seng Gnod wierke kann an de Misär net nach méi grouss gëtt.

D’Ëmstänn ruffen no onser Solidaritéit am Gebiet an am konkreten Handelen! Brénge mir déi Krank, all, déi sech ëm si suergen, all, déi an der Medezin fuerschen wéi och ons Politiker, déi déi richteg Mesuren ze beschléissen hunn viru Gott. Vun deem, wat ons fäerdeg mecht, brauchen mir ons net opfriessen ze loossen, ma mir dierfen et dem Härgott ginn - quitt datt seng Pläng fir ons grad zimmlech onduerchsiichteg schéngen. Kucke mir och no deenen, déi d’Covid19-Pandemie a Nout bruecht huet an hëllefe mir! Loosse mir ëmdenken an ëmkéieren, wou et néideg ass!

Wat kënnt nach alles? Corona erënnert jiddereen drun: Mir, Mënsche, musse stierwen. Näischt op dëser Welt huet éiweg Bestand. Zwou Tatsaachen, déi ons als Chrëschte net ze vill erféieren dierften. Den Advent wëllt jo net just e Wee op Chrëschtdag zou sinn, ma och op d’Enn vun der Welt virbereeden, wann um Schluss vun den Zäiten de Jesus an Herrlechkeet kënnt. Dëst soll ons net terroriséieren, ma Trouscht an Zouversiicht ginn. Lauschtert, liest, meditéiert emol d’Texter, déi de Gottesdinscht vun der Kierch dës Deeg proposéiert. Dëse Bléck op Gott, dee komm ass a komme wäert kann ons grad och an dësen Zäite Courage ginn. Wa mir och zur Zäit munches matmaachen, d’Ae vum Glawe loossen ons méi wäit kucken. Et kënnt, deen, deen alles zu engem gudden Enn féiere wäert. Dee Gott, wou mir Chrëschtdag feieren, datt en am Jesus an onse Mënschemisère komm ass.

Wat kënnt nach alles? Corona wäert ons sécher nach munch weider Surprise maachen. Ma och den Härgott wäert ons positiv iwwerraschen, wann heinidden d’Géigewaart Vergaangenheet a Gottes Zukunft enges Daags ons nei Géigewaart gëtt.

Bis dohinner, bleift gesond a monter a biede mir ee fir deen aneren.
Äre Paschtouer
Luc Schreiner


Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement