Œuvres Saint-Barthélemy Consdorf a.s.b.l.


Home Back Print Kontakt

Opruff fir matzemaachen – Aktioun „Adventsfënsteren an der Gemeng Konsdref“
D’Oeuvres Saint Barthélemy Konsdref asbl invitéiert all Awunnerinnen an Awunner, Veräiner a Frënn aus der Gemeng, fir bei 3. Editioun vun der flotter Aktioun „Adventsfënsteren“ matzemaachen.
Am Laf vum Advent soll eng Fënster dekoréiert ginn, déi dann op engem bestëmmten Datum gewise gett. Esou kann een zur festlecher Stëmmung an der Gemeng Konsdref bäidroen. Wien wéini drun ass, wäerte mir spéider zesumme festsetzen. Dobäi ginn et zwou Méiglechkeeten:
• „aktiv Fënster“: mat engem gemittleche Zesummesinn (z. B. Glühwäin, Téi, klenge Snack)
• „stëll Fënster“: eng schéin dekoréiert Fënster ouni Animatioun
Jidderee ka matmaachen – loosst eis zesummen eng waarm an invitéierend Adventszäit schafen!
Interesse oder Froen?
Mellt Iech w.e.g. ënnert:
📧 advent@pt.lu
📞 621 622 511
Mir freeën eis op vill flott Fënsteren an Är Participatioun!
Een Abléck an d’Editioun 2025 ass op https://web.cathol.lu/article14235 ze fannen.

Klick w.e.g. op d’Bild fir weider Detailer.

 

Fotoe vun der Adventsfënsteraktioun 2024
Oeuvres St Bathélemy Consdorf
D’Uergel an der Konsdrëffer Kierch
huet e puer Alterskränkten, déi mir mat eise bescheidene
Mëttele musse behandele loossen.
Œuvres Saint-Barthélemy Consdorf a.s.b.l.

D’Œuvres Saint-Barthélemy Consdorf a.s.b.l. huet hir eegen Internet-Präsenz. Dir fannt se ënnert "https://web.cathol.lu/rubrique1902". Do presentéiert si sech, Dir fannt do weider Informatiounen, Kontakter, Aktuelles an d’Archiven ...

Links:

Oeuvres
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement