
|
|
Yves Olinger a Vincent De Smet: E Wuert am Virfeld vun hirer WeiE Bléck no hannen: Wéi hutt Dir Iech zënter der Diakonewei op dëse wichtege Moment virbereet?
Yves Olinger: Et war eng ganz intensiv Zäit déi läscht 6 Méint. Den 10. November sinn ech zu Bouneweg zum Diakon geweit ginn. Dono ass d’Preparatioun weidergaangen: besonnesch de Stage an der Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul an d’Coursen am Centre Jean XXIII sinn do ervirzehiewen. No menger Demande, fir zum Priister geweit ze ginn, war eng Period vu Skrutinum (wou gekuckt gëtt, ob de Kandidat d’Konditiounen erfëllt, fir Geeschtlechen ze ginn), déi mat engem perséinleche Gespréich beim Här Äerzbëschof ofgeschloss gouf. D’konkret Preparatioun vun der Wei selwer ass virun allem zesumme mam Präses vum Seminaire vu Lëtzebuerg, dem Abbé Patrick Muller, dem Cérémoniaire vum Här Äerzbëschof, dem Abbé Jempi Reiners, an dem Dirigent vun der Maîtrise vun der Kathedral, dem Här Marc Dostert, geschitt. Kuerz virun der Wei ass och nach eng Retraite an engem Klouschter, geleet vum Spiritual vum Lëtzebuerger Seminaire, dem Pater Daniel Sonveaux s.j. D’Priisterwei selwer ass scho speziell:
Et ass fir mech eng grouss Freed, fir d’Kierch vu Lëtzebuerg zum Priister geweit ze ginn. E Bléck no vir: Wat erwaart Dir an Ärem priisterlesche Wierken? Wat ass Iech besonnesch wichteg?Yves Olinger: Et ass eng ganz villsäiteg Aufgab, déi do viru mir läit, dëst an enger Zäit, déi vill Changementer a sech dréit. Dat ass eng Erausfuerderung. An et wäerten an deenen nächste Joren och weider grouss Erausfuerderungen op mech duerkommen. E groussen Challenge ass d’Glawensvermëttlung (an dat net nëmme fir mech als fréiere Schoulmeeschter): Wéi kënne mir Chrëschten engem aneren de Message vu Jesus Christus méi no bréngen? Mir si gefuerdert, dem Jesus nozefollegen, deen eis opdréit: “Duerfir gitt a maacht aus alle Vëlleker Jünger” (Mt 28,19). Eng immens Aufgab. De Priisterberuff geet domat wäit iwwer de sakramentelle Beräich eraus: Et ass eng méi oder manner reegelméisseg Begleedung vun de Leit duerch hiert Liewen, mat den Héichten an den Déiften, déi d’Liewe mat sech bréngt. Fir mech ass et wichteg, mir ëmmer erëm virun An ze féieren, firwat ech dëse Beruff gewielt hunn, an zwar fir déi zwee wichtegst Geboter méi bewosst liewen ze kënnen: „Du solls den Här, däi Gott, gär hu mat dengem ganzen Häerz a mat denger ganzer Séil a mat dengem ganzen Denken.“ (Mt 22,37) an „Du solls däin Nächste gär hu wéi dech selwer.“ (Mt 22,39) “Firwat net du?” – “Firwat dann ech!” – “Firwat eigentlech net?!”
Mäin Numm ass Vincent De Smet, an ech sinn iwwert vill Weeër getrëppelt fir haut do ze stoen, wou ech stinn. Als Ettelbrécker Jong war ech a menger Kandheet Massendénger, awer mat de Joren huet sech dunn de Kontakt zur Kierch verluer. Iwwer Frënn a Schoulkollegen hunn ech du mäin Heemechtspaschtouer kenne geléiert. Zu däer Zäit nach an enger anerer Par, huet hie mir enges Daags am Summer zwou Noriichte matgedeelt; eng gutt an eng schlecht. Déi schlecht Noriicht war, datt hien do wou e war, fort geet; déi gutt, datt hien op Ettelbréck kënnt. Hie koum souguer net eleng, mee zesumme mat engem Kaploun. Zu Ettelbréck gouf et nach Sr. Virginie, déi mir och gehollef huet, mech erëm séier an d’Parliewen z’integréieren. Enges Owens an der Mass koum a mir d’Fro op: “Firwat net du?”. Sou séier wéi d’Fro koum, hunn ech se och op Äis geluecht; fort war se awer net. Enges Daags hunn ech mech dunn eisem Kaploun uvertraut. Deen huet mir emol als éischt geroden, meng Schoul fäerdeg ze maachen. Wéi ech mäin Diplom an der Täsch hat, hunn ech mech dunn och bal direkt an der Stad am Seminaire gemellt, an ech si fir e Propädeutikum (Aféierungsjoer) ugeholl ginn. No engem léierräiche Propädeutikum, deen ech zesumme mat engem weidere Kandidat souwéi mat zukünftege KatechetInne gemaach hunn, huet mech mäi Wee an d’Aarbechtswelt gefouert. Sou hunn ech dunn am Service vun den Abonnementer vum “Luxemburger Wort” ugefaangen. A genau hei sollt mäi Wee da fir eng Rei Jore stoe bleiwen, well de Gedanke fir Priister ze ginn, war wäit fort. Ëmmer erëm sinn ech awer bannent deene Jore vun de Leit op Glawensfroen ugeschwat ginn, an esou ass lues a lues erëm en néien, weidere Wee entstanen. Wéi ech du fest am Suedel souz, zefridde mat mir a mat der Welt, do huet sech deen do uewe gemellt a mech drun erënnert, datt ënnert dem Äis nach eppes géif léien. Du koum d’Fro: “Firwat ech?!”. No enger Zäit vun Ausernanersetzung mat menger Beruffung, hunn ech dunn erëm de Kontakt mam Seminaire opgeholl, dee mech fir d’Studium op Lantershofen (bei Bonn) geschéckt huet. Hei studéiere jonk a jonk bliwwe Männer, déi op d’mannst 25 Joer al sinn a scho geschafft hunn um sougenannten “3. Ausbildungswee” Theologie. Vum Bäcker, iwwert de Gärtner, bis zum Banquier ass alles dobäi. No mengem erfollegräichen Ofschloss 2018 sinn ech dunn an de Stage an d’Par “Musel a Syr – Hl. Jakobus” komm, wou ech dat, wat ech geléiert hunn, dierf an d’Praktescht ëmsetzen. Ech kann haut soen, datt aus mengem zäitweisen “Beruffungsëmwee” eng fest Strooss ginn ass. Fir mech ass et wichteg, datt ech fir d’Leit do ka sinn, dëst elo souwuel a mengem Diakonatsjoer, wéi natierlech och doriwwer eraus, an dat zu all Zäit mat 2 Féiss um Buedem vun der Realitéit. Ech si ganz dankbar dofir, datt ech d’Leit dierf begleeden an alle fir si wichtege Situatioune vun hirem Liewen. Zesumme baue mir ee fir deen aneren un eise Weeër, déi eis Orientéierung a Sécherheet, och fir de Glawe ginn. Sou ënnerschiddlech eis Weeër, sou ënnerschiddlech si mir Mënschen; awer egal wéi mir sinn, mir dierfe gleewen, datt den Herrgott alleguer eis Weeër mat eis geet. Ech si gedroe vum Herrgott an esou vill Leit; also dann: “Firwat eigentlech net?!”. |
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement