06.05.2023 | Diakonewei vum Jakob Zeilinger an der Kathedral



kuckt hei d’Fotoe vun der Wei…

Um Héichfest vun der Tréischterin am Leed huet den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich de Jakob Zeilinger zum Diakon fir d’Äerzdiözees Lëtzebuerg geweit. All Gleeweg waren häerzlech invitéiert un der Feier deel ze huelen.

De Jakob Zeilinger ass 28 Joer al an ass als den eelste vu 9 Geschwëster zu Wien (Éisträich) opgewuess. Seng éischt Studiejoren huet hien an der Belsch an der Géigend vu Bréissel verbruecht, duerno war hien zu Namur. Am ganzen huet d’Formatioun 10 Joer gedauert. Dräi Joer heivu waren e Stage an der Missioun. Hien mécht de Moment e Pastoralstage zu Miersch.

De Jakob Zeilinger huet seng Vocatioun am Chemin Néocatéchuménal fonnt. Hien huet seng Seminaires-Studien zu Lëtzebuerg am Seminaire Redemptoris Mater gemaach. Hie gëtt zu Lëtzebuerg inkardinéiert. Hien wäert Diakon an duerno Priister an der Diözees Lëtzebuerg ginn an ass ëmmer oppen, fir op all Plaz an der Welt ze schaffen, wann den Äerzbëschof dat erlaabt.

Jakob Zeilinger est autrichien et a 28 ans. Fils d’une famille nombreuse, il est le frère aîné de 9 enfants, il a senti que Dieu l’appelait au presbytérat dans une petite communauté du Chemin Néocatéchuménal à Vienne, en Autriche.

Arrivé au Luxembourg en 2016, il a été l’un des premiers garçons à intégrer le séminaire Redemptoris Mater à Luxembourg, un séminaire diocésain international qui forme des prêtres pour les missions.


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement